D’Wierder vum Mormon
1. Kapitel
De Mormon verkierzt déi grouss Placke vum Nephi—Hie leet déi kleng Placke bei déi aner Placken—De Kinnek Benjamin etabléiert Fridden am Land. Ongeféier 385 n. Chr.
1 An elo sinn ech, Mormon, drop an drun, d’Opzeechnungen, déi ech ugefäerdegt hunn, an d’Hänn vu mengem Jong Moroni ze iwwerginn; kuckt, ech hu bal déi ganz Vernichtung vu mengem Vollek, den Nephiten, materlieft.
2 An et si vill honnert Joren nom Komme vum Christus, datt ech dës Opzeechnungen an d’Hänn vu mengem Jong iwwerginn; an ech huelen un, datt hien Zeie vun der ganzer Zerstéierung vu mengem Vollek wäert ginn. Mee kéint Gott ginn, datt hien si iwwerlieft, fir datt hien eppes iwwert si an eppes iwwer de Christus schreiwe kann, op datt et hinne vläicht enges Daags eppes helleft.
3 An elo schwätzen ech e bëssen iwwer dat, wat ech geschriwwen hunn; well nodeems ech eng Ofkierzung vun de Placke vum Nephi gemaach hat, bis zur Regierung vun dësem Kinnek Benjamin, vun deem den Amaleki geschwat huet, hunn ech an den Opzeechnunge gesicht, déi mir an d’Hänn geliwwert goufen, an ech hunn dës Placke fonnt, déi dëse klenge Bericht iwwer d’Propheten enthalen hunn, vum Jakob bis zur Regierung vun dësem Kinnek Benjamin, an och vill vun de Wierder vum Nephi.
4 An déi Saachen, déi op dëse Placke stinn, gefale mir, wéinst de Prophezeiungen iwwer d’Komme vum Christus; a meng Pappe wëssen, datt der vill vun hinnen erfëllt goufen; jo, an ech weess och, datt sou vill Saachen, déi bis haut iwwert eis prophezeit goufen, erfëllt goufen, an esou vill, wat iwwer dësen Dag erausgeet, muss sécherlech geschéien—
5 Dofir hunn ech dës Saache gewielt, fir meng Opzeechnungen doriwwer ofzeschléissen, de Rescht vu mengen Opzeechnunge wäert ech vun de Placke vum Nephi huelen; an ech kann net den honnertsten Deel vun de Saache vu mengem Vollek opschreiwen.
6 Awer kuckt, ech wäert dës Placken huelen, déi dës Prophezeiungen an Offenbarungen enthalen, an ech setzen se dem Rescht vu mengen Opzeechnungen dobäi; well se si mir wäertvoll, an ech weess, se wäerten och menge Bridder wäertvoll sinn.
7 An ech maachen dat zu engem weisen Zweck; well sou flüstert et mech, no de Wierkunge vum Geescht vum Här, deen a mir ass. Elo, ech weess net alles, wat komme wäert; dofir wierkt hien a mir, datt ech no sengem Wëllen handelen.
8 A mäi Gebiet zu Gott ass fir meng Bridder, datt si erëm zur Kenntnis vu Gott kommen, jo, d’Erléisung vu Christus; datt si erëm en angeneemt Vollek kéinte ginn.
9 An elo maachen ech, Mormon, meng Opzeechnunge fäerdeg, déi ech vun de Placke vum Nephi geholl hunn; an ech maachen se nom Wëssen an dem Versteesdemech, dat Gott mir ginn huet.
10 Et huet sech also erginn: Nodeems den Amaleki dës Placken an d’Hänn vum Kinnek Benjamin iwwerginn hat, huet dësen se geholl an zu den anere Placke geluet, déi Opzeechnungen enthalen hunn, déi vun de Kinneke vu Generatioun zu Generatioun bis an d’Zäit vum Kinnek Benjamin weidergi gi waren.
11 A vu Kinnek Benjamin u goufen se weiderginn, vu Generatioun zu Generatioun, bis se a meng Hänn komm sinn. An ech, Mormon, bieden zu Gott, se géife vun dëser Zäit u weiderhi präservéiert bleiwen. An ech weess, datt si erhale bleiwen; well et si grouss Saachen op hinne geschriwwen, no deene mäi Vollek a seng Bridder um groussen a leschten Dag verurteelt ginn, nom Wuert vu Gott, dat geschriwwe steet.
12 An elo zu dësem Kinnek Benjamin: Hien hat ënnert sengem eegene Vollek a puer Streidereien.
13 An et huet sech och erginn: D’Arméie vun de Lamanite koumen aus dem Land Nephi erof, fir géint säi Vollek ze kämpfen. Mee kuckt,de Kinnek Benjamin huet seng Arméie versammelt a sech hinnen entgéint gestallt; an hien huet gekämpft mat der Kraaft vu sengem eegenen Aarm, mam Laban sengem Schwäert.
14 A mat der Kraaft vum Här hunn si géint hir Feinde gestridden, bis si vill Dausende vu Lamaniten ëmbruecht haten. An et huet sech erginn: Si hunn géint d’Lamanite gestridden, bis si se aus alle Länner vun hirer Ierfschaft verjot haten.
15 An et huet sech erginn, nodeems et falsch Chrëschte gouf, an hir Mond zougemaach gi war, an si no hire Verbrieche bestrooft goufen;
16 An nodeems et falsch Propheten, falsch Priedeger an Enseignanten ënnert dem Vollek goufen, an dës all no hire Verbrieche bestrooft goufen; an nodeems et vill Streidereien a vill Onstëmmegkeeten zu de Lamaniten hi goufen, kuckt, do huet et sech erginn, datt de Kinnek Benjamin, mat der Hëllef vun den hellege Propheten, déi ënnert sengem Vollek waren—
17 Well kuckt, de Kinnek Benjamin war en hellege Mann, an hien huet iwwer säi Vollek a Gerechtegkeet regéiert; an et goufe vill helleg Männer am Land, an si hunn d’Wuert vu Gott mat Muecht a mat Autoritéit geschwat; a si hu vill Schäerft benotzt wéinst der Tockskäppegkeet vum Vollek—
18 mat hirer Hëllef also, huet de Kinnek Benjamin, andeems hien sech mat der ganzer Kraaft vu sengem Leif an der Fäegkeet senger ganzer Séil beméit huet, erëm de Fridden am Land hirgestallt.