54. Kapitel
Den Ammoron an de Moroni verhandelen iwwert den Austausch vu Gefaangenen—De Moroni verlaangt, datt d’Lamaniten sech zeréckzéien a mat hire mäerdereschen Attacken ophalen—Den Ammoron verlaangt, datt d’Nephiten hir Waffen nidderleeën an sech de Lamaniten ënnerwerfen. Ongeféier 63 v. Chr.
1 An elo huet et sech erginn: Um Ufank vum nénganzwanzegste Joer vun der Regierung vun de Riichter huet den Ammoron zum Moroni geschéckt an huet gewënscht, d’Gefaangener auszetauschen.
2 An et huet sech erginn: De Moroni huet eng iwwergrouss Freed bei dësem Wonsch gefillt, well hie wollt dat Iessen, dat fir den Ënnerhalt vun de lamanitesche Gefaangener geholl gouf, fir den Ënnerhalt vu sengem eegene Vollek hunn; an hie wollt och säin eegent Vollek als Verstäerkung fir seng Arméi hunn.
3 D’Lamaniten awer hate vill Fraen a Kanner geholl, an et goufen ënnert alle Gefaangener vum Moroni, nämlech ënnert de Gefaangener, déi de Moroni gemaach hat, net eng Fra an net ee Kand; dofir huet sech de Moroni zu enger Strategie entschloss, fir vun de Lamanite méiglechst vill gefaangen Nephiten ze kréien.
4 Dofir huet hien eng Epistel geschriwwen an huet en duerch dem Ammoron säi Kniecht, deselwechten, deen eng Epistel zum Moroni bruecht hat, zeréckgeschéckt. An dëst sinn d’Wierder, déi hien un den Ammoron geschriwwen huet, nämlech:
5 Kuck, Ammoron, ech hunn dir e puer Saachen iwwer dëse Krich geschriwwen, deen s du géint mäi Vollek gefouert hues, oder villméi, deen däi Brudder géint et gefouert huet an deen s du nach no sengem Doud weider ze féieren nach ëmmer entschloss bass.
6 Kuck, ech wëll dir eppes iwwer d’Gerechtegkeet Gottes an d’Schwäert vu senger allmächteger Roserei soen, dat iwwert dir hänkt, ausser du üübs Ëmkéiert an zitts deng Arméien an däin eegent Land oder an äre Besëtz zeréck, nämlech d’Land Nephi.
7 Jo, ech géif dir dovunner erzielen, wann s du amstand wäers, dorobber ze héieren; jo, ech géif dir vun där fuerchtbaren Hell erzielen, déi dorobber waart, esou Mäerder opzehuelen, wéi s du an däi Brudder et gewiescht sidd, ausser du üübs Ëmkéiert a gëss deng mäerderesch Absichten op, a kéiers mat dengen Arméien an däin eegent Land zeréck.
8 Mee wou s du dat schonn eng Kéier verworf a géint d’Vollek vum Här gekämpft hues, kann ech wuel erwaarden, datt s du dat nach eng Kéier maache wäerts.
9 An elo kuck, mir si bereet, iech ze empfänken; jo, a wann s du deng Absicht net opgëss, kuck, sou wäert dir d’Roserei vun deem Gott erofzéien, deen s du verworf hues, jo, bis zu ärer vëlleger Vernichtung.
10 Mee esou wouer den Här lieft, wäerten ons Arméien iwwert iech kommen, ausser dir zitt iech zeréck, an dir wäert séier mam Dout heem gesicht ginn, well mir wäerten ons Stied a Länner erëm kréien; jo, a mir wäerten ons Relioun an d’Saach vun eisem Gott behaapten.
11 Mee kuck, ech denken, ech schwätze fir näischt mat dir doriwwer; oder ech denken, du bass ee Kand vun der Hell; dofir wëll ech mäin Epistel schléissen, andeems ech dir soen, datt ech d’Gefaangener net austausche wäert, ausser et geschitt ënnert der Bedingung, datt dir fir jiddwer Gefaangenen ee Mann a seng Fra a seng Kanner fräi gitt. Wann dir dat maacht, wäert ech austauschen.
12 A kuck, wann s du dat net méchs, sou wäert ech mat mengen Arméie géint iech zéien; jo, ech wäert souguer meng Fraen a Kanner bewaffnen a géint iech zéien, an ech wäert iech bis an äert eegent Land verfollegen, dat d’Land vun eiser éischter Ierfschaft ass; jo, an esou wäert et sinn: Blutt ëm Blutt, jo, Liewen ëm Liewen; an ech wäert iech bekämpfen, bis dir vun der Uewerfläch vun der Äerd zerstéiert sidd.
13 Kuck, Roserei huet mech an och mäi Vollek erfaasst; dir hutt gesicht, eis ze ermorden, a mir hunn nëmme gesicht, eis ze verdeedegen. Mee kuck, wann dir duerno sicht, ons nach weider ze vernichten, wäerte mir duerno sichen, iech ze vernichten; jo, a mir wäerten no eisem Land truechten, deem Land vun eiser éischter Ierfschaft.
14 Elo schléissen ech meng Epistel. Ech sinn de Moroni; ech sinn ee Führer vum Vollek vun den Nephiten.
15 Elo awer huet et sech erginn: Wéi den Ammoron dës Epistel kritt huet, ass hie rose ginn; an hien huet eng weider Epistel un de Moroni geschriwwen, an dës sinn d’Wierder, déi hie geschriwwen huet, nämlech:
16 Ech sinn den Ammoron, de Kinnek vun de Lamaniten; ech sinn de Brudder vum Amalikkja, deen dir ermort hutt. Kuck, ech wäert säi Blutt un iech rächen, jo, an ech wäert mat mengen Arméien iwwert iech kommen, well ech fäerten är Menacen net.
17 Well kuck, är Pappen hunn hire Bridder Onrecht gemaach, andeems si si hirer Rechter op d’Regierung beklaut hunn, wou hinnen dëst awer dem Recht no zougestanen hunn.
18 An elo kuck, wann dir är Waffen nidderleet an iech ënnerwerfe wëllt, fir vun deene regéiert ze ginn, deenen d’Regierung dem Recht no zousteet, da wäert ech maachen, datt mäi Vollek d’Waffen nidderleet a sech net méi am Krichszoustand befënnt.
19 Kuck, dir hutt vill Menacë géint mech a mäi Vollek ausgestouss; mee kuck, mir fäerten är Menacen net.
20 Mee wëll ech no denger Demande den Austausch vun de Gefaangene gären erlaben, fir datt ech d’Iesse fir meng Krichsleit behalen; a mir wäerten ee Krich féieren, deen éiweg wäert sinn, sou datt d’Nephiten entweder eiser Autoritéit ënnerworf oder fir éiweg ausgerott wäerte sinn.
21 Wat awer dee Gott betrëfft, vun deem dir sot, mir hätten dee verworf, kuck, sou kenne mir esou ee Wiesen net; an och dir kennt et net; mee wann et esou eppes gëtt, sou wësse mir nëmmen, datt hien ons genausou gemaach huet ewéi iech.
22 A wann et een Däiwel gëtt an eng Hell—kuck, wäert hien dech dann net dohinner schécken, fir bei mengem Brudder ze wunnen, deen dir ermort hutt, vun deem dir ugedeit hutt, hie wier un esou een Uert gaangen? Mee kuck, dorobber kënnt et net un.
23 Ech sinn den Ammoron a sinn een Nokomm vum Zoram, deen är Pappe genéidegt an aus Jerusalem gefouert hunn.
24 An elo kuck, ech sinn ee couragéise Lamanit; kuck, dëse Krich ass gefouert ginn, fir hiert Onrecht ze rächen an hiert Recht op d’Regierung ze kréien an ze behaapten; an ech schléisse meng Epistel un de Moroni.