Scriptures
Alma 37


37. Kapitel

D’Placken aus Messeng an aner Schrëften si preservéiert bliwwen, fir Séilen zur Errettung ze bréngen—D’Jaredite goufe wéinst hirer Béist zerstéiert—Hir geheim Eeder an Allianze musse virum Vollek verstoppt ginn—Berot mam Här bei all ären Handlungen—Wéi de Liahona d’Nephite guidéiert huet, sou féiert d’Wuert vum Christus d’Mënschen zum éiwege Liewen. Ongeféier 74 v. Chr.

1 An elo, mäi Jong Helaman, bieden ech dech, d’Opzeechnungen ze iwwerhuelen, déi mir uvertraut sinn;

2 an ech bieden dech och, vun dësem Vollek ee Bericht ze féieren, wéi ech et och gemaach hunn, an zwar op dem Nephi senge Placken, an all dat, wat ech versuergt hunn, helleg ze halen, wéi ech et gemaach hunn; well et geschitt zu engem weisen Zweck, datt et versuergt gëtt.

3 An dës Placken aus Messeng, déi dës Gravuren enthalen, déi d’Opzeechnunge vun den hellege Schrëften drop hunn, déi d’Genealogie vun eise Virfaren hunn, souguer vun Ufank un—

4 kuck, et ass vun onse Pappe prophezeit ginn, datt se versuergt a vun enger Generatioun un déi aner iwwerreecht solle ginn an duerch d’Hand vum Här erhalen a beschützt bleiwen, bis se zu jiddwer Natioun, jiddwer Geschlecht, jiddwer Sprooch a jiddwer Vollek komm sinn, sou datt si déi doranner enthale Geheimnisser wësse wäerten.

5 An elo kuck, wann se versuergt ginn, sou mussen se hiren helle Glanz behalen; jo, a se wäerten hiren helle Glanz behalen; jo, dëst wäert och mat all Placken esou sinn, déi dat enthalen, wat helleg Schrëft ass.

6 Elo géift dir vläicht mengen, dëst wier geckeg vu mir; mee kuckt, ech soen iech: Duerch Klenges an Einfaches wäert Grousses entstoen; an a ville Fäll verwiere kleng Mëttel d’Weisen.

7 An den Här Gott schafft mat bestëmmte Mëttel, fir seng grouss an éiweg Zwecker ze erfëllen; an duerch ganz kleng Mëttel verwiert den Här d’Weisen a bréngt d’Rettung vu ville Séilen zu Wee.

8 An elo war et bis elo Weisheet bei Gott, datt dës Saache preservéiert goufen; well kuckt, si hunn d’Gediechtnes vun dësem Vollek vergréissert, jo, an der vill vum Feeler vun hire Weeër iwwerzeegt, an si zum Wësse vun hirem Gott bruecht, fir d’Rettung vun hire Séilen.

9 Jo, ech soen iech: Wär et net dowéinst, wat d’Opzeechnungen enthalen, déi op dëse Placke stinn, sou hätten den Ammon a seng Bridder et net Dausende vu Lamaniten zu Bewosstsinn brénge kënnen, datt d’Traditioune vun hire Pappen net richteg sinn; jo, dës Opzeechnungen an hir Wierder hunn si zur Ëmkéiert bruecht, dat heescht, si hunn si dohinner bruecht, datt si den Här, hire Gott, erkennen an datt si sech um Jesus Christus, hirem Erléiser, freeën.

10 A wie weess, ob dat net d’Mëttel sinn, fir vill Dausende vun hinnen, jo, an och vill Dausende vun eisen tockskäppege Bridder, den Nephiten, déi elo hir Häerzer a Sënd an an Ongerechtegkeete verhäerten, zum Wësse vun hirem Erléiser ze bréngen?

11 Dës Geheimnisser awer si mir nach net vëlleg gewise ginn; dofir wäert ech dovunner ofgesinn.

12 An et geet mir duer, ze soen, datt se zu engem weisen Zweck versuergt sinn, an dësen Zweck ass Gott bekannt; well hie beréit mat Weisheet iwwert all senge Wierker, a seng Weeër si riicht, a seng Bunn ass déiselwecht éiweg Ronn.

13 O denk dorunner, denk dorunner, mäi Jong Helaman, wéi streng a genau d’Geboter Gottes sinn. An hien huet gesot: Wann dir meng Geboter haalt, da wäert et iech am Land gutt goen—awer wann dir seng Geboter net haalt, da gitt dir vu senger Géigewaart ausgeschloss.

14 An elo denk dorunner, mäi Jong, datt Gott dir dat uvertraut huet, wat helleg ass, wat hien helleg gehalen huet a wat hie fir ee weisen Zweck, deen hie weess, erhalen a versuerge wäert, fir datt hie kënftege Generatiounen seng Muecht weise kann.

15 An elo kuck, ech soen dir mam Geescht vun der Prophezeiung: Wann s du d’Geboter Gottes iwwertrëts, kuck, da wäert dir dat, wat helleg ass, duerch d’Muecht Gottes ewech geholl ginn, an du gëss dem Satan iwwerginn, fir datt hien dech aussënnert ewéi d’Spree virum Wand.

16 Wann s du awer d’Geboter Gottes häls a mat deem, wat helleg ass, esou méchs, wéi den Här et dir kommandéiert (well du muss dech an allem, wat s du domadder ze maachen hues, un den Här wennen), kuck, da ka keng Muecht vun der Äerd oder vun der Hell et dir huelen, well Gott ass mächteg, all seng Wierder ze erfëllen.

17 Well hie wäert all seng Verheeschungen erfëllen, déi hien dir mécht; well hien huet seng Verheeschungen erfëllt, déi hien denge Pappe gemaach huet.

18 Well hien huet hinne versprach, hie wäert dëst hei zu engem weisen Zweck, deen him dénglech ass, preservéieren, fir datt hie kënftege Generatiounen seng Muecht weise kann.

19 An elo kuck, een Zweck huet hien erfëllt, jo, andeems hie villen Dausende vu Lamaniten zum Wësse vun der Wourecht zeréck gewonnen huet; an hien huet doranner seng Muecht gewisen, an hie wäert och kënftege Generatiounen seng Muecht doranner nach weisen; dofir wäert et versuergt bleiwen.

20 Dofir kommandéieren ech dir, mäi Jong Helaman, an der Erfëllung vun all menge Wierder fläisseg ze sinn an am Hale vun de Geboter Gottes, wéi se geschriwwe sinn, fläisseg ze sinn.

21 Elo wëll ech zu dir iwwer dës véieranzwanzeg Placke schwätzen, fir datt s du se versuergs, fir datt d’Geheimnisser an d’Wierker vun der Däischtert, an hir geheim Wierker, nämlech déi geheim Wierker vun deene Vëlker, déi vernicht goufen, dësem Vollek manifestéiert ginn; jo, all hiert Morden a Klauen a Stielen an all hir Béist an hir Abscheilechkeete géifen dësem Vollek gewise ginn; jo, a fir datt s du dës Interprete versuergs,

22 Well kuck, den Här huet gesinn, datt säi Vollek ugefaangen huet, am Däischteren ze wierken, jo, geheim Morden a Grujelen ze wierken; dofir sot den Här, wann si net ëmkéieren, wäerten si vum Äerdbuedem ewech vernicht ginn.

23 An den Här sot: Ech wäert mengem Dénger Gazelem e Stee virbereeden, deen an der Däischtert zum Liicht schénge soll, fir datt ech mengem Vollek, dat mir déngt, opdecke kann, fir datt ech hinnen d’Wierker vun hire Bridder opdecke kann, jo, hir geheim Wierker, hir Wierker vun der Däischtert, an hir Béist an hir Abscheilechkeeten.

24 An elo, mäi Jong, dës Interprete si prett gemaach ginn, fir datt sech d’Wuert vu Gott erfëllt, dat hie gesprach huet, nämlech:

25 Ech bréngen all hir geheim Wierker an hir Abscheilechkeeten aus der Däischtert un d’Liicht; an ausser si kéieren ëm, wäert ech si vun der Uewerfläch vun der Äerd zerstéieren; an ech bréngen all hir Geheimnisser an Abscheilechkeeten un d’Liicht fir all Natioun, déi d’Land spéider besëtze wäert.

26 Elo awer, mäi Jong, gesi mir, datt si net ëmgekéiert sinn; dofir sinn si vernicht ginn, an esou wäit ass d’Wuert vu Gott erfëllt ginn; jo, hir geheim Abscheilechkeete sinn aus der Däischtert bruecht an eis gewise ginn.

27 An elo, mäi Jong, befeelen ech dir, datt s du all hir Eeden, hir Allianzen a Verträg festhäls, déi si an hire geheimen Abscheilechkeete gemaach hunn; jo, an all hir Zeechen a Wonner solls de virun dësem Vollek verstoppt halen, fir datt si se net kennen, soss kéinten si och an d’Däischtert falen an zerstéiert ginn.

28 Well kuck, iwwert dem ganze Land läit ee Fluch, nämlech datt iwwert all dës, déi am Däischtere wierken, Vernichtung komme wäert, no der Muecht Gottes, wann si ganz räif gi sinn; dofir wënschen ech, datt dëst Vollek net vernicht géif ginn.

29 Dofir solls du déi geheim Pläng vun hiren Eeden an Allianzen dësem Vollek virenthalen an hinnen nëmmen hir Béist an hir Morden an hir Abscheilechkeete bekannt maachen; an du solls et och enseignéieren, esou Béist an esou Abscheilechkeeten ze haassen; an du solls et och enseignéieren, datt dës Mënsche wéinst hirer Béist an hiren Abscheilechkeeten a Morden zerstéiert goufen.

30 Well kuck, si hunn all Prophete vum Här ermort, déi zu hinne komm sinn, fir hinnen a Bezuch op hir Ongerechtegkeeten ze priedegen; an d’Blutt vun deenen, déi si ermort hunn, huet zum Här, zu hirem Gott, no Vergeltung un déijéineg gejaut, déi hir Mäerder waren; an esou ass d’Strofgeriicht Gottes iwwer déi komm, déi am Däischtere wierken, an och iwwer dës geheim Verbindungen.

31 Jo, a verflucht soll d’Land fir ëmmer an ëmmer deenen, déi am Däischtere wierken, an de geheime Verbindungen, jo, bis zur Vernichtung, ausser si kéieren ëm, bevir si ganz räif gi sinn.

32 An elo, mäi Jong, denk un déi Wierder, déi ech zu dir gesprach hunn; vertrau dësem Vollek net déi geheim Pläng un, mee enseignéier si éiwegen Haass géint Sënd an Ongerechtegkeeten.

33 Priedeg hinnen Ëmkéiert an de Glawen un den Här Jesus Christus; enseignéier si, sech ze humiliéieren an duuss an am Häerze bescheiden ze sinn; enseignéier si, mat hirem Glawen un den Här Jesus Christus jiddwer Versuchung vum Däiwel ze widderstoen.

34 Léier si, de gudde Wierker nimools midd ze ginn, mee duuss an am Häerze bescheiden ze sinn; well esou ee wäert Rou fanne fir seng Séil.

35 O denk dorunner, mäi Jong, a léier Weisheet an denger Jugend; jo, léier an denger Jugend, d’Geboter Gottes ze halen.

36 Jo, a ruff Gott u fir all deng Ënnerstëtzung; jo, all deng Dote solle fir den Här sinn, an iwwerall wou s du gees, looss et am Här geschéien; jo, all deng Gedanke sollen op den Här geriicht sinn; jo, d’Léift vun dengem Häerz soll fir ëmmer op den Här geriicht sinn.

37 Berot dech mam Här an allem, wat s du méchs, an hie wäert dech zum Gudde lenken; jo, a wann s du dech zur Nuecht nidderlees, sou lee dech nidder am Här, fir datt hien an dengem Schlof iwwer dech waacht; a wann s du dech mueres erhiefs, sou looss däin Häerz vun Dank erfëllt si géint Gott; a wann s du dat alles méchs, wäerts du um leschten Dag erop gehuewe ginn.

38 An elo, mäi Jong, hunn ech eppes ze soen iwwer dat, wat eis Pappen e Ball oder eng Direktioun nennen—oder eis Pappen hunn et Liahona genannt, wat, iwwersat, e Kompass bedeit; an den Här huet et virbereet.

39 A kuck, kee Mënsch kann eppes an esou eegenaarteger Weis ufäerdegen. An kuckt, et war virbereet fir eise Pappen de Wee ze weisen, deen si an der Wüüst goe sollten.

40 An en huet fir si geschafft nom Glawen, deen si u Gott haten; wann si also de Glawen haten, doropper ze vertrauen, datt Gott dës zwou Spëndelen dohinner weise loosse konnt, wouhinner si goe sollten, kuck, dann ass et esou geschitt; dofir gouf fir si dës Wonner, genausou ewéi vill aner Wonner, duerch d’Muecht Gottes Dag fir Dag bewierkt.

41 Mee ebe well dës Wonnerdote mat klenge Mëttele bewierkt goufen, huet hinnen dat wonnerbar Wierker reveléiert. Si ware liddereg an hu vergiess, hire Glawen an hire Fläiss auszeüben, an dunn hunn dës wonnerbar Wierker opgehalen, a si koumen op hirer Rees net méi virun;

42 dofir waren si laang an der Wüüst oder hu kee riichte Wee méi geholl a goufe wéinst hiren Transgressioune vun Honger an Duuscht heemgesicht.

43 An elo, mäi Jong, hätt ech gären, dat s du verstees, datt dëst net ouni Niewesënn ass; well wann ons Pappe liddereg waren, dësem Kompass Beuechtung ze schenken (dëst awer war zäitlech), sou ass et hinnen net wuel ergaangen; a genausou ass et mat deem, wat geeschteg ass.

44 Well kuck, et ass genausou einfach, dem Wuert vum Christus Beuechtung ze schenken, dat dir ee riichte Wee zu éiweger Séilegkeet weist, wéi et fir eis Pappen einfach war, dem Kompass Beuechtung ze schenken, deen hinnen de riichte Wee an d’versprachent Land gewisen huet.

45 An elo soen ech, gëtt et keng Duerstellung an dëser Saach? Well genausou gewëss, wéi dëse Richtungsweiser eis Pappen, wann si sengem Wee nogaange sinn, an d’versprachent Land gefouert huet, wäerten d’Wierder vum Christus, wa mir hirem Wee noginn, eis iwwer dëst Dall vu Problemer ewech an ee wäit bessert Land vum Versprieche féieren.

46 O mäi Jong, looss ons net, well de Wee esou einfach ass, liddereg sinn; well esou war et mat onse Pappen; well esou war et fir si gemaach, datt si, wann si dohinner gebléckt hunn, liewe konnten, an esou ass et och mat ons. De Wee ass gemaach, a wa mir dohinner blécken, kënne mir liewe fir ëmmer.

47 An elo, mäi Jong, maach, dat s du dëst hei, wat helleg ass, gutt versuergs, jo, maach, dat s du op Gott blécks a liefs. Géi dohinner zu dësem Vollek a verkënneg d’Wuert, a sief seriö. Mäi Jong, maach et gutt.