43. Kapitel
Den Alma a seng Jonge priedegen d’Wuert—D’Zoramiten an aner nephitesch Dissidente ginn zu Lamaniten—D’Lamanite kommen an de Krich géint d’Nephiten—De Moroni bewaffnet d’Nephite mat defensiver Rüstung—Den Här weist dem Alma d’Strategie vun de Lamaniten—D’Nephiten verdeedegen hir Haiser, Fräiheeten, Familljen a Relioun—D’Arméie vum Moroni a vum Lehi ëmzéngelen d’Lamaniten. Ongeféier 74 v. Chr.
1 An elo huet et sech erginn: D’Jonge vum Alma sinn ënnert d’Vollek higaangen, fir hinnen d’Wuert ze verkënnegen. An och den Alma selwer konnt net rouen, an hien ass och higaangen.
2 Elo wäerte mir awer näischt weider iwwert hiert Priedege soen, ausser datt si d’Wuert an d’Wourecht gepriedegt hunn nom Geescht vun der Prophezeiung an Offenbarung; a si hunn no der hellegen Uerdnung Gottes, duerch déi si beruff waren, gepriedegt.
3 Elo awer kéieren ech zum Bericht iwwer d’Kricher tëschent den Nephiten an de Lamaniten am uechtzéngte Joer vun der Regierung vun de Riichter zeréck.
4 Well kuckt, et huet sech erginn: D’Zoramite goufe Lamaniten; am Ufank vum uechtzéngte Joer huet d’Vollek vun den Nephite gesinn, datt d’Lamaniten iwwert si koumen; dofir hunn si sech zum Krich virbereet; jo, si hunn hir Arméien am Land Jerschon gesammelt.
5 An et huet sech erginn: D’Lamanite koume mat hiren Dausenden erun; a si koumen an d’Land Antionum, dat d’Land vun den Zoramiten ass; an ee Mann mam Numm Zerahemnah war hire Führer.
6 Well awer d’Amalekite vu sech aus méi eng béis a mäerderesch Astellung haten ewéi d’Lamaniten, huet den Zerahemnah iewescht Haaptleit iwwert d’Lamanite bestëmmt, an dës waren all Amalekiten an Zoramiten.
7 Elo huet hien dat gemaach, fir hiren Haass géint d’Nephiten ze erhalen, fir datt hien si ënnerwerfe konnt, fir seng Pläng ze erfëllen.
8 Well kuckt, et war säi Plang, d’Lamaniten zur Roserei géint d’Nephiten opzestëppelen; dëst huet hie gemaach, fir sech méi Muecht iwwert si unzeeegnen, an och, fir Muecht iwwert d’Nephiten ze gewannen, andeems hien si versklave géif.
9 An elo war den Zweck vun den Nephiten, hir Lännereien, hir Haiser, hir Fraen an hir Kanner ze ënnerstëtzen, fir datt si si virun den Hänn vun hire Feinde schütze kéinten; an och fir datt si hir Rechter an hir Privileegien, jo, an och hir Fräiheet, erhale kéinten, fir datt si Gott no hire Wënsch veréiere kéinten.
10 Well si woussten, wann si de Lamaniten an d’Hänn falen, sou géif jiddwereen, dee Gott, de wierklechen a liewege Gott, am Geescht an an der Wourecht ubiet, vun de Lamanite vernicht ginn.
11 Jo, an si woussten och vum groussen Haass vun de Lamanite géint hir Bridder, déi d’Vollek Anti-Nephi-Lehi waren, déi och d’Vollek vum Ammon genannt goufen—a si hunn net zu de Waffe gegraff, jo, si waren eng Allianz agaangen an hunn deen net gebrach—dowéinst, wann si an d’Hänn vun de Lamaniten gefall wieren, géifen si zerstéiert ginn.
12 An d’Nephite wollten net zouloossen, datt si zerstéiert géifen; dofir hunn si hinne Land zur Ierfschaft ginn.
13 An d’Vollek Ammon huet den Nephiten eng grouss Mooss vun hirem Besëtz ginn, fir datt si hiren Arméien Ënnerhalt bidde konnten; an esou waren d’Nephitë gezwongen, nëmmen op sech selwer gestallt, de Lamaniten ze widderstoen, déi eng Vereenegung vum Laman a Lemuel an de Jonge vum Ishmael an all deene waren, déi sech vun den Nephiten ofgespléckt haten, nämlech Amalekiten an Zoramiten an d’Nokomme vun de Priister vum Noah.
14 Dës Nokommen awer ware bal esou vill ewéi d’Nephiten; an esou waren d’Nephite gezwongen, mat hire Bridder ze streiden, jo, bis zum Bluttvergéissen.
15 An et huet sech erginn: Wéi sech d’Arméie vun de Lamaniten am Land Antionum versammelt haten, kuckt, do waren d’Arméie vun de Nephitë bereet, hinnen am Land Jerschon entgéintzetrieden.
16 De Führer vun den Nephiten awer, dee Mann, deen zum ieweschten Haaptmann iwwer d’Nephitë bestëmmt gi war—an den ieweschten Haaptmann huet de Kommando iwwert all Arméie vun den Nephiten iwwerholl—elo, säin Numm war Moroni;
17 an de Moroni huet de ganze Kommando an d’Leedung vun hire Kricher iwwerholl. An hie war eréischt fënnefanzwanzeg Joer al, wéi hien zum ieweschten Haaptmann iwwer d’Arméie vun den Nephitë bestëmmt gouf.
18 An et huet sech erginn: Hien ass de Lamaniten am Grenzgebitt vu Jerschon entgéint getrueden, a säi Vollek war mat Schwäerter a Krommdolcher an allerhand Krichswaffen ausgerëscht.
19 An wéi d’Arméie vun de Lamanite gesinn hunn, datt d’Vollek vum Nephi, oder datt de Moroni, seng Leit mat Broschtpanzer an Aarm-Schëlder preparéiert hat, jo, an och mat Schëlder fir hir Käpp ze schützen, an och waren si mat décke Kleeder ugedoen—
20 d’Arméi vum Zerahemnah awer war net mat esou Saachen ausgerëscht; si haten nëmmen hir Schwäerter an hir Krommdolchen, hir Béi an hir Feiler, hir Steng an hir Schleideren; a si ware plakeg, ausser datt si ëm d’Hëften ee Stéck Fell ugedoen haten; jo, alleguerte ware plakeg, ausser d’Zoramiten an d’Amalekiten;
21 mee si waren net mat Broschtplacken a Schëlder bewaffent—dofir hunn si d’Arméie vun den Nephitë wéinst hirer Rëschtung iwwer d’Moosse gefaart, obwuel hir Zuel vill méi grouss war ewéi déi vun den Nephiten.
22 Kuckt, elo huet et sech erginn: Si hunn sech net getraut, géint d’Nephiten an d’Gebitt viru Jerschon ze zéien; dofir sinn si aus dem Land Antionum an d’Wüüst gezunn an hunn hire Wee ronderëm d’Wüüst geholl, um Ursprong vum Floss Sidon laanscht, sou datt si an d’Land Manti kommen an dat Land a Besëtz huele kéinten, well si hu gemengt, d’Arméie vum Moroni géifen net wëssen, wouhinner si gaange waren.
23 Mee et huet sech erginn: Soubal si an d’Wüüst gezu waren, huet de Moroni Kondschafter an d’Wüüst geschéckt, hiren Zuch ze beobachten; an de Moroni, deen och d’Prophezeiunge vum Alma kannt huet, huet e puer Männer bei hie geschéckt, well hien huet gewënscht, hie géif den Här befroen, wouhinner d’Arméie vun den Nephiten zéie sollten, fir sech géint d’Lamaniten ze verdeedegen.
24 An et huet sech erginn: D’Wuert vum Här ass un den Alma gaangen, an den Alma huet dem Moroni senge Männer gesot, datt d’Arméie vun de Lamanite ronderëm d’Wüüst marschéiert sinn, datt si eriwwer an d’Land Manti komme kéinten, datt si een Ugrëff op dee méi schwaachen Deel vum Vollek ufänke kéinten. An dës Männer si gaangen an hunn dem Moroni de Message bruecht.
25 De Moroni awer huet een Deel vu senger Arméi am Land Jerschon zeréck gelooss, fir datt net een Deel vun de Lamaniten iergendwéi an d’Land kéim an d’Stad a Besëtz huele géif; dunn huet hien den iwwregen Deel vu senger Arméi geholl an ass eriwwer an d’Land Manti marschéiert.
26 An hien huet gemaach, datt all Vollek sech an deem Gebitt vum Land versammelt huet, fir géint d’Lamaniten ze kämpfen, fir seng Lännereien a säi Land, seng Rechter a seng Fräiheet ze verdeedegen; dofir war et op d’Komme vun de Lamanite virbereet.
27 An et huet sech erginn: De Moroni huet seng Arméi sech an deem Dall verstoppe gelooss, dat no um Ufer vum Floss Sidon war, dat op der Westsäit vum Floss Sidon an der Wüüst war.
28 An de Moroni huet ronderëm Kondschafter opgestallt, fir gewuer ze ginn, wéini d’Lager vun de Lamaniten ukënnt.
29 An elo, wou de Moroni d’Absicht vun de Lamanite kannt huet, nämlech datt et hir Absicht war, hir Bridder ze vernichten, si ze ënnerwerfen an a Sklaverei ze bréngen, fir iwwer dat ganzt Land fir sech ee Räich opzeriichten,
30 a wou hien och wousst, datt et den eenzege Wonsch vun den Nephite war, hiert Land an hir Fräiheet an hir Kierch ze preservéieren, sou huet hien et net fir eng Sënd gehalen, wann hien si duerch eng Strategie verdeedegt; dofir huet hien duerch seng Spiounen erausfonnt, wéi ee Wee d’Lamaniten huele wollten.
31 Dofir huet hien seng Arméi gedeelt an een Deel eriwwer an d’Dall gefouert an si am Osten an am Süde vum Hiwwel Riplah verstoppt,
32 an den iwwregen Deel huet hien am westlechen Dall verstoppt, westlech vum Floss Sidon, a weider erof am Grenzgebitt vum Land Manti.
33 An nodeems hien esou seng Arméi no sengem Wonsch opgestallt hat, war hie bereet, hinnen entgéintzetrieden.
34 An et huet sech erginn: D’Lamanite sinn am Norde vum Hiwwel era gezunn, an deem een Deel vum Moroni senger Arméi verstoppt war.
35 A wéi d’Lamaniten um Hiwwel Riplah laanscht gezu sinn an an d’Dall koumen an ugefaangen hunn, iwwer de Floss Sidon ze setzen, war do déi Arméi, dat am Süde vum Hiwwel verstoppt war, an et gouf vun engem Mann mam Numm Lehi gefouert, an hien huet seng Arméi hi gefouert an d’Lamaniten am Oste vun hannen ageschloss.
36 An et huet sech erginn: Wéi d’Lamanite gesinn hunn, datt d’Nephite vun hannen iwwert si koumen, hunn si sech ëmgedréint an ugefaangen, géint dem Lehi seng Arméi ze streiden.
37 An den Doud huet säi Wierk op deenen zwou Säiten ugefaangen, e war awer méi schrecklech op der Säit vun de Lamaniten, well si ware plakeg an de schwéiere Schléi vun den Nephitë mat hire Schwäerter a Krommdolchen ausgesat, déi bal mat jiddwer Sträich den Doud bruecht hunn.
38 Wärend op der anerer Säit awer nëmmen heiansdo ee vun den Nephiten duerch d’Schwäert an duerch Bluttverloscht gefall ass, well si waren un de wichtegsten Deeler vum Kierper geschützt—nämlech déi wichtegst Deeler vum Kierper ware virun de Schléi vun de Lamanite geschützt duerch hir Broscht-Panzer, hir Aarm-Schëlder an hir Kapp-Placken; an esou hunn d’Nephiten d’Wierk vum Doud bei de Lamanite weidergefouert.
39 An et huet sech erginn: Well d’Lamaniten esou vill zerschloe goufen, hunn si Angscht kritt, jo, bis si ugefaangen hunn, zum Floss Sidon hi fortzelafen.
40 A si goufe vum Lehi a senge Männer verfollegt; a si goufe vum Lehi an d’Waasser vum Sidon gejot, a si hunn d’Waasser vum Sidon iwwerquiert. An de Lehi huet seng Arméien am Ufer vum Sidon zeréckgehalen, sou datt si net iwwer gesat hunn.
41 An et huet sech erginn: De Moroni a seng Arméi sinn de Lamaniten am Dall op der anerer Säit vum Sidon entgéint getrueden an hunn ugefaangen, iwwert si hierzefalen an si ëmzebréngen.
42 An erëm sinn d’Lamanite virun hinne fortgelaf, nom Land Manti hin; an erëm sinn hinnen d’Arméie vum Moroni entgéint getrueden.
43 An dësem Fall awer hunn d’Lamaniten iwwer d’Moosse gekämpft; jo, nimools hat een erlieft, datt d’Lamanite mat esou immens grousser Kraaft a groussem Mutt gekämpft hunn, nee, nimools, zënter dem Ufank un.
44 A si goufe vun den Zoramiten an den Amalekiten ugefeiert, well dës waren hir iewescht Haaptleit a Führer, a vum Zerahemnah, deen hiren ieweschten Haaptmann, nämlech hiren ieweschte Führer a Kommandant war; jo, si hu gekämpft ewéi Draachen, a vill Nephite goufe vun hirer Hand ëmbruecht, jo, well si hu ville vun hinnen d’Kapp-Plack an zwee geschloen a villen d’Broschtplack duerch gestouss a villen d’Äerm ofgeschloen; an esou hunn d’Lamaniten an hirer Roserei zougeschloen.
45 Trotzdeem waren d’Nephite vun enger besserer Saach inspiréiert, well si hunn net fir Monarchie oder Muecht gekämpft, mee si hu fir hir Haiser a fir hir Fräiheeten, hir Fraen an hir Kanner, a fir hiert alles gekämpft, jo, fir hir Rite vum Gottesdéngscht an hir Kierch.
46 An si hunn dat gemaach, wat si als d’Flicht empfonnt hunn, déi si hirem Gott schëlleg waren; well den Här hat hinnen, an och hire Pappen, gesot: Souwäit dir net schëlleg sidd vun der éischter Ongerechtegkeet, nach vun der zweeter, da sollt dir net zouloossen, datt dir vun den Hänn vun äre Feinden ëmbruecht gitt.
47 A weider huet den Här gesprach: Dir sollt är Famillje verdeedegen, och mat Bluttvergéissen. Dofir hunn aus dësem Grond d’Nephitë mat de Lamanite gestridden, fir sech selwer an hir Familljen an hir Lännereien an hiert Land an hir Rechter an hir Relioun ze verdeedegen.
48 An et huet sech erginn: Wéi dem Moroni seng Männer den Haass an d’Roserei vun de Lamanite gesinn hunn, waren si no dorunner, zeréck ze schrecken a virun hinne fortzelafen. An de Moroni, wéi hien hir Absicht verstanen huet, huet hie geschéckt an hir Häerzer mat dëse Gedanken inspiréiert—jo, d’Gedanken un hir Lännereien, hir Fräiheet, jo, hir Befreiung vun der Sklaverei.
49 An et huet sech erginn, datt si sech géint d’Lamanite gedréint hunn, an si hu mat enger Stëmm zum Här, hirem Gott, geruff, fir hir Fräiheet an hir Befreiung vun der Sklaverei.
50 A si hunn ugefaangen, de Lamanite mächteg ze widderstoen; an an derselwechter Stonn, wou si den Här fir hir Fräiheet ugeruff hunn, hunn d’Lamaniten ugefaangen, virun hinne fortzelafen, a si si geflücht bis hin zum Waasser Sidon.
51 D’Lamaniten awer waren zu méi, jo, méi ewéi duebel esou vill ewéi d’Nephiten; mee goufen si esou vill gejot, datt si am Dall um Ufer vum Floss Sidon zu engem Koup zesummegedréckt waren.
52 Dofir hunn d’Arméie vum Moroni si ageschloss, jo, nämlech op den zwou Säite vum Floss, well kuckt, am Oste ware dem Lehi seng Männer.
53 Wéi dofir den Zerahemnah dem Lehi seng Männer am Oste vum Floss Sidon an dem Moroni seng Arméien am Weste vum Floss Sidon gesinn huet, datt si also vun den Nephiten ageschloss waren, do goufen si vun Angscht ergraff.
54 Wéi awer de Moroni hir Angscht gesinn huet, huet hie senge Männer kommandéiert, si sollten ophalen, hiert Blutt ze vergéissen.