7. Kapitel
De Sherem verleegent de Christus, streit mam Jakob, fuerdert en Zeechen a gëtt vu Gott geschloen—All Propheten hunn iwwert de Christus a Seng Versönung geschwat—D’Nephiten hunn hir Deeg als Wanderer gelieft, sinn an der Nout gebuer a goufe vun de Lamaniten gehaasst. Ongeféier 544–421 v. Chr.
1 An et huet sech erginn: Wéi e puer Jore vergaange waren, ass ënnert dem Vollek Nephi ee Mann opgetrueden, deem säin Numm war Scherem.
2 An et huet sech erginn: Hien huet ugefaangen, ënnert dem Vollek ze priedegen an hinnen ze verkënnegen, datt et kee Christus wäert ginn. An hien huet villes gepriedegt, wat dem Vollek geschmeechelt huet; an hien huet dat gemaach, fir d’Doktrinn vum Christus ze zerschloen.
3 An hien huet fläisseg geschafft, fir d’Häerze vum Vollek op egaréiert Weeër ze féieren, sou fläisseg, datt hie vill Häerzer op egaréiert Weeër gefouert huet; a well hie gewosst huet, datt ech, Jakob, feste Glawen u Christus hat, deen do komme sollt, huet hie vill no Geleeënheete gesicht fir u mech ze kommen.
4 An hie war geléiert, sou datt hien d’Sprooch vum Vollek bis an d’Perfektioun beherrscht huet; dofir konnt hie vill Geschmeecheltes a vill Wuert-Sprooch benotzen, no der Muecht vum Däiwel.
5 An hien hat Hoffnung, mech vum Glawen ze rëselen, trotz de villen Offenbarungen an de ville Saachen, déi ech iwwer dës Saache gesinn hat; well ech hat wierklech Engele gesinn, an si hate mir gedéngt. Ech hat och vun Zäit zu Zäit d’Stëmm vum Här héieren, déi zu mir mat wierkleche Wierder gesprach huet; dofir konnt ech net doranner gestierzt ginn.
6 An et huet sech erginn: Hie koum zu mir an huet esou zu mir gesprach, nämlech: Brudder Jakob, ech hu vill no Geleeënheet gesicht, mat dir ze schwätzen; well ech hunn héieren a weess och, datt s du vill ëmgees an dat priedegs, wat dir d’Evangelium oder d’Doktrinn vum Christus nennt.
7 An dir hutt vill vun dësem Vollek verleet, sou datt si de rechte Wee vu Gott pervertéieren, an d’Gesetz vum Moses net halen, dat jo de richtege Wee ass; an dir verwandelt d’Gesetz vum Moses an d’Veréierung vun engem Wiesen, vun deem dir sot, hie géif eréischt a vill honnert Jore kommen. An elo kuck, ech, Scherem, verkënnegen dir, datt dës eng Lästerung ass; well kee Mënsch weess vun esou eppes, well hie kann net vu Kënftegem schwätzen. An op dës Weis huet de Scherem géint mech gestridden.
8 Mee kuckt, den Här Gott huet säi Geescht a meng Séil geschott, sou vill, datt ech de Scherem an all senge Wierder widderleeë konnt.
9 An ech hunn zu him gesprach: Leegnest du de Christus, dee komme soll? An hien huet gesprach: Wann et ee Christus géif ginn, da géif ech hien net verleegnen; mee ech weess, datt et ee Christus weder gëtt, nach ginn huet, nach jeemools wäert ginn.
10 An ech hunn zu him gesprach: Gleefs du un d’Schrëft? An hien huet gesprach: Jo.
11 An ech hunn zu him gesprach: Dann verstees du se net, well se temoignéiert wierklech vu Christus. Kuck, ech soen dir, datt kee vun de Prophete geschriwwen nach prophezeit huet, ouni iwwer dëse Christus ze schwätzen.
12 An dat ass net alles—et ass mir manifestéiert ginn, well ech hunn et héieren a gesinn; an et ass mir och duerch d’Muecht vum Hellege Geescht manifestéiert ginn; dofir weess ech, wann et keng Versönung gëtt, muss déi ganz Mënschheet verluer goen.
13 An et huet sech erginn: Hien huet zu mir gesprach: Weis mir een Zeechen duerch dës Muecht vum Hellege Geescht, duerch déi du sou vill weess.
14 An ech hunn zu him gesprach: Wat sinn ech, datt ech Gott versiche sollt, dir een Zeechen ze weise vun eppes, wouvunner du weess, datt et wouer ass? Awer du wäerts et verleegnen, well s du vum Däiwel bass. Trotzdeem soll net mäi Wëlle geschéien; mee wa Gott dech schléit, da soll dat en Zeeche fir dech sinn, datt hie Muecht huet, souwuel am Himmel wéi och op der Äerd; an och, datt de Christus komme wäert. An däi Wëllen, o Här, geschéi, an net mäin.
15 An et huet sech erginn: Wéi ech, Jakob, dës Wierder gesprach hat, do koum d’Muecht vum Här iwwert hien, sou staark, datt hien zu Buedem gefall ass. An et huet sech erginn: Hie gouf vill Deeg laang gefleegt.
16 An et huet sech erginn: Hien huet zum Vollek gesprach: Versammelt iech muer, well ech wäert stierwen; dofir wëll ech zum Vollek schwätzen, bevir ech stierwen.
17 An et huet sech erginn: De nächsten Dag hunn sech d’Leit versammelt, an hien huet kloer zu hinne gesprach an huet dat widderruff, wat hien si geléiert hat, an huet de Christus bekannt an d’Muecht vum Hellege Geescht an den Déngscht vun den Engelen.
18 An hien huet kloer zu hinne geschwat, datt hien duerch d’Muecht vum Däiwel getäuscht gi war. An hien huet vun der Hell a vun der Éiwegkeet a vun der éiweger Strof geschwat.
19 An hien huet gesprach: Ech fäerten, ech hunn déi onverzeilech Sënd begaangen, well ech hu Gott belunn; well ech hunn de Christus verworf a gesot, datt ech un d’Schrëft gleewen; an se temoignéiert wierklech vun him. A well ech op dës Weis Gott belunn hunn, fäerten ech vill, datt meng Lag fuerchtbar wäert, sinn, mee ech bekenne viru Gott.
20 An et huet sech erginn: Wéi hien dës Wierder gesprach hat, konnt hien net méi schwätzen an huet de Geescht opginn.
21 A wéi d’Leit materlieft hunn, datt hien dëst gesprach huet, grad wéi hien de Geescht opginn huet, waren si iwwer d’Moosse verwonnert, sou vill, datt d’Muecht Gottes op si erof koum; a si goufen iwwerwältegt, sou datt si zu Buedem gefall sinn.
22 Elo, dës Saach huet mir gefall, Jakob, well ech hat et vu mengem Papp am Himmel gefrot; well hien hat mäi Jäizen héieren a mäi Gebiet erhéiert.
23 An et huet sech erginn: Fridden an d’Léift zu Gott goufen ënnert dem Vollek erëm hirgestallt; a si hunn an der Schrëft gefuerscht an hunn net méi op d’Wierder vun dësem béise Mënsch gelauschtert.
24 An et huet sech erginn: Vill Mëttel goufen erfonnt, fir d’Lamaniten zeréckzegewannen an si erëm zum Wësse vun der Wourecht ze bréngen; mee et war alles ëmsoss, well si hunn sech u Krichen an um Bluttvergéisse gefreet an haten een éiwegen Haass op eis, hir Bridder. An si hu versicht, eis mat der Muecht vun hire Waffen dauernd ze zerstéieren.
25 Dofir huet sech dem Nephi säi Vollek mat senge Waffen a senger ganzer Muecht géint si gerüst, an et huet op de Gott a Fiels vu senger Errettung vertraut; dofir war et ëmmer nach amstand, iwwert seng Feinden ze gewannen.
26 An et huet sech erginn, datt ech, de Jakob, ugefaangen hunn al ze ginn; an d’Opzeechnung vun dësem Vollek gouf op den anere Placke vum Nephi gefouert, dofir schléissen ech dës Opzeechnung of an erklären, datt ech no beschtem Wëssen a Gewësse geschriwwen hunn, andeems ech soen, datt d’Zäit mat eis vergaangen ass, an och eis Liewe vergaange sinn, wéi wann et fir eis wéi een Dram gewiescht war, well mir een einsaamt an eescht Vollek waren, Wanderer, aus Jerusalem verdriwwen, an der Nout gebuer, an enger Wüüst, a vun eise Bridder gehaasst, wat Kricher a Sträit verursaacht huet; dofir hu mir eis Deeg gekrasch.
27 An ech, de Jakob, hu gesinn, datt ech geschwënn a mäi Graf muss goen; dofir hunn ech zu mengem Jong Enos gesot: Huel dës Placken. An ech hunn him déi Saachen erzielt, déi mäi Brudder Nephi mir gebueden hat, an hien huet versprach, d’Geboter ze befollegen. An ech maachen en Enn mat mengem Schreiwen op dëse Placken, déi kleng Schrëft war; an ech soen dem Lieser Äddi, an der Hoffnung, datt der vill vu menge Bridder meng Wierder liesen. Bridder, Äddi.