22. Kapitel
Den Aaron enseignéiert dem Lamoni säi Papp iwwer d’Schëpfung, de Fall vum Adam an de Plang vun der Erléisung duerch de Christus—De Kinnek a säi ganzen Haushalt gi konvertéiert—D’Opdeelung vum Land tëscht den Nephiten an de Lamaniten gëtt erkläert. Ongeféier 90–77 v. Chr.
1 Wärend den Ammon esou d’Vollek vum Lamoni stänneg enseignéiert huet, wëlle mir elo zum Bericht vum Aaron a senge Bridder zeréck kéieren; well nodeems hien aus dem Land Middoni fortgaangen ass, gouf hie vum Geescht zum Land Nephi gefouert, nämlech zum Haus vum Kinnek, deen de Kinnek iwwer d’ganzt Land war—ausser iwwer d’Land Ismael; an et war dem Lamoni säi Papp.
2 An et huet sech erginn: Hien ass mat senge Bridder zu him an de Kinnekspalast higaangen, an hien huet sech virum Kinnek vernäipt an zu him gesprach: Kuck, O Kinnek, mir sinn d’Bridder vum Ammon, déi s du aus dem Prisong fräi ginn hues.
3 An elo, o Kinnek, wann s du eist Liewe verschouns, wëlle mir deng Kniechte sinn. An de Kinnek huet zu hinne gesprach: Erhieft iech, well ech wäert iech d’Liewe loossen, an ech wäert net zouloossen, datt dir meng Kniechte sidd; mee ech bestinn doropper, datt dir iech menger unhuelt, well ech sinn e wéineg besuergt am Geescht wéinst der Generositéit an der Gréisst vun de Wierder vun dengem Brudder Ammon; an ech wënschen de Grond gewuer ze ginn, firwat hien net mat dir vu Middoni heihinner komm ass.
4 An den Aaron huet zum Kinnek gesprach: Kuck, de Geescht vum Här huet hien op en anere Wee geruff; hien ass an d’Land Ismael gaangen, fir d’Vollek vum Lamoni ze beléieren.
5 De Kinnek awer huet zu him gesprach: Wat hutt dir do a Bezuch op de Geescht vum Här gesprach? Kuckt, dat ass et, wat mech beonrouegt.
6 A wat ass et, wat den Ammon do gesprach huet: Wann dir ëmkéiert, wäert dir gerett ginn, a wann dir net ëmkéiert, wäert dir um leschten Dag verstouss ginn?
7 An den Aaron huet him geäntwert an zu him gesprach: Gleefs du, datt et ee Gott gëtt? An de Kinnek huet gesprach: Ech weess, d’Amalekite soen, datt et ee Gott gëtt, an ech hunn hinnen erlaabt, Sanctuairen ze bauen, fir datt si zu Versammlunge kënne goen, fir hien ze veréieren. A wann s du elo sees, et gëtt ee Gott, kuck, sou wëll ech et gleewen.
8 Wéi awer den Aaron dës héieren huet, huet säin Häerz ugefaangen, sech ze freeën, an hien huet gesprach: Kuck, sou gewëss, wéi s du liefs, o Kinnek, gëtt et ee Gott.
9 An de Kinnek huet gesprach: Ass Gott dee Grousse Geescht, deen eis Pappen aus dem Land vu Jerusalem gefouert hat?
10 An den Aaron huet zu him gesprach: Jo, et ass de Grousse Geescht, an hien huet alles erschaf, am Himmel an op Äerden. Gleefs du dat?
11 An hien huet gesprach: Jo, ech gleewen, datt de Grousse Geescht alles erschaf huet, an ech wënschen, datt dir mir a Bezuch op dat alles erzielt, an ech wäert denge Wierder gleewen.
12 An et huet sech erginn: Wéi den Aaron gesinn huet, datt de Kinnek senge Wierder gleewe wollt, huet hie bei der Erschafung vum Adam ugefaangen, an huet dem Kinnek d’Schrëfte virgelies—wéi Gott de Mënsch als säin Ofbild erschaf huet. an datt Gott him Geboter ginn huet, an datt de Mënsch wéinst senger Iwwertriedung gefall ass.
13 An den Aaron huet him d’Schrëfte vun der Schëpfung vum Adam un erkläert, andeems hien him de Fall vum Mënsch duergeluecht huet, an hire fleeschlechen Zoustand an och de Plang vun der Erléisung, dee vun der Grënnung vun der Welt un duerch Christus virbereet gouf, fir all déi, déi un säin Numm gleewen.
14 A well de Mënsch gefall war, konnt hie vu sech aus kee Verdéngscht zuwee bréngen; mee d’Leiden an den Doud vum Christus versöne fir eis Sënden, duerch Glawen an Ëmkéiert an esou weider; an datt hien d’Bänner vum Dout zerräisst, datt d’Graf keng Victoire wäert hunn an datt de Stachel vum Doud an der Hoffnung op Herrlechkeet verschlongen ass; an dëst alles huet den Aaron dem Kinnek ausgeluecht.
15 An et huet sech erginn: Nodeems den Aaron him dëst ausgeluecht hat, huet de Kinnek gesprach: Wat soll ech maachen, fir dat ech dëst éiwegt Liewen hunn, vun deem s du gesprach hues? Jo, wat soll ech maachen, datt ech aus Gott gebuere ginn, datt dëse béise Geescht mir aus der Broscht gerass gëtt an ech säi Geescht empfänken, datt ech mat Freed erfëllt ginn, datt ech net um leschten Dag verstouss ginn? Kuckt, ech wëll alles hierginn, wat ech besëtzen, jo, ech wëll vu mengem Kinnekräich loossen, fir datt ech dës grouss Freed empfänke kann.
16 Mee den Aaron huet zu him gesprach: Wann s du dës wënschs, wann s du dech viru Gott nidderknéie wëlls, jo, wann s du vun all denge Sënden ëmkéieren an dech viru Gott nidderknéien a gleeweg säin Numm uruffe wëlls, am Vertrauen doropper, dat s du et empfänke wäerts, da wäerts du d’Hoffnung empfänken, déi s du wënschs.
17 An et huet sech erginn: Wéi den Aaron dës Wierder gesprach hat, ass de Kinnek virum Här op seng Knéie gaangen; jo, hien huet sech op d’Äerd nidder gestreckt a mächteg gejaut, nämlech:
18 O Gott, den Aaron huet mir gesot, datt et ee Gott gëtt; a wann et ee Gott gëtt an du dëse Gott bass, wëlls du dech mir weisen, an ech wëll all meng Sënden ofleeën, fir dech ze erkennen an ze wëssen, datt ech vun den Doudegen op erwächt an um leschten Dag gerett ginn. Wéi awer de Kinnek dës Wierder gesprach hat, huet et hie getraff, sou datt hie wéi dout war.
19 An et huet sech erginn: Seng Kniechten si gelaf an hunn der Kinnigin alles erzielt, wat dem Kinnek geschitt war. A si ass zum Kinnek era komm; a wéi si hie wéi dout do leie gesinn huet, och datt den Aaron a seng Bridder do stoe gesinn huet, wéi wann si d’Ursaach vu sengem Fall gewiescht wieren, gouf si rosen op si an huet hire Kniechte gebueden, oder de Kniechte vum Kinnek, si ze ergräifen an ëmzebréngen.
20 Mee d’Kniechten hate gesinn, wat d’Ursaach war, datt de Kinnek hi gefall war, dofir hunn si sech net getraut, Hand un den Aaron a seng Bridder ze leeën; a si hunn der Kinnigin mat Bieden zougesat, nämlech: Firwat kommandéiers du eis, dës Männer ëmzebréngen, wann dach een eenzege vun hinne méi mächteg ass ewéi mir all? Dofir wäerte mir virun hinne falen.
21 Wéi awer d’Kinnigin d’Angscht vun de Kniechte gesinn huet, huet och si ugefaangen iwwer d’Moossen ze fäerten, et kéint iergendeppes Béises iwwert si kommen. A si huet hire Kniechte gebueden, hinzegoen an d’Vollek ze ruffen, fir dat et den Aaron a seng Bridder ëmbrénge géif.
22 Wéi elo awer den Aaron d’Entschlossenheet vun der Kinnigin gesinn a well hien d’Häerzenshäert vum Vollek kannt huet, huet hie gefaart, eng Mënschemass géif sech versammelen, an et géif ee grousse Sträit a vill Onrou ënnert hinne ginn; dofir huet hien d’Hand ausgestreckt, de Kinnek vum Buedem opgehuewen an zu him gesprach: Stéi op. An hien ass opgestanen a krut seng Stäerkt erëm.
23 Dëst awer ass an der Géigewaart vun der Kinnigin a ville Kniechte geschitt. A wéi si et gesinn hunn, waren si ganz verwonnert an hunn ugefaangen sech ze fäerten. An de Kinnek ass no vir komm an huet ugefaangen, hinne geeschtlech ze déngen. An hien huet hinne geeschtlech gedéngt, sou vill, datt sech säi ganzt Haus zum Här bekéiert huet.
24 Wéinst dem Gebot vun der Kinnigin awer war eng Mënschemass versammelt, an ee grousst Meckere wéinst dem Aaron a senge Bridder huet ënnert hinnen ugefaangen.
25 Mee de Kinnek ass ënnert si getrueden an huet sech hirer ugeholl. A si hunn sech a Bezuch op den Aaron an deenen, déi mat him waren, berouege gelooss.
26 An et huet sech erginn: Wéi de Kinnek gesinn huet, datt d’Vollek berouegt war, huet hien et an d’Rei gemaach, datt den Aaron a seng Bridder matzen ënner d’Leit kommen an hinnen d’Wuert priedege konnten.
27 An et huet sech erginn: De Kinnek huet een Opruff duerch d’ganzt Land geschéckt, un all säi Vollek, dat sech a sengem ganze Land befonnt huet, an alle Gebitter ronderëm, am Land, dat am Osten an am Westen un d’Mier gegrenzt huet an dat vum Land Zarahemla duerch eng schmuel Sträif Wüüst getrennt war, déi vum Mier ëstlech bis zum Mier westlech verlaf ass, ëm d’Gebitt un der Mieresküst an am Rand vun der Wüüst, déi am Norde beim Land Zarahemla war, duerch d’Grenzgebitt vu Manti, am Ursprong vum Floss Sidon laanscht, vun Osten no Weste verlafent; an esou waren d’Lamaniten an d’Nephitë vunenee getrennt.
28 Elo, dee méi lidderegen Deel vun de Lamaniten huet an der Wüüst gelieft an an Zelter gewunnt; a si hunn sech an der Wüüst am Westen ausgebreet, am Land Nephi, jo, och am Weste vum Land Zarahemla, am Gebitt un der Mieresküst, an am Westen am Land Nephi, do, wou déi éischt Ierfschaft vun hire Pappe läit, soumat laanscht der Mieresküst.
29 An et goufen och vill Lamaniten am Osten un der Mieresküst, wouhinner d’Nephiten si gejot haten. An esou waren d’Nephite bal ganz vu Lamaniten ëmginn; mee d’Nephiten haten de ganzen nërdlechen Deel vum Land a Besëtz geholl, dat un d’Wüüst gegrenzt huet, am Ursprong vum Floss Sidon, vun Osten no Westen, ronderëm op der Säit vun der Wüüst; am Norden, jo, bis si un d’Land koumen, dat si Iwwerfloss genannt hunn.
30 An et huet un dat Land gegrenzt, dat si Verwüüstung genannt hunn, an et war esou wäit am Norde geleeën, datt et an dat Land gereecht huet, dat bevëlkert gewiescht a vernicht gi war, vun deenen hire Skeletter mir geschwat hunn an dat vum Vollek Zarahemla entdeckt gi war, well et war déi Plaz, wou si als éischt gelant waren.
31 A si koume vun do erop an d’Wüüst am Süden. Sou gouf dat Land méi am Norde Verwüüstung genannt, an dat Land méi am Süde gouf Iwwerfloss genannt, well et ass déi Wüüst, déi voll ass vun all Zort Déieren, an een Deel vun hinne war aus dem nërdleche Land op der Sich no Iessen dohinner komm.
32 An elo war et just d’Distanz vun engem Dag an en hallwe fir en Nephit, op der Linn vun Iwwerfloss an dem Land Verwüüstung, vum Oste bis zum Westen; an dofir waren d’Land vum Nephi an d’Land vun Zarahemla bal vu Waasser ëmginn, well et e klenge Landsträif tëscht dem Land nërdlech an dem Land südlech gouf.
33 An et huet sech erginn: D’Nephiten hunn d’Land Iwwerfloss bewunnt, jo, vum ëstlechen zum westleche Mier, an esou haten d’Nephiten an hirer Weisheet, mat hire Waachen an hiren Arméien, d’Lamaniten am Süden zeréck gedämmt, sou datt si soumat keng Proprietéit am Norden haten, fir dat si d’Land am Norden net iwwerrenne konnten.
34 Dofir konnten d’Lamanite keng weider Proprietéiten hunn ewéi nëmmen am Land Nephi an an der Wüüst ronderëm. Dëst awer war weis vun den Nephiten—well d’Lamaniten hir Feinde waren, hunn si et net zougelooss, vun hinne vun alle Säiten attackéiert ze ginn; och wollten si ee Land hunn, wouhinner si fortlafe konnte no hire Wënsch.
35 A well ech dëst elo gesot hunn, kéieren ech erëm zeréck zum Bericht vum Ammon an Aaron, Omner an Himni an hire Bridder.