53. Kapitel
D’lamanitesch Gefaangener ginn agesat, fir d’Stad Iwwerfloss ze befestegen—Oneenegkeeten ënnert den Nephite féiert zu Victoirë vun de Lamaniten—Den Helaman iwwerhëlt de Kommando iwwer déi zwee dausend jonk Jonge vum Vollek Ammon. Ongeféier 64–63 v. Chr.
1 An et huet sech erginn: Si hu Waachen iwwert déi gefaange Lamanite gesat an hunn si gezwongen, dohinner ze goen an hir Doudeger ze begruewen, jo, an och déi doudeg Nephiten, déi ëmbruecht gi waren; an de Moroni huet Männer iwwert si gesat, fir si ze bewaachen, wärend si hir Aarbecht gemaach hunn.
2 An de Moroni ass mam Lehi an d’Stad Mulek gaangen an huet de Kommando iwwert d’Stad iwwerholl an huet en un de Lehi weiderginn. Elo kuckt, dëse Lehi war ee Mann, deen de Moroni wärend dem gréissten Deel vun all senge Kämpf begleet hat; an hie war ee Mann wéi de Moroni, an si hunn sech een iwwert den anere gefreet, datt si a Sécherheet waren; jo, si hunn een den anere gäre gehat, an och dat ganzt Vollek Nephi huet si gäre gehat.
3 An et huet sech erginn: Nodeems d’Lamanite mam Begruewe vun hiren Doudegen an och vun den doudegen Nephiten op en Enn komm waren, huet een si an d’Land Iwwerfloss zeréck marschéiere gelooss; an op dem Moroni säi Befeel huet den Teankum gemaach, datt si mat schaffen ugefaangen hunn, andeems si ee Gruef ronderëm d’Land oder villméi d’Stad Iwwerfloss ausgehuewen hunn.
4 An hien huet si am banneschte Gruefrand eng Broschtwier aus Holz opriichte gelooss; a si hu Buedem aus dem Gruef un déi hëlze Broschtwier geworf; an esou hunn si d’Lamanite schaffe gelooss, bis si d’Stad Iwwerfloss ronderëm bis zu enger zimlech groussen Héicht mat engem staarke Wall aus Holz a Buedem ëmginn haten.
5 An dës Stad gouf vun do un een immens staarke Stëtzpunkt; an an dëser Stad hunn si déi gefaange Lamanite bewaacht, jo, grad bannen an deem Wall, deen si mat eegenen Hänn hu misse bauen. De Moroni awer war gezwongen, d’Lamanite schaffen ze loossen, well et war einfach, si wärend hirer Aarbecht ze bewaachen; an hie wollt all seng Sträitkräfte bei sech hunn, wann hien d’Lamaniten ugräife géif.
6 An et huet sech erginn: Esou hat de Moroni d’Victoire iwwert eng vun de gréissten Arméie vun de Lamanite kritt an d’Stad Mulek a Besëtz geholl, déi ee vun de stäerkste Stëtzpunkte vun de Lamaniten am Land Nephi war; an esou huet hien och ee Stëtzpunkt opgebaut, wou hien seng Gefaangener zesummenhale konnt.
7 An et huet sech erginn: Hien huet an dësem Joer kee Versuch méi ënnerholl, mat de Lamaniten ze kämpfen, mee hien huet seng Männer mat der Virbereedung fir de Krich beschäftegt, jo, a fir Befestegungen hierzestellen, déi si géint d’Lamanite schütze sollten, jo, an och fir hir Fraen a Kanner virun Hongersnout a Leed ze schützen a fir hir Arméien ze Iessen ze beschafen.
8 An elo huet et sech erginn: Wéi de Moroni wéinst iergendwellech Problemer ënnert den Nephiten, wouduerch Intrigen ënnert hinnen entstane sinn, net do war, hunn d’Arméie vun de Lamaniten um westleche Mier am Süde géint d’Nephitë Buedem gewonnen, jo, esou vill, datt si eng Unzuel vun hire Stied an deem Deel vum Land besat haten.
9 An esou hunn si sech wéinst Ongerechtegen an den eegene Reien, jo, wéinst Spléckungen a Reiwereien an den eegene Reien an enger héich geféierlecher Lag befonnt.
10 An elo kuckt, ech hunn eppes iwwert d’Vollek Ammon ze soen. Si waren am Ufank Lamaniten; si waren awer duerch den Ammon a seng Bridder oder villméi duerch d’Muecht an d’Wuert Gottes zum Här bekéiert ginn; a si waren an d’Land Zarahemla erofgefouert an zënterhier vun den Nephitë beschützt ginn.
11 An duerch hiren Eed goufen si dovunner ofgehalen, d’Waffe géint hir Bridder ze ergräifen; well si haten een Eed geleescht, datt si nimools méi Blutt vergéisse géifen; an no hirem Eed wären si ënner gaangen; jo, si hätten zougelooss, datt si hire Bridder an d’Hänn gefall wären, wann net den Ammon a seng Bridder fir si esou vill Matleed an iwwergrouss Léift empfonnt hätten.
12 An aus dësem Grond goufen si an d’Land Zarahemla erofgefouert; a si waren ëmmer duerch d’Nephite beschützt ginn.
13 Mee et huet sech erginn: Wéi si d’Gefor an déi vill Problemer a Falschheete gesinn hunn, déi d’Nephitë fir si erdroen hunn, goufen si vu Matgefill ergraff an haten de Wonsch, zur Verdeedegung vun hirem Land zu de Waffen ze gräifen.
14 Mee kuckt, wéi si dobäi waren, hir Krichswaffen ze ergräifen, goufen si vum Helaman a senge Bridder duerch Zourieden dovunner ofbruecht, well si waren am Gaang, den Eed ze briechen, deen si geleescht haten.
15 An den Helaman huet gefaart, wann si dëst maache géifen, géifen si hir Séil verléieren; dofir hunn alleguerten, déi d’Allianz gemaach haten, nokucke missen, wéi hir Bridder zu dëser Zäit an hirer geféierleche Lag Problemer duerchgemaach hunn.
16 Mee kuckt, et huet sech erginn: Si hate vill Jongen, déi net déi Allianz gemaach haten, keng Krichswaffe méi opzehuelen, fir sech géint hir Feinden ze verdeedegen; dofir hunn si sech zu dëser Zäit zesummefonnt—alleguerten, déi amstand waren, Waffen opzehuelen; a si hunn sech Nephitë genannt.
17 A si hunn d’Allianz gemaach, fir d’Fräiheet vun den Nephiten ze kämpfen, jo, d’Land ze schützen, souguer wann si dofir hiert Liewe loosse missten; jo, si hunn och versprach, si géifen hir Fräiheet nimools opginn, mee an alle Fäll kämpfen, fir d’Nephiten a sech selwer viru Sklaverei ze schützen.
18 Elo kuckt, et sinn der zwee dausend esou jonk Männer ginn, déi dës Allianz gemaach hunn an hir Krichswaffen opgeholl hunn, fir hiert Land ze verdeedegen.
19 An elo kuckt, esou wéi si bis elo nimools een Nodeel fir d’Nephitë gewiescht waren, esou goufen si elo an dëser Zäit zu engem grousse Bäistand; well si hunn hir Krichswaffen opgeholl a wollten, datt den Helaman hire Führer wier.
20 An si waren all jonk Männer, an si waren aussergewéinlech couragéiert, staark a beweeglech; mee kuckt, dat war net alles—si ware Männer, déi zu all Zäit trei waren an allem, wat hinnen uvertraut gouf.
21 Jo, et ware Männer vun der Wourecht a Seriositéit, well et hat een si enseignéiert, d’Geboter Gottes ze halen an ouni Reprochë virun him ze wandelen.
22 An et huet sech erginn: Den Helaman ass un der Spëtzt vu sengen zwee dausend jonken Zaldote lassmarschéiert, fir dem Vollek am Grenzgebitt vum Land am Süden um westleche Mier bäizestoen.
23 An esou ass dat aachtanzwanzegt Joer vun der Regierung vun de Riichter iwwer d’Vollek Nephi op en Enn gaangen.