61. Kapitel
De Pahoran erzielt dem Moroni vun den Opstänn an der Rebellioun géint d’Regierung—D’Kinneksleit huelen d’Stad Zarahemla an a sinn zesumme mat de Lamaniten—De Pahoran freet ëm militäresch Hëllef géint d’Rebellen. Ongeféier 62 v. Chr.
1 Kuckt, et huet sech awer erginn: Kuerz nodeems de Moroni seng Epistel un den Ieweschte Gouverneur geschéckt hat, huet hien eng Epistel vum Pahoran, dem Ieweschte Gouverneur, kritt. An dëst sinn d’Wierder, déi hie kritt huet:
2 Ech, de Pahoran, deen ech den Ieweschte Gouverneur vun dësem Land sinn, schécken dës Wierder un de Moroni, den Ieweschte Kapitän iwwer d’Arméi. Kuck, ech soen dir, Moroni, datt ech un äre Bedrängnisser keng Freed hunn, jo, et bekëmmert meng Séil.
3 Mee kuck, et ginn därer, déi un äre Bedrängnisser Freed hunn, jo, sou vill, datt si sech a Rebellioun géint mech erhuewen hunn, och géint déijéineg vu mengem Vollek, déi Fräiheetsleit sinn; an déi sech erhuewen hunn, sinn der ganz vill.
4 An déijéineg, déi duerno getruecht hunn, mir de Riichterstull ewech ze huelen, sinn d’Ursaach vun dëser grousser Ongerechtegkeet; well si hu vill Geschmeecheltes ugewannt, a si hu villem Vollek d’Häerz verleet, wat d’Ursaach vu schwéierem Leed ënnert eis wäert sinn; si hunn eise Proviant zeréckgehalen an hunn eis Fräiheetsleit intimidéiert, sou datt si net zu iech komm sinn.
5 A kuck, si hu mech verjot, an ech sinn an d’Land Gideon geflücht, mat alle Männer, déi et mir méiglech war ze kréien.
6 A kuck, ech hunn een Opruff an dësen Deel vum Land geschéckt; a kuck, si stréimen Dag fir Dag zu eis, zu de Waffen, zur Verdeedegung vun hirem Land an hirer Fräiheet a fir d’Onrecht ze rächen, dat mir gelidden hunn.
7 A si sinn zu eis komm, sou datt deenen, déi sech a Rebellioun géint eis erhuewen hunn, elo offiziell d’Stir gebuede gëtt, jo, sou datt si eis fäerten an sech net trauen, zum Kampf géint eis ze zéien.
8 Si hunn d’Land oder villméi d’Stad Zarahemla a Besëtz geholl; si hunn sech ee Kinnek bestëmmt, an hien huet dem Kinnek vun de Lamanite geschriwwen an huet mat him een Accord geschloss; an an dësem Accord huet hien agewëllegt, d’Stad Zarahemla ze behaapten, an hie mengt, dëst Behaapte wäert d’Lamanite befäegen, den iwwregen Deel vum Land ze huelen, an hie sollt als Kinnek iwwer dëst Vollek gesat ginn, wann et vun de Lamanite geholl wier.
9 Du hues mech an denger Epistel verurteelt, mee dat mécht näischt; ech sinn net rosen, mee freeë mech iwwer d’Gréisst vun dengem Häerzen. Ech, Pahoran, truechten net no Muecht, ausser datt ech nëmme mäin Riichterstull behale wëll, fir d’Rechter an d’Fräiheet vu mengem Vollek ze preservéieren. Meng Séil steet fest an där Fräiheet, an där Gott eis fräi gemaach huet.
10 An elo kuck, mir wëllen der Béist souguer bis zum Bluttvergéisse widderstoen. Mir géifen d’Blutt vun de Lamaniten net vergéissen, wann si an hirem eegene Land bleiwe géifen.
11 Mir géifen d’Blutt vun eise Bridder net vergéissen, wann si sech net a Rebellioun erhuewen an d’Schwäert géint eis ergraff hätten.
12 Mir géifen eis dem Gewiicht vun der Sklaverei béien, wann d’Gerechtegkeet Gottes dëst fuerdere géif oder hien eis kommandéiere géif, et ze maachen.
13 Mee kuckt, hien huet eis net kommandéiert, datt mir eis eise Feinden ënnerwerfe sollen, mee datt mir eist Vertrauen an hie setzen, da wäert hien eis befreien.
14 Dofir, mäi léiwe Brudder Moroni, looss eis dem Béise widderstoen, a wann et eppes Béises gëtt, deem mir net mat eise Wierder widderstoe kënnen, jo, ewéi vläicht Rebellioun a Spléckungen, sou looss eis deem mam Schwäert widderstoen, fir datt mir eis Fräiheet behalen, fir datt mir eis um groussen Avantage, d’Kierch ze hunn, an un der Saach vun eisem Erléiser an eisem Gott erfreeë kënnen.
15 Dofir komm schnell mat e puer vun denge Männer bei mech, a looss déi iwwreg an der Verantwortung vum Lehi an dem Teankum zeréck; ermächteg si, de Krich an deem Deel vum Land ze féieren, nom Geescht vu Gott—an dat ass och de Geescht vun der Fräiheet, deen an hinne wunnt.
16 Kuck, ech hunn e bësse Proviant un si geschéckt, sou datt si net ëmkommen, bis du bei mech komme kanns.
17 Sammel op dengem Marsch heihinner esou vill Sträitkräften zesummen, wéi s du kanns, a mir wäerte schnell géint dës Leit virgoen, an zwar mat der Stäerkt vun eisem Gott, nom feste Glawen, deen an eis ass.
18 A mir wäerte vun der Stad Zarahemla Besëtz ergräifen, op datt mir méi Proviant kréien, fir se un de Lehi an den Teankum ze schécken; jo, mir wäerte mat der Stäerkt vum Här géint si virgoen, a mir wäerten dëser groussen Ongerechtegkeet een Enn setzen.
19 An elo, Moroni, freeën ech mech, deng Epistel kritt ze hunn, well ech war eenegermoosse besuergt wéinst deem, wat mir maache sollten, nämlech ob et fir eis gerecht wier, géint eis Bridder virzegoen.
20 Mee du hues gesot, den Här huet dir gebueden, géint si virzegoen, ausser si kéieren ëm.
21 Kuck elo, datt s du de Lehi an den Teankum am Här stäerks; so hinnen, si sollen net fäerten, well Gott wäert si befreien, jo, an och all déijéineg, déi fest an der Fräiheet stinn, woumat Gott si fräi gemaach huet. An elo schléissen ech meng Epistel u mäi léiwe Brudder Moroni.