Scriptures
Jakob 2


2. Kapitel

De Jakob verurteelt d’Léift zum Räichtum, Stolz an Onkeuschheet—D’Mënschen däerfen no Räichtum sichen, fir hire Matmënschen ze hëllefen—Den Här befielt, datt kee Mann ënnert den Nephite méi wéi eng Fra däerf hunn—Den Här huet Freed un der Jongfralechkeet vu Fraen. Ongeféier 544–421 v. Chr.

1 D’Wierder, déi de Jakob, de Brudder vum Nephi, nom Doud vum Nephi, zum Nephi sengem Vollek gesprach huet:

2 Elo, meng léif Bridder, ech, Jakob, der Verantwortung no, déi ech Gott géintiwwer hunn, mäin Amt mat Niichtert ze verherrlechen, an domadder meng Kleeder vun äre Sënden ze befreien, kommen ech haut an de Tempel erop, fir iech d’Wuert vu Gott ze verkënnegen.

3 An dir wësst selwer, datt ech bis elo am Amt vu menger Beruffung fläisseg war; mee vill méi ewéi soss bedréckt mech haut, datt ech d’Wuelergoe vun ärer Séil wënschen an dofir besuergt sinn.

4 Well kuckt, bis elo hutt dir dem Wuert vum Här gefollegt, dat ech iech ginn hunn.

5 Mee kuckt, lauschtert mir no, a wësst, datt ech iech mat der Hëllef vum allmächtege Schëpfer vun Himmel an Äerd iwwert är Gedanken erziele kann, wéi dir ufänkt, an der Sënd ze schaffen, eng Sënd, déi mir ganz abscheilech schéngt, jo, an abscheilech fir Gott.

6 Jo, et trauregt meng Séil an et léisst mech vu Schimmt virun der Presenz vu mengem Schëpfer zesumme schrecken, datt ech iech iwwer d’Béist vun ären Häerzer muss aussoen.

7 An et deet mir och wéi, datt ech a Bezuch op iech esou schwätze muss, ouni mech zeréck ze halen, jo, virun äre Fraen a Kanner, deenen hire Geescht villfach immens zaart a keusch an empfindlech ass viru Gott, wat jo Gott wuel gefälleg ass.

8 An ech mengen, si sinn hei eropkomm, fir dat agreabelt Wuert vu Gott ze héieren, jo, d’Wuert, dat déi verwonnt Séil heelt.

9 Dofir belaascht et meng Séil, datt ech wéinst dem strenge Gebot, dat ech vu Gott kritt hunn, gezwonge sinn, iech no äre Verbriechen ze ermanen, d’Wonne vun deenen ze vergréisseren, déi scho verwonnt sinn, anstatt hir Wonnen ze tréischten an ze heelen; an déi, déi net verwonnt sinn, hunn, anstatt vum gefällege Wuert vu Gott ze schmaachen, Dolcher placéiert, fir hir Séilen ze duerchstiechen an hir empfindlech Geeschter ze verletzen.

10 Mee trotz der Gréisst vun der Aufgab muss ech no de strikte Geboter vu Gott handelen an iech vun ärer Béist an ären Abscheilechkeeten erzielen, a Presenz vun deenen, déi reng am Häerz sinn, an deenen, déi ee gebrachent Häerz hunn, an ënnert dem Bléck vum duerchdréngenden A vum Allmächtege Gott.

11 Dofir muss ech iech d’Wouregt soen no der Kloerheet vum Wuert vu Gott. Well kuckt, wéi ech den Här gefrot hunn, koum d’Wuert zu mir: Jakob, géi muer an den Tempel erop a verkënneg d’Wuert, dat ech dir dësem Vollek wäert ginn.

12 An elo kuckt, meng Bridder, dëst ass d’Wuert, dat ech iech verkënnegen: Vill vun iech hunn ugefaang, no Gold a Sëlwer an aner Äerzer ze sichen, wouvunner an dësem Land, dat jo ee Land vun der Verheeschung fir iech an är Nokommen ass, an immens räichem Mooss do ass.

13 An d’Hand vun der Virsuerg huet iech ganz agreabel ugelaacht, datt dir vill Räichtum kritt hutt; a well e puer vun iech méi Räichtum kritt hu wéi dee vun äre Bridder, sidd dir am Stolz vun ären Häerzer iwwerhieflech, an hutt ee steiwen Hals an hutt de Kapp erhuewen, wéinst der Deiert vun äre Kleeder, a verfollegt är Bridder, well dir mengt, datt dir besser sidd wéi si.

14 An elo, meng Bridder, mengt dir, datt Gott iech an dëser Saach gerechtfäerdegt? Kuckt, ech soen iech: Nee. Mee hie verurteelt iech, a wann dir an dëse Saache weiderfuert, mussen seng Urteeler séier zu iech kommen.

15 O géif hien iech dach weisen, datt hien iech duerchbueren a mat engem Bléck vu sengem A an de Stëbs schloe kann!

16 O géif hien iech dach vun dëser Ongerechtegkeet an Abscheilechkeet léisen. An, O wann dir op d’Wuert vu senge Geboter lauschtere géift, a loosst dëse Stolz vun ären Häerzer är Séilen net zerstéieren!

17 Gedenkt ärer Bridder wéi iech selwer, a sidd vertraut mat allen a generéis mat deem, wat dir hutt, fir datt si räich sinn esou ewéi dir.

18 Mee bevir dir no Räichtum glott, glott nom Räich Gottes.

19 An nodeems dir eng Hoffnung a Christus kritt hutt, kritt dir Räichtum, wann dir et sicht; an dir sicht et mat der Absicht, Guddes ze maachen—fir déi Plakeg ze kleeden, an déi Hongereg ze ernären, an d’Gefaangener ze befreien, an de Kranken an de Betraffenen Hëllef ze ginn.

20 An elo, meng Bridder, hunn ech zu iech iwwer Stolz geschwat; an déi vun iech, déi hiren Noper geplot hunn, an hie verfollegt hunn, well dir an ären Häerzer houfreg waart, iwwer déi Saachen, déi Gott iech ginn huet, wat sot dir dovun?

21 Mengt dir net, datt sou Saache fir hien, deen all Fleesch erschaf huet, abscheilech sinn? Déi eng Kreatur ass a sengen Ae genausou kostbar ewéi déi aner. An alles Fleesch ass aus Stëbs; an zu engem an deemselwechten Zweck huet hien se erschaf, nämlech datt si seng Geboter halen an hie fir ëmmer verherrlechen.

22 An elo halen ech op, zu iech iwwer dëse Stolz ze schwätzen. A misst ech net iwwert een nach méi knaschtegt Verbriechen zu iech schwätzen, sou géif sech mäin Häerz wéinst iech iwwert d’Moosse freeën.

23 Mee d’Wuert vu Gott belaascht mech wéinst dengen nach méi grousse Verbriechen. Well kuckt, sou seet den Här: Dëst Vollek fänkt un, an Ongerechtegkeet ze wuessen; si verstinn d’Schrëften net, well si versichen, sech ze entschëllegen, well si Prostitutioun maachen, wéinst de Saachen, déi iwwer den David a säi Jong Salomo geschriwwe goufen.

24 Kuckt, den David an de Salomo hate wierklech vill Fraen an Niewefraen, an dat war abscheilech viru mir, seet den Här.

25 Dofir, sou seet den Här, hunn ech dëst Vollek aus dem Land vu Jerusalem ewechgefouert, duerch d’Muecht vu mengem Aarm, datt ech mir aus der Fruucht vun den Hëfte vum Joseph eng gerecht Branche erwächen.

26 Dofir wäert ech, den Här Gott, net zouloossen, datt dëst Vollek et deenen an aler Zäit gläich maachen.

27 Dofir, meng Bridder, héiert mech un, a lauschtert op d’Wuert vum Här: Kee Mann ënnert iech soll méi ewéi nëmmen eng Fra hunn; an Niewefrae soll hie keng hunn;

28 well ech, den Här Gott, erfreeë mech un der Keuschheet vun de Fraen. A Prostitutioun ass eng Abscheilechkeet viru mir, sou seet den Här vun den Arméien.

29 Dofir soll dëst Vollek meng Geboter halen, seet den Här vun den Arméien, soss géif d’Land verflucht gi wéinst hinnen.

30 Well wann ech, seet den Här vun den Arméien, mir Nokommen erwäche wëll, sou wäert ech et mengem Vollek kommandėieren; soss awer soll et op dës Wierder lauschteren.

31 Well kuckt, ech, den Här, hunn d’Leed vun den Duechtere vu mengem Vollek am Land vu Jerusalem, jo, an an alle Länner vu mengem Vollek gesinn an hie Kloe wéinst der Béist an den Abscheilechkeete vun hire Männer, mat deenen si bestuet sinn, héieren.

32 An ech wäert net zouloossen, schwätzt den Här vun den Arméien, datt d’Gejäiz vun de schéinen Duechtere vum Vollek, dat ech aus dem Land vu Jerusalem gefouert hunn, géint d’Männer vu mengem Vollek bis zu mir erop kënnt, schwätzt den Här vun den Arméien.

33 Well si wäerten d’Duechtere vu mengem Vollek net wéinst hirer Zäertlechkeet gefaange féieren, ausser ech wäert si mat engem schwéiere Fluch besichen, souguer bis zur Zerstéierung; well si wäerte keng Prostitutioun maachen, wéi déi vu fréier, seet den Här vun den Arméien.

34 An elo kuckt, meng Bridder, dir wësst, datt dës Geboter eisem Papp Lehi gi sinn; dofir hutt dir se scho virdru kannt; an dir hutt iech groussem Scholdsproch ausgesat; well dir hutt dat gemaach, wat dir net hätte maache sollen.

35 Kuckt, dir hutt méi grouss Abimonatioune begaange wéi d’Lamaniten, eis Bridder. Dir hutt ären zaarte Fraen d’Häerz gebrach an d’Vertraue vun äre Kanner verluer, well dir hinnen ee schlecht Beispill ginn hutt; an hier Kloe vu wéiem Häerze kënnt bis zu Gott erop, géint iech. A wéinst der Strengt vum Wuert vu Gott, dat erof kënnt géint iech, si vill Häerzer gestuerwen, duerchbuert vun déiwe Wonnen.