Scriptures
Alma 51


51. Kapitel

D’Kinneksleit probéieren d’Gesetz ze änneren an e Kinnek opzestellen—De Pahoran an d’Fräiheetsleit ginn duerch d’Stëmm vum Vollek ënnerstëtzt—De Moroni zwéngt d’Kinneksleit, d’Land ze verdeedegen oder si ginn ëmbruecht—Den Amalickiah an d’Lamaniten huele vill befestegt Stied a Besëtz—Den Teankum hält d’Invasioun vun de Lamaniten of a bréngt den Amalickiah a sengem Zelt ëm. Ongeféier 67–66 v. Chr.

1 An elo huet et sech erginn: Am Ufank vum fënnefanzwanzegste Joer vun der Regierung vun de Riichter iwwer d’Vollek Nephi war tëschent dem Vollek Lehi an dem Vollek Morianton a Bezuch op hir Lännereie Fridden hiergestallt an dat fënnefanzwanzegt Joer ass a Fridden ugefaange ginn;

2 mee hunn si ee vollstännege Fridden am Land net laang oprecht gehalen, well ënnert dem Vollek huet ee Sträit a Bezuch op den Ieweschte Riichter Pahoran ugefaangen; well kuckt, do war een Deel vum Vollek, deen huet gewënscht, e puer bestëmmte Punkten am Gesetz sollte geännert ginn.

3 Mee kuckt, de Pahoran wollt d’Gesetz weder änneren nach zouloossen, datt et geännert géif; dofir huet hien net op déi gelauschtert, déi zu hirer Petitioun a Bezuch op d’Ännerung vum Gesetz hir Stëmm ofginn haten.

4 Dofir waren déijéineg, déi de Wonsch haten, d’Gesetz sollt geännert ginn, rosen op hien, a si hu gewënscht, hie sollt net méi laang Ieweschte Riichter iwwer d’Land sinn; dofir huet sech een hëtzege Sträit a Bezuch op dës Saach erhuewen, mee et koum net zum Bluttvergéissen.

5 An et huet sech erginn: Déijéineg, déi de Wonsch haten, de Pahoran aus dem Riichterstull ewech ze huelen, goufe Kinneksleit genannt, well si haten de Wonsch, d’Gesetz sollt an enger Weis geännert ginn, datt déi fräi Regierung gestierzt an ee Kinnek iwwer d’Land agesat géif.

6 An déijéineg, déi de Wonsch haten, datt de Pahoran Ieweschte Riichter iwwer d’Land bleiwe sollt, hunn den Numm Fräiheetsleit ugeholl; an esou gouf et ënnert hinnen eng Deelung, well d’Fräiheetsleit hate geschwuer oder gelueft, hir Rechter an d’Fräiheete vun hirer Relioun duerch eng fräi Regierung oprecht ze erhalen.

7 An et huet sech erginn: Dës hir Sträitfro gouf duerch d’Stëmm vum Vollek decidéiert. An et huet sech erginn: D’Stëmm vum Vollek ass zu Gonschte vun de Fräiheetsleit gaangen, an de Pahoran huet de Riichterstull behalen, an dat huet vill Freed ënnert de Bridder vum Pahoran verursaacht an ënnert villem Vollek vun der Fräiheet, déi och d’Kinneksleit roueg gehalen hunn, sou datt si sech net getraut hunn, sech ze widdersetzen, mee verflicht waren, d’Saach vun der Fräiheet oprecht ze erhalen.

8 Déijéineg awer, déi fir ee Kinnek waren, ware vun héijer Ofstamung, a si wollte Kinnek sinn; a si hunn Bäistand vun deene kritt, déi no Muecht an Autoritéit iwwer d’Vollek gestrieft hunn.

9 Mee kuckt, et war dëst eng geféierlech Zäit fir esou Streidereien ënnert dem Vollek Nephi; well kuckt, den Amalikkja hat erëm dem Vollek vun de Lamaniten d’Häerz géint d’Vollek vun den Nephiten opgestëppelt, an hien huet Zaldoten aus allen Deeler vum Land gesammelt an huet si bewaffent a mat allem Fläiss op de Krich virbereet; well hien hat geschwuer, dem Moroni säi Blutt ze drénken.

10 Mee kuckt, mir wäerte gesinn, datt hie säi Verspriechen ze schnell ginn hat; mee huet hien sech a seng Arméien dorobber virbereet, géint d’Nephiten an de Kampf ze zéien.

11 Seng Arméien awer waren net esou grouss, wéi se virdru gewiescht waren; well vun der Hand vun den Nephitë waren der vill Dausender ëmbruecht ginn; mee obwuel hirem grousse Verloscht hat den Amalikkja eng erstaunlech grouss Arméi zesummebruecht, sou datt hie gefaart huet, hie wäert guer net an d’Land Zarahemla erofkommen.

12 Jo, den Amalikkja selwer ass un der Spëtzt vun de Lamaniten eru gezunn. An et war am fënnefanzwanzegste Joer vun der Regierung vun de Riichter; an et war zur selwechter Zäit, wou een ugefaangen hat, d’Streidereien a Bezuch op den Ieweschte Riichter Pahoran ze berengegen.

13 An et huet sech erginn: Wéi d’Männer, déi een d’Kinneksleit genannt huet, gewuer gi sinn, datt d’Lamanite géint si an de Kampf erun zéien, waren si am Häerze frou; a si hunn sech geweigert, d’Waffen opzehuelen, well si waren op den Ieweschte Riichter an och op d’Vollek vun der Fräiheet esou rosen, datt si keng Waffen ophuele wollten, fir hiert Land ze verdeedegen.

14 An et huet sech erginn: Wéi de Moroni dëst gesinn huet an och gesinn huet, datt d’Lamaniten an d’Grenzgebitt vum Land koumen, war hie wéinst der Tokskäpegkeet vum Vollek, dat ze beschütze woufir hien sech mat esou vill Fläiss beméit hat, ganz rosen; jo, hie war immens rosen; seng Séil war vu Roserei géint si erfëllt.

15 An et huet sech erginn: Hien huet, zesumme mat der Stëmm vum Vollek, eng Petitioun un de Regéierende vum Land geschéckt mat dem Wonsch, hie sollt se liesen an hien (de Moroni) ermächtegen, dës Leit zur Verdeedegung vun hirem Land ze zwéngen oder si hinzeriichten.

16 Well et war seng éischt Suerg, dës Streidereien a Spléckungen ënnert dem Vollek op en Enn ze bréngen; well kuckt, dëst war bis elo eng Ursaach vun all hirer Zerschloung gewiescht. An et huet sech erginn: Et gouf him no der Stëmm vum Vollek accordéiert.

17 An et huet sech erginn: De Moroni huet senger Arméi kommandéiert, géint dës Kinneksleit ze zéien, fir hire Stolz an hir Iwwerhieflechkeet nidder ze räissen an si dem Äerdbuedem gläich ze maachen, wann si net d’Waffen ergräifen an der Saach vun der Fräiheet Bäistand leeschte wéilten.

18 An et huet sech erginn: D’Arméie si géint si marschéiert; a si hunn hire Stolz an hir Iwwerhieflechkeet nidder gerass, esou datt si, wann si hir Krichswaffen opgeholl hunn, fir géint d’Männer vum Moroni ze kämpfen, nidder gehaen an dem Äerdbuedem gläich gemaach goufen.

19 An et huet sech erginn: Et ware véierdausend vun de Kinneksleit, déi mam Schwäert nidder gemaach goufen; an déijéineg vun hire Führer, déi net am Kampf ëmbruecht gi waren, goufen ergraff an an de Prisong geworf; et war nämlech grad keng Zäit fir hir Geriichtsverhandlung.

20 Déi iwwreg Kinneksleit awer, déi sech net mam Schwäert op de Buedem nidder hae loosse wollten, hunn sech léiwer dem Banner vun der Fräiheet erginn, a si goufe gezwongen, d’Recht vun der Fräiheet op hiren Tierm an an hire Stied ze héissen an zur Verdeedegung vun hirem Land d’Waffen ze ergräifen.

21 An esou huet de Moroni de Kinneksleit een Enn gesat, esou datt et kee méi gouf, deen ënnert der Bezeechnung Kinneksleit bekannt war; an esou huet hien der Tokskapegkeet an dem Stolz vun dësem Vollek, dat sech op hiert nobelt Blutt beruff hat, een Enn gesat; jo, si goufen erniddregt, sou datt si sech ewéi hir Bridder humiliéiert hunn an tapfer gekämpft hunn, fir vu Sklaverei fräi ze bleiwen.

22 Kuckt, et huet sech erginn: Wärend de Moroni esou d’Kricher an d’Streidereien ënnert sengem Vollek nidder geschloen huet an hinne Fridden a eng gutt Attitüd operluecht an Unuerdnunge getraff huet, fir de Krich géint d’Lamanite virzebereeden, kuckt, do waren d’Lamaniten an d’Land Moroni komm, dat am Grenzgebitt un der Mieresküst louch.

23 An et huet sech erginn: D’Nephiten an der Stad Moroni waren net staark genuch; dowéinst huet den Amalikkja si verjot an der vill ëmbruecht. An et huet sech erginn: Den Amalikkja huet d’Stad a Besëtz geholl, jo, hien huet all hir Befestegunge besat.

24 Déijéineg, déi aus der Stad Moroni geflücht waren, koumen an d’Stad Nephihah; an och d’Vollek vun der Stad Lehi huet sech gesammelt a Virbereedunge getraff an sech bereet gemaach, d’Lamaniten am Kampf ze empfänken.

25 Mee et huet sech erginn: Den Amalikkja wollt net zouloossen, datt d’Lamanite géint d’Stad Nephihah an de Kampf zéien, mee huet si ënnen un der Mieresküst gehalen an huet a jiddwer Stad zur Oprechterhalung a Verdeedegung Männer zeréckgelooss.

26 An esou huet hie weider gemaach an huet vill Stied a Besëtz geholl: d’Stad Nephihah an d’Stad Lehi an d’Stad Morianton an d’Stad Omner an d’Stad Gid an d’Stad Mulek, déi alleguerten am ëstleche Grenzgebitt un der Mieresküst louchen.

27 An esou haten d’Lamaniten duerch dem Amalikkja seng Schlauheet an duerch hir grouss Unzuel dës vill Stied geholl, déi alleguerten no der Weis vun de Befestegunge vum Moroni staark befestegt waren; alleguerten hunn se Stëtzpunkte vun de Lamanite gebilt.

28 An et huet sech erginn: Si si bis un d’Grenze vum Land Iwwerfloss marschéiert an hunn d’Nephitë virun sech hi gejot an der vill ëmbruecht.

29 Mee et huet sech erginn: Den Teankum, deen de Morianton ëmbruecht an deem säi Vollek op senger Flucht gestallt hat, ass hinnen entgéint getrueden.

30 An et huet sech erginn: Hien huet och den Amalikkja gestallt, wéi dëse mat senger groussen Arméi lassmarschéiert ass, fir d’Land Iwwerfloss an och d’Land am Norden a Besëtz ze huelen.

31 Mee kuckt, hie gouf enttäuscht, well hie gouf vum Teankum a senge Männer zeréck geworf, well si ware grouss Kämpfer; well jiddwer Mann vum Teankum huet de Lamaniten u Kraaft a Krichskonscht iwwertraff, sou datt si Virdeel iwwer d’Lamanite kritt hunn.

32 An et huet sech erginn: Si hunn hinnen zougesat, sou datt si si ëmbruecht hunn, bis et däischter gouf. An et huet sech erginn, datt den Teankum a seng Männer hir Zelter am Grenzgebitt vum Land Iwwerfloss opgebaut hunn; an den Amalikkja hat seng Zelter am Grenzgebitt um Strand bei der Mieresküst opgebaut, an op dës Weis sinn si gejot ginn.

33 An et huet sech erginn: Wéi d’Nuecht komm war, hunn sech den Teankum a säi Kniecht eraus gestuel a sinn nuets higaangen zum Lager vum Amalikkja; a kuckt, wéinst hirer groussen Ermiddung, déi vun de Méien an der Hëtzt vum Dag verursaacht war, hat de Schlof si iwwerwältegt.

34 An et huet sech erginn: Den Teankum huet sech heemlech an d’Zelt vum Kinnek geschlach an him eng Broche an d’Häerz gestach; an dat huet direkt den Dout vum Kinnek erbäigefouert, sou datt hien net eemol seng Kniecht erwächt huet.

35 An hien ass erëm heemlech a säin eegent Lager zeréck gekéiert, a kuckt, seng Männer hu geschlof, an hien huet si erwächt an hinnen alles erzielt, wat hie gemaach hat.

36 An hien huet seng Arméien sech bereet maache gelooss, fir datt d’Lamaniten, falls si erwächt wieren, si net iwwerrasche kéinten.

37 An esou ass dat fënnefanzwanzegt Joer vun der Regierung vun de Riichter iwwer d’Vollek Nephi op en Enn gaangen; an esou sinn dem Amalikkja seng Deeg op en Enn gaangen.