52. Kapitel
Den Ammoron iwwerhëlt dem Amalickiah seng Plaz als Kinnek vun de Lamaniten—De Moroni, den Teankum an de Lehi féieren d’Nephiten an engem victoriéise Krich géint d’Lamaniten—D’Stad Mulek gëtt zeréckeruewert, an de Jakob, den Zoramit, gëtt ëmbruecht. Ongeféier 66–64 v. Chr.
1 An elo huet et sech erginn: Am sechsanzwanzegste Joer vun der Regierung vun de Riichter iwwer d’Vollek Nephi, kuckt, wéi d’Lamaniten um éischte Muere vum éischte Mount erwächt sinn, kuckt, do hunn si den Amalikkja dout a sengem eegenen Zelt fonnt; a si hunn och gesinn, datt den Teankum bereet war, hinnen un deem Dag ee Kampf ze liwweren.
2 Elo awer, wéi d’Lamaniten dëst gesinn hunn, waren si voller Angscht; a si hunn hire Plang opginn, an d’Land am Norden ze marschéieren, a si hunn sech mat hirer ganzen Arméi an d’Stad Mulek zeréckgezunn an hunn an hire Befestegunge Schutz gesicht.
3 An et huet sech erginn: De Brudder vum Amalikkja gouf zum Kinnek iwwer d’Vollek bestëmmt; a säin Numm war Ammoron; esou gouf also de Kinnek Ammoron, de Brudder vum Kinnek Amalikkja, bestëmmt, a senger Plaz ze regéieren.
4 An et huet sech erginn: Hien huet sengem Vollek kommandéiert, dës Stied, déi si mat Bluttvergéisse geholl haten, ze halen; well si hate keng Stad geholl, wou si net och vill Blutt verlueren haten.
5 Elo awer huet den Teankum gesinn, datt d’Lamaniten decidéiert waren, déi Stied an déi Deeler vum Land, déi si geholl a vun deenen si Besëtz ergraff haten, ze halen; a well hien och hir immens grouss Zuel gesinn huet, huet den Teankum et net fir gutt gehalen, de Versuch ze maachen, si an hire feste Plazen unzegräifen.
6 Mee hien huet seng Männer beienee gehalen, wéi wann hie Virbereedunge fir de Krich maache géif; jo, an hien huet sech tatsächlech dorobber virbereet, andeems hie ronderëm Kéip opgeworf a Refuge virbereet huet.
7 An et huet sech erginn: Hien huet weider gemaach, sech esou fir de Krich virzebereeden, bis de Moroni eng grouss Unzuel vu Männer geschéckt huet, fir seng Arméi ze verstäerken.
8 An de Moroni huet him och den Uerder geschéckt, hie soll all Gefaangenen, déi him géifen an d’Hänn falen, zeréckbehalen; well wou d’Lamanite vill Gefaangener gemaach haten, sollt hien all gefaange Lamaniten als Tausch behale fir déijéineg, déi d’Lamaniten ergraff haten.
9 An hien huet him och den Uerder geschéckt, hie sollt d’Land Iwwerfloss befestegen an den enke Pass sécheren, deen an d’Land am Norde gefouert huet, fir datt d’Lamaniten net dëse Punkt besetze géifen a Muecht hätten, si vu jiddwer Säit aus ze beonrouegen.
10 An de Moroni huet och zu him geschéckt a gewënscht, hie sollt déi Géigend vum Land trei behaapten a jiddwer Geleeënheet wouer huelen, d’Lamaniten an där Géigend ze ploen, souwäit et a senger Muecht stéing, sou datt hie vläicht duerch eng Strategie oder eng aner Weis déijéineg Stied erëm huele kéint, déi hinnen aus der Hand gerass gi waren, an datt hien och déi Stied, déi net de Lamaniten an d’Hänn gefall waren, ronderëm befestegen a verstäerke kéint.
11 An hien huet och zu him gesprach: Ech géif jo bei dech kommen, mee kuck, d’Lamanite sinn am Grenzgebitt vum Land am westleche Mier iwwert eis komm; a kuck, ech zéie géint si, dowéinst kann ech net bei dech kommen.
12 Mee de Kinnek (Ammoron) hat d’Land Zarahemla verlooss an hat der Kinnigin Matdeelung a Bezuch op den Dout vu sengem Brudder gemaach; hien hat eng grouss Unzuel vu Männer gesammelt a war géint d’Nephiten am westleche Mier ausgeréckt.
13 An esou ass hien dorunner gaangen, d’Nephiten ze beonrouegen an een Deel vun hire Kräften an déi Géigend vum Land ze zéien, wärend hien deenejéinegen, déi hien zeréckgelooss hat, fir déi Stied ze besetzen, déi vun him geholl gi waren, den Uerder ginn huet, d’Nephiten am Grenzgebitt am ëstleche Mier och ze beonrouegen an, souwäit et an hirer Muecht stéing, vun hirem Land Besëtz ze ergräifen, nämlech no der Muecht vun hiren Arméien.
14 An esou hunn sech d’Nephitë géint der Enn vum sechsanzwanzegste Joer vun der Regierung vun de Riichter iwwer d’Vollek Nephi an dëser geféierleche Lag befonnt.
15 Ma kuckt, et huet sech erginn; am siwenanzwanzegste Joer vun der Regierung vun de Riichter, datt den Teankum, op Uerder vum Moroni—deen Arméien opgestallt hat fir d’Süd—an d’Westgrenze vum Land ze schützen, a mat sengem Marsch Richtung d’Land Iwwerfloss ugefaangen hat, fir den Teankum mat senge Männer ze hëllefen, d’Stied zeréckzeerueweren, déi si verluer haten—
16 an et huet sech erginn: den Teankum hat den Uerder erhalen, een Ugrëff op d’Stad Mulek ze ënnerhuelen an se wa méiglech erëm ze huelen.
17 An et huet sech erginn: Den Teankum huet Virbereedunge getraff, fir een Ugrëff op d’Stad Mulek ze maachen a mat senger Arméi géint d’Lamaniten ze marschéieren; mee hien huet gesinn, datt et fir hien onméiglech war, si ze iwwerwältegen, soulaang si an hire Befestegunge waren; dowéinst huet hien seng Pläng opginn an ass erëm zeréck an d’Stad Iwwerfloss komm, fir dem Moroni säi Kommen ofzewaarden, fir datt hie fir seng Arméi Verstäerkung géif kréien.
18 An et huet sech erginn: Géint der Enn vum siwenanzwanzegste Joer vun der Regierung vun de Riichter iwwer d’Vollek Nephi koum de Moroni mat senger Arméi am Land Iwwerfloss un.
19 An um Ufank vum aachtanzwanzegste Joer hunn de Moroni, den Teankum a vill vun den Haaptkapitänen e Krichsrot gehalen—wat si maache sollten, fir d’Lamaniten dozou ze kréien, fir géint si an d’Schluecht ze zéien; oder datt si si op iergendeng Manéier eraus aus hire Festunge lackelen, fir esou e Virdeel ze kréien an d’Stad Mulek nach eng Kéier zeréckerueweren.
20 An et huet sech erginn: Si hu Messagen un déi Arméi vun de Lamanite geschéckt, déi d’Stad Mulek beschützt huet, un hire Führer, deem säin Numm Jakob war, an hu gewënscht, hie géif mat sengen Arméien erauskommen, fir hinnen dobaussen tëschent den zwee Stied ze begéinen. Mee kuckt, de Jakob, deen een Zoramit war, wollt mat senger Arméi net erauskommen, fir hinnen dobaussen ze begéinen.
21 An et huet sech erginn: De Moroni hat keng Hoffnung, hinnen op gënschtegem Gebitt ze begéinen, dofir huet hien sech fir ee Plang entschloss, mat deem hien d’Lamaniten aus hire Stëtzpunkte lackele konnt.
22 Dofir huet hien den Teankum eng kleng Unzuel Männer mathuelen an erof laanscht d’Mieresküst marschéiere gelooss; an de Moroni a seng Arméi sinn nuets an d’Wüüst am Weste vun der Stad Mulek marschéiert; wéi d’Waache vun de Lamaniten de nächste Mueren den Teankum entdeckt hunn, sinn si gelaf an hunn et dem Jakob, hirem Führer, erzielt.
23 An et huet sech erginn: D’Arméie vun de Lamanite si géint den Teankum vir marschéiert, well si hu gemengt, si géifen, well si der esou vill waren, den Teankum iwwerwältegen, well hien der nëmmen e puer hat. A wéi den Teankum gesinn huet, datt d’Arméie vun de Lamanite géint hien ugeréckt sinn, huet hien ugefaangen, sech un d’Mieresküst am Norden zeréckzezéien.
24 An et huet sech erginn: Wéi d’Lamanite gesinn hunn, datt hie mat flüchten ugefaangen huet, huet si de Mutt gepaakt an hunn hie mat Ausdauer verfollegt. A wärend den Teankum esou d’Lamaniten, déi hien ouni Erfolleg verfollegt hunn, ewech geleet huet, kuckt, do huet de Moroni engem Deel vu senger Arméi, dat bei him war, kommandéiert, an d’Stad ze marschéieren an se a Besëtz ze huelen.
25 An dat hunn si gemaach an hunn alleguerten ëmbruecht, déi zeréckgelooss gi waren, fir d’Stad ze schützen, jo, alleguerten, déi hir Krichswaffen net ausliwwere wollten.
26 An esou hat de Moroni d’Stad Mulek mat engem Deel vu senger Arméi a Besëtz geholl, wärend hie mam iwwregen Deel vu senger Arméi lassmarschéiert ass, fir de Lamaniten entgéint ze trieden, wann si vun der Verfollgung vum Teankum zeréckkéimen.
27 An et huet sech erginn: D’Lamaniten hunn den Teankum verfollegt, bis si no un d’Stad Iwwerfloss koumen, an dunn ass hinnen de Lehi mat enger klenger Arméi, déi zeréckgelooss gi war, fir d’Stad Iwwerfloss ze schützen, entgéint getrueden.
28 An elo kuckt, wéi déi iewescht Haaptleit vun de Lamanite gesinn hunn, datt de Lehi mat senger Arméi géint si ugeréckt koum, sinn si a groussem Duerchernee fortgelaf, fir vläicht d’Stad Mulek ze erreechen, bevir de Lehi bei hinne wier; well si ware wéinst hirem Marsch midd, an dem Lehi seng Männer ware frësch.
29 D’Lamanite woussten awer net, datt de Moroni mat senger Arméi an hirem Réck stoung; an alles, wat si gefaart hunn, waren de Lehi a seng Männer.
30 De Lehi awer hat net de Wonsch, bis bei si ze kommen, bevir si op de Moroni a seng Arméi treffe géifen.
31 An et huet sech erginn: Nach bevir d’Lamaniten sech wäit zeréckgezunn haten, goufen si vun den Nephiten ëmstallt, vun dem Moroni senge Männer op der enge Säit an dem Lehi senge Männer op der anerer, déi alleguerte frësch a voll Kraaft waren; d’Lamaniten awer ware wéinst hirem laange Marsch midd.
32 An de Moroni huet senge Männer kommandéiert, op si anzedréngen, bis si hir Krichswaffen ausgeliwwert hätten.
33 An et huet sech erginn: De Jakob, deen hire Führer an och een Zoramit war, an ee stuere Geescht hat, huet d’Lamaniten mat aussergewéinlecher Roserei géint de Moroni an d’Schluecht gefouert.
34 De Moroni awer stoung an hirer Marschrichtung, dofir war de Jakob entschloss, si ëmzebréngen an sech de Wee zur Stad Mulek ze erkämpfen. Mee kuckt, de Moroni a seng Männer ware méi mächteg; dofir sinn si net virun de Lamaniten zeréckgaangen.
35 An et huet sech erginn: Si hunn op béid Säite mat ganz grousser Sturheet gekämpft; an op béid Säite goufen der vill ëmbruecht; jo, de Moroni gouf verwonnt, an de Jakob gouf ëmbruecht.
36 An de Lehi huet mat senge staarke Männer mat esou vill Sturheet géint hir hënnescht Gard gedrängt, datt d’Lamanite vun der hënneschter Gard hir Krichswaffen ausgeliwwert hunn; an déi iwwreg vun hinnen, déi ganz duerchernee waren, woussten net, wouhinner goen oder wouhinner si zeréckschloe sollten.
37 De Moroni, deen hiert Duerchenee gesinn huet, huet zu hinne gesprach: Wann dir är Krichswaffen heihinner bréngt an ausliwwert, kuckt, da wäerte mir dovunner ofstoen, äert Blutt ze vergéissen.
38 An et huet sech erginn: Wéi d’Lamaniten dës Wierder héieren hunn, sinn hir iewescht Haaptleit, souwäit si net ëmbruecht gi waren, no vir komm an hunn hir Krichswaffen dem Moroni virun d’Féiss geworf, a si hunn hire Männer kommandéiert, datselwecht ze maachen.
39 Mee kuckt, et goufen der vill, déi dat net wollten; an déijéineg, déi hiert Schwäert net ofliwwere wollten, goufen ergraff a gebonnen, an hir Krichswaffe goufen hinnen ewech geholl, a si goufe gezwongen, mat hire Bridder an d’Land Iwwerfloss ze marschéieren.
40 D’Unzuel vun de Gefaangener awer, déi gemaach goufen, huet d’Unzuel vun deenen, déi ëmbruecht gi waren, iwwertraff, jo, se war méi grouss wéi d’Unzuel vun deenen, déi op béid Säiten ëmbruecht gi waren.