Scriptures
Alma 50


50. Kapitel

De Moroni befestegt d’Länner vun den Nephiten—Si baue vill nei Stied—Kricher an Zerstéierungen hunn d’Nephiten an den Deeg vun hirer Béist an Abscheilechkeete getraff—De Morianton an seng Dissidente verléieren duerch den Teankum—Den Nephihah stierft, a säi Jong Pahoran iwwerhëlt de Riichterstull. Ongeféier 72–67 v. Chr.

1 An elo huet et sech erginn: De Moroni huet net mat de Virbereedunge fir de Krich opgehalen, nämlech fir säi Vollek géint d’Lamaniten ze verdeedegen; well hien huet gemaach, datt seng Arméien am Ufank vum zwanzegste Joer vun der Regierung vun de Riichter domadder ugefaangen hunn, ronderëm all Stied am ganze Land, dat d’Nephiten a Besëtz haten, Kéip Buedem opzewerfen.

2 An uewen op de Réck vun dëse Kéip huet hien Holz setze gelooss, jo, Holzkonstruktioune bis op d’Héicht vun engem Mann ronderëm d’Stied huet hien opriichte gelooss.

3 An hien huet gemaach, datt een op dësen Holzkonstruktiounen eng Struktur Clôturespottoen op dem Holz ronderëm erriicht huet; a se ware staark an héich.

4 An hien huet Tierm opriichte gelooss, fir dës Clôturen ze iwwerblécken, an hien huet op dësen Tierm Befestegunge baue gelooss, sou datt d’Steng an d’Feiler hinnen näischt zum Onwee maache konnten.

5 A si ware virbereet, vun do uewe Steng ze schleideren, wéi et hinne gefall huet a wéi si Kraaft haten, a jiddwereen ëmzebréngen, dee versiche géif, de Kéip ronderëm d’Stied no ze kommen.

6 Esou huet de Moroni Stëtzpunkte géint d’Komme vun de Feinde virbereet, ronderëm jiddwer Stad am ganze Land.

7 An et huet sech erginn: De Moroni huet seng Arméien an déi ëstlech Wüüst eraus zéie gelooss, jo, a si sinn hi gezunn an hunn all Lamaniten, déi an der ëstlecher Wüüst waren, an hir eege Länner zeréck gejot, déi sech südlech vum Land Zarahemla befonnt hunn.

8 An d’Land Nephi ass an enger riichter Linn vum ëstleche Mier zum westleche verlaf.

9 An et huet sech erginn: Wéi de Moroni all Lamaniten aus der ëstleche Wüüst verjot hat, déi am Norde vun hirem eegene Besëtz louch, huet hien d’Awunner, déi am Land Zarahemla an am Land ronderëm waren, an déi ëstlech Wüüst zéie gelooss, jo, an dat Gebitt un der Mieresküst, fir d’Land a Besëtz ze huelen.

10 An hien huet och Arméien an de Süde verluet, un d’Grenze vun hirem Besëtz, an huet si Befestegungen opriichte gelooss, fir datt hir Arméien an hiert Vollek virun den Hänn vun hire Feinde geschützt wieren.

11 An esou huet hien all Stëtzpunkt vun de Lamaniten an der ëstleche Wüüst ofgeschnidden, jo, an och am Westen, andeems hien d’Linn tëschent den Nephiten an de Lamaniten, tëschent dem Land Zarahemla an dem Land Nephi, vum westleche Mier aus, laanscht den Ursprong vum Floss Sidon, befestegt huet—well d’Nephiten haten all Land am Norden, jo all Land, nërdlech vum Land Iwwerfloss, a Besëtz, wéi et hinne gefall huet.

12 Esou huet de Moroni, mat sengen Arméien, déi deeglech gewuess sinn, well seng Wierker hinne Sécherheet bruecht hunn, versicht, d’Stäerkt an d’Muecht vun de Lamanite vun de Länner vun hirem Besëtz ewechzehuelen, sou datt si keng Muecht méi iwwer déi Länner hätten, déi hinne gehéiert hunn.

13 An et huet sech erginn: D’Nephiten hunn ugefaangen, de Grond fir eng Stad ze leeën, a si hunn d’Stad Moroni genannt; a se war am ëstleche Mier; a se louch am Süden un der Linn vum Besëtz vun de Lamaniten.

14 A si hunn och ugefaangen, de Grond ze leeë fir eng Stad tëschent der Stad Moroni an der Stad Aaron, uschléissend un d’Gebitt vun Aaron a Moroni; an déi Stad an dat Land hunn si Nephihah genannt.

15 An am selwechte Joer hunn si och ugefaangen, vill Stied am Norden ze bauen, eng op eng besonnesch Weis, déi si Lehi genannt hunn, a se louch am Norden am Grenzgebitt un der Mieresküst.

16 An esou ass dat zwanzegst Joer op en Enn gaangen.

17 An an dësen avantagéisen Ëmstänn huet sech d’Vollek Nephi am Ufank vum eenanzwanzegste Joer vun der Regierung vun de Riichter befonnt.

18 An et ass hinne ganz wuel ergaangen, a si si ganz räich ginn; jo, a si si méi ginn a goufe ganz staark am Land.

19 An esou gesi mir, wéi baarmhäerzeg a gerecht alles ass, wat den Här mécht, deen de Mënschekanner all seng Wierder erfëllt; jo, mir kënne gesinn, datt seng Wierder wouer ginn, souguer an dëser Zäit, wou hien zum Lehi gesprach huet, nämlech:

20 Geséint bass du an deng Kanner; a si solle geséint sinn, well wann si meng Geboter halen, wäert et hinne wuel ergoen am Land. Mee denk dorunner, wann si meng Geboter net halen, wäerten si aus der Géigewaart vum Här ewech geholl ginn.

21 A mir gesinn, datt sech dës Verheeschunge fir d’Vollek Nephi erfëllt hunn; well et waren hir Differenzen a Streidereien, jo, hiert Morden a Klauen, hirer Idolatrie an hiert Houeren an hir Abscheilechkeeten, déi ënnert hinnen ze fanne waren, wouduerch d’Kricher a Vernichtungen iwwert si bruecht gouf.

22 An déijéineg, déi am Hale vun de Geboter vum Här trei waren, goufen zu allen Zäite befreit, wärend Dausende vun hire béise Bridder an d’Sklaverei gefouert goufen oder datt si duerch d’Schwäert ëmkomm sinn oder an Onglawe verfall sinn a sech mat de Lamanite vermëscht hunn.

23 Mee kuckt, et gouf ënnert dem Vollek Nephi zënter den Deeg vum Nephi nimools eng méi glécklech Zäit ewéi an den Deeg vum Moroni, jo, nämlech zu dëser Zäit am eenanzwanzegste Joer vun der Regierung vun de Riichter.

24 An et huet sech erginn: Och dat zweeanzwanzegst Joer vun der Regierung vun de Riichter ass a Fridden op en Enn gaangen; jo, an och dat dräianzwanzegst Joer.

25 An et huet sech erginn: Am Ufank vum véieranzwanzegste Joer vun der Regierung vun de Riichter wär och Fridden ënnert dem Vollek Nephi gewiescht, hätt et net ënnert hinnen ee Sträit ginn a Bezuch op d’Land Lehi an d’Land Morianton, dat un d’Gebitt vu Lehi ugeschloss huet; béid awer waren am Grenzgebitt un der Mieresküst.

26 Well kuckt, d’Vollek, dat d’Land Morianton bewunnt huet, huet een Deel vum Land Lehi beusprocht; dofir huet een hëtzege Sträit ënnert hinnen ugefaangen, esou schlëmm, datt d’Vollek Morianton d’Waffe géint seng Bridder erhuewen huet, a si waren entschloss, si mam Schwäert ëmzebréngen.

27 Mee kuckt, d’Vollek, dat d’Land Lehi bewunnt huet, ass zum Lager vum Moroni geflücht an huet sech un hie gewannt, fir Hëllef ze kréien; well kuckt, si waren net am Onrecht.

28 An et huet sech erginn: Wéi d’Vollek Morianton, dat vun engem Mann gefouert gouf, deem säin Numm Morianton war, bemierkt huet, datt d’Vollek Lehi zum Lager vum Moroni geflücht war, waren si ganz vill besuergt, d’Arméi vum Moroni kéint iwwert si kommen an si vernichten.

29 Dofir huet de Morianton hinnen un d’Häerz geluecht, si sollten an d’Land am Norde flüchten, dat vu grousse Waasser bedeckt war, an d’Land am Norden a Besëtz huelen.

30 A kuckt, si hätten dëse Plang ausgefouert (an dëst wär d’Ursaach vu vill Kräische gewiescht), mee kuckt, de Morianton war ee Mann vun heftegem Gemitt, dofir war hien op eng vu senge Servante rosen, ass iwwert hatt hiergefall an huet hatt vill geschloen.

31 An et huet sech erginn: Hatt ass fortgelaf an eriwwer an d’Lager vum Moroni komm an huet dem Moroni alles vun dëser Saach erzielt an och vun der Absicht, an d’Land am Norden ze flüchten.

32 Kuckt, d’Vollek, dat am Land Iwwerfloss war, oder éischter de Moroni, hat Angscht, datt si den Usiichte vum Morianton géifen nolauschteren an sech mat sengem Vollek verbannen, an esou géif hien dës Deeler vum Land a Besëtz huelen, wat d’Grondlag fir schwéier Konsequenze beim Vollek vum Nephi géif leeën, jo, Konsequenzen, déi zur Opléisung vun hirer Fräiheet féiere kéinten.

33 Dofir huet de Moroni eng Arméi mat sengem Lager erausgeschéckt, fir d’Vollek Morianton ze stellen, fir seng Flucht an d’Land am Norden opzehalen.

34 An et huet sech erginn, datt si se net gestoppt hunn, bis si op d’Grenze vum Land Verwüüstung komm sinn; an do hunn si se gestoppt, beim schmuele Passage, dee laanscht d’Mier an d’Land no Norde gefouert huet, jo, beim Mier, am Westen an am Osten.

35 An et huet sech erginn: Déi Arméi, déi vum Moroni geschéckt war a vun engem Mann gefouert gouf, deem säin Numm Teankum war, ass op d’Vollek Morianton getraff; an d’Vollek vum Morianton war esou tockskäppeg (well si ware vu senger Béist a vu senge schmeechleresche Wierder ugefeiert), datt tëschent hinnen ee Kampf ugefaangen huet, an deem den Teankum de Morianton ëmbruecht huet an iwwert seng Arméi gewonnen an et gefaange geholl huet; hien ass an d’Lager vum Moroni zeréck komm. An esou ass dat véieranzwanzegt Joer vun der Regierung vun de Riichter iwwer d’Vollek Nephi op en Enn gaangen.

36 An esou gouf d’Vollek Morianton zeréckbruecht. An nodeems si versprach haten, Fridden ze halen, goufen si erëm an d’Land Morianton bruecht, an tëschent hinnen an dem Vollek Lehi koum et zu engem Zesummeschloss; a si hunn och hir Lännereien zeréck kritt.

37 An et huet sech erginn: Am selwechte Joer hat d’Vollek Nephi säi Fridden zeréck gewonnen, an den Nephihah, den zweeten ieweschte Riichter, ass gestuerwen, nodeems hien de Riichterstull vollkommen ouni Reprochë viru Gott gehalen hat.

38 Mee hat hien et dem Alma ofgeschloen, d’Opzeechnungen a Géigestänn a Besëtz ze huelen, déi vum Alma a senge Pappen als héich helleg geuecht goufen; dofir hat den Alma se sengem Jong Helaman iwwerdroen.

39 Kuckt, et huet sech erginn, datt de Jong vum Nephihah bestëmmt gouf, fir de Riichterstull am Plaz vu sengem Papp ze iwwerhuelen; jo, hien ass zum Ieweschte Riichter an zum Gouverneur iwwer d’Vollek ernannt ginn, mat engem Eed an enger helleger Veruerdnung, fir gerecht ze riichten, de Fridden an d’Fräiheet vum Vollek ze erhalen, hinnen hir helleg Privileegien ze ginn, fir den Här hire Gott unzebieden, jo, d’Saach vu Gott säi ganzt Liewen ze ënnerstëtzen an ze erhalen, an déi Béis, jee no Verbriechen, viru Geriicht ze bréngen.

40 Mee kuckt, säin Numm war Pahoran. An de Pahoran huet sengem Papp säi Stull ageholl a seng Regierung iwwer d’Vollek Nephi géint der Enn vum véieranzwanzegste Joer ugefaangen.