De Bericht iwwer d’Leit vum Nephi, an hir Kricher an Onstëmmegkeeten, an den Deeg vum Helaman, laut der Opzeechnung vum Helaman, déi hien a senger Zäit gefouert huet.
Besteet aus de Kapitelen 45 bis 62.
45. Kapitel
Den Helaman gleeft un d’Wierder vum Alma—Den Alma prophezeit d’Zerstéierung vun den Nephiten—Hie séint a verflucht d’Land—Deemno kéint den Alma vum Geescht fort geholl gi sinn, grad wéi de Moses—D‘Oneenegkeet an der Kierch hëlt zou. Ongeféier 73 v. Chr.
1 Kuckt, elo huet et sech erginn: D’Vollek Nephi war ganz erfreet, well den Här et erëm aus den Hänn vun hire Feinde befreit hat; dofir hunn si dem Här, hirem Gott Merci gesot; jo, a si hu vill gefaascht a vill gebiet an hu Gott ugebiet mat ganz grousser Freed.
2 An et huet sech erginn: Am nonzéngte Joer vun der Regierung vun de Riichter iwwer d’Vollek Nephi koum den Alma bei säi Jong Helaman an huet zu him gesprach: Gleefs du déi Wierder, déi ech zu dir iwwer dës Opzeechnungen, déi gefouert gi sinn, gesprach hunn?
3 An den Helaman huet zu him gesprach: Jo, ech gleewen se.
4 An den Alma huet weider gesprach: Gleefs du un de Jesus Christus, dee komme wäert?
5 An hien huet gesprach: Jo, ech gleewen all Wierder, déi s du gesprach hues.
6 An den Alma huet weider zu him gesprach: Wäerts du befollegen, wat ech dir soen?
7 An hien huet gesprach: Jo, ech wäert vu ganzem Häerze befollegen, wat s du mir sees.
8 Dunn huet den Alma zu him gesprach: Geséint bass du; an den Här wäert et dir an dësem Land wuel ergoe loossen.
9 Mee kuck, ech hunn dir eppes ze prophezeien; mee wat ech dir prophezeien, solls du kengem soen; jo, wat ech dir prophezeien, soll kee gewuer ginn, jo, bis d’Prophezeiung erfëllt ass; dofir schreif déi Wierder nidder, déi ech soe wäert.
10 An dëst sinn d’Wierder: Kuck, ech erkennen nom Geescht vun der Offenbarung, deen a mir ass, datt dëst Vollek, d’Nephiten, no véierhonnert Joer vun där Zäit un, wou de Jesus Christus hinnen erschénge wäert, an Onglawe verfale wäert.
11 Jo, an da wäerten si Kricher an Epidemien erliewen, jo, Hongersleed a Bluttvergéissen, bis d’Vollek Nephi ausgerott wäert sinn—
12 jo, an dëst, well si an Onglawe verfalen an an däischter Wierker a Liichtfäertegt an allerhand Ongerechtegkeete wäerte verfalen, jo, ech soen dir, well si géint esou grousst Liicht an esou grousst Wësse sëndegen; jo, ech soen dir, vun deem Dag un, och déi véiert Generatioun wäert net ganz vergaange sinn, ier dës grouss Ongerechtegkeet kënnt.
13 A wann dëse groussen Dag kënnt, kuck, da kënnt gläich déi Zäit, wou een déijéineg, déi elo dem Vollek Nephi dobäi gezielt ginn, oder villméi deenen hir Nokommen, net méi dem Vollek Nephi dobäi zielt.
14 Wien awer iwwreg bléift an un deem groussen a schrecklechen Dag net vernicht gëtt, dee wäert de Lamaniten dobäi gezielt ginn a wäert ewéi si ginn, jo, alleguerten ausser e puer wéineger, déi een d’Jünger vum Här nenne wäert; an d’Lamanite wäerten si verfollegen, bis si ausgerott sinn. An elo, wéinst den Ongerechtegkeete wäert sech dës Prophezeiung erfëllen.
15 An elo huet sech erginn, datt nodeems den Alma dës Saachen zum Helaman gesot hat, hie geséint huet, an och seng aner Jongen; an hien huet och d’Äerd fir d’Wuel vun de Gerechte geséint.
16 An hien huet gesprach: Esou seet den Här Gott—Verflucht sief d’Land, jo, dëst Land, bis zur Vernichtung, fir jiddwer Natioun, jiddwer Geschlecht, jiddwer Sprooch a jiddwer Vollek, déi Béises maachen, wann si ganz räif gi sinn; a wéi ech et gesot hunn, esou wäert et sinn; an dëst ass de Fluch an de Seege Gottes iwwer d’Land; well den Här kann net mat der geréngsten Approbatioun op Sënd blécken.
17 An elo, wéi den Alma dës Wierder gesprach hat, huet hien d’Kierch geséint, jo, alleguerten déijéineg, déi vun där Zäit u fest am Glawe stoe wäerten.
18 An nodeems den Alma dëst gemaach hat, ass hien aus dem Land Zarahemla ewech gaangen, wéi wann hien an d’Land Melek goe wéilt. An et huet sech erginn: Et huet een ni méi erëm eppes vun him héieren; vu sengem Doud oder sengem Begriefnis wësse mir näischt.
19 Kuckt, dëst awer wësse mir: Hie war ee gerechte Mann; an an der Kierch ass d’Ried ëmgaangen, hie wier duerch de Geescht ewech geholl ginn, nämlech vun der Hand vum Här begruewe ginn esou ewéi de Moses. Mee kuckt, an de Schrëften heescht et, den Här huet de Moses zou sech geholl; a mir mengen, datt hien och den Alma am Geescht zou sech opgeholl huet; esou wësse mir aus dësem Grond näischt iwwert säin Doud a Begriefnis.
20 An elo huet et sech erginn: Um Ufank vum nonzéngte Joer vun der Regierung vun de Riichter iwwer d’Vollek Nephi ass den Helaman eraus ënner d’Vollek gaangen, fir hinnen d’Wuert ze verkënnegen.
21 Well kuckt, wéinst hire Kricher mat de Lamaniten an de ville klenge Streidereien an Onrouen, déi et ënnert dem Vollek gouf, ass et néideg ginn, datt d’Wuert Gottes ënnert hinne verkënnegt soll ginn, jo, an datt ee Reglement an der ganzer Kierch gemaach soll ginn.
22 Dofir sinn den Helaman a seng Bridder higaangen, fir d’Kierch am ganze Land erëm opzeriichten, jo, a jiddwer Stad iwwerall am ganze Land, dat vum Vollek Nephi bewunnt gouf. An et huet sech erginn: Si hunn iwwerall am ganze Land Priister an Enseignanten iwwert all Kierche bestëmmt.
23 An elo huet et sech erginn: Nodeems den Helaman a seng Bridder Priister an Enseignanten iwwer d’Kierche bestëmmt haten, ass ënnert hinnen eng Oneenegkeet entstanen, a si wollten de Wierder vum Helaman a senge Bridder keng Beuechtung schenken,
24 mee si goufe stolz an am Häerzen iwwerhieflech wéinst hirem immens grousse Räichtem; dofir waren si an hiren eegenen Ae räich an hunn hire Wierder keng Beuechtung geschenkt, nämlech datt si ouni Reproche viru Gott wandele sollten.