62. Kapitel
Moroni marschéiert an d’Land Gideon fir dem Pahoran ze hëllefen—D’Kinneksleit, déi sech weigeren, hiert Land ze verdeedegen, ginn zum Doud verurteelt—De Pahoran an de Moroni erueweren Nephihah zeréck—Vill Lamanite schléissen sech dem Vollek vum Ammon un—Den Teankum bréngt den Ammoron ëm a gëtt selwer ëmbruecht—D’Lamaniten ginn aus dem Land verdriwwen, a Fridde gëtt hiergestallt—Den Helaman geet zeréck an de geeschtlechen Déngscht a baut d’Kierch op. Ongeféier 62–57 v. Chr.
1 An elo huet et sech erginn: Wéi de Moroni dës Epistel kritt huet, huet säin Häerz Mutt gefaasst a gouf wéinst der Trei vum Pahoran vu ganz grousser Freed erfëllt, well dësen net och ee Verräter un der Fräiheet a Saach vu sengem Land war.
2 Mee hien huet och iwwer d’Moosse wéinst den Ongerechtegkeete vun deene getrauert, déi de Pahoran vum Riichterstull verjot haten, jo, fir et kuerz ze maachen, wéinst deenen, déi sech géint hiert Land an och hire Gott rebelléiert haten.
3 An et huet sech erginn: De Moroni huet nom Wonsch vum Pahoran eng kleng Unzuel vu Männer mat sech geholl an huet dem Lehi an dem Teankum de Befeel iwwer den iwwregen Deel vu senger Arméi iwwerdroen an huet säi Marsch nom Land Gideon opgeholl.
4 An iwwerall, wou hien hikomm ass, huet hien d’Fräiheetsbanner gehéisst an op sengem ganze Marsch zum Land Gideon Sträitkräfte gesammelt, souvill hie konnt.
5 An et huet sech erginn: Dausende sinn zu sengem Banner gestréimt an hunn d’Schwäert zur Verdeedegung vun hirer Fräiheet ergraff, fir datt si net a Sklaverei komme géifen.
6 An esou koum de Moroni, nodeems hien op sengem Marsch Männer gesammelt hat, souvill hie konnt, an d’Land Gideon; do huet hien seng Sträitkräfte mat deene vum Pahoran vereenegt, an esou goufen si ganz staark, jo, méi staark ewéi d’Männer vum Pachos, deen de Kinnek vun deene war, déi sech ofgespléckt haten an déi d’Fräiheetsleit aus dem Land Zarahemla verjot a vum Land Besëtz ergraff haten.
7 An et huet sech erginn: De Moroni an de Pahoran si mat hiren Arméien an d’Land Zarahemla erofgezunn a si géint d’Stad virgaangen an op d’Männer vum Pachos getraff, an et koum zum Kampf mat hinnen.
8 A kuckt, de Pachos gouf ëmbruecht, a seng Männer goufe gefaange geholl, an de Pahoran gouf erëm op de Riichterstull gesat.
9 An d’Männer vum Pachos goufen dem Gesetz no viru Geriicht gestallt, genausou ewéi déi Kinneksleit, déi ergraff an an de Prisong geworf gi waren; an et huet een un hinnen d’Uerteel nom Gesetz vollstreckt; jo, déijéineg Männer vum Pachos an déijéineg Kinneksleit, déi hir Waffen net zur Verdeedegung vun hirem Land huelen, mee géint et kämpfe wollten, sinn higeriicht ginn.
10 An esou gouf et besser, dëst Gesetz wéinst der Sécherheet vun hirem Land streng ze beuechten; jo, a wann ee vun engem entdeckt huet, datt hien d’Fräiheet verleegent, dee gouf dem Gesetz no schnell higeriicht.
11 An esou ass dat drëssegt Joer vun der Regierung vun de Riichter iwwer d’Vollek Nephi op en Enn gaangen; De Moroni an de Pahoran haten am Land Zarahemla ënnert hirem eegene Vollek de Fridden erëm hiergestallt, a si haten alleguerten déijéineg, déi der Saach vun der Fräiheet net trei waren, mam Dout bestrooft.
12 An et huet sech erginn: Um Ufank vum eenandrëssegste Joer vun der Regierung vun de Riichter iwwer d’Vollek Nephi huet de Moroni direkt gemaach, datt Proviant geliwwert gouf an datt och eng Arméi vu sechsdausend Mann zum Helaman geschéckt gouf, fir him ze hëllefen, deen Deel vum Land ze beschützen.
13 An hien huet och gemaach, datt eng Arméi vu sechsdausend Mann mat genuch Proviant zu den Arméie vum Lehi a vum Teankum geschéckt gouf. An et huet sech erginn: Dëst ass geschitt, fir d’Land géint d’Lamaniten ze befestegen.
14 An et huet sech erginn: De Moroni an de Pahoran hunn mat enger grousse Grupp Männer hire Marsch géint d’Land Nephihah opgeholl, nodeems si eng grouss Grupp Männer am Land Zarahemla zeréckgelooss haten; si waren entschloss, d’Lamaniten an dëser Stad ze vernichten.
15 An et huet sech erginn: Wéi si no deem Land marschéiert sinn, hunn si eng Grupp vu Lamaniten ergraff an hunn der vill vun hinnen ëmbruecht an hinnen de Proviant an d’Krichswaffen ewechgeholl.
16 An et huet sech erginn: Nodeems si si ergraff haten, hunn si si d’Allianz agoe gelooss, géint d’Nephitë keng Krichswaffe méi ze ergräifen.
17 An nodeems si dës Allianz agaange waren, hunn si si hi geschéckt, mam Vollek Ammon ze wunnen, an et waren un Zuel an di véierdausend, déi net ëmbruecht gi waren.
18 An et huet sech erginn: Wéi si si hi geschéckt haten, hunn si hire Marsch nom Land Nephihah erëm opgeholl. An et huet sech erginn: Wéi si zur Stad Nephihah komm waren, hunn si hir Zelter an der Ebene vun Nephihah opgebaut, déi no bei der Stad Nephihah léit.
19 De Moroni awer hat de Wonsch, d’Lamanite géifen zum Kampf géint si op d’Ebenen erauskommen; mee d’Lamaniten hunn hire ganz grousse Mutt kannt an hu gesinn, wéi grouss hir Unzuel war, dofir hunn si sech net getraut, géint si erauszekommen; dofir koumen si un dësem Dag net zum Kampf eraus.
20 A wéi d’Nuecht komm ass, ass de Moroni an der Däischtert vun der Nuecht higaangen an ass uewen op d’Mauer geklommen, fir auszespionéieren, a wellechem Deel vun der Stad d’Lamanite mat hirer Arméi gelagert huet.
21 An et huet sech erginn: Si waren am Osten, am Agang; a si hunn alleguerte geschlof. De Moroni awer ass zeréck zu senger Arméi gaangen an huet schnell staark Strécker a Leedere virbereede gelooss, déi ee vun uewen un der banneschter Säit vun der Mauer erofloosse konnt.
22 An et huet sech erginn: De Moroni huet seng Männer hi marschéieren an uewen op d’Mauer klammen a sech an dësem Deel vun der Stad erofgoe gelooss, nämlech am Westen, net do, wou d’Lamanite mat hirer Arméi gelagert huet.
23 An et huet sech erginn: Si hunn sech alleguerte bei Nuecht mat Hëllef vun hire staarke Seeler an hire Leederen an d’Stad erofgelooss; sou waren si, wéi de Muere komm ass, alleguerte banne vun de Stadmaueren.
24 An elo, wéi d’Lamaniten erwächt sinn a gesinn hunn, datt d’Arméie vum Moroni banne vun de Mauere waren, do waren si iwwer d’Moossen entsat, esou vill, datt si duerch den Agang eraus fortgelaf sinn.
25 Wéi awer de Moroni gesinn huet, datt si virun him fortgelaf sinn, huet hien seng Männer géint si marschéiere gelooss an huet der vill ëmbruecht a vill weiderer ëmstallt an huet si gefaange geholl; an déi iwwreg sinn an d’Land Moroni geflücht, dat am Grenzgebitt un der Mieresküst léit.
26 Esou haten de Moroni an de Pahoran vun der Stad Nephihah Besëtz ergraff, ouni eng eenzeg Séil ze verléieren; an et goufen der vill Lamaniten, déi ëmbruecht gi waren.
27 Elo huet et sech erginn: Vill vun de gefaangene Lamaniten haten de Wonsch, sech dem Vollek Ammon unzeschléissen an ee fräit Vollek ze ginn.
28 An et huet sech erginn: Wien dëse Wonsch hat, deem gouf no sengem Wonsch ginn.
29 Dofir hunn sech all gefaange Lamaniten dem Vollek Ammon ugeschloss an hunn iwwer d’Moosse mat schaffen ugefaangen; si hunn de Buedem bestallt, si hunn allerhand Getreider a Schof a Kéi vu jiddwer Gattung gezunn; an esou goufen d’Nephite vun enger grousser Charge befreit, jo, nämlech andeems si vun alle gefaangene Lamanite befreit goufen.
30 An elo huet et sech erginn, nodeems de Moroni d’Stad Nephihah eruewert hat, huet hie vill Gefaangener geholl, wat d’Arméie vun de Lamanite staark geschwächt huet, an hien huet och vill Nephiten, déi gefaange waren, zeréckgewonnen, wat dem Moroni seng Arméi bemierkenswäert gestäerkt huet; dowéinst ass de Moroni aus dem Land Nephihah an d’Land Lehi gezunn.
31 An et huet sech erginn: Wéi d’Lamanite gesinn hunn, datt de Moroni géint si gezu koum, waren si erëm erféiert a si virun dem Moroni senger Arméi fortgelaf.
32 An et huet sech erginn: De Moroni a seng Arméi hunn si vu Stad zu Stad verfollegt, bis si op de Lehi an den Teankum getraff sinn; an d’Lamanite si virum Lehi an dem Teankum geflücht, jo, erof bis zum Grenzgebitt un der Mieresküst, bis si an d’Land Moroni koumen.
33 An d’Arméie vun de Lamaniten hunn sech alleguerte versammelt, sou datt si alleguerten zesummen am Land Moroni waren. Den Ammoron awer, de Kinnek vun de Lamaniten, war och bei hinnen.
34 An et huet sech erginn: De Moroni an de Lehi an den Teankum hunn sech mat hiren Arméie ronderëm un de Grenze vum Land Moroni gelagert, sou datt d’Lamaniten am Gebitt duerch d’Wüüst am Süden an duerch d’Wüüst am Oste ronderëm ageschloss waren.
35 An esou hunn si sech fir d’Nuecht gelagert. Well kuckt, d’Nephiten an d’Lamanite ware wéinst hirem wäite Marsch midd; dofir hunn si sech wärend der Nuetszäit net zu enger Strategie entschloss, ausser eleng den Teankum; well hie war ganz vill rosen op den Ammoron, esou vill, datt hien den Ammoron an deem säi Brudder Amalikkja als d’Ursaach vun dësem groussen an undauernde Krich tëschent hinnen an de Lamanite betruecht huet, wouduerch esou vill Krich a Bluttvergéissen, jo, an esou vill Hongersnout verursaacht gi waren.
36 An et huet sech erginn: A senger Roserei ass den Teankum an d’Lager vun de Lamaniten higaangen an huet sech iwwer d’Stadmauer erof gelooss. An hien ass mat engem Stréck higaangen, vun Uert zu Uert, bis hien de Kinnek fonnt huet; an hien huet ee Messer no him geworf, deen hien niewent dem Häerz duerchbuert huet. Mee kuckt, viru sengem Dout huet de Kinnek nach säi Kniecht erwächt, sou datt den Teankum verfollegt an ëmbruecht gouf.
37 Elo huet et sech erginn: Wéi de Lehi an de Moroni gewuer gi sinn, datt den Teankum dout war, goufen si ganz traureg; well kuckt, hie war ee Mann gewiescht, dee couragéis fir säi Land gekämpft hat, jo, ee richtege Frënd vun der Fräiheet; an hien hat ganz vill a ganz schwéier Bedrängnisser gelidden. Mee kuckt, hie war dout a war de Wee vun allem Ierdeschem gaangen.
38 Elo huet et sech erginn: De Moroni ass um nächsten Dag lassmarschéiert a koum iwwer d’Lamaniten, esou datt si si an engem grousse Gemetzelt ëmbruecht hunn; an si hunn si aus dem Land verjot; a si si geflücht, jo, si sinn zu där Zäit net méi géint d’Nephiten zeréck gaangen.
39 An esou ass dat eenandrëssegt Joer vun der Regierung vun de Riichter iwwer d’Vollek Nephi op en Enn gaangen; an esou haten si vill Jore laang Krich a Bluttvergéissen an Hongersnout a Leed.
40 An et hat Morden a Streidereien a Spléckungen an allerhand Ongerechtegkeeten ënnert dem Vollek Nephi ginn; mee ëm der Gerechtegkeet wëllen, jo, wéinst de Gebieder vun de Gerechten, goufen si verschount.
41 Mee kuckt, wéinst der esou laangen Dauer vum Krich tëschent den Nephiten an de Lamanite waren der vill verhäert ginn, jo, wéinst der esou laangen Dauer vum Krich; vill awer hate wéinst hire Leiden hiert Häerz erweecht, esou datt si sech viru Gott humiliéiert hunn, jo, bis an d’Déift vun der Humilitéit erof.
42 An et huet sech erginn: Nodeems de Moroni déijéineg Deeler vum Land, déi de Lamaniten am meeschten ausgesat waren, befestegt hat, bis se genuch staark waren, ass hien an d’Stad Zarahemla zeréck gekéiert; an och den Helaman ass un den Uert vu senger Ierfschaft zeréck gekéiert; an ënnert dem Vollek Nephi war erëm eng Kéier Fridden.
43 An de Moroni huet de Befeel iwwert seng Arméien an d’Hänn vu sengem Jong, deem säin Numm Moronihach war, iwwerginn; an hien ass zu sengem eegenen Haus zeréck gekéiert, fir seng iwwreg Deeg a Fridden ze verbréngen.
44 An de Pahoran ass zu sengem Riichterstull zeréck gekéiert; an den Helaman huet et op sech geholl, dem Vollek erëm d’Wuert Gottes ze priedegen; well wéinst de ville Kricher a Streidereie war et conseilléiert ginn, an der Kierch och erëm Uerdnung ze schafen.
45 Dofir sinn den Helaman a seng Bridder higaangen an hunn d’Wuert vu Gott mat vill Muecht verkënnegt, esou datt ville Mënschen hir Béist zum Bewosstsinn bruecht gouf, an dëst huet si maache gedoen, vun hire Sënden ëmzekéieren a sech dem Här, hirem Gott, deefen ze loossen.
46 An et huet sech erginn: Si hunn iwwerall am ganze Land d’Kierch Gottes erëm opgeriicht.
47 Jo, an a Bezuch op d’Gesetz goufen Unuerdnunge getraff. An hir Riichter an iewescht Riichter goufe gewielt.
48 D’Vollek Nephi huet ugefaangen, am Land grouss ze ginn, a si hunn ugefaangen, sech am Land ze multiplizéieren an erëm iwwer d’Moossen zouzehuelen. A si hunn ugefaangen, ganz räich ze ginn.
49 Mee trotz hirer Räichtemer an hirer Stäerkt an hirem Wuelstand goufen si net iwwerhieflech am Stolz vun hiren Aen, si waren och net lues, sech dem Här, hirem Gott, ze erënneren, mee si hunn sech virun him iwwer d’Moosen humiliéiert.
50 Jo, si erënneren sech, wéi eng grouss Saachen den Här fir si gemaach huet, datt hien si vum Doud befreit huet, an aus de Fesselen, an aus de Prisongen, an aus all Zort vu Leed, an datt hien si aus den Hänn vun hire Feinde befreit huet.
51 A si hunn bestänneg zum Här, hirem Gott, gebiet, esou vill, datt den Här si geséint huet, no sengem Wuert, sou datt si am Land zougeholl hunn an et hinne Wuel ergaangen ass.
52 An et huet sech erginn: Dëst alles ass geschitt. An den Helaman ass am fënnefandrëssegste Joer vun der Regierung vun de Riichter iwwer d’Vollek Nephi gestuerwen.