D’Buch vum Omni
1. Kapitel
Den Omni, den Amaron, de Chemish, den Abinadom an den Amaleki féieren een nom aneren d’Opzeechnungen—De Mosiah entdeckt d’Leit vun Zarahemla, déi zu den Deeg vum Zedekiah aus Jerusalem koumen—De Mosiah gëtt zum Kinnek iwwert si ernannt—D’Nokomme vum Mulek zu Zarahemla haten de Koriantumr entdeckt, de leschte vun de Jarediten—De Kinnek Benjamin gëtt Nofollger vum Mosiah—D’Leit sollen hir Séilen als Affer fir de Christus ubidden. Ongeféier 323–130 v. Chr.
1 Kuckt, et huet sech erginn, datt ech, den Omni, vu mengem Papp, dem Jarom, gebuede gouf, eppes op dës Placken ze schreiwen, fir eis Genealogie ze erhalen—
2 dofir: Ech hätt gär, datt dir wësst, datt ech a mengen Deeg vill mam Schwäert gekämpft hunn, fir mäi Vollek, d’Nephiten, dovunner ofzehalen, datt si hire Feinden, de Lamaniten, an d’Hänn géife falen. Mee kuckt, ech selwer sinn ee béise Mënsch an hunn déi Statuten an d’Geboter vum Här net esou gehalen, wéi ech et hätt maache sollen.
3 An et huet sech erginn: Zweehonnertsechsasiwwenzeg Jore ware vergaangen, a mir hate vill Zäite vu Fridden; a mir hate vill Zäite mat heftege Kricher a Bluttvergéissen. Jo, a schliisslech waren zweehonnertzweeanachtzeg Jore vergaangen, an ech hat dës Placke nom Gebot vu menge Pappe gefouert; an ech hunn se mengem Jong Amaron iwwerdroen. An ech maache Schluss.
4 An elo schreiwen ech, Amaron, dat wéinegt, wat ech schreiwen, an d’Buch vu mengem Papp.
5 Kuckt, et huet sech erginn: Dräihonnertzwanzeg Jore ware vergaangen, an dee méi béisen Deel vun den Nephitë war vernicht.
6 Well den Här wollt et net erdroen, nodeems hien si aus dem Land vu Jerusalem gefouert hat a si dovunner behalen hat, an d’Hänn vun hire Feinden ze falen, jo, hie wollt et net erdroen, datt d’Wierder, déi hien zu eise Pappe gesot huet, net bestätegt goufen, wéi hie gesot huet: Wann dir meng Geboter net haalt, wäert et iech net wuel ergoen am Land.
7 Dofir huet den Här si mat groussem Urteel besicht; trotzdeem huet hien déi Gerecht verschount, fir datt si net ëmbruecht sollte ginn, mee huet si aus den Hänn vun hire Feinde befreit.
8 An et huet sech erginn: Ech hunn d’Placke mengem Brudder Kemisch iwwerginn.
9 An elo schreiwen ech, Kemisch, dat Wéinegt, wat ech schreiwen, an dat selwecht Buch wéi mäi Brudder; well kuckt, ech hu gesinn, datt hien dat lescht, wat hie geschriwwen huet, mat senger eegener Hand geschriwwen huet; an hien huet et un deem Dag geschriwwen, un deem hien se mir iwwerginn huet. An op dës Weis féiere mir d’Opzeechnungen, well dës geschitt nom Gebot vun eise Pappen. An ech maache Schluss.
10 Kuckt, ech, Abinadom, sinn de Jong vum Kemisch. Kuckt, et huet sech erginn: Ech hu vill Krich a Sträit tëschent mengem Vollek, den Nephiten, an de Lamanite gesinn; a fir meng Bridder ze verdeedegen hunn ech ville Lamanite mat mengem eegene Schwäert d’Liewe geholl.
11 A kuckt, d’Opzeechnung vun dësem Vollek ass op Placken agravéiert, déi vun de Kinneken, no de Generatiounen, gehale ginn; an ech weess vu kenger Offenbarung ausser där, déi geschriwwe gouf, nach Prophezeiung; dofir ass dat, wat duer geet ass, niddergeschriwwen. An ech maache Schluss.
12 Kuckt, ech sinn den Amaleki, de Jong vum Abinadom. Kuckt, ech wëll zu iech eppes iwwert de Mosiah soen, deen zum Kinnek iwwer d’Land Zarahemla gemaach ginn ass; well kuckt, him gouf dréngend vum Här geroden, aus dem Land Nephi fort ze goen, a wien op d’Stëmm vum Här lauschtere wéilt, dee sollt och mat him aus dem Land fort goen, eraus an d’Wüüst—
13 An et huet sech erginn: Hien huet gemaach, wéi den Här him gebueden hat. A si sinn aus dem Land fort gaangen, eraus an d’Wüüst, all, déi op d’Stëmm vum Här lauschtere wéilten; a si sinn duerch vill Priedegten a Prophezeiunge geleet ginn. An si goufe stänneg vum Wuert vu Gott ermaant; a si goufe vun der Kraaft vu sengem Aarm duerch d’Wüüst gefouert, bis si an d’Land koumen, dat d’Land vun Zarahemla genannt gëtt.
14 A si hunn ee Vollek entdeckt, dat d’Vollek Zarahemla genannt gouf. Elo gouf et grouss Freed ënnert dem Vollek vun Zarahemla; an och den Zarahemla huet sech immens gefreet, well den Här dem Vollek vum Mosiah d’Placken aus Messeng geschéckt hat, déi d’Opzeechnung vun de Judden enthalen hunn.
15 Kuckt, et huet sech erginn: De Mosiah huet entdeckt, datt d’Vollek Zarahemla zu där Zäit aus Jerusalem komm war, wou den Zedekiah, de Kinnek vu Juda, gefaangen no Babylon bruecht ginn ass.
16 A si sinn an d’Wüüst gezunn a si vun der Hand vum Här iwwer déi grouss Waasser an dat Land gefouert ginn, wou de Mosiah si entdeckt huet; an do hunn si vun där Zäit u gewunnt.
17 An zu där Zäit, wou de Mosiah si entdeckt huet, waren si immens vill ginn. Mee si hate vill Kricher a Streidereien a ware vun Zäit zu Zäit duerch d’Schwäert gefall; an hir Sprooch war verduerwe ginn; a si hate keng Opzeechnunge matbruecht; a si hunn d’Existenz vun hirem Schëpfer geleegent; a weder Mosiah nach d’Vollek Mosiah konnten si verstoen.
18 Mee et huet sech erginn: De Mosiah huet si a senger Sprooch ënnerweise gelooss. An et huet sech erginn, nodeems si an der Sprooch vum Mosiah enseignéiert goufen, huet den Zarahemla eng Genealogie vu senge Pappen no sengem Gediechtnes opgefouert; an se ass opgeschriwwen, awer net op dëse Placken.
19 An et huet sech erginn: D’Vollek Zarahemla an d’Vollek Mosiah hunn sech vereenegt; an de Mosiah gouf bestëmmt, hire Kinnek ze sinn.
20 An et huet sech erginn: An den Deeg vum Mosiah gouf him ee grousse Stee bruecht, op deem Gravéierunge waren; an hien huet déi Gravéierungen iwwersat duerch d’Gab an d’Muecht Gottes.
21 A se hu Bericht gi vun engem gewëssene Koriantumr a vun deene vu sengem Vollek, déi gefall sinn. An de Koriantumr ass vum Vollek Zarahemla entdeckt ginn; an hien huet néng Mounden laang bei hinne gewunnt.
22 De Bericht huet och eppes iwwert seng Pappen ausgesot. A seng éischt Elteren si vun deem Tuerm hir komm, zu där Zäit, wou den Här d’Sprooch vu sengem Vollek duerchernee bruecht huet; an d’Strengt vum Här ass op si gefall no senge Riichterspréch, déi gerecht sinn; an hir Skeletter leien am Land méi am Norde verstreet.
23 Kuckt, ech, Amaleki, gouf an den Deeg vum Mosiah gebueren; an ech hunn esou laang gelieft, datt ech säin Doud gesinn hunn; an de Benjamin, säi Jong, huet a senger Plaz regéiert.
24 A kuckt, ech hunn an den Deeg vum Kinnek Benjamin een heftege Krich a vill Bluttvergéissen tëschent den Nephiten an de Lamanite gesinn. Mee kuckt, d’Nephiten hu vill Virdeel iwwert si kritt, jo, sou vill, datt de Kinnek Benjamin si aus dem Land Zarahemla verjot huet.
25 An et huet sech erginn: Ech hunn ugefaangen, al ze sinn; a well ech keng Nokommen hunn a weess, datt de Kinnek Benjamin ee gerechte Mann virum Här ass, dofir wäert ech dës Placken him iwwerginn an all Mënschen opfuerderen, zu Gott, dem Hellege vun Israel, ze kommen an u Prophezeiung an un Offenbarung ze gleewen, un den Déngscht vun Engel an un d’Gab vum Zongenrieden, un d’Gab vum Iwwersetze vun der Zongenried an un alles, wat gutt ass; well et gëtt näischt, wat gutt ass, dat net vum Här kéim; a wat béis ass, kënnt vum Däiwel.
26 An elo, meng léif Bridder, hätt ech gär, datt dir zu Christus kommt, deen den Hellege vun Israel ass, an un der Errettung duerch hien an un der Muecht vun der Erléisung duerch hien Deel hutt. Jo, kommt zu him a bréngt him är ganz Séil als Affer duer, a fuert weider mat Faaschten a Bieden, an haalt aus bis un d’Enn; an sou wouer den Här lieft, wäert dir errett ginn.
27 An elo wëll ech iech nach eppes iwwert eng bestëmmte Grupp soen: Si sinn erop an d’Wüüst gezunn, fir an d’Land Nephi zeréckzekéieren; well et ass eng grouss Grupp gi vun deenen, déi de Wonsch haten, d’Land vun hirer Ierfschaft ze besëtzen.
28 Dofir sinn si erop gezunn an d’Wüüst. An hire Führer war e staarken a mächtege Mann, an e bornéierte Mann, dofir huet hien e Sträit ënnert hinne verursaacht; an si goufen all ëmbruecht, ausser fofzeg, an der Wüüst, an si sinn zeréck an d’Land Zarahemla gaangen.
29 An et huet sech erginn, datt si och anerer, eng beträchtlech Zuel, matgeholl hunn, an hir Rees erëm an d’Wüüst gemaach hunn.
30 An ech, Amaleki, hat ee Brudder, deen och mat hinne gaangen ass; an ech hunn vun do un näischt méi a Bezuch op si héieren. An ech sinn dobäi, mech a mäi Graf ze leeën; an dës Placken si voll. An ech maache mat mengem Riede Schluss.