Scriptures
Alma 44


44. Kapitel

De Moroni befielt de Lamaniten, eng Allianz vum Fridden anzegoen oder zerstéiert ze ginn—Den Zerahemnah refuséiert d’Offer, an d’Schluecht geet erëm lass—D’Arméie vum Moroni gewanne géint d’Lamaniten. Ongeféier 74–73 v. Chr.

1 An et huet sech erginn: Si hunn opgehalen a sech ee Stéck vun hinnen zeréck gezunn. An de Moroni huet zum Zerahemnah gesprach: Kuck, Zerahemnah, mir hunn net de Wonsch, Männer vum Bluttvergéissen ze sinn. Dir wësst, datt dir an eiser Hand sidd, mee mir hunn net de Wonsch, iech ëmzebréngen.

2 Kuck, mir sinn net heihinner komm, fir géint iech ze kämpfen, datt mir ëm der Muecht wëllen äert Blutt vergéissen; mir hunn och net de Wonsch, iergend een an d’Kette vun der Sklaverei ze bréngen. Mee eben dat ass de Grond, firwat dir géint ons gezu sidd; jo, an dir sidd rose géint ons wéinst onserer Relioun.

3 Elo awer gesitt dir, datt den Här mat eis ass; an dir gesitt, datt hien iech an eis Hänn ginn huet. An elo hätt ech gären, datt dir verstitt, datt eis dëst wéinst onserer Relioun an eisem Glawen un de Christus geschitt. An elo gesitt dir, datt dir dësen eise Glawen net zerstéiere kënnt.

4 Elo gesitt dir, datt dëst de richtege Gottesglawen ass; jo, dir gesitt, datt Gott eis stëtzen an erhalen a beschütze wäert, soulaang mir him an eisem Glawen an eiserer Relioun trei bleiwen; an nimools wäert den Här zouloossen, datt mir vernicht ginn, ausser wa mir an Transgressioun verfalen an eise Glawe verleegnen.

5 An elo, Zerahemnah, kommandéieren ech dir am Numm vum Allmächtege Gott, deen eis Äerm gestäerkt huet, sou datt mir Muecht iwwert iech kritt hunn, duerch eise Glawen, eis Relioun, ons Ritualen, eis Kierch an déi helleg Verantwortung, déi mir eise Fraen an eise Kanner schëlleg sinn, duerch d’Fräiheet, déi eis mat eise Lännereien an eisem Land verbënnt; jo, an och duerch d’Erhale vum hellege Wuert vu Gott, deem mir all eis Glécklechkeet ze verdanken hunn; an duerch alles, wat eis am léifsten ass—

6 jo, an dëst ass net alles—ech kommandéieren dir bei all ärem Wonsch no Liewen, eis är Krichswaffen auszeliwweren; da wäerte mir net no ärem Blutt truechten, mee wëllen äert Liewe schounen, wann dir äre Wee gitt an net méi zum Krich géint eis zitt.

7 Elo awer, wann dir dëst net maacht, kuckt, sou sidd dir an eisen Hänn, an ech wäert menge Männer kommandéieren, iwwert iech hierzefalen an iech um Kierper d’Wonne vum Doud ze infligéieren, fir datt dir ausgerott gitt; an da wëlle mir gesinn, wien Muecht iwwer dëst Vollek wäert hunn; jo, mir wëlle gesinn, wien a Sklaverei gefouert gëtt.

8 An elo huet et sech erginn: Wéi den Zerahemnah dës Wierder héieren hat, ass hien no vir komm an huet dem Moroni säi Schwäert a säi Krommdolch a säi Bou an d’Hänn ginn an zu him gesprach: Kuck, hei sinn ons Krichswaffen; mir wëllen se iech ausliwweren, mee mir wäerten net zouloossen, datt mir iech een Eed leeschten, vun deem mir wëssen, datt mir an och ons Kanner e brieche wäerten; mee huel ons Krichswaffen a looss ons an d’Wüüst zéien; anerefalls wëlle mir ons Schwäerter behalen, a mir wäerten ëmkommen oder gewannen.

9 Kuck, mir gehéieren net ärem Glawen un; mir gleewen net, datt et Gott ass, deen eis an är Hänn ginn huet; mee mir gleewen, datt et är Schlauheet ass, déi iech virun eise Schwäerter beschützt huet. Kuck, et sinn är Broschtplacken an är Schëlder, déi iech beschützt hunn.

10 A wéi elo den Zerahemnah mat dëse Wierder op en Enn komm war, huet de Moroni d’Schwäert an d’Krichswaffen, déi hien empfaangen hat, un den Zerahemnah zeréck ginn an huet gesprach: Kuck, mir wëllen de Sträit ofschléissen.

11 Ech kann awer déi Wierder, déi ech gesprach hunn, net zeréckhuelen, dofir, esou wouer den Här lieft, wäert dir net fortgoen, ausser dir gitt mat engem Eed fort, datt dir net méi zum Krich géint ons zeréck komme wäert. Elo, wou dir an onserer Hand sidd, wäerte mir äert Blutt op de Buedem géissen, oder dir ënnerwerft iech de Bedingungen, déi ech iech virgeluecht hunn.

12 Wéi awer de Moroni dës Wierder gesot hat, huet den Zerahemnah säi Schwäert geholl, an hie war rosen op de Moroni, an hien ass no vir gestierzt, fir de Moroni ëmzebréngen; wéi hien awer d’Schwäert gehuewen huet, kuckt, do huet ee vun den Zaldote vum Moroni et zu Buedem geschloen, an et ass um Grëff ofgebrach; an hien huet och den Zerahemnah geschloen, sou datt hien him de Skalp erofgehaen huet an dësen zur Äerd gefall ass. An den Zerahemnah ass virun hinnen an d’Mëtt vu sengen Zaldote fortgelaf.

13 An et huet sech erginn: Deen Zaldot, deen dobäistoung, deen dem Zerahemnah de Skalp ofgeschloen hat, huet de Skalp un den Hoer vum Buedem opgeraf, huet en op d’Spëtzt vu sengem Schwäert geluecht an en hinnen entgéint gehalen; dobäi huet hien hinne mat haarder Stëmm gesot:

14 Esou ewéi dëse Skalp zur Äerd gefall ass, nämlech de Skalp vun ärem Ieweschten, esou wäert dir zur Äerd falen, ausser dir liwwert är Krichswaffen aus an zitt no enger Friddensallianz fort.

15 Et sinn der awer vill ginn, déi vun Angscht ergraff goufen, wéi si dës Wierder héieren an de Skalp gesinn hunn, deen um Schwäert louch; a vill sinn no vir komm an hunn dem Moroni hir Krichswaffe virun d’Féiss geheit a sinn eng Friddensallianz agaangen. A wien eng Allianz agaangen ass, deen hunn si an d’Wüüst goe gelooss.

16 Elo huet et sech erginn: Den Zerahemnah war immens rosen, an hien huet seng iwwreg Zaldoten zur Roserei opgestëppelt, fir datt si nach méi mächteg géint d’Nephitë streide géifen.

17 De Moroni awer war rose wéinst der Tockskäppeg vun de Lamaniten; dofir huet hie sengem Vollek kommandéiert, iwwert si hierzefalen an si ëmzebréngen. An et huet sech erginn: Si hunn ugefaangen, si ëmzebréngen, jo, an d’Lamaniten hu mat hire Schwäerter mat aller Muecht gestridden.

18 Mee kuckt, hir plakeg Haut an hir ongeschützte Käpp waren de schaarfe Schwäerter vun den Nephiten ausgesat; jo, kuckt, si goufen duerchbuert a geschloen, jo, a si si ganz schnell virun de Schwäerter vun den Nephitë gefall; an si hunn ugefaangen, si néier ze maachen, wéi et den Zaldot vum Moroni prophezeit hat.

19 Wéi awer den Zerahemnah gesinn huet, datt si alleguerten no dorunner waren, vernicht ze ginn, huet hie mächteg zum Moroni gejaut a versprach, wann si déi, déi iwwerlieft hunn, verschoune géifen, da géifen hien a säi Vollek mat him déi Allianz agoen, ni méi zum Krich géint si ze zéien.

20 An et huet sech erginn: De Moroni huet gemaach, datt d’Wierk vum Doud ënnert dem Vollek opgehalen huet. An hien huet de Lamaniten d’Krichswaffen ewech geholl; an nodeems si mat him eng Friddensallianz agaange waren, huet een si an d’Wüüst fortgoe gelooss.

21 Mee hir Doudeger goufen net gezielt, well et der esou vill waren, jo, d’Zuel vun hiren Doudege war immens héich, souwuel bei den Nephiten ewéi och bei de Lamaniten.

22 An et huet sech erginn: Si hunn hir Doudeger an d’Waasser vum Sidon geheit, an esou sinn si fortgaangen an an den Déifte vum Mier begruewen.

23 An d’Arméie vun den Nephiten, oder vum Moroni, sinn zeréckgaangen a koumen an hir Haiser an hiert Lännereien.

24 An esou ass dat uechzéngt Joer vun der Regierung vun de Riichter iwwer d’Vollek Nephi op en Enn gaangen. An esou hält d’Opzeechnung vum Alma, déi op de Placke vum Nephi niddergeschriwwen ass, op.