Scriptures
4 Nephi 1


Véierten Nephi

D’Buch vum Nephi
Wien ass de Jong vum Nephi—Ee vun de Jünger vum Jesus Christus

Ee Bericht vum Vollek Nephi, no den Opzeechnunge vum Nephi.

1. Kapitel

D’Nephiten an d’Lamaniten sinn all zum Här bekéiert—Si hunn alles gemeinsam, maache Wonner a si hunn Erfolleg am Land—No zwee Joerhonnerte kommen Divisiounen, Béiser, falsch Kierchen a Verfollgungen op—No dräihonnert Joren si souwuel d’Nephiten wéi och d’Lamaniten béis—Den Ammaron verstoppt déi helleg Opzeechnungen. Ongeféier 35–321 n. Chr.

1 An et huet sech erginn: Dat véierandrëssegt Joer ass vergaangen an och dat fënnefandrëssegt Joer, a kuckt, d’Jünger vum Jesus haten an alle Länner ronderëm d’Kierch vum Christus gebilt. An alleguerten, déi zu hinne koumen a vun hire Sënde wierklech ëmgekéiert sinn, goufen am Numm vum Jesus gedeeft, a si hunn och den Hellege Geescht empfaangen.

2 An et huet sech erginn: Am sechandrëssegte Joer gouf alles Vollek zum Här bekéiert, iwwerall am Land, d’Nephitë souwuel als och d’Lamaniten, an et goufe keng Streidereien an Ausenanersetzungen ënnert hinnen, a jiddwereen huet gerecht gehandelt, ee mat dem aneren.

3 A si haten ënnert sech alles zesummen; dofir goufen et keng Räicher an Aarmer, Sklaven a Fräier, mee si waren alleguerte fräi ginn an haten Deel un der himmlescher Gab.

4 An et huet sech erginn: Och dat siwenandrëssegt Joer ass vergaangen, an nach ëmmer huet de Fridden am Land ugehalen.

5 An et goufe grouss a wonnerbar Wierker vun de Jünger vum Jesus vollbruecht; jo, si hunn déi Krank geheelt, an déi Doudeg erwächt, an hu gemaach, datt d’Krëppel gaange sinn an déi Blann hir Siicht kritt hunn a déi Daf héieren hunn; an allerhand Wonner hunn si ënnert de Mënschekanner vollbruecht; a si hu Wonner bewierkt eleng nëmmen am Numm vum Jesus.

6 An esou sinn dat aachtandrëssegt Joer an och dat néngandrëssegt Joer an dat eenavéierzegt Joer an dat zweeavéierzegt Joer vergaangen, jo, bis néngavéierzeg Joer vergaange waren an och dat eenafofzegt an dat zweeafofzegt; jo, bis souguer néngafofzeg Joer vergaange waren.

7 An den Här huet et hinnen immens wuel ergoe gelooss am Land; jo, sou gutt, datt si erëm Stied gebaut hunn, wou Stied verbrannt waren.

8 Jo, och déi grouss Stad Zarahemla hunn si erëm opbaue gelooss.

9 Mee et si vill Stied ginn, déi ënner gaange waren, a Waasser war an hier Plaz komm; dofir konnten dës Stied net erneiert ginn.

10 An elo, kuckt, et huet sech erginn: D’Vollek Nephi huet staark zougeholl an huet sech immens schnell multiplizéiert a gouf een immens schéint an angeneemt Vollek.

11 A si hunn sech bestuet a goufe bestuet a goufen no de variéierte Versprieche geséint, déi den Här hinne ginn hat.

12 A si sinn net méi no den Ausféierungen a Veruerdnunge vum Moses sengem Gesetz gaangen, mee sinn no de Geboter gaangen, déi si vun hirem Här an hirem Gott kritt haten, a si hu weider gemaach, ze faaschten an ze bieden an sech dacks ze versammelen, fir ze bieden an och d’Wuert vum Här ze héieren.

13 An et huet sech erginn, datt et kee Sträit tëschent dem ganze Vollek am ganze Land gouf; mee et goufe mächteg Wonner ënnert de Jünger vum Jesus gemaach.

14 An et huet sech erginn: Dat eenasiwwenzegt Joer ass vergaangen an och dat zweeasiwwenzegt Joer, jo, a bis schliisslech dat néngasiwwenzegt Joer vergaange war; jo, souguer eenhonnert Joer ware vergaangen, an d’Jünger vum Jesus, déi hien ernimmt hat, ware all an d’Paradäis Gottes gaangen, ausser déi dräi, déi bleiwe sollten; an et goufen aner Jünger an hirer Plaz veruerdent; an och vill vun där Generatioun ware vergaangen.

15 An et huet sech erginn: Wéinst der Léift Gottes, déi dem Vollek am Häerze gewunnt huet, gouf et am Land kee Sträit.

16 An et gouf keen Näid, keng Streidereien, keng Tumulter, keng Prostitutioun, keng Ligen, kee Morden, keng iergendeng Aart vun Unzuucht; a sécherlech kéint et kee méi glécklecht Vollek ënnert all de Leit ginn, déi vun der Hand vu Gott erschaf goufen.

17 Et goufe keng Raiber, keng Mäerder, och goufen et keng Lamaniten nach soss iergendwellech—iten; mee si waren eent, d’Kanner vum Christus, an Ierwe vum Räich Gottes.

18 A wéi geséint waren si! Well den Här huet si an allem geséint, wat si gemaach hunn; jo, si goufe geséint, an et ass hinne wuel ergaangen, bis eenhonnertanzéng Joer vergaange waren; an déi éischt Generatioun zënter Christus war vergaangen, an et gouf am ganze Land kee Sträit.

19 An et huet sech erginn: Den Nephi, nämlech hien, deen dëse leschte Bericht gefouert huet (an hien huet en op de Placke vum Nephi gefouert), ass gestuerwen, a säi Jong Amos huet en a senger Plaz gefouert; an hien huet en och op de Placke vum Nephi gefouert.

20 An hien huet en véieranachzeg Joer laang gefouert, an et war nach ëmmer Fridden am Land, ausser datt et e puer wéineger am Vollek gi sinn, déi vun der Kierch of gefall waren an den Numm Lamaniten op sech geholl haten; dofir huet et am Land erëm ugefaangen, Lamaniten ze ginn.

21 An et huet sech erginn: Och den Amos ass gestuerwen (an et waren eenhonnertvéierannonzeg Joer zënter dem Komme vum Christus), a säi Jong Amos huet de Bericht a senger Plaz gefouert; an och hien huet en op de Placke vum Nephi gefouert; an de Bericht war och am Buch vum Nephi geschriwwen, an dëst ass d’Buch.

22 An et huet sech erginn: Zweehonnert Joer ware vergaangen; an déi ganz zweet Generatioun war vergaangen ausser e puer wéineger.

23 An elo hätt ech, Mormon, gären, datt dir wësst, datt d’Vollek sech multiplizéiert huet, sou vill, datt si sech iwwer d’ganz Land ausgebreet hunn an datt si wéinst hirem Wuelstand a Christus immens räich gi waren.

24 An elo, an dësem zweehonnerste Joer huet et ugefaangen, datt et ënnert hinnen der gi sinn, déi am Stolz iwwerhieflech goufen, datt si deier Kleeder an allerhand fei Pärelen a fei Saache vun der Welt gedroen hunn.

25 A vun där Zäit un haten si hier Wueren an hire Besëtz ënnereneen net méi zesummen.

26 A si hunn ugefaangen, sech a Klassen ze deelen; a si hunn ugefaangen, fir sech selwer Kierchen ze bauen, fir Gewënn ze maachen, an hunn ugefaangen, déi wouer Kierch vum Christus ze verleegnen.

27 An et huet sech erginn: Wéi zweehonnertanzéng Joer vergaange waren, goufen et vill Kierchen am Land; jo et goufe vill Kierchen, déi virginn hunn, de Christus ze kennen, an awer hunn si de gréissten Deel vu sengem Evangelium verleegent, sou datt si allerhand Béist ugeholl hunn an dat, wat helleg war, un déi ausgedeelt hunn, deenen et wéinst hirer Onwierdegt verbuede war.

28 An dës Kierch huet sech immens multiplizéiert wéinst Ongerechtegkeet a wéinst der Muecht vum Satan, deen hir Häerzer a Grëff hat.

29 An nach eng Kéier gouf et eng aner Kierch, déi de Christus verleegent huet; an si hunn déi richteg Kierch vum Christus verfollegt, wéinst hirer Humilitéit an hirem Glawen un de Christus; an si hunn si veruecht, wéinst de ville Wonner, déi ënnert hinne gemaach goufen.

30 Dofir hunn si Muecht an Autoritéit iwwert d’Jünger vum Jesus, déi bei hinne bliwwe sinn, ausgeüübt, a si hunn si an de Prisong geworf; mee duerch d’Muecht vum Wuert Gottes, déi an hinne war, sinn d’Prisonge geplatzt, a si sinn erausgaangen an hu mächteg Wonner ënnert hinne vollbruecht.

31 An awer, onbeuecht vun all dëse Wonner, huet d’Vollek säin Häerz verhäert an duerno gestrieft, si ëmzebréngen, jo, wéi d’Judden zu Jerusalem gestrieft haten, de Jesus ëmzebréngen, no sengem Wuert.

32 A si sinn a Feieruewe geworf ginn, a si koumen eraus, ouni Schued gelidden ze hunn.

33 A si sinn och a Gruewe mat wëllen Déiere geworf ginn, a si hu mat de wëllen Déiere gespillt wéi ee Kand mat engem Lämmchen; a si koumen doraus eraus, ouni Schued gelidden ze hunn.

34 Mee d’Vollek huet säin Häerz verhäert, well si goufe vu ville Priister a falsch Prophete verfouert, vill Kierchen opzebauen an allerhand Ongerechtegkeeten ze maachen. An si hunn d’Leit vum Jesus geschloen; mee d’Leit vum Jesus hunn net zeréckgeschloen. An esou sinn si an Ongleewegt an a Béist verfall, vu Joer zu Joer, bis zweehonnertdrësseg Joer vergaange waren.

35 Elo huet et sech erginn: An dësem Joer, jo, am zweehonnerteenandrëssegte Joer, gouf et eng grouss Divisioun ënnert dem Vollek.

36 An et huet sech erginn: An dësem Joer koum ee Vollek op, dat sech Nephite genannt huet, a si haten de richtege Glawen u Christus; an ënnert hinne waren déijéineg, déi vun de Lamaniten als Jacobiten a Josephiten an Zoramite bezeechent goufen;

37 dofir goufen déijéineg, déi wierklech un de Christus gegleeft hunn an déi de Christus wierklech ugebiet hunn (ënnert hinne waren déi dräi Jünger vum Jesus, déi verbleiwe sollten), Nephiten a Jakobiten a Josephiten an Zoramite genannt.

38 An et huet sech erginn: Déijéineg, déi d’Evangelium verworf hunn, goufe Lamaniten a Lemueliten an Ishmaelite genannt; a si sinn net an Ongleewegt verfall, mee hu virsätzlech géint d’Evangelium vum Christus rebelléiert; a si hunn hire Kanner gepriedegt, si sollten net gleewen, esou wéi schonn hir Pappe vun Ufank u lues a lues verfall waren.

39 An dat war wéinst der Béist an der Abscheilechkeet vun hire Pappen, jo, wéi et vun Ufank u war. An et gouf hinne bäibruecht, d’Kanner Gottes ze haassen, jo, wéi et de Lamanite vun Ufank un bäibruecht gi war, d’Kanner vum Nephi ze haassen.

40 An et huet sech erginn: Zweehonnertvéieravéierzeg Joer ware vergaangen, an esou stoung et ëm d’Ugeleeënheete vum Vollek. An de béisen Deel vum Vollek ass staark an extrem vill méi ginn, wéi et d’Vollek Gottes war.

41 A si hunn nach ëmmer weider gemaach, fir sech hier eege Kierchen ze erriichten an se mat all Zort vu wäertvolle Saachen ze dekoréieren. An esou sinn zweehonnertfofzeg Joer an och zweehonnertsiechzeg Joer vergaangen.

42 An et huet sech erginn: De béisen Deel vum Vollek huet erëm ugefaangen, déi geheim Eeden a Verbindunge vum Gadianton opzebauen.

43 An och dat Vollek, dat d’Vollek Nephi genannt gouf, huet ugefaangen, wéinst sengen iwwergrousse Räichtemer am Häerze stolz ze sinn an iwwerhieflech ze gi wéi hier Bridder, d’Lamaniten.

44 An zënter dëser Zäit hunn d’Jünger Jesu ugefaangen, wéinst de Sënde vun der Welt ze traueren.

45 An et huet sech erginn: Wéi dräihonnert Joer vergaange waren, do ware souwuel d’Vollek Nephi ewéi och d’Lamaniten immens béis ginn, déi eng ewéi déi aner.

46 An et huet sech erginn: D’Gadiantonraiber hunn sech iwwer d’ganz Land ausgebreet; an et gouf keen, dee gerecht war, ausser d’Jünger vum Jesus. A Gold a Sëlwer hunn si sech an iwwerräichem Mooss gesammelt an hunn all Zort Handel gehandelt.

47 An et huet sech erginn: Nodeems dräihonnertfënnef Joer vergaange waren (an d’Vollek ass nach ëmmer a Béist bliwwen), ass den Amos gestuerwen; a säi Brudder Ammaron huet de Bericht a senger Plaz gefouert.

48 An et huet sech erginn: Wéi dräihonnertzwanzeg Joer vergaange waren, gouf den Ammaron vum Hellege Geescht gedrängt an huet dowéinst d’Opzeechnungen, déi helleg waren, verstoppt—jo, all déi Opzeechnungen, déi vu Generatioun zu Generatioun weidergeleet gi waren, déi helleg waren—jo, bis zum dräihonnertzwanzegte Joer zënter dem Komme vum Christus.

49 An hien huet se fir den Här verstoppt, fir datt se erëm un den Iwwerrescht vum Haus vum Jakob komme kéinten, no de Prophezeiungen a Versprieche vum Här. An dëst ass d’Enn vum Bericht vum Ammaron.