3. Kapitel
Déi, déi reng am Häerz sinn, kréien dat freedegt Wuert vu Gott—D’Gerechtegkeet vun de Lamaniten iwwertrefft déi vun den Nephiten—De Jakob warnt virun Onkeuschheet, Unzuucht an all Sënd. Ongeféier 544–421 v. Chr.
1 Mee kuckt, ech, Jakob, wëll zu iech schwätzen, déi dir am Häerze reng sidd. Bléckt mat festem Sënn op Gott, a biet zu him mat immens groussem Glawen, da wäert hien iech an ärem Leed tréischten, an sech ärer Saach unhuelen, a Gerechtegkeet iwwer déijéineg komme loossen, déi no ärer Zerstéierung verlaangen.
2 O all dir, déi reng am Häerz sidd, hieft är Käpp an empfänkt dat agreabelt Wuert vu Gott, a genéisst seng Léift; well dir kënnt et, wann äre Geescht ferm ass, fir ëmmer.
3 Mee Wéi, Wéi iech, déi net reng am Häerz sidd, déi haut viru Gott dreckeg sidd; well, ausser dir kéiert ëm, d’Land ass fir iech verflucht; an d’Lamaniten, déi net dreckeg si wéi dir, trotzdeem si se mat engem schwéiere Fluch verflucht, wäerten iech bis zum Ënnergang gäisselen.
4 An d’Zäit kënnt séier, datt—ausser dir kéiert ëm—si d’Land vun ärer Ierfschaft a Besëtz huelen, an den Här Gott wäert déi Gerecht aus ärer Mëtt ewechféieren.
5 Kuckt, d’Lamaniten, är Bridder, déi dir haasst, wéinst hirem Dreck an dem Fluch, deen op hir Haut komm ass, si méi gerecht wéi dir; well si hunn d’Gebot vum Här net vergiess, dat eisem Papp ginn ass—datt si nëmmen eng Fra sollten hunn, a keng Niewefrae sollten hunn, an et sollt keng Prostitutioun ënnert hinne ginn.
6 An elo, si sinn dorobber aus, dëst Gebot ze halen; a well si dorobber aus sinn, dëst Gebot ze halen, wäert den Här Gott si net vernichten, mee hie wäert zu hinne baarmhäerzeg sinn; an enges Daags wäerten si ee geséintent Vollek ginn.
7 Kuckt, hir Männer hunn hir Frae gär, an hir Fraen hunn hir Männer gär; an hir Männer an hir Fraen hunn hir Kanner gär; an hir Ongleewegt an hiren Haass géint iech ass wéinst der Ongerechtegkeet vun hire Pappen; dofir, wéi vill besser sidd dir wéi si, an den Ae vun ärem grousse Schëpfer?
8 O meng Bridder, ech fäerten, wann dir net vun äre Sënden ëmkéiert, wäert hir Haut méi wäiss si wéi är, wann dir mat hinne virun den Troun Gottes bruecht gitt.
9 Dofir ginn ech iech e Gebot, dat d’Wuert vu Gott ass, datt dir si net méi wéinst der Däischtert vun hirer Haut verurteelt; an dir sollt si net méi wéinst hirer Dreckegt verurteelen; mee dir sollt iech un är eegen Dreckegt erënneren, an iech drun erënneren, datt hir Dreckegt wéinst hire Pappe koum.
10 Dofir sollt dir iech un är Kanner erënneren, wéi dir hir Häerzer verwonnt hutt, wéinst dem Beispill, dat dir hinne virgelieft hutt; an denkt och drun, datt dir wéinst ärer Onrengheet är Kanner an d’Verdierwe kéint féieren, an hir Sënde wäerten um leschten Dag op är Käpp geluecht ginn.
11 O meng Bridder, lauschtert op meng Wierder; rëselt d’Fäegkeete vun ärer Séil op, schëddelt iech, fir dat dir vum Schlof vum Doud erwächt; a maacht iech lass vun de Wéie vun der Hell, fir dat dir net zu Engele vum Däiwel gitt, déi an de Séi vu Feier a Schwiefel gestouss ginn, deen den zweeten Doud ass.
12 An elo hunn ech, de Jakob, vill méi Saachen zum Vollek vum Nephi geschwat, si virun Onkeuschheet an Unzuucht an all Zort vu Sënd gewarnt, an hinnen déi schrecklech Konsequenzen dovunner erzielt.
13 An net den honnersten Deel vun den Handlunge vun dësem Vollek, dat elo ugefaang huet, vill ze ginn, kann op dës Placken niddergeschriwwe ginn; mee vill vu sengen Handlunge sinn op deene méi grousse Placken niddergeschriwwen, och esou seng Kricher a Streidereien an d’Regierung vu senge Kinneken.
14 Dës Placke ginn d’Placke vum Jakob genannt, a se si vum Nephi senger Hand gemaach ginn. An ech halen op, dës Wierder ze schwätzen.