Scriptures
Alma 60


60. Kapitel

De Moroni beklot sech beim Pahoran iwwer d’Regierung, déi d’Arméi vernoléissegt—Den Här léisst zou, datt déi Gerecht geschloe ginn—D’Nephite mussen all hir Kraaft an hiert Bescht benotze fir sech vun hire Feinden ze befreien—De Moroni dreet, géint d’Regierung ze kämpfen, ausser seng Arméi gëtt ënnerstëtzt. Ongeféier 62 v. Chr.

1 An et huet sech erginn: Hien huet erëm un de Gouverneur vum Land, nämlech de Pahoran, geschriwwen, an dëst sinn d’Wierder, déi hie geschriwwen huet, nämlech: Kuckt, ech riichte meng Epistel un de Pahoran an der Stad Zarahemla, deen den ieweschte Riichter an de Gouverneur iwwer d’Land ass, an och un all, déi vun dësem Vollek gewielt gi sinn, datt si d’Ugeleeënheete vun dësem Krich lenken a leeden.

2 Well kuckt, ech hunn hinnen eppes ze soen, wat ewéi ee Scholdsproch wäert sinn; well kuckt, dir wësst selwer, datt dir bestëmmt gi sidd, Männer ze sammelen a si mat Schwäerter a Krommdolchen an allerhand Krichswaffe jiddwer Aart ze bewaffnen a géint d’Lamaniten ze schécken, a wéi eng Deeler vun eisem Land och ëmmer si kommen.

3 An elo kuckt, ech soen iech, datt ech selwer an och meng Männer an och den Helaman a seng Männer immens grousst Leed gelidden hunn, jo, nämlech Honger, Duuscht an Erschëpfung an allerhand Leed vu jiddwer Zort.

4 Mee kuckt, wann dëst alles wier, wat mir gelidden hunn, géife mir net grommelen an och net kloen.

5 Mee kuckt, grouss war dat Gemetzelt ënnert eisem Vollek; jo, Dausende sinn duerch d’Schwäert gefall, wou et awer aneschters hätt kënne sinn, wann dir eisen Arméie genuch Verstäerkung an Hëllef zoukomme gelooss hätt. Jo, grouss war är Vernoléissegung eis géigeniwwer.

6 An elo kuckt, mir wënschen de Grond fir dës ganz grouss Vernoléissegung gewuer ze ginn; jo, mir wënschen de Grond fir är Kalbliddegkeet gewuer ze ginn.

7 Kënnt dir iech virstellen, op ären Troun ze sëtzen an engem Zoustand vun onbeduechter Benommenheet, wärend är Feinden d’Wierk vum Doud ronderëm iech verbreeden? Jo, wärend si Dausende vun äre Bridder ermorden—

8 Jo, souguer déi, déi op iech fir Schutz gekuckt hunn, jo, déi iech an eng Situatioun gesat hunn, wou dir hinne kënnt hëllefen, jo, dir hätt Arméien zu hinne schécke kënnen, fir si ze stäerken a fir Dausende vun hinnen dovunner ze retten, mam Schwäert ëmzefalen.

9 Mee kuckt, dat ass net alles—Dir hutt hinnen är Versuergung zeréckgehalen, sou datt vill vun hinne gekämpft an hiert Liewen ausgeblutt hu wéinst hire grousse Wënsch, déi si fir d’Wuel vun dësem Vollek haten; jo, an dat hunn si gemaach, wéi si bal vun Honger ëmkomm sinn, wéinst ärer aussergewéinlech grousser Vernoléissegung hinne géintiwwer.

10 An elo, meng léif Bridder—well dir sollt beléift sinn; jo, an dir hätt iech méi fläisseg asetze misse fir d’Wuel an d’Fräiheet vun dësem Vollek; awer kuckt, dir hutt si vernoléissegt, esou datt d’Blutt vun Dausenden op är Käpp kënnt fir d’Vergeltung; jo, well Gott waren all hiert Jäizen an all hiert Leide bekannt—

11 Kuckt, mengt dir, dir kéint op ären Tréin sëtzen an näischt maachen, a Gott géif iech, wéinst senger groussaarteger Guttheet, einfach esou befreien? Kuckt, wann dir dëst gemengt hutt, da war är Meenung onnëtz.

12 Mengt dir dann, well esou vill vun äre Bridder ëmbruecht gi sinn, datt dëst wéinst hirer Béist geschitt wier? Ech soen iech, wann dir dëst gemengt hutt, da war är Meenung onnëtz; well ech soen iech, et ginn där vill, déi duerch d’Schwäert gefall sinn; a kuckt, dëst gereecht iech zum Scholdsproch.

13 Well den Här léisst déi Gerecht ëmbréngen, fir datt seng Gerechtegkeet a säi Geriicht iwwer déi Béis komme kann; dofir braucht dir net unzehuelen, datt déi Gerecht verluer sinn, well si ëmbruecht gi sinn; awer kuckt, si kommen an d’Rou vum Här, hirem Gott.

14 An elo, kuckt, ech soen iech, ech fäerten immens, datt d’Urteeler vu Gott op dëst Vollek kommen, wéinst hirer grousser Lidderegkeet, jo, esouguer wéinst der Lidderegkeet vun eiser Regierung an hirer aussergewéinlech grousser Vernoléissegung géintiwwer hire Bridder, jo, géint déi, déi ëmbruecht goufen.

15 Ouni déi Béist, nämlech, déi als éischt un eiser Spëtzt ugefaangen huet, hätte mir eise Feinde standhale kënnen, sou datt si keng Gewalt iwwert eis kritt hätten.

16 Jo, ouni de Krich, deen ënnert eis ausgebrach ass, jo, ouni dës Kinneksleit, déi souvill Bluttvergéissen ënnert eis verursaacht hunn, jo, a wa mir deemools, wéi mir ënnerenee gestridden hunn, eis Kräfte vereent hätten, wéi mir et ëmmer gemaach hunn, jo, ouni dëst Verlaangen no Muecht an Autoritéit, wéi dës Kinneksleit et wollten hunn, a wann si der Saach vun eiser Fräiheet trei bliwwe wieren a sech mat eis vereenegt hätten a géint eis Feinde gezu wären, amplaz d’Schwäert géint eis ze ergräifen, wat d’Ursaach vu souvill Bluttvergéissen ënnert eis war, jo, wa mir mat der Kraaft vum Här géint si virgaange wären, esou hätte mir eis Feinden zerstreet, well et wärno der Erfëllung vu sengem Wuert geschitt.

17 Mee kuckt, elo kommen d’Lamaniten iwwert eis, ergräife vun eise Länner Besëtz a morden eist Vollek mam Schwäert, jo, eis Fraen a Kanner, a schleefen si a Gefaangenschaft, loossen si all Zorte vu Leed leiden, an dëst wéinst der grousser Béist vun deenen, déi no Muecht an Autoritéit truechten, jo, nämlech dës Kinneksleit.

18 Mee firwat soll ech a Bezuch dorobber nach vill soen? Well mir wëssen net, ob dir net selwer no Autoritéit strieft? Mir wëssen net, ob net och dir äert Land verroden hutt.

19 Oder ass et esou, datt dir eis vernoléissegt hutt, well dir iech bannen am Land befannt a vu Sécherheet ëmgi sidd, datt dir kee Proviant un eis schécke loosst a keng Männer, eis Arméien ze verstäerken?

20 Hutt dir d’Geboter vum Här, ärem Gott, vergiess? Jo, hutt dir d’Gefaangenschaft vun onse Pappe vergiess? Hutt dir déi vill Mol vergiess, wou mir aus den Hänn vun eise Feinde befreit gi sinn?

21 Oder mengt dir, den Här wäert eis gläichwuel befreien, wärend mir ob eisen Tréin sëtzen an d’Mëttel net gebrauchen, déi den Här fir eis virgesinn huet?

22 Jo, wëllt dir liddereg do sëtzen, wärend dir vun Dausende vun deenen ëmgi sidd, jo, Zéngdausenden, déi och a Lidderegkeet do sëtzen, wärend et ronderëm un de Grenze vum Land Dausende gëtt, déi duerch d’Schwäert falen, jo, verwonnt ginn a bludden?

23 Mengt dir dann, Gott wäert iech als onschëlleg betruechten, wärend dir roueg do sëtzt an dëst alles mat ukuckt? Kuckt, ech soen iech: Nee. Ech awer hätt gären, datt dir dorunner denkt, datt Gott gesot huet, als éischt soll de Behälter banne propper gemaach ginn, an da soll de Behälter baussen och propper gemaach ginn.

24 An elo, wann dir vun deem, wat dir gemaach hutt, net ëmkéiert an net ufänkt, iech un d’Wierk ze maachen, an net Proviant a Männer un eis schéckt, an och un den Helaman, fir datt hien déijéineg Deeler vun eisem Land stëtze kann, déi hien erëm kritt huet, a fir datt mir och eis iwwreg Proprietéiten an deenen Deeler zeréckgewannen, kuckt, da wäert et besser sinn, datt mir net méi mat de Lamanite streiden, ier mir eise Behälter banne propper gemaach hunn, jo, nämlech déi sublim Spëtzt vun eiser Regierung.

25 A wann dir mengem Epistel net nokommt an erauskommt a mir ee richtege Geescht vu Fräiheet weist an iech beméit, eis Arméien ze verstäerken an ze festegen, an hinne Proviant fir hiren Ënnerhalt erlaabt, kuckt, sou wäert ech een Deel vu menge Fräiheetsleit zeréckloossen, fir dësen Deel vum Land ze behaapten, an ech wäert d’Stäerkt Gottes a seng Seenunge bei hinne loossen, sou datt keng aner Muecht géint si wierke kann—

26 An dat wéinst hirem aussergewéinleche Glawen an hirer Gedold an hire Schwieregkeeten—

27 ech awer wäert zu iech kommen, a wann et ënnert iech ee gëtt, deen de Wonsch no Fräiheet huet, jo, wann nëmmen nach ee Fonke Fräiheet verbliwwen ass, kuckt, da wëll ech ënnert iech Opstänn erreegen, jo, bis alleguerten, déi do Muecht an Autoritéit u sech räisse wëllen, ausgerott wäerte sinn.

28 Jo, kuckt, ech fäerten är Muecht an Autoritéit net, mee mäi Gott; an no senge Geboter huelen ech d’Schwäert, fir d’Saach vu mengem Land ze verdeedegen, a wéinst ären Ongerechtegen hu mir esou vill Verloschter gelidden.

29 Kuckt, et ass Zäit, jo, d’Zäit ass elo komm, datt wann dir iech net fir d’Verdeedegung vun ärem Land an är Kanner asetzt, d’Schwäert vun der Gerechtegkeet iwwert iech hänkt; jo, an et wäert iech treffen an iech bis zu ärem kompletten Ënnergang heemsichen.

30 Kuckt, ech waarden op Hëllef vun iech; a wann dir iech eiser net hëllefräich unhuelt, kuckt, da kommen ech zu iech, nämlech nom Land Zarahemla, a schloen iech mam Schwäert, sou datt dir net méi d’Muecht wäert hunn, de Fortschrëtt vun dësem Vollek an der Saach vun eiser Fräiheet ze behënneren.

31 Well kuckt, den Här wäert net zouloossen, datt dir lieft an an äre béisen Dote grouss gitt, fir säi gerecht Vollek ze vernichten.

32 Kuckt, mengt dir dann, den Här wäert iech verschounen an zum Geriicht géint d’Lamanite kommen, wann et dach d’Traditioun vun hire Pappen ass, déi hiren Haass verursaacht, jo, an dësen ass vun deene verduebelt ginn, déi sech vun eis ofgespléckt hunn, wärend är Ongerechtegen nëmme wéinst ärer Léift op Unerkennung a wéinst dem Näischnotz vun der Welt geschitt?

33 Dir wësst, datt dir d’Gesetzer Gottes iwwertrëtt, an dir wësst, datt dir se mat Féiss trëppelt. Kuckt, den Här sprécht zu mir: Wann déi, déi dir zu äre Gouverneure bestëmmt hutt, net vun hire Sënden a béisen Doten ëmkéieren, sollt dir zum Kampf géint si zéien.

34 An elo kuckt, ech, Moroni, si gezwongen, no der Allianz, déi ech gemaach hunn, d’Geboter vu mengem Gott ze halen; dofir wënschen ech, datt dir iech un d’Wuert vu Gott haalt a mir séier vun äre Versuergungen a vun äre Männer schéckt, an och un den Helaman.

35 A kuckt, wann dir dëst net maache wëllt, kommen ech schnell zu iech; well kuckt, Gott wäert net zouloossen, datt mir vun Honger ëmkommen; dofir wäert hien eis vun ärem Proviant ginn, souguer wann dëst duerch d’Schwäert muss sinn. Elo maacht, datt dir d’Wuert vu Gott erfëllt.

36 Kuckt, ech sinn de Moroni, ären ieweschte Kapitän. Ech sichen net no Muecht, mee duerno, se nidder ze räissen. Ech sichen net no der Éier vun der Welt, mee no der Herrlechkeet vu mengem Gott an no der Fräiheet an dem Wuelergoe vu mengem Land. An esou schléissen ech meng Epistel.