Scriptures
Alma 31


31. Kapitel

Den Alma féiert eng Missioun, fir déi Zoramiten, déi ofgefall waren, zeréck ze bréngen—D’Zoramite verleegnen de Christus, gleewen un eng falsch Auserwielungs-Léier a biede mat feste Gebieder—D’Missionare gi mam Hellege Geescht gefëllt—Hiert Leed gëtt an der Freed un de Christus verschlongen. Ongeféier 74 v. Chr.

1 Et huet sech awer erginn: Nodeems de Korihor säin Enn fonnt hat, huet den Alma eng Noriicht erhalen, datt d’Zoramiten d’Weeër vum Här verkéiert hunn an datt den Zoram, deen hire Führer war, d’Häerz vum Vollek dohinner bruecht huet, datt et sech viru stommen Idoler nidder gebéit huet, an esou huet säin Häerz wéinst den Ongerechtegkeete vum Vollek erëm ugefaangen, krank ze ginn.

2 Well fir den Alma war et d’Ursaach vu groussem Leed, vun Ongerechtegkeeten ënnert sengem Vollek ze wëssen; dofir war säin Häerz ganz vill am Leed wéinst den Zoramiten hirer Trennung vun den Nephiten.

3 D’Zoramiten awer haten sech an engem Land zesumme fonnt, dat si Antionum genannt hunn, dat ëstlech vum Land Zarahemla war, dat bal un der Küst vum Mier ugegrenzt huet, dat südlech vum Land Jerschon war, dat och un déi südlech Wüüst ugegrenzt huet, an dës Wüüst war voll vu Lamaniten.

4 D’Nephiten awer hu vill gefaart, d’Zoramite kéinte mat de Lamaniten a Verbindung trieden, an dës kéint dann d’Ursaach fir grousse Verloscht op der Säit vun den Nephite sinn.

5 An elo, well d’Priedege vum Wuert eng grouss Tendenz hat, fir d’Leit zu deem ze féieren, wat gerecht ass—jo, et hat méi Muecht op de Sënn vum Vollek wéi d’Schwäert oder eppes aneschters, wat hinne geschitt war—dofir huet den Alma et ubruecht fonnt, datt si d’Dugend vum Wuert Gottes sollten ausprobéieren.

6 Dofir huet hien den Ammon an den Aaron an den Omner matgeholl; an den Himni huet hien an der Kierch zu Zarahemla zeréckgelooss; mee déi dräi éischt huet hie mat sech geholl, an och den Amulek an den Zeezrom, déi zu Melek waren; an hien huet och zwee vu senge Jonge matgeholl.

7 Den eelste vu senge Jongen huet hien awer net matgeholl, an deem säin Numm war Helaman; awer déi hie matgeholl huet, hunn Schiblon a Korianton geheescht; an dës sinn d’Nimm vun deenen, déi mat him bei d’Zoramite gaange sinn, fir hinnen d’Wuert ze priedegen.

8 An d’Zoramiten haten sech vun den Nephiten ofgetrennt; dowéinst haten och si d’Wuert vu Gott gepriedegt kritt.

9 Mee si waren a grouss Iertemer verfall, well si wollten net envisagéieren, d’Geboter Gottes a seng Statute nom Gesetz vum Moses ze befollegen.

10 Och wollten si d’Verriichtunge vun der Kierch net beuechten, nämlech weiderhin ze bieden a Gott all Dag ze froen, datt si net a Versuchung gerode géifen.

11 Jo, kuerz gesot, si hunn d’Weeër vum Här a ganz ville Fäll pervertéiert; aus dësem Grond sinn dofir den Alma a seng Bridder an d’Land higaangen, fir hinnen d’Wuert ze priedegen.

12 Wéi si awer an d’Land komm waren, kuckt, do hunn si zu hirer Verwonnerung gesinn, datt d’Zoramite Synagoge gebaut haten an datt si sech un engem Dag vun der Woch, deen si den Dag vum Här genannt hunn, versammelt hunn; a si hunn op eng Weis ugebiet, déi den Alma a seng Bridder nach ni gesinn haten;

13 Well an der Mëtt vun hirer Synagog haten si eng Plaz opgeriicht, ee Stand, deen héich iwwert de Käpp war a wou den ieweschten Deel nëmme fir eng Persoun Plaz hat.

14 Wien och ëmmer de Wonsch hat unzebieden, huet missen higoen an op dem ieweschten Deel stoen an d’Hänn zum Himmel ausstrecken a mat haarder Stëmm ruffen, nämlech:

15 Hellegen, hellege Gott, mir gleewen, datt s du Gott bass, a mir gleewen, datt s du helleg bass an datt s du ee Geescht waars an datt s du ee Geescht bass an datt s du ee Geescht wäerts si fir ëmmer.

16 Hellege Gott, mir gleewen, dat s du ons vun eise Bridder getrennt hues; a mir gleewen net un d’Iwwerliwwerung vun eise Bridder, déi hinnen duerch déi kannereg Astellung vun hire Pappen iwwermëttelt gi war; mee mir gleewen, dat s du ons erwielt hues, deng helleg Kanner ze sinn; an du hues ons och gewisen, datt et kee Christus wäert ginn.

17 Mee du bass gëschter, haut a fir ëmmer deselwechten; an du hues eis auserwielt, fir datt mir gerett ginn, wärend all ronderëm eis auserwielt sinn, fir vun denger Roserei an d’Hell erofgehäit ze ginn; fir déi Hellegkeet, O Gott, soe mir dir Merci; a mir soen dir och Merci, datt du eis auserwielt hues, fir datt mir net no den dommen Traditioune vun eise Bridder verfouert ginn, déi si un de Glawen un de Christus bannen, wat hir Häerzer dozou bréngt, wäit vun dir, eisem Gott, ewech ze wanderen.

18 An nach eng Kéier soe mir dir Merci, O Gott, datt mir een auserwieltent an hellegt Vollek sinn. Amen.

19 Et huet sech awer erginn: Nodeems den Alma a seng Bridder a seng Jongen dës Gebieder héieren haten, waren si iwwert all Moosse verwonnert.

20 Well kuckt, jiddwereen ass higaangen an huet dat selwecht Gebiet duer bruecht.

21 D’Plaz awer gouf vun hinne Rameumptom genannt, wat, iwwersat, hellege Stand heescht.

22 Elo, vun dësem Podium hunn si all, jiddwereen, dat selwecht Gebiet zu Gott opgedroen, an hire Gott dofir gelueft, datt si vun him gewielt waren, an datt hien si net no der Traditioun vun hire Bridder ewech geleet hat, an datt hir Häerzer net ewechgezu goufen, fir u Saachen ze gleewen, déi nach komme solle, vun deenen si näischt woussten.

23 Nodeems elo dat ganzt Vollek op dës Weis hiren Dank ausgesprach hat, sinn si an hir Haiser zeréck gaangen an hunn net méi vun hirem Gott gesprach, bis si sech erëm un deem hellege Stand versammelt hunn, fir op dës Weis hiren Dank auszedrécken.

24 Wéi elo den Alma dëst gesinn huet, war säin Häerz schwéier beréiert; well hien huet gesinn, datt si ee béist a perverst Vollek waren; jo, hien huet gesinn, datt si d’Häerz op Gold an op Sëlwer an op allerhand fei Saache gesat haten.

25 Jo, an hien huet och gesinn, datt hiert Häerz iwwerhieflech gi war, sou datt si sech an hirem Stolz ganz vill gebretzt hunn.

26 An hien huet d’Stëmm zum Himmel gehuewen a geruff, nämlech: O wéi laang nach, o Här, wëlls du zouloossen, datt deng Kniecht hei am Fleesch wunnen an esou grouss Béist bei de Mënschekanner musse gesinn?

27 Kuck, O Gott, si jäizen zu dir, an awer huet hire Stolz hinnen d’Häerz verschlongen. Kuck, O Gott, si jäizen zu dir mat hirem Mond, wärend si wéinst dem Näischnotz vun der Welt opgeblose sinn, jo, zu grousser Gréisst.

28 Kuck, o mäi Gott, hir deier Kleeder un an hir Réng an hir Aarmbänner an hire Goldschmuck an all hir wäertvoll Saachen, woumadder si dekoréiert sinn; a kuck, si hunn d’Häerz dorobber gesat, an awer jäizen si zu dir a soen—Mir soen dir Merci, O Gott, well mir sinn dir een auserwieltent Vollek, wärend anerer ëmkomme wäerten.

29 Jo, a si soen, du häss hinne gewisen, datt et kee Christus wäert ginn.

30 O Här Gott, wéi laang wëlls du nach zouloossen, datt esou Béist an Ontreit ënnert dësem Vollek sinn? O Här, wéilts du mir Kraaft ginn, datt ech meng Schwächten erdroe kann. Well ech si schwaach, an esou Béist ënnert dësem Vollek péngegt meng Séil.

31 O Här, mäin Häerz ass ganz vill traureg; wéilts du meng Séil a Christus tréischten. O Här, géifs du mir erlaben, datt ech d’Stäerkt hunn, mat Gedold dës Bedrängnisser ze erdroen, déi wéinst den Ongerechtegkeete vun dësem Vollek iwwert mech komme wäerten.

32 O Här, wéilts du meng Séil tréischten a mir Erfolleg schenken, och menge Mataarbechter, déi mat mir sinn—jo, den Ammon an den Aaron an den Omner an och den Amulek an de Zeezrom an och meng zwee Jongen—jo, wéilts du, o Här, si alleguerten tréischten. Jo, wéilts du hir Séil a Christus tréischten.

33 Wéilts du hinnen erlaben, datt si d’Stäerkt hunn, hir Bedrängnisser ze erdroen, déi wéinst de béisen Dote vun dësem Vollek iwwert si komme wäerten.

34 O Här, wéilts du ons erlaben, datt mir Erfolleg hunn, nämlech si a Christus erëm zu dir ze bréngen.

35 Kuck, o Här, hir Séil ass wäertvoll, a vill vun hinne sinn eis Bridder; dofir schenk eis, o Här, Muecht a Weisheet, datt mir dës eis Bridder erëm zu dir brénge kënnen.

36 Elo huet et sech erginn: Wéi den Alma dës Wierder gesprach hat, huet hien alleguerte beréiert, déi bei him waren, mat sengen Hänn. A kuckt, wéi hien si mat den Hänn beréiert huet, goufen si vum Hellege Geescht erfëllt.

37 A duerno hunn si sech vunenee getrennt, a si hunn sech keng Gedanken doriwwer gemaach, wat si iessen oder drénken oder undoe géifen.

38 An den Här huet fir si gesuergt, fir datt si keen Honger an Duuscht leide géifen; jo, an hien huet hinnen och Stäerkt ginn, sou datt si keng Bedrängnisser gelidden hunn, déi net an hirer Freed iwwert de Christus verschlonge gi wären. Dëst awer war nom Gebiet vum Alma, well hien am feste Glawe gebiet hat.