12. Kapitel
Den Alma schwätzt zum Zeezrom—D’Geheimnisser vu Gott kënnen nëmmen déi Gleeweg kréien—D’Mënsche ginn no hire Gedanken, Iwwerzeegungen, Wierder a Wierker geriicht—Déi Béis wäerten e geeschtegen Doud leiden—Dëst stierflecht Liewen ass e Prouf-Zoustand—De Plang vun der Erléisung bréngt d’Opersteeung, an, duerch Glawen, eng Verzeiung vun de Sënden—Déi, déi bereien, hunn en Usproch op Barmhäerzegkeet duerch den Eenzege Gebuerene Jong. Ongeféier 82 v. Chr.
1 Elo, wéi den Alma gesinn huet, datt d’Wierder vum Amulek den Zeezrom zum Schweige bruecht haten, well hie gesinn huet, datt den Amulek hie bei senge Ligen a bei sengem Bedruch erwëscht hat, fir datt hien zerstéiert sollt ginn, a wéi hie gesinn huet, datt hien ugefaangen huet mat zidderen ënnert dem Bewosstsi vu senger Schold, huet hien de Mond opgemaach an ugefaangen, mat him ze schwätzen, an d’Wierder vum Amulek ze bestätegen, an d’Saachen driwwer eraus ze erklären, oder d’Schrëften iwwer dat eraus opzedecken, wat den Amulek gemaach hat.
2 Elo goufen awer d’Wierder, déi den Alma zu Zeezrom gesprach hat, vum Vollek ronderëm héieren; well d’Versammlung war grouss, an hien huet a folgend Weis gesprach:
3 Elo, Zeezrom, ech gesinn, dat s du an dengem Léien an denger Hannerlëschtegt ertappt gi bass, well du hues net nëmme Mënschen ugelunn, mee du hues och Gott ugelunn; well kuck, hie kennt all deng Gedanken, an du gesäis, deng Gedanke ginn eis duerch säi Geescht gewisen;
4 an du gesäis, mir wëssen, datt däi Plang ee ganz schlaue Plang war, nämlech no der Schlauheet vum Däiwel, an zwar fir dëst Vollek unzeléien an ze täuschen, fir dat s du si géint eis opstëppels, fir dat si eis blaméieren an ausstoussen—
5 Dëst war awer ee Plang vun dengem Géigner, an hien huet seng Muecht un dir ausgeüübt. Elo awer hätt ech gären, datt dir dorunner denkt, datt ech dat, wat ech dir soen, zu iech alleguerte soen.
6 An kuckt, ech soen iech all, datt dëst eng Fal vum Géigner war, déi hie geluecht huet, fir dëst Vollek ze fänken, fir datt hien iech him ënnerwerfe kéint, fir datt hien iech mat senge Ketten ëmschléisst, fir datt hien iech zur éiweger Zerstéierung festkette kéint, no der Muecht vu senger Gefaangenschaft.
7 Wéi elo den Alma dës Wierder gesprach hat, huet de Zeezrom ugefaange vill méi ewéi virdrun ze zidderen, well hie war ëmmer méi vun der Muecht Gottes iwwerzeegt; an hie war och iwwerzeegt, datt den Alma an den Amulek Wësse vun him haten, well hie war iwwerzeegt, datt si d’Gedanken an Absichte vu sengem Häerzen erkannt haten; well hinne war Muecht ginn, dëst nom Geescht vun der Prophezeiung wëssen ze kënnen.
8 An de Zeezrom huet ugefaangen, si fläisseg ze befroen, fir méi iwwer d’Räich Gottes gewuer ze ginn. An hien huet zu Alma gesprach: Wat bedeit dat, wat den Amulek iwwer d’Opersteeung vun den Doudege gesprach hat, nämlech datt alleguerte vun den Doudegen operstoe wäerten, souwuel déi Gerecht ewéi och déi Ongerecht, an higefouert ginn, fir viru Gott ze stoen an no hire Wierker geriicht ze ginn?
9 An elo huet den Alma ugefaangen, him dëst ze erklären an ze soen: Et ass ville ginn, d’Geheimnisser vu Gott ze kennen; trotzdeem sinn si ënnert engem strikte Gebot, datt si just no deem Deel vu sengem Wuert weiderginn, deen hien de Kanner vun de Mënsche gëtt, no der Opmierksamkeet an dem Fläiss, deen si him widmen.
10 An dofir empfänkt deen, dee säin Häerz verhäert, dat méi klengt Mooss vum Wuert; a wien säin Häerz net verhäert, deen empfänkt dat méi grousst Mooss vum Wuert, bis et him ginn ass, d’Geheimnisser Gottes ze erkennen, bis hien se vëlleg kennt.
11 An deenen, déi hiert Häerz verhäerten, wäert dat méi klengt Mooss vu sengem Wuert gi sinn, bis si näischt vu senge Geheimnisser wëssen; an da gi si vum Däiwel gefaange geholl an no sengem Wëllen zur Vernichtung erof gefouert. Dat ass et, wat mat de Kette vun der Hell gemengt ass.
12 An den Amulek huet kloer iwwert den Doud gesprach an datt mir vun dëser Stierflechkeet an een Zoustand vun Onstierflechkeet erhuewen a virun de Riichterstull Gottes gefouert ginn, fir no eise Wierker geriicht ze ginn.
13 Wann dann eist Häerz verhäert ass, jo, wa mir eist Häerz géint d’Wuert verhäert hunn, sou vill, datt et an eis net méi ze fannen ass, da wäert eisen Zoustand fuerchtbar sinn, well mir wäerte schëlleg gesprach ginn.
14 Well eis Wierder wäerten eis schëlleg spriechen, jo, all eis Wierker wäerten eis schëlleg spriechen; mir wäerten net ouni Flecke fonnt ginn; an och eis Gedanke wäerten eis schëlleg spriechen; an an dësem Zoustand wäerte mir eis net trauen, zu eisem Gott erop ze kucken; a mir géife souguer frou sinn, kéinte mir de Fielsen a Bierger befeelen, iwwert eis ze falen, fir eis vu senger Géigewaart ze verstoppen.
15 Mee dëst kann net sinn; mir mussen ervirkommen an eruntriede virun hien a senger Herrlechkeet an a senger Gewalt, a senger Muecht, Majestéit an Herrschaft, an zu eiser éiweger Schand agestoen, datt all seng Riichterspréch gerecht sinn, datt hien an all senge Wierker gerecht ass an datt hien zu de Mënschekanner baarmhäerzeg ass an datt hien all Muecht huet, jiddwer Mënsch ze retten, deen u säin Numm gleeft a Fruucht ervirbréngt, déi der Ëmkéiert entsprécht.
16 An elo kuckt, ech soen iech, da kënnt een Doud, jo een zweeten Doud, deen ee geeschtegen Doud ass; da kënnt eng Zäit, wou jiddwereen, deen a senge Sënde stierft, also een zäitlechen Doud leit, och ee geeschtegen Doud leide wäert; jo, hie wäert an deem, wat d’Gerechtegkeet betrëfft, ofstierwen.
17 Dann ass d’Zäit, wou hir Quale wéi e Séi vu Feier a Schwiefel sinn, deem seng Flam fir ëmmer an ëmmer eropgeet; an dann ass d’Zäit, wou si un eng éiweg Vernichtung ugekett ginn, no der Muecht a Gefaangenschaft vum Satan, deen si no sengem Wëllen ënnerworf huet.
18 Dann, sou soen ech iech, wäerten si sinn, wéi wann keng Erléisung gemaach gi wär; well si kënnen no der Gerechtegkeet Gottes net erléist ginn; a si kënnen net stierwen, well kuckt, et gëtt keng Verfaulung méi.
19 Elo awer huet et sech erginn: Wéi den Alma domadder fäerdeg war, dës Wierder ze spriechen, huet sech d’Vollek nach méi verwonnert.
20 Et war do awer ee gewëssenen Antionah, ee vun hiren ieweschten Herrscher, deen ass virgetrueden an huet zu him gesprach: Wat ass dat, wat s du do gesot hues, nämlech datt de Mënsch vun den Doudegen operstoen a vun dësem stierflechen an een onstierflechen Zoustand verwandelt wäert ginn, datt d’Séil ni méi stierwe kann?
21 Wat bedeit déi Schrëftstell, déi seet, Gott huet am Oste vum Gaart vun Eden de Kerubim mat engem flamende Schwäert gelagert, fir datt net eis éischt Elteren eragoen a vun der Fruucht vum Bam vum Liewe genéissen a fir ëmmer liewe géifen? Well esou gesi mir, datt et fir si guer keng Méiglechkeet ginn ass, fir fir ëmmer ze liewen.
22 Den Alma huet awer zu him gesprach: Dat ass et, wat ech elo grad erkläre wollt. Mir gesinn also, datt den Adam duerch de Genoss vun der verbuedener Fruucht gefall ass, nom Wuert vu Gott; an esou gesi mir, datt duerch säi Fall d’ganz Mënschheet zu engem verluerenen a gefalene Vollek ginn ass.
23 An elo kuck, ech soen dir: Wann et méiglech gewiescht wär, datt den Adam deemools vun der Fruucht vum Bam vum Liewe genoss hätt, sou hätt et keen Doud ginn, an d’Wuert wär onnëtz gewiescht an hätt Gott zu engem Ligener gemaach; well hien huet gesot: Wann s du ëss, wäerts du sécherlech stierwen.
24 A mir gesinn, datt den Doud iwwer d’Mënschheet kënnt, jo, deen Doud, wouvunner den Amulek gesprach huet, nämlech den zäitlechen Doud; mee gouf dem Mënsch een Zäitraum erlaabt, wouranner hien ëmkéiere kéint; dofir ass dëst Liewen zu engem Prouf-Zoustand ginn, eng Zäit, an där een sech bereet maache sollt, Gott ze begéinen; eng Zäit an där een sech op deen endlosen Zoustand virbereede soll, vun deem mir gesprach hunn an deen no der Opersteeung vun den Doudege wäert sinn.
25 Elo awer, hätt et de Plang vun der Erléisung net ginn, dee vun der Grënnung vun der Welt u festgeluecht war, sou hätt et keng Opersteeung vun den Doudege kënne ginn; et gouf awer ee Plang vun der Erléisung festgeluecht, deen d’Opersteeung vun den Doudegen, wouvunner gesprach ginn ass, realiséiere wäert.
26 An elo kuckt, wann et méiglech gewiescht wär, datt eis éischt Elteren hätten higoen a vum Bam vum Liewe genéisse kënnen, sou wären si fir ëmmer miserabel gewiescht, well et hätt fir si keng Virbereedungszäit ginn; an esou wär de Plang vun der Erléisung vereitelt ginn, an d’Wuert vu Gott wär onnëtz gewiescht, well et hätt keng Wierkung gehat.
27 Mee kuckt, et war net esou; mee et gouf de Mënsche bestëmmt, datt si stierwe mussen; an nom Doud mussen si zum Geriicht kommen, jo, nämlech zu deem Geriicht, wouvunner mir gesprach hunn, an dat ass d’Enn.
28 An nodeems Gott bestëmmt hat, datt de Mënschen dëst geschéie soll, kuckt, do huet hie gesinn, datt et besser wär, datt de Mënsch Kenntnis dovunner huet, wat hien him bestëmmt hat;
29 dofir huet hien Engel erausgeschéckt, fir mat de Mënschen ze verkéieren, a si hunn d’Mënsche vu senger Herrlechkeet kucke gelooss.
30 A vun där Zäit un hunn si ugefaangen, säin Numm unzeruffen; dofir huet Gott mat de Mënsche verkéiert an huet hinnen de Plang vun der Erléisung gewisen, dee vun der Grënnung vun der Welt u prett gemaach ass; an dësen huet hien hinne gewisen no hirem Glawen an hirer Ëmkéiert an hiren hellege Wierker.
31 Dofir huet hien de Mënsche Geboter ginn; well si haten deemools déi éischt Geboter an deem, wat zäitlech war, net agehalen a waren ewéi Gëtter ginn, andeems si Gutt vu Béis ënnerscheede konnten; doduerch hunn si sech an de Stand versat—oder si goufen an de Stand versat—ze handelen, wéi si wollten a wéi et hinne gefall huet, sief et, Béises ze maachen oder Guddes ze maachen—
32 Dofir huet Gott hinne Geboter ginn, nodeems hien hinnen de Plang vun der Erléisung bekannt gemaach hat, datt si näischt Béises maache sollten, well d’Strof dofir en zweeten Doud wier, deen en éiwegen Doud war, wat d’Saachen ugeet, déi mat der Gerechtegkeet ze dinn hunn; well op sou Leit kéint de Plang vun der Erléisung keng Muecht hunn, well d’Wierker vun der Gerechtegkeet net zerstéiert kéinte ginn, no der héchster Guttheet vu Gott.
33 Mä Gott huet d’Mënsche geruff, am Numm vu sengem Jong, (dëst war de Plang vun der Erléisung, deen opgestallt gouf) a gesot: Wann dir ëmkéiert an är Häerzer net verhäert, da wäert ech iech duerch mäin Eenzege Gebuerene Jong erbaarmen;
34 Dofir, jiddereen, deen ëmkéiert a säin Häerz net verhäert, dee wäert Usproch op Barmhäerzegkeet duerch mäin Eenzege Gebuerene Jong hunn, fir d’Verzeiung vu senge Sënden; an dës wäerten a meng Rou kommen.
35 Wann awer een säin Häerz verhäert an Ongerechtegkeete mécht, kuckt, deem schwieren ech a menger Roserei, datt hien net a meng Rou agoe wäert.
36 An elo, meng Bridder, kuckt, ech soen iech: Wann dir äert Häerz verhäert, wäert dir net an d’Rou vum Här eragoen; dofir gëtt hien duerch är Ongerechtegkeeten erausgefuerdert, sou datt hien seng Roserei iwwert iech erof schéckt wéi bei der éischten Erausfuerderung, jo, no sengem Wuert an der leschten Erausfuerderung genausou ewéi an der éischten, sou datt ärer Séil éiweg Vernichtung ufält no sengem Wuert, also dem leschten Doud genausou ewéi dem éischten.
37 An elo, meng Bridder, well mir dës Saache wëssen, an se si wouer sinn, loosst eis ëmkéieren an eis Häerzer net verhäerten, fir datt mir den Här, eise Gott, net provozéieren, seng Roserei op eis erofzezéien, an dësem sengem zweete Gebot, dat hien eis ginn huet; mee loosst eis an d’Rou vu Gott eragoen, déi no sengem Wuert virbereet ass.