Scriptures
Alma 59


59. Kapitel

De Moroni freet de Pahoran, fir dem Helaman seng Truppen ze stäerken—D’Lamaniten huelen d’Stad Nephihah an—De Moroni ass rose mat der Regierung. Ongeféier 62 v. Chr.

1 Elo huet et sech erginn, datt am drëssegste Joer vun der Regierung vun de Riichter iwwer d’Vollek vum Nephi, nodeems de Moroni dem Helaman säin Epistel kritt a gelies hat, hien sech aussergewéinlech gefreet huet wéinst dem Wuelstand, jo, dem aussergewéinleche Succès, deen den Helaman hat, fir déi Lännereien ze kréien, déi verluer gaange sinn.

2 Jo, an hien huet et all sengem Vollek am ganze Land ronderëm an deem Deel, wou hie war, bekannt gemaach, fir datt och si sech freeë sollten.

3 An et huet sech erginn: Hien huet direkt eng Epistel un de Pahoran geschéckt a gewënscht, hie géif Männer sammele loossen, fir den Helaman oder villméi d’Arméie vum Helaman ze verstäerken, fir datt hien deen Deel vum Land, wou et him gelonge war, et op esou wonnerbar Weis zeréckzegewannen, méi einfach behaapte kéint.

4 An et huet sech erginn: Wéi de Moroni dës Epistel an d’Land Zarahemla geschéckt hat, huet hien erëm ugefaangen, ee Plang ze faassen, fir datt hien och déi iwwreg Proprietéiten a Stied, déi hinne vun de Lamaniten ewech geholl gi waren, zeréckgewanne kéint.

5 An et huet sech erginn: Wärend de Moroni esou Virbereedunge getraff huet, géint d’Lamaniten an de Kampf ze zéien, kuck, do gouf d’Vollek Nephihah, dat sech aus der Stad Moroni an der Stad Lehi an der Stad Morianton zesummefonnt hat, vun de Lamaniten ugegraff.

6 Jo, souguer déi, déi gezwonge waren, aus dem Land Manti an aus dem Land ronderëm ze flüchten, waren eriwwer komm an haten sech de Lamaniten an dësem Deel vum Land ugeschloss.

7 A wou si esou immens vill waren, jo, an Dag fir Dag Verstäerkung kritt hunn, sinn si, wéinst dem Ammoron sengem Befeel, géint d’Vollek Nephihah virgaangen, a si hunn ugefaangen, si an engem ganz grousse Gemetzelt ëmzebréngen.

8 An hir Arméie waren esou grouss, datt den iwwregen Deel vum Vollek Nephihah gezwonge war, virun hinne fortzelafen; a si koumen an hunn sech dem Moroni senger Arméi ugeschloss.

9 De Moroni awer hat gemengt, et géife Männer an d’Stad Nephihah geschéckt ginn, fir dem Vollek beim Behaapte vun dëser Stad ze hëllefen, a well hie wousst, datt et méi einfach war, d’Stad dovunner ze beschützen, datt se de Lamaniten an d’Hänn fale géif, wéi se vun hinnen zeréckzegewannen, huet hie gemengt, si géifen dës Stad liicht behaapten.

10 Dowéinst huet hien seng ganz Sträitmuecht zeréckgehalen, fir déi Uerten ze behaapten, déi hien zeréckgewonnen hat.

11 Wéi elo de Moroni gesinn huet, datt d’Stad Nephihah verluer war, gouf hie ganz traureg an huet ugefaangen, sech wéinst der Béist vum Vollek ze froen, ob si net vläicht hire Bridder an d’Hänn fale géifen.

12 An esou war et och mat all sengen ieweschten Haaptleit. Och si hu gezweiwelt a sech gewonnert wéinst der Béist vum Vollek, an dëst wéinst dem Erfolleg, deen d’Lamaniten iwwert si gewonnen haten.

13 An et huet sech erginn: De Moroni war op d’Regierung rosen, well si a Bezuch op d’Fräiheet vun hirem Land esou gläichgëlteg war.