57. Kapitel
Den Helaman erzielt, wéi d’Stad Antiparah ageholl gouf an d’Stad Kumeni sech erginn huet an duerno verdeedegt gouf—Seng zwee dausend ammonitesch Jongen hu couragéiert gekämpft; all ware blesséiert, mee kee gouf ëmbruecht—De Gid bericht iwwer d’Erschloen an d’Flucht vun de lamanitesche Gefaangener. Ongeféier 63 v. Chr.
1 Et huet sech awer erginn: Ech hunn eng Epistel vum Ammoron, dem Kinnek, kritt, wouranner hie gesot huet, hie géif d’Stad Antiparach un eis ausliwweren, wann ech d’Krichsgefaangener, déi mir geholl haten, ausliwwere géifen.
2 Mee ech hunn dem Kinnek eng Epistel geschéckt, nämlech datt mir d’Gewëssheet hätten, datt eis Sträitkräften duer goe géife fir d’Stad Antiparach mat eiser Sträitmuecht ze huelen; a wa mir d’Gefaangener fir dës Stad ausliwwere géifen, sou wäre mir dach, wéi mir gemengt hunn, net ganz schlau, a mir géifen eis Gefaangener nëmmen am Tausch ausliwweren.
3 An den Ammoron huet meng Epistel zeréckgewisen, well hie wollt keng Gefaangener austauschen; dofir hu mir mat Virbereedungen ugefaangen, fir géint d’Stad Antiparach ze zéien.
4 Mee d’Vollek vun Antiparach huet d’Stad verlooss an ass zu den anere Stied geflücht, déi si am Besëtz haten, fir se ze befestegen; an esou ass eis d’Stad Antiparach an d’Hänn gefall.
5 An esou ass dat aachtanzwanzegt Joer vun der Regierung vun de Riichter op en Enn gaangen.
6 An et huet sech erginn: Am Ufank vum nénganzwanzegste Joer hu mir vum Land Zarahemla an aus dem Land ronderëm eng Reserv u Provisiounen an och Verstäerkung fir eis Arméi kritt, nämlech un Zuel sechsdausend Männer, ausserdeem siechzeg Jonge vun den Ammoniten, déi komm waren, fir sech hire Bridder, nämlech menger klenger Grupp vun zwee dausend, unzeschléissen. An elo kuck, mir ware staark, jo, an et goufen eis vill Provisioune bruecht.
7 An et huet sech erginn: Mir haten de Wonsch, der Arméi, déi opgestallt war, fir d’Stad Kumeni ze beschützen, ee Kampf ze liwweren.
8 An elo kuck, ech wëll dir weisen, datt mir eise Wonsch gläich duerchgesat hunn; jo, mat eiser staarke Sträitmuecht, oder villméi mat engem Deel vun eiser staarke Sträitmuecht, hu mir bei Nuecht d’Stad Kumeni ëmstallt, kuerz bevir si eng Reserv u Provisioune kréie sollten.
9 An et huet sech erginn: Mir hu vill Nuechte laang ronderëm d’Stad gelagert; mee mir hunn op dem Schwäert geschlof a Waach gehalen, sou datt d’Lamaniten net bei Nuecht iwwert eis kommen an eis ëmbrénge konnten, wat si dacks versicht hunn; mee sou dacks si et versicht hunn, gouf hiert Blutt vergoss.
10 Endlech koumen hir Reserven un, a si waren dorunner, bei Nuecht an d’Stad ze kommen. Mir awer ware keng Lamaniten, mee Nephiten; dofir hu mir si ergraff an hir Reserven.
11 An d’Lamanite waren, obwuel si op dës Weis vun hire Reserven ofgeschnidde goufen, awer nach entschloss, d’Stad ze behaapten; dofir gouf et fir eis wichteg, dës Reserven ze huelen a se no Judäa ze schécken, wéi eis Gefaangener nom Land Zarahemla.
12 An et huet sech erginn: Et waren nach net vill Deeg vergaangen, do hunn d’Lamaniten ugefaangen, all Hoffnung ob Ënnerstëtzung opzeginn; dofir hunn si eis d’Stad an d’Hand geliwwert; an esou hate mir eis Pläng, d’Stad Kumeni ze gewannen, ausgefouert.
13 Mee et huet sech erginn: Eis Gefaangener waren esou vill, datt mir, obwuel eiser ganz groussen Unzuel, genéidegt waren, eis ganz Kraaft anzesetzen, fir si ze halen, oder si ëmzebréngen.
14 Well kuck, si sinn a grousser Zuel ausgebrach an hu mat Steng a Keilen oder wat och ëmmer si an d’Hand kréie konnte gekämpft, sou vill, datt mir méi ewéi zwee dausend vun hinnen ëmbruecht hunn, nodeems si sech als Krichsgefaangener ausgeliwwert haten.
15 Dofir war et fir eis besser, hirem Liewen een Enn ze setzen oder si mam Schwäert an der Hand an d’Land Zarahemla erof ze geleeten; an och eis Provisioune ware kaum genuch fir eist eegent Vollek, souguer mat deem, wat mir de Lamaniten ewech geholl haten.
16 Elo awer, an dëser kritescher Situatioun, gouf et zu enger ganz eeschte Saach, a Bezuch ob dës Krichsgefaangener eng Entscheedung ze fällen; mee mir hunn eis entschloss, si an d’Land Zarahemla erof ze schécken; dofir hu mir een Deel vun eise Männer ausgewielt an hinnen d’Verantwortung iwwert eis Gefaangener, déi an d’Land Zarahemla erofgoe sollten, ginn.
17 Et huet sech awer erginn: Den nächsten Dag sinn si zeréck komm. An elo kuck, mir hunn si wéinst de Gefaangener net befrot; well kuck, d’Lamanite waren iwwert eis komm, a si si rechtzäiteg erëm komm, fir eis dovunner ze retten, datt mir hinnen an d’Hänn gefall wieren. Well kuck, den Ammoron hat zu hirer Ënnerstëtzung eng nei Reserv vu Provisiounen an och eng grouss Arméi vu Männer geschéckt.
18 An et huet sech erginn: Déi Männer, déi mir mat de Gefaangene geschéckt haten, koumen zur richtegen Zäit, fir si opzehalen, well si waren dobäi, eis ze iwwerwältegen.
19 Mee kuck, meng kleng Grupp vun zweedausendasiechzeg huet ganz verzweiwelt gekämpft; jo, si hunn de Lamanite stand gehalen an hunn all deenen, déi sech hinnen entgéint gestallt hunn, den Doud ginn.
20 A wéi den iwwregen Deel vun der Arméi no dorunner war, virun de Lamaniten ze weechen, kuck, do waren dës zweedausendasiechzeg standhaft a couragéis.
21 Jo, a si hunn all Befeelswierder gefollegt a waren dorobber beduecht, se mat Genauegkeet auszeféieren; jo, an et ass hinnen no hirem Glawe geschitt; an ech hunn un déi Wierder geduecht, déi si zu mir gesprach haten, nämlech datt hir Mammen si enseignéiert haten.
22 An elo kuck, dës grouss Victoire hu mir dëse menge Jongen an deene Männer, déi ausgewielt gi waren, d’Gefaangener ze iwwerstellen, ze verdanken; well si waren et, déi d’Lamanite geschloen hunn; dofir goufen dës an d’Stad Manti zeréck gejot.
23 A mir hunn eis Stad Kumeni gehalen a goufen net alleguerten duerch d’Schwäert vernicht; mee hate mir grouss Verloschter gelidden.
24 An et huet sech erginn: Nodeems d’Lamanite geflücht waren, hunn ech direkt de Befeel ginn, meng Männer, déi verwonnt gi waren, vun den Doudegen auszesënneren, an ech hunn hir Wonne versuerge gelooss.
25 An et huet sech erginn: Zweehonnert vu mengen zweedausendasiechzeg ware wéinst dem Bluttverloscht ohnmächteg ginn; mee gouf et no der Guttheet vu Gott an zu eiser grousse Verwonnerung an zur Freed vun eiser ganzen Arméi net eng eenzeg Séil ënnert hinnen, déi ëmkomm ass, jo, et war awer och net eng Séil ënnert hinnen, déi net vill Wonne kritt hätt.
26 An elo, hir Erhalung war erstaunlech fir eis ganz Arméi, jo, datt si verschount bliwwe sinn, wärend dausend vun eise Bridder ëmbruecht goufen. A mir schreiwen dat mat Recht der wonnerbarer Muecht Gottes zou, wéinst hirem aussergewéinleche Glawen un dat, wat si enseignéiert goufen ze gleewen—datt et ee gerechte Gott gëtt, an datt jiddereen, déi net zweiwelt, duerch seng wonnerbar Muecht beschützt gëtt.
27 Esou awer gesäit de Glawe vun deenen aus, vun deenen ech gesprach hunn; si si jonk, an hire Sënn ass standhaft, a si setzen hiert Vertraue bestänneg a Gott.
28 An elo huet et sech erginn: Nodeems mir eis esou ëm eis Verwonnter gekëmmert an eis Doudeger an och déi Doudeg vun de Lamaniten, vun deenen et der vill gouf, begruewen haten, kuck, do hu mir de Gid befrot wéinst de Gefaangener, mat deenen si sech erof an d’Land Zarahemla op de Wee gemaach haten.
29 De Gid awer war den ieweschten Kapitän vun der Trupp, déi bestëmmt war, si an d’Land erof ze begleeden.
30 An dëst sinn d’Wierder, déi de Gid zu mir gesprach huet: Kuck, mir hunn eis mat eise Gefaangener erof an d’Land Zarahemla op de Wee gemaach. An et huet sech erginn: Mir sinn op Spioune vun eisen Arméie getraff, déi erausgeschéckt waren, d’Lager vun de Lamaniten ze beobachten.
31 A si hunn eis ugeruff, nämlech: Kuckt, d’Arméie vun de Lamanite marschéiere géint d’Stad Kumeni; a kuckt, si wäerten si iwwerfalen, jo, a wäerten eist Vollek vernichten.
32 An et huet sech erginn: Eis Gefaangener hunn hiert Ruffen héieren, an dëst huet si Mutt faasse gelooss; an esou hunn si sech géint eis rebelléiert.
33 An et huet sech erginn: Wéinst hirer Rebellioun hu mir eis Schwäerter iwwert si komme gelooss. An et huet sech erginn: Si sinn alleguerte géint eis Schwäerter gelaf, an dobäi gouf déi gréissten Unzuel vun hinnen ëmbruecht; an déi iwwreg sinn ausgebrach a fortgelaf.
34 A kuck, wéi si fortgelaf waren a mir si net méi anhuele konnten, hu mir eise Marsch schnell zur Stad Kumeni gelenkt; a kuck, mir koume rechtzäiteg un, fir eis Bridder beim Hale vun der Stad bäizestoen.
35 A kuck, mir sinn erëm aus den Hänn vun eise Feinde befreit. A geséint ass den Numm vun onsem Gott; well kuck, hien ass et, deen eis befreit huet, jo, deen esou eppes Grousses fir eis gemaach huet.
36 Elo huet et sech erginn: Wéi ech, den Helaman, dës Wierder vum Gid héieren hat, war ech vun immens grousser Freed erfëllt wéinst der Guttheet vu Gott, deen eis beschützt huet, fir datt mir net alleguerten ëmkomm sinn; jo, an ech vertrauen dorobber, datt déi Séile vun deenen, déi ëmbruecht gi sinn, an d’Rou vun hirem Gott agaange sinn.