13. Kapitel
Männer gi wéinst hirem aussergewéinleche Glawen a gudde Wierker als Hohepriister beruff—Si sollen d’Geboter enseignéieren—Duerch Gerechtegkeet ginn si gehellegt a kommen an d’Rou vum Här eran—De Melchisedek war ee vun dësen—Engele verkënnegen d’Freed am ganze Land—Si wäerten d’tatsächlecht Komme vum Christus verkënnegen. Ongeféier 82 v. Chr.
1 A weider, meng Bridder, géif ech gär är Gedanken no vir op déi Zäit lenken, wou den Här Gott senge Kanner dës Geboter ginn huet; an ech hätt gären, datt dir dorunner denkt, datt den Här Gott Priister veruerdent huet no senger helleger Uerdnung, déi no der Uerdnung vu sengem Jong ass, fir dem Vollek ze priedegen.
2 An dës Priister goufen no der Uerdnung vu sengem Jong veruerdent, an zwar esou, datt d’Vollek doduerch wësse konnt, op wéi eng Weis si no sengem Jong auskucke sollte wéinst der Erléisung.
3 An dëst ass d’Aart a Weis, wéi si veruerdent goufen—si goufe vun der Grënnung vun der Welt u beruff a virbereet, nom Virwësse vu Gott, wéinst hirem aussergewéinleche Glawen a gudde Wierker; als éischt goufen si iwwerlooss fir Gutt oder Béis ze wielen; dofir, nodeems si Gutt gewielt hunn an aussergewéinlech grousse Glawen ausgeüübt hunn, ginn si mat enger helleger Beruffung beruff, jo, mat där helleger Beruffung, déi mat an no enger virbereedender Erléisung fir sou Leit virbereet gouf.
4 An esou sinn si wéinst hirem Glawen zu dëser hellege Beruffung beruff ginn, wärend anerer de Geescht vu Gott wéinst der Häert vun hirem Häerz an der Blannheet vun hirem Verstand verworf hunn, obwuel si, wann dat net gewiescht wier, déi selwecht grouss Privileegien hätte kënne hu wéi hir Bridder.
5 Oder besser gesot, si ware fir d’éischt op der selwechter Plaz wéi hir Bridder; sou gouf dës helleg Beruffung vun der Grënnung vun der Welt u virbereet fir déi, déi hir Häerzer net verhäerten, well se an an duerch d’Versönung vum Eenzege Gebuerene Jong war, dee virbereet gouf—
6 An esou sinn si zu dëser helleger Beruffung beruff an zum Héije Priistertum vun der hellegen Uerdnung Gottes veruerdent, fir de Mënschekanner seng Geboter ze priedegen, sou datt och si a seng Rou agoe kënnen—
7 Dëst Héicht PPriistertum ass no der Uerdnung vu sengem Jong, an dës Uerdnung besteet vun der Fondatioun vun der Welt un; oder mat anere Wierder, et ass ouni Ufank vun den Deeg an Enn vun de Joren, well et ass prett gemaach vun Éiwegkeet bis an all Éiwegkeet no sengem Virwëssen an allem—
8 A si goufen op dës Weis veruerdent—si goufe mat enger helleger Beruffung beruff a mat enger helleger Veruerdnung veruerdent an hunn dat Héicht Priistertum vun der helleger Uerdnung op sech geholl, an dës Beruffung an dëst Héich Priistertum ass ouni Ufank oder Enn—
9 sou ginn si Hohepriister fir ëmmer no der Uerdnung vum Jong, den Eenzege Gebuerene vum Papp, deen ouni Ufank vun den Deeg an ouni Enn vun de Joren ass, dee voller Gnod, Gerechtegkeet a Wourecht ass. An esou ass et. Amen.
10 Wéi ech elo vun der hellegen Uerdnung vun dësem Héije Priistertum gesot hunn, huet et där vill ginn, déi veruerdent ginn an Hohepriister Gottes gi sinn; an dëst ass geschitt opgrond vun hirem immens grousse Glawen an hirer Ëmkéiert an hirer Gerechtegkeet viru Gott; well si wollte léiwer ëmkéieren a Gerechtegkeet bewierke wéi ëmkommen;
11 dofir goufen si no dëser hellegen Uerdnung beruff, a si goufe gehellegt, an hir Kleeder goufen duerch d’Blutt vum Lämmche wäiss gewäsch.
12 Nodeems si also duerch den Hellege Geescht gehellegt gi waren, andeems si hir Kleeder hate wäiss maache loossen a viru Gott reng an ouni Flecken do stoungen, konnten si nëmme mat Eekel op Sënd blécken; an et sinn där vill ginn, immens vill, déi reng gemaach goufen an an d’Rou vum Här, hirem Gott, eragaange sinn.
13 An elo, meng Bridder, hätt ech gären, datt dir iech viru Gott humiliéiert a Fruucht ervirbréngt, déi der Ëmkéiert entsprécht, fir dat och dir an dës Rou eragoe kënnt.
14 Jo, humiliéiert iech genausou ewéi dat Vollek an den Deeg vum Melchisedek, deen och een Hohepriister no derselwechter Uerdnung war, vun där ech gesprach hunn, deen och dat Héicht Priistertum fir ëmmer op sech geholl huet.
15 An et war deeselwechte Melchisedek, deem den Abraham den Zéngte bezuelt huet; jo, eise Papp Abraham huet als Zéngten den zéngten Deel vu sengem ganze Besëtz bezuelt.
16 Elo goufen dës Veruerdnungen op dës Manéier ginn, fir datt sech d’Leit doduerch op de Jong vu Gott freeë kéinten, well et eng Duerstellung vu senger Uerdnung war, oder et war seng Uerdnung, an dëst, fir datt si sech op hien an op d’Verzeiung vun hire Sënde freeë kéinten, fir datt si an d’Rou vum Här kéinte kommen.
17 Dëse Melchisedek awer war ee Kinnek iwwer d’Land Salem, a säi Vollek hat staark zougeholl un Ongerechtegkeeten an un Abscheilechkeeten; jo, si waren alleguerte falsch Weeër gaangen, a si ware voll vun allerhand Béist.
18 Mee de Melchisedek huet mächtege Glawen ausgeüübt an huet d’Amt vun dem Héije Priistertum no der hellegen Uerdnung Gottes empfaangen; hien huet sengem Vollek Ëmkéiert gepriedegt. A kuckt, si sinn ëmgekéiert; an de Melchisedek huet an deem Land zu senger Zäit Fridden opgeriicht; dofir gouf hie Prënz vum Fridde genannt, well hie war de Kinnek vu Salem; an hien huet ënnert sengem Papp regéiert.
19 Et goufen der vill virun him an och vill no him, mee kee war méi grouss; dofir huet hie besonnesch Erwänung fonnt.
20 Elo brauch ech déi Saach net ze widderhuelen; wat ech gesot hunn, soll duergoen. Kuckt, d’Schrëft léit virun iech; wann dir se entstellt, sou wäert dës zu ärer eegener Vernichtung sinn.
21 Et huet sech awer erginn: Wéi den Alma dës Wierder zu hinne gesprach hat, huet hien seng Hand zu hinnen ausgestreckt an huet mat mächteger Stëmm geruff, nämlech: Elo ass déi Zäit, ëmzekéieren, well den Dag vun der Errettung kënnt no erbäi;
22 Jo, an d’Stëmm vum Här verkënnegt hien duerch de Mond vun Engelen allen Natiounen; jo, se verkënnegt hien, fir dat d’Mënsche frou Noriicht vu grousser Freed hätten; jo, an hie léisst dës frou Noriicht ënnert all sengem Vollek verkënnegen, jo, och deenen, déi iwwer d’Uewerfläch vun der Äerd wäit hi verstreet sinn; dofir ass se un eis gaangen.
23 An se gëtt eis kloer bekannt gemaach, fir datt mir verstoe kënnen, datt mir eis net iere kënnen; an dat, well mir an engem frieme Land wanderen; dofir si mir sou héich begënschtegt, well dës gutt Noriicht eis an allen Deeler vun eisem Wéngert verkënnegt gëtt.
24 Well kuckt, Engele verkënnegen se zu dëser Zäit villen an eisem Land, an dëst zu deem Zweck, datt de Mënschekanner d’Häerz prett gemaach gëtt, säi Wuert dann ze empfänken, wann hien a senger Herrlechkeet kënnt.
25 An elo waarde mir nëmmen nach, déi freedeg Noriicht vu sengem Kommen ze héieren, wéi se eis duerch de Mond vun den Engele verkënnegt gëtt; well déi Zäit kënnt, a mir wëssen net, wéi schnell. Wëll Gott, datt et a mengen Deeg sief; mee sief et och méi fréi oder méi spéit, ech wëll mech doropper freeën.
26 An et soll gerechten an hellege Männer duerch de Mond vun Engelen zur Zäit vu sengem Komme bekannt gemaach ginn, fir datt d’Wierder vun eise Pappen erfëllt ginn, no deem wat si iwwert hie gesot hunn, wat nom Geescht vun der Prophezeiung war, deen an hinne war.
27 An elo, meng Bridder, wënschen ech mir vum déifsten Deel vu mengem Häerz, jo, mat grousser Suerg bis zur Péng, datt dir op meng Wierder lauschtert, är Sënden ofleet, an den Dag vun ärer Ëmkéiert net verréckelt;
28 Mee datt dir iech virum Här erniddregt, säin hellegen Numm urufft, a stänneg wakereg sidd a biet, fir datt dir net iwwert är Kräften eraus versicht gitt, an esou vum Hellege Geescht geleet gitt, andeems dir bescheiden, duuss, ënnerworf, gedëlleg, voller Léift a ganz tolerant gitt;
29 andeems dir feste Glawen un den Här hutt, andeems dir d’Hoffnung hutt, datt dir éiwegt Liewen empfänkt, andeems dir d’Léift vu Gott ëmmer am Häerzen hutt, sou datt dir um leschten Dag héich gehuewe gitt an a seng Rou eragoe kënnt.
30 A géif den Här iech Ëmkéiert erlaben, fir dat dir net seng Roserei iwwert iech bréngt, fir dat dir net duerch d’Kette vun der Hell nidder gekett gitt, fir dat dir net den zweeten Doud erleit.
31 An den Alma huet vill weider Wierder zum Vollek gesprach, déi awer an dësem Buch net niddergeschriwwe sinn.