D’Geboter vum Alma u säi Jong Schiblon
Enthält Kapitel 38.
38. Kapitel
De Schiblon gouf wéinst sengem Wëllen zur Gerechtegkeet verfollegt—D’Erléisung ass a Christus, deen d’Liewen an d’Liicht vun der Welt ass—Beherrscht all är Leidenschaften. Ongeféier 74 v. Chr.
1 Mäi Jong, schenk menge Wierder Gehéier, well ech soen dir, wéi ech och zu Helaman gesot hunn: Wann s du d’Geboter Gottes häls, wäert et dir wuel ergoen am Land; an wann s du d’Geboter Gottes net häls, wäerts du aus senger Géigewaart ewech geholl ginn.
2 An elo, mäi Jong, vertrauen ech doropper, datt ech un dir grouss Freed wäert hunn wéinst denger Bestännegkeet a Glawenstrei viru Gott; well wéi s du an denger Jugend ugefaangen hues, op den Här, däi Gott, ze blécken, esou hoffen ech och, dat s du weider wäerts seng Geboter halen; well geséint ass, wien bis un d’Enn aushält.
3 Ech soen dir, mäi Jong: Ech hu schonn elo grouss Freed un dir wéinst denger Glawenstrei an dengem Fläiss an denger Gedold an denger Toleranz ënnert dem Vollek vun den Zoramiten.
4 Well ech weess, datt s du gefaange waars; jo, an ech weess och, datt s du wéinst dem Wuert mat Steng beworf goufs; an du hues dëst alles gedëlleg erdroen, well den Här war mat dir; an elo weess du, datt den Här dech befreit huet.
5 An elo, mäi Jong Schiblon, hätt ech gären, dat s du ëmmer dorunner denks: an deem Mooss, wéi s du däi Vertrauen a Gott setz, gëss du aus denge Prüfungen a Beonrouegungen a Bedrängnisser befreit an um leschten Dag erop gehuewen.
6 Mee, mäi Jong, ech hätt net gären, dat s du denks, ech wéisst dëst aus mir selwer, mee et ass de Geescht Gottes a mir, dee mir dëst weist; well wär ech net aus Gott gebuer, sou hätt ech et net gewosst.
7 Mee kuck, a senger grousse Baarmhäerzegkeet huet den Här säin Engel zu mir geschéckt, fir mir ze verkënnegen, datt ech d’Wierk vun der Vernichtung ënnert sengem Vollek stoppe misst; jo, an ech hunn een Engel vu Face zu Face gesinn, an hien huet zu mir gesprach, a seng Stëmm war wéi Donner an huet d’ganz Äerd ziddere gedoen.
8 An et huet sech erginn, datt ech dräi Deeg an dräi Nuechten an der batterster Péng a grousser Angscht vun der Séil war; an eréischt, wéi ech den Här Jesus Christus ëm Barmhäerzegkeet ugeruff hunn, hunn ech eng Verzeiung vu menge Sënde kritt. Mee kuck, ech hunn hien ugeruff a Fridde fir meng Séil fonnt.
9 An elo, mäi Jong, hunn ech dir dëst gesot, fir dat s du Weisheet léiers, fir dat s du vu mir léiers, datt et keen anere Wee a keen anert Mëttel gëtt, wouduerch de Mënsch gerett ka ginn, ewéi nëmmen an an duerch Christus. Kuck, hien ass d’Liewen an d’Liicht vun der Welt. Kuck, hien ass d’Wuert vun der Wourecht an der Gerechtegkeet.
10 An elo, wou s du ugefaangen hues, d’Wuert ze priedegen, sou hätt ech gären, datt s du mam Priedege weider méchs; an ech hätt gären, datt s du an allem fläisseg a moderat bass.
11 Maach, dat s du net am Stolz iwwerhieflech gëss; jo, maach, dat s du dech net mat denger eegener Weisheet an och net mat denger grousse Stäerkt bretz.
12 Sief fräi an offen, mee net autoritär; a maach och, dat s du all deng Passiounen ënner Kontroll hues, dat s du vu Léift erfëllt bass; maach, dat s du dech vu Lidderegkeet ewech häls.
13 Biet net wéi d’Zoramiten, well du hues gesinn, datt si bieden, fir vun de Mënsche gehéiert ze ginn, a fir datt si fir hir Weisheet gelueft ginn.
14 So net: O Gott, ech soen dir Merci, datt mir besser si wéi eis Bridder; mee so léiwer: O Här, verzei meng Onwierdegt, a denk u meng Bridder a Barmhäerzegkeet—jo, erkenn deng Onwierdegt viru Gott zu all Zäit un.
15 A géif den Här deng Séil séinen an dech um leschten Dag a sengem Räich unhuelen, datt s du dech hi sëtze kanns a Fridden. Elo géi dohinner, mäi Jong, a priedeg dësem Vollek d’Wuert. Sief seriö. Mäi Jong, maach et gutt.