Scriptures
Alma 1


D’Buch vum Alma
de Jong vum Alma

De Bericht vum Alma, deen de Jong vum Alma, éischten an ieweschte Riichter iwwer d’Vollek Nephi, an deen och den Hohepriister iwwer d’Kierch war. Ee Bericht iwwer d’Regierung vun de Riichter an iwwer d’Kricher a Streidereien ënnert dem Vollek. An och ee Bericht iwwer ee Krich tëschent de Nephiten an de Lamaniten no den Opzeechnunge vum Alma, den éischten ieweschte Riichter.

1. Kapitel

Den Nehor enseignéiert falsch Doktrinnen, grënnt eng Kierch, féiert béis Priisterschaft an a bréngt de Gideon ëm—Den Nehor gëtt fir seng Verbriechen higeriicht—Béis Priisterschaft a Verfollgunge verbreeden sech ënnert dem Vollek—D’Priister ënnerhalen sech selwer, d’Vollek këmmert sech ëm déi Aarm, an d’Kierch huet Erfolleg. Ongeféier 91–88 v. Chr.

1 Elo huet et sech erginn, datt am éischte Joer vun der Regierung vun de Riichter iwwer d’Vollek vum Nephi, vun dëser Zäit un, de Kinnek Mosiah de Wee vun der ganzer Äerd gaangen ass, e gudde Krich gefouert huet, riicht viru Gott gewandelt huet, keen hannerlooss huet, deen a senger Plaz regéiert huet; trotzdeem hat hie Gesetzer festgeluecht, an si goufe vum Vollek unerkannt; dofir waren si verflicht, sech un d’Gesetzer ze halen, déi hie gemaach hat.

2 An et huet sech erginn, datt am éischte Joer vun der Regierung vum Alma um Riichterstull e Mann virun hie bruecht gouf, fir geriicht ze ginn, e Mann, dee grouss war a fir seng grouss Kraaft bekannt war.

3 An hie war ënnert dem Vollek hin an hier gaangen an hat hinnen dat gepriedegt, wat hien als d’Wuert vu Gott bezeechent hat a woumadder hien sech géint d’Kierch gestallt hat; hien hat dem Vollek verkënnegt, jiddwer Priister an Enseignant soll populär a beléift sinn, a si sollten net mat hiren Hänn schaffen, mee vum Vollek erhale ginn.

4 An hien huet dem Vollek och temoignéiert, all Mënsche géifen um leschten Dag gerett ginn, a si bréichten sech net ze fäerten an net ze zidderen, mee si sollten d’Haapt héich hiewen a sech freeën; well de Här huet all Mënschen erschafen an och all Mënschen erléist; an um Enn géifen all Mënschen éiwegt Liewen hunn.

5 An et huet sech erginn: Hien huet dëst sou gutt gepriedegt, dat der vill u seng Wierder gegleeft hunn, jo, sou vill, dat si ugefaangen hunn, hien ze ënnerstëtzen an him Suen ze ginn.

6 An hien huet ugefaangen, a sengem Häerzensstolz iwwerhieflech ze ginn a ganz deier Kleeder ze droen; jo, hien huet souguer ugefaangen, no der Weis vu sengem Priedegen eng Kierch opzeriichten.

7 An et huet sech erginn: Wéi hien higaangen ass, deenen ze priedegen, déi u säi Wuert gegleeft hunn, ass hien engem Mann begéint, deen der Kierch Gottes ugehéiert huet, jo, nämlech ee vun hire Enseignanten; an hien huet hefteg ugefaangen, mat him ze streiden, fir d’Vollek vun der Kierch ewechzeféieren; mee dee Mann huet him widderstanen an huet hien ermaant mat de Wierder Gottes.

8 De Numm vun deem Mann awer war Gideon; an hie war et, deen een Instrument an den Hänn Gottes gewiescht war, fir d’Vollek vum Limhi aus der Sklaverei ze befreien.

9 Well elo de Gideon him mat de Wierder vu Gott widderstanen huet, gouf hie rosen iwwert de Gideon an huet säi Schwäert gezunn an ugefaangen, hien ze schloen. Elo huet de Gideon schonn d’Laascht vu ville Joer gedroen, dowéinst war hien net amstand, senge Schléi ze widderstoen, dofir gouf hien duerch d’Schwäert ëmbruecht.

10 An de Mann, deen hien ëmbruecht hat, gouf vum Vollek vun der Kierch ergraff a virun den Alma bruecht, fir no de Verbriechen, déi hie begaangen hat, geriicht ze ginn.

11 An et huet sech erginn: Hie stoung virum Alma an huet sech mat vill Affrontéiert verteidegt.

12 Mee den Alma huet zu him gesot: Kuck, dës ass déi éischte Kéier, datt béis Priisterschaft ënner dës Vollek bruecht gouf. A kuck, du bass net nëmmen der béise Priisterschaft schëlleg, mee du bass och dorunner gaangen, se mam Schwäert duerchzesetzen; a sollt sech béis Priisterschaft ënnert dësem Vollek duerchsetzen, sou wäert sech dëst als Grond fir seng ganz Vernichtung erweisen.

13 An du hues d’Blutt vun engem gerechte Mann vergoss, jo, vun engem Mann, deen ënnert dësem Vollek vill Guddes gemaach hat; a wa mir dech verschounen, sou wäert säi Blutt zur Vergeltung iwwert eis kommen.

14 Dofir gëss du veruerteelt ze stierwen, nom Gesetz, dat eis vum Mosiah, eisem leschte Kinnek, ginn ass; an et ass vun dësem Vollek unerkannt ginn; dofir muss dëst Vollek sech un d’Gesetz halen.

15 An et huet sech erginn, datt si hie geholl hunn; a säin Numm war Nehor; an si hunn hien op d’Spëtzt vum Hiwwel Manti gedroen, an do gouf hie gedoen ze soen, oder besser gesot zouzeginn, tëscht Himmel an Äerd, datt dat, wat hien de Leit enseignéiert hat, am Géigesaz zum Wuert vu Gott war; an do huet hien en onheemlechen Doud gelidden.

16 Trotzdeem huet dat der Verbreedung vun der Priisterschaft am ganze Land net en Enn gesat; well et goufen der vill, déi déi eidel Saache vun der Welt gär haten, an si sinn erausgaangen an hu falsch Doktrinne gepriedegt; an dat hunn si aus Grënn vu Räichtum an Éier gemaach.

17 Mee si hunn sech net getraut, ze léien, souwäit et bekannt kéint ginn, an zwar aus Angscht virum Gesetz, well Ligener goufe bestrooft; dofir hunn si virginn, no hirem Glawen ze priedegen; et konnt awer d’Gesetz keng Gewalt iwwert een hunn nëmme wéinst sengem Glawen.

18 A si hunn sech net getraut, ze klauen, aus Angscht virum Gesetz, well esou ee gouf bestrooft; och hun si sech net getraut, ze plënneren oder ze morden, well wien gemord huet, gouf mam Doud bestrooft.

19 Mee et huet sech erginn; Wien net der Kierch ugehéiert huet, huet ugefaangen, déijéineg ze verfollegen, déi der Kierch Gottes ugehéiert hunn an den Numm vum Christus op sech geholl haten.

20 Jo, si hunn si verfollegt an hunn si mat allerhand Wierder bedrängt, an dëst wéinst hirer Humilitéit, well si net an hiren eegenen Ae stolz waren a well si d’Wuert vu Gott matenee gedeelt hunn, ouni Geld an ouni Präis.

21 Elo gouf et ënnert dem Vollek vun der Kierch ee strengt Gesetz, nämlech dat keen, deen der Kierch ugehéiert huet, opstoen an déi verfollegen däerf, deen net der Kierch ugehéiert huet, an dat et ënnert hinne selwer keng Verfolgung däerf ginn.

22 Mee gouf et der vill ënnert hinnen, déi ugefaangen hunn, stolz ze sinn, a si hunn ugefaangen, mat hire Géigner hefteg ze streiden, jo, bis zu Kläppereien; jo, si hunn een deen anere mat de Fäischt geschloen.

23 Dëst ass am zweete Joer vun der Regierung vum Alma geschitt, an et war d’Ursaach vu vill Leed an der Kierch; jo, et war d’Ursaach vu vill Prüfung fir d’Kierch.

24 Well villen huet sech d’Häerz verhäert, an hir Nimm goufen ausgeläscht, sou dat een ënnert dem Vollek Gottes net méi un si denkt. Och hunn sech där vill vun hinnen zeréck gezunn.

25 Dëst war elo eng grouss Prüfung fir déijéineg, déi fest am Glawe stoungen; mee waren si standhaft an onerschëtterlech am Hale vun de Geboter Gottes, an si hunn d’Verfollgung, woumadder si iwwerheeft goufen, mat Gedold erdroen.

26 A wann d’Priister hir Aarbecht verlooss hunn, fir dem Vollek d’Wuert vu Gott matzedeelen, do huet och d’Vollek seng Aarbecht verlooss, fir d’Wuert vu Gott ze héieren. A wann d’Priister hinnen d’Wuert vu Gott matgedeelt haten, sinn si alleguerten erëm fläisseg op hir Aarbecht zeréckgaangen; an de Priister huet sech net méi héich geuecht wéi seng Nolauschterer, well de Priedeger war net besser wéi den Nolauschterer, an den Enseignant war net besser wéi deen, dee léiert; an esou waren si alleguerte gläich an hunn alleguerte geschafft, jiddwereen no senger Kraaft.

27 A si hu vun hirem Besëtz gedeelt, jiddwereen no deem, wat en hat, un déi Aarm, an un d’Bedierfteger, an un déi Krank, an un déi Bedrängt, aus; an si hu keng deier Kleeder gedroen, mee waren si propper an uerdentlech.

28 An esou hunn si d’Ugeleeënheete vun der Kierch etabléiert; an esou hunn si erëm ugefaangen, bestänneg Fridden ze hunn, trotz all hirer Verfollgungen.

29 An elo, wéinst der Stabilitéit vun der Kierch, hunn si ugefaangen aussergewéinlech räich ze ginn, well si een Iwwerfloss un allem haten, wat si gebraucht hunn—een Iwwerfloss u Schof a Kéi, a Mëschvéi vun all Zort, an och een Iwwerfloss u Kären, a Gold, a Sëlwer, a wäertvolle Saachen, an een Iwwerfloss u Seid a fei gewiefte Läindicher, an all Zorte vu gudde Kleeder.

30 An esou, an hire floréierten Ëmstänn, hunn si kee fort gelooss, dee plakeg oder hongereg oder duuschtereg oder krank war an deen si net ënnerstëtzt haten, a si hunn hiert Häerz net op Räichtemer gesat; dofir waren si generéis zu allen, al oder jonk, versklaavt oder fräi, männlech oder weiblech, sief et ausser der Kierch oder an der Kierch, a si hunn do keen Ënnerscheed kannt, wann een Hëllef gebraucht hat.

31 An esou ass et hinne wuel ergaangen, a si goufe vill méi räich ewéi déijéineg, déi net hirer Kierch ugehéiert hunn.

32 Well déi, déi net zu hirer Kierch gehéiert hunn, hunn sech mat Zauberkonscht, Idolatrie oder Lidderegt, Gebabbels, Näid a Sträit beschäftegt; si hunn deier Kleeder gedroen; si hunn sech am Stolz vun hiren eegenen Aen erhuewen; si hu verfollegt, gelunn, geklaut, gestuel, Prostitutioun gemaach, an ermort, an all Zort vu Béises gemaach; trotzdeem gouf d’Gesetz géint all déi a Kraaft gesat, déi dogéint verstouss hunn, souwäit et méiglech war.

33 An et huet sech erginn: Doduerch, dat d’Gesetz esou op si ugewend gouf—andeems jiddwereen no deem gelidden huet, wat hie gemaach hat—goufen si méi friddlech an hunn sech net méi getraut, Béist ze begoen, déi bekannt kéint ginn; dofir gouf et bis zum fënnefte Joer vun der Regierung vun de Riichter ënnert dem Vollek vum Nephi vill Fridden.