D’Buch vum Enos
1. Kapitel
Den Enos biet mächteg a kritt d’Verzeiung vu senge Sënden—D’Stëmm vum Här kënnt a säi Geescht a versprécht d’Erléisung fir d’Lamaniten an engem zukünftegen Dag—D’Nephiten hu probéiert d’Lamaniten zeréckzekréien—Den Enos freet sech iwwert säin Erléiser. Ongeféier 420 v. Chr.
1 Kuckt, et huet sech erginn, datt ech, den Enos, wousst, datt mäi Papp e gerechte Mann war—well hien huet mech a senger Sprooch enseignéiert, an och an der Erzéiung an der Ermanung vum Här—a gelueft sief den Numm vu mengem Gott dofir—
2 An ech wëll iech vum Kampf erzielen, deen ech viru Gott hat, ier ech d’Verzeiung vu menge Sënde krut.
3 Kuckt, ech sinn an de Bësch gaangen, wëll Déieren ze joen; an déi Wierder, déi ech mäi Papp a Bezuch op d’éiwegt Liewen an d’Freed vun den Hellegen dacks spriechen héieren hat, ware mir déif an d’Häerz gedrongen.
4 A meng Séil huet gehongert; an ech hunn viru mengem Schëpfer niddergeknéit an zu him a muechtvollem Gebiet a voll Supplikatioune fir meng Séil gejaut; an de ganzen Dag laang hunn ech zu him gejaut; jo, a wéi d’Nuecht komm ass, hunn ech meng Stëmm ëmmer nach haart erschale gelooss, sou datt se d’Himmelen ereescht huet.
5 An eng Stëmm ass u mech komm, nämlech: Enos, deng Sënden sinn dir verginn, an du solls geséint sinn.
6 An ech, Enos, wousst, datt Gott net léie kann; dofir war meng Schold ewech.
7 An ech hu gesprach: Här, wéi geet dat zou?
8 An hien huet zu mir gesot: Wéinst dengem Glawen u Christus, vun deem s du nach ni virdrun héieren oder gesinn hues. A vill Jore vergoen, bevir hien sech am Fleesch manifestéiere wäert; dofir géi hin, däi Glawen huet dech geheelt.
9 Elo, et huet sech erginn: Wéi ech dës Wierder héieren hat, ass a mir de Wonsch nom Wuelergoe vu menge Bridder, den Nephiten, waakreg ginn; dofir hunn ech fir si meng ganz Séil viru Gott ausgeschott.
10 An iwwerdeems ech sou am Geescht gekämpft hunn, kuckt, do koum d’Stëmm vum Här erëm a mäi Geescht a sot: Ech wäert deng Bridder besichen, jee no hirem Fläiss, wéi si meng Geboter halen. Ech hunn hinnen dëst Land ginn, an et ass en hellegt Land; an ech verfluchen et net ausser wéinst der Ongerechtegkeet; dofir wäert ech är Bridder besichen, sou wéi ech gesot hunn; an hir Iwwertriedunge wëll ech hinne mat Leed op hir eege Käpp erofbréngen.
11 An nodeems ech, Enos, dës Wierder héieren hat, huet mäi Glawen un den Här ugefaangen, onerschëtterlech ze ginn; an ech hu mat ville laange Kämpf fir meng Bridder, d’Lamaniten, zu him gebiet.
12 An et huet sech erginn, nodeems ech gebiet a mat allem Fläiss geschafft hat, huet den Här zu mir gesot: Ech ginn dir no denge Wënsch, wéinst dengem Glawen.
13 An elo, kuckt, dat war de Wonsch, deen ech un hien hat: datt, falls mäi Vollek, d’Nephiten, an d’Sënd falen an op iergendeng Aart zerstéiert ginn, an d’Lamaniten net zerstéiert ginn, den Här Gott eng Opzeechnung vu mengem Vollek, den Nephiten, erhale géif; och wann et misst duerch d’Kraaft vu sengem hellegen Aarm sinn, fir datt se zu engem spéidere Dag bei d’Lamanite komme kéint, fir datt si vläicht zur Erléisung bruecht kéinte ginn—
14 Well am Moment waren eis Beméien ëmsoss, fir si zum richtege Glawen zeréckzebréngen. A si hunn an hirer Roserei geschwuer, si géifen, wa méiglech, eis Opzeechnungen an eis vernichten, dozou och all Iwwerliwwerunge vun eise Pappen.
15 Dofir, well ech wousst, datt den Här Gott fäeg war, eis Opzeechnungen ze erhalen, hunn ech dauernd zu him gejaut, well hien zu mir gesot hat: Alles, wat dir am Glawe frot, a gleeft, datt dir et am Numm vum Christus kritt, wäert dir kréien.
16 An ech hat Glawen, an ech hunn zu Gott gejaut, datt hien d’Opzeechnunge géif erhalen; an hie mécht mat mir eng Allianz, datt hien se zu senger eegener Zäit de Lamanite brénge géif.
17 An ech, Enos, hu gewosst, et géif no der Allianz geschéien, deen hie gemaach hat; dofir huet meng Séil Rou fonnt.
18 An den Här sot zu mir: Deng Pappen hunn dëst och vu mir verlaangt; an et soll hinnen no hirem Glawe gemaach ginn; well hire Glawe war wéi däin.
19 An elo huet et sech erginn: Ech, Enos, sinn ënnert dem Nephi säi Vollek ëmhiergaang an hu prophezeit vun Zukënftegem an hunn dat temoignéiert, wat ech héieren a gesinn hat.
20 An ech temoignéieren, datt d’Vollek vum Nephi fläisseg probéiert huet, d’Lamaniten zum richtege Glawen u Gott zeréckzebréngen. Mee eis Aarbecht war ëmsoss; hiren Haass war fest, an si goufe vun hirer béiser Natur gefouert, sou datt si wëll a grausam goufen, an e Vollek, dat op Blutt aus war, voller Idolatrie an Dreckegt; si hunn sech vu Raubdéieren erniert; si hunn an Zelter gewunnt a mat engem kuerze Liedersrimm ëm hir Hëften a mat hire raséierte Käpp an der Wüüst ronderëm gewandert; an hir Fäegkeete waren am Bou, am Zimeter an der Aaxt. A vill vun hinnen hunn näischt giess ausser réit Fleesch; a si hunn dauernd probéiert eis ze zerstéieren.
21 An et huet sech erginn: Dem Nephi säi Vollek huet d’Land bebaut an huet all Aarte vu Getreider a Fruuchten a Menge vu Véi an allerhand Häerde vu Rënder vun all Gattung a Geessen a wëll Geessen an och vill Päerder opgezunn.
22 An ënnert eis sinn et immens vill Prophete ginn. An d’Vollek war ee bornéiert Vollek, schwéier vu Begrëff.
23 An et gouf näischt ausser aussergewéinlech Häert, d’Priedegen an d’Prophezeiung vu Kricher, Streidereien an Zerstéierungen, an d’Erënnerung un den Doud, d’Dauer vun der Éiwegkeet, d’Urteeler an d’Muecht vu Gott, an all dës Saachen—an d’Erënnerung un dat, fir si an der Angscht virum Här ze halen. Ech soen, et gouf soss näischt wéi dës Saachen, an nach aussergewéinlech grouss Kloerheet vun der Ried, déi si dovunner ofhale géif, séier an d’Zerstéierung ze goen. An op dës Weis schreiwen ech iwwert si.
24 An am Laf vu mengen Deeg hunn ech Kricher tëschent den Nephiten an de Lamanite gesinn.
25 An et huet sech erginn: Ech hunn ugefaangen, al ze sinn, an honnertnéngasiwwenzeg Jore ware vergaangen zënter där Zäit, wou eise Papp Lehi Jerusalem verlooss hat.
26 An ech hu gesinn, datt ech gläich an d’Graf erof misst, an d’Muecht Gottes hat op mech gewierkt, sou datt ech dësem Vollek priedegen a prophezeien an him d’Wierder no der Wourecht, déi a Christus ass, verkënnegen hu missen. An ech hunn se all meng Deeg verkënnegt an hunn un hir méi Freed gehat ewéi un der Welt.
27 An elo ginn ech gläich un den Uert vu menger Rou, déi bei mengem Erléiser ass; well ech weess, datt ech an him roue wäert. An ech freeë mech iwwert den Dag, wou meng Stierflechkeet sech Onstierflechkeet unzitt an ech virun him stoe wäert; da wäert ech säi Gesiicht mat Freed gesinn, an hie wäert zu mir soen: Komm bei mech, du Geséinten, et ass eng Plaz fir dech virbereet an de Wunnenge vu mengem Papp. Amen.