27. Kapitel
Den Här befielt dem Ammon, d’Vollek Anti-Nephi-Lehi a Sécherheet ze féieren—Dem Ammon seng Freed ass esou grouss beim Zesummentreffe mam Alma, datt seng Kraaft erschëpft gëtt—D’Nephite ginn dem Vollek Anti-Nephi-Lehi d’Land Jershon—Si ginn d’Vollek Ammon genannt. Ongeféier 90–77 v. Chr.
1 Et huet sech awer erginn: Wéi déijéineg Lamaniten, déi géint d’Nephiten an de Krich gezu waren, no hire ville Kämpf, an deenen si zerschloe goufen, eraus fonnt haten, datt si sech fir näischt mat deenen hirer Vernichtung of geméit hunn, sinn si erëm zeréck an d’Land Nephi gaangen.
2 An et huet sech erginn, datt dat sechsasiwwenzegt Joer a Fridden op en Enn gaangen ass. An wéi si gesinn hunn, datt si sech un den Nephiten net räche konnten, hunn si ugefaangen, d’Vollek zur Roserei géint hir Bridder, d’Vollek Anti-Nephi-Lehi, opzestëppelen; dofir hunn si erëm ugefaangen, si ze zerstéieren.
3 Elo huet sech dëst Vollek erëm geweigert, d’Waffen opzehuelen, a si hunn et zougelooss, datt si no de Wënsch vun hire Feinden ëmbruecht goufen.
4 Wéi elo den Ammon a seng Bridder dëst Wierk vun der Vernichtung ënnert deene gesinn hunn, déi si esou gären hunn a vun deenen si esou geléift goufen—well si goufe behandelt, als wieren si Engelen, vu Gott geschéckt, fir si virun éiweger Vernichtung ze retten—dofir, wéi den Ammon a seng Bridder dëst grousst Vernichtungswierk gesinn hunn, waren si vu Matleed beweegt an hunn zum Kinnek gesprach:
5 Loosst eis dëst Vollek vum Här zesummeféieren, a loosst eis erof an d’Land Zarahemla zu eise Bridder, den Nephiten, goen an aus den Hänn vun eise Feinde fortlafen, fir dat mir net vernicht ginn.
6 Mee de Kinnek huet zu hinne gesprach: Kuckt, d’Nephitë wäerten eis vernichten, well mir esou vill Morden a Sënden un hinne begaangen hunn.
7 An den Ammon huet gesprach: Ech wëll higoen an den Här befroen, a wann hien eis seet, mir sollen zu eise Bridder erof goen—wäert dir da goen?
8 An de Kinnek huet zu him gesprach: Jo, wann den Här ons seet, datt mir goe sollen, da wäerte mir zu eise Bridder goen, a mir wäerten hir Sklave sinn, bis mir hinnen déi vill Morden a Sënden, déi mir un hinne begaangen hunn, erëm gutt gemaach hunn.
9 Mee den Ammon huet zu him gesprach: Et ass géint d’Gesetz vun eise Bridder, dat vu mengem Papp opgeriicht gouf, datt et bei hinnen iergendwellech Sklave géif; dofir wëlle mir erof goen an ons op d’Baarmhäerzegkeet vun eise Bridder verloossen.
10 Mee de Kinnek huet zu him gesprach: Befro den Här, a wann hien ons seet, datt mir goe sollen, da wäerte mir goen; soss wäerte mir am Land ëmkommen.
11 An et huet sech erginn: Den Ammon ass higaangen an huet den Här befrot, an den Här huet zu him gesprach:
12 Huel dëst Vollek aus dësem Land, fir dat et net ëmkënnt; well de Satan huet vill Gewalt iwwer d’Häerz vun den Amalekiten, déi d’Lamaniten zur Roserei géint hir Bridder opstëppelen, fir datt si si ëmbréngen; dofir géi aus dësem Land ewech; a geséint ass dëst Vollek an dëser Generatioun, well ech wëll et preservéieren.
13 An elo huet et sech erginn: Den Ammon ass higaangen an huet dem Kinnek all déi Wierder bericht, déi den Här zu him gesprach hat.
14 A si hunn all hiert Vollek versammelt, jo, dat ganzt Vollek vum Här, an hunn all hir Schof a Kéi gesammelt a sinn aus dem Land ewech gezunn a koumen an d’Wüüst, déi d’Land Nephi vum Land Zarahemla trennt, a sinn eriwwer gezu bis no un d’Grenze vum Land.
15 An et huet sech erginn: Den Ammon huet zu hinne gesprach: Kuckt, ech a meng Bridder wäerten higoen an d’Land Zarahemla, an dir sollt heibleiwen, bis mir zeréck kommen; a mir wäerten d’Häerz vun eise Bridder préiwen, op si wëllen, datt dir an hiert Land kommt.
16 An et huet sech erginn, wéi den Ammon an d’Land eragaangen ass, hunn hien a seng Bridder den Alma op der Plaz getraff, vun där geschwat gi war; a kuckt, dat war eng freedeg Begéinung.
17 D’Freed vum Ammon awer war esou grouss, datt hien dovunner erfëllt war; jo, hie war an der Freed u sengem Gott verschlongen, sou vill, datt sech seng Kraaft epuiséiert huet; an hien ass erëm zu Buedem gefall.
18 War dëst net eng immens grouss Freed? Kuckt, dat ass eng Freed, déi kengem zu Deel gëtt, ausser dem, dee wierklech wëlleg ass, ëmzekéieren a bescheiden nom Gléck sicht.
19 D’Freed vum Alma iwwer d’Zesummentreffe mat senge Bridder war wierklech grouss, och d’Freed vum Aaron, vum Omner a vum Himni; mee kuckt, hir Freed war net esou grouss, datt se iwwert hir Kräfte gaangen ass.
20 An elo huet et sech erginn: Den Alma huet seng Bridder zeréck an d’Land Zarahemla geleet, jo, zu sengem eegenen Haus. A si sinn higaangen an hunn dem Ieweschte Riichter alles erzielt, wat hinnen am Land Nephi ënnert hire Bridder, de Lamaniten, geschitt war.
21 An et huet sech erginn, datt den Ieweschte Riichter eng Proklamatioun duerch d’ganz Land geschéckt huet, fir d’Stëmm vum Vollek ze froen, wat d’Opnam vun hire Bridder, déi d’Vollek vun Anti-Nephi-Lehi waren, ugeet.
22 An et huet sech erginn: D’Stëmm vum Vollek ass ergaangen, nämlech: Kuck, mir wäerten d’Land Jershon opginn, dat am Osten um Mier läit an un d’Land Iwwerfloss grenzt, nämlech am Süde vum Land Iwwerfloss, an dëst Land Jershon ass dat Land, dat mir eise Bridder als Ierfschaft wäerte ginn.
23 A kuck, mir wëllen eis Arméien tëschent d’Land Jershon an d’Land Nephi stellen, fir eis Bridder am Land Jershon beschützen ze kënnen; an dat maache mir fir eis Bridder, well si fäerten, géint hir Bridder d’Waffen opzehuelen, wouduerch si Sënd begoe géifen; an dës hir grouss Angscht war entstanen, well hinnen hir Ëmkéiert schwéier ze schafe gemaach huet, nämlech wéinst hire ville Morden an hirer fuerchtbarer Béist.
24 An elo kuck, dëst wëlle mir fir eis Bridder maachen, op datt si d’Land Jershon ierwe géifen; a mir wäerten si mat eisen Arméie virun hire Feinde beschützen ënnert der Bedingung, datt si eis een Deel vun hirem Besëtz ginn, fir eis bei der Versuergung vun eisen Arméien ze hëllefen.
25 Elo, wéi den Ammon dat héieren hat, ass hien zeréck bei d’Vollek vun Anti-Nephi-Lehi gaangen, an och den Alma mat him, an d’Wüüst, wou si hir Zelter opgeriicht haten, an huet hinnen all dës Saache bekannt gemaach. An den Alma huet hinnen och erzielt, wéi hie mam Ammon a mam Aaron a mat senge Bridder bekéiert gi war.
26 An et huet sech erginn: Dëst huet vill Freed ënnert hinne verursaacht. A si sinn erof gaangen an d’Land Jershon an hunn d’Land Jershon a Besëtz geholl; a si goufe vun den Nephiten d’Vollek Ammon genannt; dofir huet een si zënter deemools ënnert dësem Numm kannt.
27 A si hunn ënnert dem Vollek Nephi gelieft a goufen och zum Vollek gezielt, dat d’Kierch Gottes war. An si waren och ausgezeechent fir hiren Äifer fir Gott an och fir d’Mënschen; well si waren an allem vollkommen éierlech a richteg; a si ware fest am Glawen u Christus, bis un d’Enn.
28 Mat allergréisstem Degoût hunn si d’Vergéisse vum Blutt vun hire Bridder betruecht; a si konnten ni dozou bruecht ginn, d’Waffe géint hir Bridder opzehuelen, a wéinst hirer Hoffnung op Christus an hirer Usiicht vun him a wéinst der Opersteeung hunn si den Dout net mat deem klengste Schrecke betruecht; dofir war den Doud fir si an der Victoire vum Christus iwwert den Doud verschlongen.
29 Dofir wollten si léiwer den Dout op déi schlëmmsten a qualvollste Weis erdolden, déi hinne vun hire Bridder bereet konnt ginn, ewéi d’Schwäert oder de Krommdolch opzehuelen, fir si ze schloen.
30 An esou waren si een äifregt a léift Vollek, een héich favorabelt Vollek vum Här.