Scriptures
Alma 9


D’Wierder vum Alma an och d’Wierder vum Amulek, déi dem Vollek, dat am Land Ammonihah war, verkënnegt goufen. An och si ginn an de Prisong gehäit a gi befreit duerch déi wonnerbar Muecht vu Gott, déi an hinne war, laut der Opzeechnung vum Alma.

Besteet aus de Kapitelen 9 bis 14.

9. Kapitel

Den Alma befielt dem Vollek vun Ammonihah, ëmzekéieren—Den Här wäert an de leschten Deeg baarmhäerzeg géintiwwer de Lamaniten sinn—Wann d’Nephiten d’Liicht verloossen, gi si vun de Lamaniten zerstéiert—De Jong vu Gott wäert geschwë kommen—Hie wäert déi erléisen, déi ëmkéieren, gedeeft ginn a Glawen un Säin Numm hunn. Ongeféier 82 v. Chr.

1 A weider: Nodeems mir, dem Alma, vu Gott gebuede gi war, ech sollt den Amulek mat mir huelen an higoen an dësem Vollek, nämlech deem Vollek, dat an der Stad Ammonihah war, nach eng Kéier zu priedegen, dunn huet et sech erginn: Wéi ech ugefaangen hunn, hinnen ze priedegen, hunn si ugefaange mat mir ze streiden, nämlech:

2 Wien bass du? Mengt dir dann, mir géifen dem Temoignage vun engem eenzele Mann gleewen, och wann hien eis priedegt, datt d’Äerd vergoe wäert?

3 Elo hunn si awer déi Wierder net verstanen, déi si gesprach hunn; well si woussten net, datt d’Äerd vergoe wäert.

4 A si hunn och gesprach: Mir wäerten denge Wierder net gleewen, falls du prophezeie solls, dat dës grouss Stad un engem eenzegen Dag zerstéiert wäert ginn.

5 Si woussten awer net, datt Gott esou wonnerbar Wierker vollbrénge konnt, well si waren een haarthäerzegt an tockskäppegt Vollek.

6 A si hu gesprach: Wien ass Gott, datt hien net méi Autoritéit huet ewéi nëmmen een eenzege Mann zu dësem Vollek ze schécken, fir him ze verkënnegen, datt esou eppes Grousses a Wonnerbares wouer wier?

7 A si sinn no vir getrueden, fir Hand u mech ze leeën; mee kuckt, si hunn et net gemaach. An ech si couragéiert hi getrueden, fir hinnen ze verkënnegen, jo, couragéiert hunn ech hinnen temoignéiert, nämlech:

8 Kuckt, o dir béis a pervers Generatioun, wisou hutt dir d’Iwwerliwwerunge vun äre Pappe vergiess; jo, wisou hutt dir d’Geboter Gottes esou schnell vergiess?

9 Denkt dir net méi dorunner, datt eise Papp Lehi duerch d’Hand Gottes aus Jerusalem gefouert gouf? Denkt dir net méi dorunner, datt si all vun him duerch d’Wüüst gefouert goufen?

10 An hutt dir esou schnell vergiess, wéi oft hien eis Pappen aus den Hänn vun hire Feinde befreit an dovunner gerett huet, vernicht ze ginn, jo, duerch d’Hänn vun hiren eegene Bridder?

11 Jo, a wär hien net esou onvergläichlech mächteg gewiescht an esou baarmhäerzeg an esou tolerant mat eis, sou wäre mir onweigerlech scho viru laanger Zäit dem Äerdbuedem gläich gemaach a vläicht engem Zoustand vu Misär ouni Enn an éiwegem Leed iwwerlooss ginn.

12 Kuckt, elo soen ech iech: Hien huet iech gebueden ëmzekéieren; a wann dir net ëmkéiert, sou kënnt dir op kee Fall d’Räich Gottes ierwen. Mee kuckt, dëst ass net alles: Hien huet iech gebueden ëmzekéieren, soss wäert hien iech vëlleg dem Äerdbuedem gläich maachen; jo, hie wäert iech a senger Roserei heemsichen, an a senger hefteger Roserei wäert hien sech net ophale loossen.

13 Kuckt, denkt dir net méi un déi Wierder, déi hien zum Lehi gesprach huet, nämlech: Wann dir meng Geboter haalt, wäert et iech wuel ergoen am Land? A weider heescht et: Wann dir meng Geboter net haalt, wäert dir aus der Géigewaart Gottes ewech geholl ginn.

14 Elo hätt ech gär, datt dir dorunner denkt: Well d’Lamaniten d’Geboter Gottes net gehalen hunn, sinn si aus der Géigewaart Gottes ewech geholl ginn. Elo gesi mir, datt d’Wuert vum Här an dëser Saach bestätegt gouf, an d’Lamanite sinn aus senger Géigewaart ausgeschloss ginn, vum Ufank vun hiren Transgressiounen am Land un.

15 Mee ech soen iech: Et wäert fir si um Dag vum Geriicht besser ze erdroe sinn ewéi fir iech, wann dir an äre Sënde verbleift, jo, a sougueran dësem Liewe besser ze erdroe fir si ewéi fir iech, wann dir net ëmkéiert.

16 Well et gi vill Verheeschungen, déi sech op d’Lamaniten erstrecken; well wéinst den Iwwerliwwerunge vun hire Pappe sinn si an hirem Zoustand vun Onwëssenheet verbliwwen; dofir wäert den Här zu hinne baarmhäerzeg sinn an hiert Dosinn am Land verlängeren.

17 A si wäerten enges Daags dozou bruecht ginn, datt si u säi Wuert gleewen an erkennen, datt d’Iwwerliwwerunge vun hire Pappen net richteg waren; a vill vun hinne wäerte gerett ginn; well den Här wäert zu all deene baarmhäerzeg sinn, déi säin Numm uruffen.

18 Mee kuckt, ech soen iech: Wann dir an ärer Béist verbleift, sou wäerten är Deeg am Land net verlängert ginn, well d’Lamanite wäerten iwwert iech geschéckt ginn; a wann dir net ëmkéiert, wäerten si zu enger Zäit kommen, déi dir net wësst, an dir wäert mat vëlleger Vernichtung heem gesicht ginn; an et wäert no der hefteger Roserei vum Här sinn.

19 Well hie wäert et net zouloossen, datt dir an äre béisen Dote lieft, fir säi Vollek ze vernichten. Ech soen iech: Nee; hie géif léiwer zouloossen, datt d’Lamanite säi ganzt Vollek zerstéieren, dat d’Vollek vum Nephi genannt gëtt, wann et méiglech wier, datt si a Sënden an Transgressioune fale kéinten, nodeems si sou vill Liicht an sou vill Wësse vum Här, hirem Gott, kritt hunn;

20 jo, nodeems si een esou héich begënstegt Vollek vum Här sinn, jo, nodeems si virun allen aneren Natiounen, Geschlechter, Sproochen a Vollek begënstegt goufen, nodeems hinnen no hire Wënsch an hirem feste Glawen an hire Gebieder alles gewise ginn ass iwwer dat, wat gewiescht ass a wat ass a wat wäert sinn,

21 Nodeems ech vum Geescht vu Gott besicht gi sinn; nodeems ech mat Engele geschwat hunn, a vun der Stëmm vum Här ugesprach gi sinn; an nodeems ech de Geescht vun der Prophezeiung an de Geescht vun der Offenbarung hat, an och vill Gaben, d’Gab vum Zonge-Schwätzen, an d’Gab vum Priedegen, an d’Gab vum Hellege Geescht, an d’Gab vum Iwwersetzen;

22 Jo, an nodeems si vu Gott aus dem Land vu Jerusalem duerch d’Hand vum Här befreit goufen; nodeems se vun Hongersnout a vu Krankheet a vun all Zort vu Krankheete gerett goufen; a si am Kampf staark gemaach gi sinn, fir net zerstéiert ze ginn; nodeems si ëmmer erëm aus der Sklaverei erausbruecht goufen, a bis elo gehalen a beschützt goufen; a si si prosperéiert, bis si a jiddwer Saache räich gi sinn—

23 An elo, kuckt, ech soen iech, datt wann dëst Vollek, dat sou vill Seegen aus der Hand vum Här kritt huet, géint d’Liicht an d’Wëssen, déi si hunn, verstoussen, soen ech iech, datt, wann dat de Fall ass, datt, wann si an eng Transgressioun falen, et fir d’Lamanite vill méi erdrobar wier wéi fir si.

24 Well kuckt, d’Verspriechunge vum Här erstrecken sech op d’Lamaniten, awer net op iech, wann dir verstousst; well huet net den Här ausdrécklech versprach a fest beschloss, datt dir vëlleg dem Äerdbuedem gläich gemaach sollt ginn, wann dir iech géint hie stellt?

25 A fir dat dir net ausradéiert gitt, huet den Här säin Engel geschéckt, fir datt deen der vill vu sengem Vollek besicht an hinne verkënnegt, datt si higoe mussen an dësem Vollek muechtvoll zouruffen, nämlech: Kéiert ëm, well d’Himmelräich ass no,

26 an e puer Deeg wäert de Jong vu Gott a senger Herrlechkeet kommen; a seng Herrlechkeet wäert d’Herrlechkeet vum Eenzege Gebuerene vum Papp sinn, voller Gedold, Baarmhäerzegkeet an Toleranz, schnell bereet, d’Jäize vu sengem Vollek ze lauschteren an hir Gebieder ze erhéieren.

27 A kuckt, hie kënnt, déijéineg ze erléisen, déi sech aus festem Glawen u säin Numm zur Ëmkéiert deefe loosse wollten.

28 Dofir, preparéiert de Wee vum Här, well d’Zäit ass no, datt all Mënsche fir hir Wierker eng Belounung kréien, no deem wat se waren—wann se gerecht waren, da kréien si d’Erléisung vun hire Séilen, no der Muecht a Befreiung vum Jesus Christus; a wann se béis waren, da kréien si d’Verdaamt vun hire Séilen, no der Muecht a Gefaangenschaft vum Däiwel.

29 Elo kuckt, dëst ass d’Stëmm vum Engel, deen dem Vollek zourifft.

30 An elo, meng léif Bridder, well dir sidd meng Bridder, an dir sollt der sinn, déi e gär huet, an dir sollt Wierker maachen, déi der Ëmkéiert entspriechen, well är Häerzer géint d’Wuert vu Gott staark verhäert sinn, a well dir e verluerent a gefalent Vollek sidd.

31 Et huet sech elo erginn: Wéi ech, den Alma, dës Wierder gesprach hat, kuckt, do gouf d’Vollek rosen op mech, well ech hinne gesot hat, si wieren een haarthäerzegt an tockskäppegt Vollek.

32 An och, well ech hinne gesot hat, si wieren ee verluerend a gefalend Vollek, waren si rosen op mech a wollten Hand u mech leeën, fir mech an de Prisong ze geheien.

33 Mee et huet sech erginn: Den Här huet et net zougelooss, datt si mech zu där Zäit ergräifen an an de Prisong geheie konnten.

34 An et huet sech erginn: Den Amulek ass higaangen an ass virgetrueden an huet och ugefaangen, hinnen ze priedegen. D’Wierder vum Amulek sinn awer net all niddergeschriwwen, mee ass een Deel vu senge Wierder an dësem Buch geschriwwen.