Ee Bericht vun der Verkënnegung duerch den Aaron an de Muloki an hire Bridder bei de Lamaniten.
Besteet aus de Kapitelen 21 bis 25.
21. Kapitel
Den Aaron enseignéiert d’Amalekiten iwwert de Christus a Seng Versönung—Den Aaron a seng Bridder ginn zu Middoni gefaange geholl—No hirer Befreiung enseignéieren si an de Synagogen a maache vill Leit zu Konvertéierter—De Lamoni gëtt dem Vollek am Land vum Ismael reliéis Fräiheet. Ongeféier 90–77 v. Chr.
1 Wéi den Ammon a seng Bridder sech un der Grenz vum Land vun de Lamanite getrennt hunn, kuckt, dunn huet den Aaron säi Wee nom Land, dat vun de Lamanite Jerusalem genannt gouf, geholl; well et gouf nom Gebuertsland vun hire Pappe benannt; an et war wäit ewech un der Grenz vu Mormon geleeën.
2 D’Lamaniten an d’Amalekiten an d’Vollek Amulon haten awer eng grouss Stad gebaut, déi Jerusalem genannt gouf.
3 Elo waren d’Lamaniten u sech scho genuch verhäert, mee d’Amalekiten an d’Amulonite waren nach vill méi schlëmm; dofir hunn si gemaach, datt d’Lamaniten hiert Häerz verhäerten an u Béist an hire Abscheilechkeeten zouhuelen.
4 An et huet sech erginn: Den Aaron koum zur Stad Jerusalem an huet als éischt ugefaangen, den Amalekiten ze priedegen. An hien huet ugefaangen, hinnen an hire Synagogen ze priedegen, well si hate Synagoge gebaut no der Uerdnung vun den Nehorer; well vill vun den Amalekiten an den Amulonite ware vun der Uerdnung vun den Nehorer.
5 Wéi dofir den Aaron eng vun hire Synagoge betrueden huet, fir dem Vollek ze priedegen, a wéi hien zu hinne gesprach huet, kuckt, do huet sech een Amalekit erhuewen an huet mat him ze streiden ugefaangen, nämlech: Wat ass dat, wat s du do temoignéiert hues? Hues du een Engel gesinn? Firwat erschéngen eis keng Engelen? Kuck, ass net dëst Vollek genausou gutt ewéi däi Vollek?
6 Du sees och, mir wäerten ëmkommen, wa mir net ëmkéieren. Wéi weess du d’Gedanken an Absichte vun eisem Häerzen? Wéi weess du, datt mir Grond hunn, ëmzekéieren? Wéi weess du, datt mir net ee gerecht Vollek sinn? Kuck, mir hunn Sanctuairë gebaut, a mir versammelen eis fir Gott ze veréieren. Mir gleewen dorunner, datt Gott all Mënsche rette wäert.
7 Den Aaron huet awer zu him gesprach: Gleefs du, datt de Jong Gottes komme wäert, fir d’Mënsche vun hire Sënden ze erléisen?
8 An de Mann huet zu him gesprach: Mir gleewen net, datt s du esou eppes weess. Mir gleewen net un déi topeg Iwwerliwwerungen. Mir gleewen net, dat s du vu Kënftegem weess, a mir gleewen och net, datt deng Pappen an och eis Pappen eppes a Bezuch op dat gewosst hunn, wouvunner si gesprach hunn, nämlech vun deem, wat komme wäert.
9 Den Aaron huet awer ugefaangen, hinnen d’Schrëften iwwer d’Komme vum Christus an och iwwer d’Opersteeung vun den Doudegen auszeleeën, an datt et keng Erléisung fir d’Mënsche ka ginn ausser duerch den Dout an d’Leide vum Christus an d’Versönung duerch säi Blutt.
10 An et huet sech erginn: Wéi hien ugefaangen huet, hinnen dëst auszeleeën, goufen si rosen op hien an hunn ugefaangen, hien ze verspotten; a si wollten d’Wierder, déi hie gesprach huet, net héieren.
11 Wéi hien du gesinn huet, datt si seng Wierder net héiere wollten, ass hien ewech gaangen aus hirer Synagog an ass zu engem Duerf eriwwer gaangen, dat Ani-Anti genannt gouf, an do huet hien de Muloki getraff, wéi hien d’Wuert gepriedegt huet, an och den Ammah a seng Bridder. A si hu mat villen iwwer d’Wuert gestridden.
12 An et huet sech erginn: Si hu gesinn, datt d’Mënschen hiert Häerz verhäerte wollten, dofir sinn si ewech gaangen an an d’Land Middoni eriwwer gaangen. A si hu villen d’Wuert gepriedegt, an e puer wéineger hunn un d’Wierder gegleeft, déi si enseignéiert hunn.
13 Mee den Aaron an eng Unzuel vu senge Bridder goufen ergraff an an de Prisong geworf, an déi iwwreg vun hinne sinn aus dem Land Middoni an déi Gebitter ronderëm fortgelaf.
14 Déijéineg, déi an de Prisong geworf goufen, hu vill gelidden, a si goufen duerch dem Lamoni seng Hand an den Ammon befreit, a si kruten ze iessen a Kleeder.
15 A si sinn erëm higaangen, d’Wuert ze verkënnegen; an esou goufen si déi éischte Kéier aus dem Prisong befreit; an esou haten si gelidden.
16 A si sinn higaangen, wouhinner och ëmmer si vum Geescht vum Här gefouert goufen; si hunn d’Wuert vu Gott a jiddwer Synagog vun den Amalekiten oder jiddwer Versammlung vun de Lamaniten, wou si Zoutrëtt fanne konnten, gepriedegt.
17 An et huet sech erginn: Den Här huet ugefaangen, si ze séinen, sou datt si der vill zum Wësse vun der Wourecht féiere konnten; jo, si hu villen hir Sënden an d’Traditioune vun hire Pappen, déi net richteg waren, zu Bewosstsinn bruecht.
18 An et huet sech erginn: Den Ammon an de Lamoni sinn aus dem Land Middoni zeréck an d’Land Ismael gekéiert, well dat war d’Land vun hirer Ierfschaft.
19 An de Kinnek Lamoni wollt net zouloossen, datt den Ammon him déngen oder säi Kniecht sollt sinn.
20 Mee hien huet Synagogen am Land vum Ismael gebaut; an hien huet säi Vollek, oder d’Leit, déi ënnert senger Herrschaft waren, zesumme versammele gelooss.
21 An hien huet sech iwwert si gefreet an hinne villes enseignéiert. An hien huet hinnen och verkënnegt, datt si ee Vollek wieren, dat him ënnersteet, an datt si ee fräit Vollek wieren, datt si vun der Bedréckung duerch de Kinnek, säi Papp, fräi wieren; well säi Papp huet him erlaabt, d’Vollek am Land Ismael an am ganze Land ronderëm ze regéieren.
22 An hien huet hinnen och verkënnegt, datt et hinne fräigestallt wier, den Här, hire Gott, no hire Wënsch unzebieden, wou och ëmmer si sech befanne géifen, soulaang et an deem Land war, dat der Regierung vum Kinnek Lamoni ënnerstoung.
23 An den Ammon huet dem Vollek vum Kinnek Lamoni gepriedegt; an et huet sech erginn: Hien huet si alles enseignéiert, wat d’Gerechtegkeet betrëfft. An hien huet si all Dag mat allem Fläiss dorunner erënnert; an si hu säi Wuert beuecht, a si waren äifreg doropper aus, d’Geboter Gottes ze halen.