40. Kapitel
De Christus bréngt d’Opersteeung vun alle Mënschen zur Verfügung—Déi gerecht Doudeg ginn an d’Paradäis an déi Béis an déi baussent Däischtert, fir op den Dag vun hirer Opersteeung ze waarden—Alles gëtt an der Opersteeung an hirer richteger a perfekter Form restauréiert. Ongeféier 74 v. Chr.
1 Elo mäi Jong, hei ass nach eppes, wat ech dir wëll soen; well ech bemierken, datt däi Gemitt a Bezuch op d’Opersteeung vun den Doudegen beonrouegt ass.
2 Kuck, ech soen dir, datt et keng Opersteeung gëtt—oder, ech géif soen, mat anere Wierder, datt dës Stierflecht net d’Onstierflechkeet unzitt, dës Vergänglechkeet net d’Onvergänglecht unzitt—bis nom Komme vum Christus.
3 Kuck, hie bréngt d’Opersteeung vun den Doudegen op de Wee. Mee kuck, mäi Jong, nach fënnt d’Opersteeung net statt. Elo soen ech dir ee Geheimnis; mee ginn et vill Geheimnisser, op déi opgepasst gëtt, sou datt keen se kennt ewéi nëmme Gott selwer. Mee ech weisen iech eng Saach, déi ech Gott grëndlech gefrot hunn, fir datt ech et wësse soll, nämlech d’Operstéiung.
4 Kuck, et ass eng Zäit bestëmmt, wou alleguerte vun den Doudegen ervirkomme wäerten. Wéini dës Zäit kënnt, dat weess keen; mee Gott kennt déi Zäit, déi bestëmmt ass.
5 Elo, ob et eng Kéier, eng zweete Kéier oder eng drëtte Kéier gëtt, datt d’Mënsche vun den Doudegen opstoen, dat spillt keng Roll; well Gott weess all dës Saachen; an et ass genuch fir mech ze wëssen, datt dat de Fall ass—datt et eng festgeluecht Zäit gëtt, wou all vun den Doudegen operstoen.
6 Et muss awer noutwennegerweis eng Span tëschent der Zäit vum Doud an der Zäit vun der Opersteeung ginn.
7 An elo géif ech froen, wat mat de Séile vun de Mënschen tëschent dëser Zäit vum Doud bis zur Zäit, déi fir d’Operstéiung festgeluecht ass, geschitt?
8 Ob dem Mënsche méi ewéi eng eenzeg Zäit bestëmmt ass, op ze erstoen, doropper kënnt et net un; well alleguerte stierwen net all mateneen, an doropper kënnt et net un; bei Gott ass alles ewéi een eenzegen Dag, an Zäit ass nëmme fir d’Mënschen als Mooss ginn.
9 Dofir ass de Mënschen eng Zäit bestëmmt, wou si vun den Doudegen operstoe wäerten; an et gëtt eng Span tëschent der Zäit vum Doud an der Opersteeung. An elo, wat dës Zäitspann ugeet, wat mat de Séile vun de Mënsche geschitt, ass dat, wat ech den Här grëndlech gefrot hunn ze wëssen; an dat ass dat, wat ech weess.
10 A wann déi Zäit kënnt, wou alleguerten operstoe wäerten, da wäerten si wëssen, datt Gott all déi Zäite kennt, déi dem Mënsch bestëmmt sinn.
11 Elo, wat den Zoustand vun der Séil tëscht dem Doud an der Opersteeung ugeet—Kuckt, et gouf mir vun engem Engel bekannt gemaach, datt d’Geeschter vun alle Mënschen, soubal si aus dësem stierfleche Kierper fortgaange sinn, jo, d’Geeschter vun alle Mënschen, egal ob si gutt oder béis sinn, heem bei dee Gott bruecht ginn, deen hinnen d’Liewe ginn huet.
12 An da wäert et sech erginn: De Geescht vun deejéinegen, déi gerecht sinn, gëtt an een Zoustand vu glécklech sinn opgeholl, deen ee Paradäis nennt, een Zoustand vu Rou, een Zoustand vu Fridden, wou hie vun all senge Beonrouegungen an allem Leed an all Suerg ausroue wäert.
13 An da wäert et et sech erginn, datt d’Geeschter vun de Béisen, jo, déi béis sinn—well kuckt, si hu keen Deel oder Undeel vum Geescht vum Här; well kuckt, si hunn déi béis Wierker léiwer wéi déi gutt gewielt; dofir ass de Geescht vum Däiwel an si komm an huet hiert Haus a Besëtz geholl—an dës ginn an déi baussent Däischtert erausgeheit; do wäert et Kräischen, Gejäiz a Knirsche vun den Zänn ginn, an dat wéinst hirer eegener Ongerechtegkeet, well si ginn nom Wëlle vum Däiwel gefaange gefouert.
14 Dëst awer ass den Zoustand vun der Séil vun de Béisen, jo, an der Däischtert, an engem schrecklechen a fierchterlechen Zoustand vu Waarden op d’Roserei Gottes, déi a feireger Entrëschtung iwwert si kënnt; a wéi déi Gerecht am Paradäis, sou verbleiwen si bis zur Zäit vun hirer Opersteeung an dësem Zoustand.
15 Elo, et ginn der e puer, déi verstanen hunn, datt dësen Zoustand vu Gléck an dësen Zoustand vu Misär vun der Séil, virun der Opersteeung, eng éischt Opersteeung war. Jo, ech ginn zou, et kann een dat als eng Opersteeung bezeechnen, nämlech d’Erhiewe vum Geescht oder der Séil an hiert Iwwergoen an d’Gléck oder an de Misär, no de Wierder, déi geschwat goufen.
16 A kuck, et ass och dovunner gesprach ginn, datt et eng éischt Opersteeung gëtt, eng Opersteeung vun all deenen, déi et bis zur Opersteeung vum Christus vun den Doudegen ginn huet, gëtt oder gi wäert.
17 Mir mengen awer net, datt dës éischt Opersteeung, wouvunner op esou eng Weis gesprach gëtt, d’Opersteeung vun de Séilen an hiert Iwwerloossen an d’Glécklech sinn oder an de Misär ka sinn. Du kanns net unhuelen, datt dëst domadder gemengt ass.
18 Kuck, ech soen dir, Nee; mee et bedeit d’Wiedervereenegung vun der Séil mam Kierper, vun deene vun den Deeg vum Adam bis zur Opersteeung vum Christus.
19 Ob elo d’Séilen an d’Kierper vun deenen, vun deene gesprach ginn ass, alleguerten an enger Kéier erëm vereenegt ginn, déi Béis genausou ewéi déi Gerecht, dat soen ech net; et geet duer, wann ech soen, datt si ervirkomme wäerten; oder mat anere Wierder, hir Opersteeung entsteet virun der Opersteeung vun deejéinegen, déi no der Opersteeung vum Christus stierwen.
20 Elo, mäi Jong, ech soen net, datt hir Opersteeung bei der Opersteeung vum Christus stattfënnt; mee kuck, ech ginn et als meng Meenung, datt Séil a Leif vun de Gerechten bei der Opersteeung vum Christus a senger Himmelfaart an den Himmel erëm vereenegt ginn.
21 Mee ob et bei senger Opersteeung oder duerno ass, soen ech net; mee sou vill soen ech, datt et e Raum tëschent dem Doud an der Opersteeung vum Kierper gëtt, an en Zoustand vun der Séil a Gléck oder a Misär bis zur Zäit, déi vu Gott festgeluecht ass, datt déi Doudeg erauskommen, an erëm vereenegt ginn, d’Séil mam Kierper, a viru Gott bruecht ginn, fir no hire Wierker geriicht ze ginn.
22 Jo, doduerch wäert d’Restauratioun vun deem entstoen, wouvunner duerch de Mond vun de Prophete gesprach ginn ass.
23 D’Séil gëtt dem Kierper zeréckginn, an de Kierper der Séil; jo, an all Glidder a Gelenker ginn dem Kierper zeréckginn; jo, net emol en Hoer um Kapp geet verluer; mee all Saache ginn an hir richteg a perfekt Form zeréckginn.
24 An elo, mäi Jong, dëst ass d’Restauratioun, vun där duerch de Mond vun de Prophete geschwat gouf—
25 an da wäerten déi Gerecht am Räich Gottes liichten.
26 Mee kuck, ee fuerchtbaren Doud kënnt iwwer déi Béis; well an deem, wat d’Gerechtegkeet betrëfft, stierwen si of; well si sinn net reng, an näischt Onrenges kann d’Kinnekräich Gottes ierwen; mee si ginn ausgestouss, an iwwerlooss, d’Friichte vun hirer Aarbecht oder hirer Wierker, déi béis gewiescht sinn, ze genéissen; an si drénken ee battere Kellech bis näischt méi dran ass.