Scriptures
Alma 5


D’Wierder, déi den Alma, den Hohepriister no der hellegen Uerdnung Gottes, dem Vollek an hire Stied an Dierfer am ganze Land virgedroen huet.

Fänkt u mam Kapitel 5.

5. Kapitel

Fir d’Erléisung ze kréien, mussen d’Mënschen ëmkéieren an d’Geboter halen, nei gebuer ginn, hir Kleeder duerch d’Blutt vum Christus botzen, bescheide sinn a sech vum Stolz an Näid befreien, an d’Wierker vun der Gerechtegkeet maachen—De Gudden Hiert rifft Säi Vollek—Déi, déi béis Wierker maachen, si Kanner vum Däiwel—Den Alma temoignéiert vun der Wourecht vu senger Doktrinn a befielt de Mënschen, ëmzekéieren—D’Nimm vun de Gerechte ginn an d’Buch vum Liewe geschriwwen. Ongeféier 83 v. Chr.

1 Elo huet et sech erginn: Den Alma huet ugefaangen, dem Vollek d’Wuert Gottes virzedroen, als éischt am Land Zarahemla a vun do aus duerch d’ganzt Land.

2 An dës sinn d’Wierder, déi hien zum Vollek gesprach huet an der Kierch, déi an der Stad Zarahemla opgeriicht war, no sengen Opzeechnungen, nämlech:

3 Ech, Alma, si vu mengem Papp Alma zum Hohepriister iwwer d’Kierch geweit ginn, well hien hat d’Muecht an d’Autoritéit vu Gott, dat ze maachen; kuckt, ech soen iech: Hien huet ugefaangen, am Land, dat bannent de Grenze vu Nephi louch, eng Kierch opzeriichten, jo, am Land, dat d’Land vum Mormon genannt gouf; jo, an hien huet seng Bridder an de Waasser vum Mormon gedeeft.

4 A kuckt, ech soen iech: Si goufen duerch d’Baarmhäerzegkeet a Muecht Gottes aus den Hänn vum Kinnek Noah sengem Vollek befreit.

5 A kuckt, duerno goufen si duerch d’Hand vun de Lamaniten an der Wüüst a Sklaverei gefouert; jo, ech soen iech, si waren a Gefaangenschaft, an erëm huet den Här si befreit aus der Sklaverei duerch d’Muecht vu sengem Wuert; a mir goufen an dëst Land gefouert, an hei hu mir ugefaangen, och an dësem Land d’Kierch Gottes opzeriichten.

6 An elo kuckt, ech soen iech, meng Bridder, déi dir dëser Kierch ugehéiert: Hutt dir d’Gefaangenschaft vun äre Pappe genuch an Erënnerung behalen? Jo, an hutt dir seng Baarmhäerzegkeet a seng Toleranz hinne géigeniwwer genuch an Erënnerung behalen? An hutt dir och genuch an Erënnerung behalen, dat hien är Séilen aus der Hell befreit huet?

7 Kuckt, hien huet hinnen d’Häerz verännert; jo, hien huet si aus engem déiwe Schlof erwächt, a si sinn a Gott erwächt. Kuckt, si ware matzen am Däischtert; mee gouf hinnen d’Séil duerch d’Luucht vum éiwege Wuert erliicht; jo, si ware vun de Bänner vum Doud a vun de Kette vun der Hell ëmschloss, an eng éiweg Vernichtung huet op si gewaart.

8 An elo froen ech iech, meng Bridder: Sinn si vernicht ginn? Kuckt, ech soen iech: Nee, si sinn net vernicht ginn.

9 An erëm froen ech iech: Sinn d’Bänner vum Doud zerbrach ginn, a sinn d’Kette vun der Hell, mat deenen si ëmschloss waren, geléist ginn? Ech soen iech: Jo, si si geléist ginn, an hir Séilen si wäit ginn, a si hunn erléisend Léift gesongen. An ech soen iech, dat si gerett sinn.

10 An elo froen ech iech: Ënner wéi enge Bedingunge sinn si gerett ginn? Jo, wouropper konnten si hir Hoffnung op Erléisung grënnen? Wat ass d’Ursaach, dat si aus de Bänner vum Doud, jo, an och vun de Kette vun der Hell geléist gi sinn?

11 Kuckt, ech kann et iech soen: Hat net mäi Papp Alma de Wierder gegleeft, déi him duerch de Mond vum Abinadi virgedroe gouf? A war hien net een hellege Prophet? Huet hien net d’Wierder vu Gott geschwat, a mäi Papp Alma huet hinne gegleeft?

12 An no sengem Glawe gouf eng mächteg Wandlung a sengem Häerz bewierkt. Kuckt, ech soen iech, dat dëst alles wouer ass.

13 A kuckt, hien huet d’Wuert äre Pappe gepriedegt, an och bei hinne gouf am Häerz eng mächteg Wandlung bewierkt, a si hunn sech humiliéiert an hunn hiert Vertrauen an den echten a liewege Gott gesat. A kuckt, si ware bis zum Schluss trei; dofir goufen si gerett.

14 An elo kuckt, ech froen iech, meng Bridder an der Kierch: Sidd dir geeschteg aus Gott gebueren? Hutt dir säi Bild an ärem Gesiichtsausdrock opgeholl? Hutt dir dës mächteg Wandlung an ärem Häerzen erlieft?

15 Üübt dir Glawen un d’Erléisung duerch hien, deen iech erschafen huet? Kuckt dir mat engem A vum Glawen no vir, a kuckt dir dëse stierfleche Kierper, deen an der Onstierflechkeet operstan ass, an dës Vergänglechkeet, déi an der Onvergänglecht operstan ass, fir viru Gott ze stoen, fir no den Dote verurteelt ze ginn, déi am stierfleche Kierper gemaach goufen?

16 Ech soen iech: Kënnt dir iech virstellen, dir géift d’Stëmm vum Här héieren, déi un deem Dag zu iech schwätzt: Kommt heihinner zu mir, dir Geséinter, well kuckt, är Wierker sinn d’Wierker vun der Gerechtegkeet gewiescht op der Uerwerfläch vun der Äerd?

17 Oder stellt dir iech vir, datt dir dem Här un deem Dag léie kënnt a soe kënnt: Här, eis Wierker ware gerecht Wierker op der Uewerfläch vun der Äerd—an datt hien iech rette wäert?

18 Oder awer kéint dir iech virstellen, datt dir virun de Riichterstull Gottes bruecht gitt, är Séil erfëllt vu Schold a Gewëssensbëss, vun Erënnerung un all är Schold, jo, eng vollkommen Erënnerung un all ärer Béist, jo, eng Erënnerung dorunner, datt dir de Geboter Gottes getrotzt hutt?

19 Ech soen iech: Kéint dir un deem Dag mat rengem Häerzen a rengen Hänn zu Gott erop kucken? Ech soen iech, kënnt dir no uewe kucken, wann d’Bild vu Gott an ärem Gesiicht agravéiert ass?

20 Ech soen iech: Kéint dir dorunner denken, gerett ze ginn, wann dir iech goe gelooss hutt, iech dem Däiwel ze ënnerwerfen?

21 Ech soen iech: Dir wäert un deem Dag wëssen, dat dir net gerett kënnt ginn; well kee Mënsch ka gerett ginn, ausser seng Kleeder si wäiss gewäsch. Jo, seng Kleeder musse reng gemaach ginn, bis si vun alle Flecke propper gemaach gi sinn duerch d’Blutt vun deem, vun deem eis Pappe gesprach hunn an dee komme wäert, säi Vollek aus hire Sënden ze erléisen.

22 An elo froen ech iech, meng Bridder: Wéi wäert dir iech fillen, wann dir virum Riichterstull Gottes stitt, an är Kleeder si vu Blutt an allerhand Dreckegt befleckt? Kuckt, wat wäert dëst da géint iech temoignéieren?

23 Kuckt, wäert et net temoignéieren, dat dir Mäerder sidd, jo, an dat dir vun allerhand Béist schëlleg sidd?

24 Kuckt, meng Bridder, mengt dir vläicht, sou ee kéint eng Plaz hunn, sech am Räich Gottes dohinner ze sëtze mam Abraham, mam Isaak a mam Jakob an och all den hellege Propheten, deenen hir Kleeder propper gemaach sinn an ouni Flecken, reng a wäiss?

25 Ech soen iech: Nee; well ausser dir maacht eise Schëpfer zu engem Ligener vun Ufank un, oder dir mengt, hie wär ee Ligener vun Ufank un—dir kënnt dach net mengen, dat esou een am Himmelräich eng Plaz kann hunn; mee souer wäerten ausgestouss ginn, well si Kanner vum Räich vum Däiwel sinn.

26 An elo kuckt, ech soen iech, meng Bridder: Wann dir eng Häerzenswandlung erlieft hutt an dir iech esou gefillt hutt, wéi wann dir d’Lidd vun der erléisender Léift sange sollt, sou froen ech iech: Ass et iech och elo nach duerno?

27 Sidd dir esou gewandelt, dat dir iech viru Gott ouni Reprochë gehalen hutt? Kéint dir, wann elo de Ruff un iech kéim ze stierwen, an ärem Ënnere soen, dir wäert genuch humiliéiert gewiescht? Är Kleeder wären duerch d’Blutt Christi, dee komme wäert, fir säi Vollek aus hire Sënden ze erléisen, propper a wäiss gemaach ginn?

28 Kuckt, hutt dir de Stolz vun iech geholl? Ech soen iech, wann dëst net esou ass, da sidd dir net bereet, Gott ze begéinen. Kuckt, dir musst iech schnell bereet maachen; well d’Himmelräich ass gläich no, an esou een huet net éiwegt Liewen.

29 Kuckt, ech soen: Ass nach een ënnert iech, deen den Näid net vu sech gemaach huet? Ech soen iech, esou een ass net bereet; an ech hätt gären, dat hien sech schnell bereet mécht, well d’Stonn ass ganz no, an hie weess net, wéini déi Zäit komme wäert; well esou ee gëtt net ouni Schold befonnt.

30 An erëm soen ech iech: Ass nach een ënnert iech, dee säi Brudder verspott oder verfollegt?

31 Wéi esou engem, well hien ass net bereet, an d’Zäit ass no, wou hien ëmkéiere muss, soss kann hien net gerett ginn!

32 Jo, Wéi all iech, déi Ongerechtegkeet maachen; kéiert ëm, kéiert ëm, well den Här Gott huet et geschwat!

33 Kuckt, all Mënsche luet hien an, well d’Äerm vun der Baarmhäerzegkeet sinn zu hinnen ausgestreckt, an hie sprécht: Kéiert ëm, an ech wëll iech empfänken.

34 Jo, hie sprécht: Kommt zu mir, an dir sollt vun der Fruucht vum Bam vum Liewe genéissen; jo, dir sollt fräi an onageschränkt iessen an drénke vum Brout a vum Waasser vum Liewen;

35 Jo, kommt bei mech a bréngt Wierker vun der Gerechtegkeet vir, an dir wäert net ofgehaakt a an d’Feier gehäit ginn—

36 Well kuckt, d’Zäit ass no, datt jiddereen, dee keng gutt Friichten dréit oder deen, deen d’Wierker vun der Gerechtegkeet net mécht, Grond huet ze jäizen an ze traueren.

37 O dir Aarbechter vun der Ongerechtegkeet; dir, déi an den eidele Saache vun der Welt opgeblose sidd, dir, déi behaapt hutt, d’Weeër vun der Gerechtegkeet ze kennen, sidd awer an d’Ier gaangen, wéi Schof ouni Hiert, obwuel en Hiert iech geruff huet a weiderhin no iech rifft, awer dir wëllt seng Stëmm net lauschteren!

38 Kuckt, ech soen iech: De gudden Hiert rifft iech; jo, a mat sengem eegenen Numm rifft hien iech, an dat ass den Numm vum Christus; a wann dir op d’Stëmm vum gudden Hiert net lauschtere wëllt, op deen Numm, mat deem dir geruff gitt, kuckt, da sidd dir net d’Schof vum gudden Hiert.

39 A wann dir net d’Schof vum gudden Hiert sidd, vu wéi enger Häerd sidd dir dann? Kuckt, ech soen iech, datt den Däiwel ären Hiert ass an datt dir vu senger Häerd sidd; an elo, wien kann dëst verleegnen? Kuckt, ech soen iech: Wien dëst leegent, ass ee Ligener an ee Kand vum Däiwel.

40 Well ech soen iech: Alles, wat gutt ass, kënnt vu Gott, an alles, wat béis ass, kënnt vum Däiwel.

41 Wann dofir ee Mënsch gutt Wierker ervirbréngt, esou héiert hien op d’Stëmm vum gudden Hiert a geet him no; wien awer béis Wierker ervirbréngt, dee gëtt ee Kand vum Däiwel, well hien héiert op seng Stëmm a geet him no.

42 A jiddereen, deen dat mécht, muss säi Loun vun him kréien; dofir kritt hien als säi Loun den Doud, wat d’Gerechtegkeet ugeet, well hien dout ass fir all gutt Wierker.

43 An elo, meng Bridder, hätt ech gären, dat dir op mech héiert, well ech schwätze mat der Energie vu menger Séil; well kuckt, ech hunn däitlech zu iech gesprach, sou datt dir iech net iere kënnt, jo, ech hu gesprach nom Gebot Gottes.

44 Well ech si beruff, op dës Weis ze schwätzen no der hellegen Uerdnung Gottes, déi a Christus Jesus ass; jo mir ass gebueden, opzestoen an dësem Vollek ze temoignéieren, wat vun eise Pappen a Bezuch op dat Zukünftegt gesprach ginn ass.

45 An dëst ass net alles. Mengt dir dann net, ech wéisst dëst alles selwer? Kuckt, ech temoignéieren iech, ech weess, datt dat, wouvunner ech gesprach hunn, wouer ass. A wéi mengt dir, weess ech dann, dat et richteg ass?

46 Kuckt, ech soen iech: Et ass mir duerch den Hellege Geescht Gottes dëst Wësse ginn. Kuckt, ech hu vill Deeg gefaascht a gebiet, fir dëst selwer wëssen ze kënnen. An elo weess ech selwer, dat et wouer ass; well den Här Gott huet et mir duerch den Hellege Geescht manifestéiert; an dëst ass de Geescht vun der Offenbarung, deen a mir ass.

47 A weider soen ech iech: Sou ass et mir offenbaart ginn, datt déi Wierder, déi eis Pappe gesprach hunn, wouer sinn, nämlech nom Geescht vun der Prophezeiung, deen a mir ass, an dëst och duerch d’Manifestatioun vum Geescht Gottes.

48 Ech soen iech: Ech weess aus mir selwer, datt alles, wat ech iech iwwer dat Zukünftegt soe wäert, wouer ass; an ech soen iech: Ech weess, datt de Jesus Christus komme wäert, jo, de Jong, den Eenzege Gebuerene vum Papp, voller Gnod a Baarmhäerzegkeet a Wourecht. A kuckt, hien ass et, deen do kënnt, d’Sënde vun der Welt ewechzehuelen, jo, d’Sënde vu jiddwer Mënsch, dee standhaft u säin Numm gleeft.

49 An elo soen ech iech: Dëst ass d’Uerdnung, wouno ech beruff sinn, jo, menge léiwe Bridder ze priedegen, jo, an och jiddwerengem, deen am Land wunnt; jo allen ze priedegen, al a jonk, versklaavt a fräi; jo, ech soen iech, den Alen an och deenen am mëttleren Alter an der eruwuesse Generatioun; jo, hinnen zouzeruffen, datt si ëmkéieren a vu neiem gebuer musse ginn.

50 Jo, esou seet de Geescht: Kéiert ëm, all dir Enne vun der Welt, well d’Himmelräich ass gläich no; jo, de Jong vu Gott kënnt a senger Herrlechkeet, a senger Muecht, Majestéit, Kraaft an Herrschaft. Jo, meng léif Bridder, ech soen iech: De Geescht seet: Kuckt d’Herrlechkeet vum Kinnek vun der ganzer Äerd; an och de Kinnek vum Himmel wäert gläich ënnert de Mënschekanner liichten.

51 An de Geescht seet och zu mir, jo, hie rifft mir mat mächteger Stëmm zou, nämlech—Géi hin a schwätz zu dësem Vollek: Kéiert ëm, well wann dir net ëmkéiert, kënnt dir op kee Fall d’Himmelräich ierwen.

52 An ech soen iech nach eng Kéier, de Geescht seet: Kuckt, d’Aaxt ass un der Wuerzel vum Bam ugeluecht; dofir gëtt all Bam, dee keng gutt Friichten dréit, ofgehaakt an an d’Feier gehäit, jo, e Feier, dat net zerstéiert ka ginn, souguer e Feier, dat net geläscht ka ginn. Kuckt, an denkt dorunner, den Hellegen huet et gesprach.

53 An elo, meng léif Bridder, soen ech iech, kënnt dir dëse Wierder widderstoen; jo, kënnt dir dës Saachen op d’Säit leeën an den Hellegen ënner äre Féiss zertrëppelen; jo, kënnt dir am Stolz vun ären Häerzer opgeblose sinn; jo, wäert dir weiderhin deier Kleeder undoen an äert Häerz op déi eidel Saache vun der Welt, op äre Räichtum, konzentréieren?

54 Jo, wëllt dir doropper bestoen, datt dir mengt, deen ee vun iech wär besser ewéi deen aneren, jo, wëllt dir doropper bestoen, datt dir är Bridder verfollegt, déi sech humiliéieren an no der hellegen Uerdnung Gottes wandelen, wouduerch si an dës Kierch gefouert gi sinn, nodeems si duerch den hellege Geescht gehellegt gi sinn a Wierker ervirbréngen, déi der Ëmkéiert entspriechen?

55 Jo, a wëllt dir doropper bestoen, den Aarmen a Bedierftegen de Réck ze kéieren an hinnen äre Besëtz virenthalen?

56 A schliisslech, all dir, déi dir an ärer Béist bleiwe wëllt, ech soen iech, datt dës et sinn, déi ofgehaakt an an d’Feier geworf ginn, wann si net schnell ëmkéieren.

57 An elo soen ech iech, all déi, déi der Stëmm vum gudden Hiert nogoe wëllen, kommt aus dem Béisen eraus, a sonnert iech of, a beréiert hir onreng Saachen net; a kuckt, hir Nimm ginn ausgeläscht, fir datt d’Nimm vun de Béisen net zu den Nimm vun de Gerechte gezielt ginn, fir datt d’Wuert vu Gott erfëllt ka ginn, dat seet: D’Nimm vun de Béise sollen net mat den Nimm vu mengem Vollek vermëscht ginn;

58 well d’Nimm vun de Gerechte sollen an d’Buch vum Liewe geschriwwe ginn, an hinne wëll ech eng Ierfschaft zu menger rietsen Hand erlaben. An elo, meng Bridder, wat hutt dir dogéint ze schwätzen? Ech soen iech: Wann dir dogéint schwätzt, sou mécht dat näischt aus, well d’Wuert vu Gott muss sech erfëllen.

59 Well wéi een Hiert ënnert iech, dee vill Schof huet, waacht net iwwert se, fir dat d’Wëllef net a seng Häerd afalen a se friessen? A kuckt, wann e Wollef a seng Schofshäerd kënnt, verdreift hien en dann net? Jo, a schliisslech wäert hien en, wann hie kann, vernichten.

60 An elo soen ech iech: De gudden Hiert rifft no iech; a wann dir op seng Stëmm lauschtere wëllt, sou wäert hien iech a seng Häerd bréngen, an dir sidd seng Schof; an hie kommandéiert iech, net zouzeloossen, datt e wëlle Wollef ënnert iech afält, fir datt dir net vernicht gëtt.

61 An elo kommandéieren ech, Alma, iech an der Sprooch vun deem, deen et mir gebueden huet: Passt op doropper, datt dir d’Wierder ausféiert, déi ech zu iech gesprach hunn.

62 Iech, déi dir der Kierch ugehéiert, soen ech et als Gebot, deenen awer, déi net der Kierch ugehéieren, soen ech et als Aluedung, nämlech: Kommt a loosst iech deefen zur Ëmkéiert, fir dat och dir vun der Fruucht vum Bam vum Liewe genéisse kënnt.