Scriptures
Jarom 1


D’Buch vum Jarom

1. Kapitel

D’Nephiten halen sech un d’Gesetz vum Moses, freeën sech op d’Komme vum Christus a sinn erfollegräich am Land—Vill Prophete schaffen drun, d’Leit um Wee vun der Wourecht ze halen. Ongeféier 399–361 v. Chr.

1 Elo kuckt, ech, de Jarom, schreiwen e puer Wierder nom Gebot vu mengem Papp Enos, fir eis Genealogie weiderzeféieren.

2 A well dës Placke kleng sinn an dëst hei dowéinst geschriwwe gëtt, fir datt eis Bridder, d’Lamaniten, een Notzen dovunner kréien, muss et noutwennegerweis sinn, datt ech just ee bësse schreiwen; mee ech wäert net schreiwen, wat ech prophezeit hunn, nach wat mir reveléiert ginn ass. Well wat kéint ech méi schreiwen, wéi meng Pappe geschriwwen hunn? Well hunn si net schonn de Plang vun der Erléisung reveléiert? Ech soen iech: Jo; an dat geet mir duer.

3 Kuckt, et ass rotsam, datt ënnert dësem Vollek villes gemaach gëtt wéinst hirer Häerzenshäert an der Dafheet vun hiren Oueren an hirer geeschtleche Verblendung a wéinst hirer Obstinéiertheet; mee awer ass Gott zu hinnen immens baarmhäerzeg an huet se nach net aus dësem Land eraus gehait.

4 An et ginn der vill ënnert eis, déi vill Offenbarungen hunn; well net all sinn se bornéiert. An all déi, déi net bornéiert sinn a Glawen hunn, hu Gemeinschaft mam Hellege Geescht, deen de Mënschekanner no hirem Glawe manifestéiert.

5 An elo kuckt, zweehonnert Jore si vergaangen, an d’Vollek vum Nephi war staark ginn am Land. Si waren dorobber beduecht, d’Gesetz vum Moses ze befollegen an dem Här de Sabbat-Dag helleg ze halen. An si hunn net enthellegt; si hunn och net gelästert. An d’Gesetzer vum Land waren immens streng.

6 A si waren iwwert ee groussen Deel vum Land verstreet, genausou ewéi d’Lamaniten. An dëst ware der vill méi ewéi d’Nephiten; a si haten de Mord gären an hunn d’Blutt vu wëllen Déiere gedronk.

7 An et huet sech erginn: Si sinn dacks géint eis, d’Nephiten, zum Kampf gezunn. Mee eis Kinneken an eis Führer ware mächteg Männer am Glawen un den Här; a si hunn dem Vollek d’Weeër vum Här geléiert; dofir hu mir de Lamanite resistéiert a si aus eisem Land eraus gehait, a mir hunn ugefaangen, d’Stied an aner Uerte vun eiser Ierfschaft ze befestegen.

8 An mir hunn eis immens multiplizéiert an eis iwwer d’Uewerfläch vum Land verbreet a si ganz räich u Gold, u Sëlwer, an u wäertvolle Saachen, an u fein Holzaarbechten, u Gebaier, an u Maschinnen, an och un Eisen a Koffer, a Messeng a Stol ginn, a mir hunn all méiglech Zorte vu Geschier fir de Buedem ze beaarbechten, a Krichswaffen hiergestallt—jo, de schaarfe Feil, de Köcher, de Feil an de Speer, an all Virbereedunge fir de Krich.

9 A well mir esou virbereet waren, de Lamaniten entgéint ze trieden, koumen si géint eis net op. Mee d’Wuert vum Här gouf erfëllt, dat hien zu eise Pappe gesprach hat, nämlech: Wann dir meng Geboter haalt, wäert et iech wuel ergoen am Land.

10 An et huet sech erginn, datt d’Prophete vum Här d’Vollek vum Nephi gedreet hunn, nom Wuert vu Gott, datt, wann si d’Geboter net géifen halen, mee an Iwwertriedung géife falen, si vun der Uewerfläch vum Land vernicht géifen.

11 Dofir hunn d’Propheten, d’Priister an d’Enseignante fläisseg geschafft, si hunn d’Leit mat grousser Gedold dozou ermontert, fläisseg beim Glawen ze bleiwen; si hunn d’Gesetz vum Moses an den Zweck, fir deen et ginn ass, enseignéiert; si iwwerzeegt, sech op de Messias ze freeën an un hien ze gleewen, wéi wann hie schonn do wier. An op dës Weis hunn si si enseignéiert.

12 An et huet sech erginn, datt si doduerch verhënnert hunn, datt si op der Uewerfläch vum Land zerstéiert goufen; well si hunn hinnen d’Häerzer mam Wuert gepickt an si stänneg zur Ëmkéiert opgeruff.

13 An et huet sech erginn, datt zweehonnertaachtandrësseg Jore vergaange waren—mat Kricher, Streidereien an Onstëmmegkeete wärend engem groussen Deel vun der Zäit.

14 An ech, Jarom, schreiwen net méi, well d’Placken si kleng. Mee kuckt, meng Bridder, dir kënnt op déi aner Placke vum Nephi goen; well kuckt, op hinne sinn d’Opzeechnunge vun eise Kricher agravéiert, no de Schrëfte vun de Kinneken, oder deenen, déi si schreiwe gelooss hunn.

15 An ech ginn dës Placken an d’Hänn vu mengem Jong Omni, fir datt se no de Geboter vu menge Pappe gefouert kënne ginn.