24. Kapitel
D’Lamanite gi géint d’Vollek vu Gott vir—D’Anti-Nephi-Lehier hu Freed am Christus a gi vun Engele besicht—Si entscheeden sech, léiwer ze stierwe, wéi sech ze verdeedegen—Méi Lamanite konvertéieren sech. Ongeféier 90–77 v. Chr.
1 An et huet sech erginn: d’Amalekiten an d’Amuloniten an d’Lamaniten, déi am Land Amulon an och am Land Helam an och am Land vu Jerusalem, bref, an allem Land ronderëm waren, déi net bekéiert waren an den Numm Anti-Nephi-Lehi net op sech geholl haten, goufe vun den Amalekiten an den Amuloniten zur Roserei géint hir Bridder opgestëppelt.
2 An hiren Haass gouf immens hefteg géint si, jo, sou schlëmm, datt si ugefaangen hunn, sech géint hire Kinnek ze rebelléieren, sou vill, datt si hien net méi als Kinnek wollten hunn; dofir hunn si d’Waffe géint d’Vollek Anti-Nephi-Lehi opgeholl.
3 De Kinnek awer huet d’Kinnekräich sengem Jong iwwerdroen, an hien huet him den Numm Anti-Nephi-Lehi ginn.
4 An de Kinnek ass am selwechte Joer gestuerwen, wou d’Lamaniten ugefaangen hunn, Virbereedunge fir de Krich géint d’Vollek Gottes ze treffen.
5 Wéi awer den Ammon a seng Bridder an all déijéineg, déi mat him heihinner komm waren, d’Virbereedunge vun de Lamanite fir d’Vernichtung vun hire Bridder gesinn hunn, sinn si an d’Land Midian gezunn, an do huet sech den Ammon mat all senge Bridder getraff; a vun do sinn si an d’Land Ismael gezunn, fir mam Lamoni an och sengem Brudder Anti-Nephi-Lehi ee Conseil ofzehalen, nämlech wat si maache sollten, fir sech géint d’Lamaniten ze verteidegen.
6 Mee ënnert allem Vollek, dat zum Här bekéiert gi war, gouf et och net eng Séil, déi d’Waffe géint hir Bridder ophuele wollt; nee, si wollten net eemol iergendwellech Virbereedunge fir de Krich treffen; jo, an och hire Kinnek huet hinne gebueden, dëst net ze maachen.
7 Dëst sinn awer d’Wierder, déi hien a Bezuch op dës Saach zum Vollek gesprach huet: Ech danke mengem Gott, mäi léift Vollek, datt eise grousse Gott a senger Guttheet ons dës eis Bridder, d’Nephiten, geschéckt huet, fir dat si eis priedegen an eis d’Iwwerliwwerunge vun eise béise Pappen zu Bewosstsinn bréngen.
8 A kuckt, ech danke mengem grousse Gott, datt hien eis eng Mooss vu sengem Geescht ginn huet, fir eis d’Häerz ze erweechen, sou datt mir eng Verbindung mat dëse Bridder, den Nephiten, opgeholl hunn.
9 A kuckt, ech danke mengem Gott och, datt eis mat der Opnam dëser Verbindung eis Sënden an déi vill Morden, déi mir begaangen hunn, zum Bewosstsinn bruecht gi sinn.
10 Och danken ech mengem Gott, jo, mengem grousse Gott, datt hien eis et erlaabt huet, dovunner ëmzekéieren, an datt hien eis och eis vill Sënden a Morden, déi mir begaangen hunn, verzien huet an datt hien eis duerch d’Verdéngschter vu sengem Jong d’Schold aus dem Häerz ewech geholl huet.
11 An elo kuckt, meng Bridder, wou mir (déi mir déi verluerenste vun alle Mënsche waren) fir all eis Sënden an déi vill Morden, déi mir begaangen hunn, net méi maache konnten, wéi ëmzekéieren a Gott ze beweegen, datt hien se eis aus dem Häerzen ewech hëlt—well dat war alles, wat mir maache konnten, nämlech viru Gott genuch Ëmkéiert ze üben, sou datt hien deen Defaut vun eis hëlt—
12 elo, meng ganz léif Bridder, wou Gott den Defaut vun eis geholl huet an eis Schwäerter blénkeg gi sinn, sou loosst ons eis Schwäerter net méi mam Blutt vun eise Bridder beflecken.
13 Kuckt, ech soen iech: Nee, loosst eis d’Schwäerter verstoppt halen, fir dat mir se net mam Blutt vun eise Bridder beflecken; well wa mir eis Schwäerter erëm beflecken, kënnen se vläicht net méi duerch d’Blutt vum Jong vun eisem Gott reng gewäsch ginn, dat zur Versönung vun eise Sënde vergoss wäert ginn.
14 An de grousse Gott ass baarmhäerzeg zu eis gewiescht an huet eis dëst gewisen, fir datt mir net ëmkomme géifen; jo, hien huet eis dëst am viraus gewisen, well hien eis Séil genausou gären huet, wéi hien eis Kanner gären huet; dofir besicht hien eis a senger Baarmhäerzegkeet duerch seng Engelen, op datt de Plang vun der Erléisung eis genausou gewise géif wéi den zukünftege Generatiounen.
15 O wéi baarmhäerzeg ass eise Gott! Elo awer kuckt, wou mir näischt aneschtes maache konnte wéi d’Flecke vun eis huelen ze loossen, a wou eis Schwäerter erëm blénkeg gemaach sinn, loosst eis se verstoppen, fir dat se blénkeg bleiwen zum Temoignage viru Gott um leschten Dag, jo, un deem Dag, wou mir hi gefouert ginn a virun him stinn, fir geriicht ze ginn, nämlech datt mir eis Schwäerter net mam Blutt vun eise Bridder befleckt hunn, nodeems hien eis d’Wuert matgedeelt an eis doduerch reng gemaach huet.
16 An elo, meng Bridder, wann eis Bridder duerno truechten, eis ze vernichten, kuckt, da wäerte mir eis Schwäerter verstoppen, jo, mir wäerten se souguer déif an der Äerd begruewen, fir datt se reng bleiwen zum Temoignage um leschten Dag, datt mir se ni benotzt hunn; a wann eis Bridder eis vernichten, kuckt, da komme mir zu eisem Gott a wäerte gerett sinn.
17 An elo huet et sech erginn: Wéi de Kinnek mat senge Wierder op en Enn komm war an all vum Vollek sech versammelt hat, hunn si hir Schwäerter an all Waffen, déi benotzt goufen, fir Mënscheblutt ze vergéissen, an hunn se déif an der Äerd begruewen.
18 An dat hunn si gemaach, well et war an hiren Aen een Temoignage viru Gott an och virun de Mënschen, datt si nimools erëm Waffe benotze géifen, fir Mënscheblutt ze vergéissen; an dat hunn si gemaach, andeems si viru Gott affirméiert a versprach hunn, léiwer hiert eegent Liewen hin ze ginn, ewéi d’Blutt vun hire Bridder ze vergéissen; an amplaz engem Brudder eppes ze huelen, géifen si him léiwer ginn; an amplaz hir Deeg a Lidderegkeet ze verbréngen, wollten si léiwer räichlech mat hiren Hänn schaffen.
19 An esou gesi mir, datt dës Lamaniten, nodeems si sou wäit bruecht gi waren, datt si d’Wourecht gegleeft an erkannt hunn, fest waren a léiwer den Dout leide wollten ewéi Sënd begoen; an esou gesi mir, datt si hir Friddenswaffe begruewen hunn, jo, si hunn d’Waffe vum Krich fir de Fridde begruewen.
20 An et huet sech erginn: Hir Bridder, d’Lamaniten, hunn Krichsvirbereedunge getraff a koumen an d’Land Nephi erop, fir de Kinnek ze vernichten an een aneren a seng Plaz ze setzen, an och, fir d’Vollek Anti-Nephi-Lehi aus dem Land ze zerstéieren.
21 Wéi awer d’Vollek gesinn huet, datt si géint si erop gezu sinn, sinn si eraus gaangen, hinnen entgéint, an si hunn sech virun hinnen op de Buedem nidder geworf an ugefaangen, den Numm vum Här unzeruffen; an esou hunn si sech an dëser Stellung befonnt, wéi d’Lamaniten ugefaangen hunn, iwwert si hierzefalen a si mam Schwäert ëmzebréngen.
22 An esou hunn si dausendafënnef vun hinnen ëmbruecht, ouni op Widderstand ze stoussen; a mir wëssen, datt dës geséint sinn, well si sinn higaangen, mat hirem Gott ze wunnen.
23 Wéi d’Lamaniter gesinn hunn, datt hir Bridder net virum Schwäert flüchten, si sech weder op déi riets nach op déi lénks Säit ofweeden, mee datt si sech nidderleeën an ëmkommen, a Gott gelueft hunn, souguer beim Akt vum Stierwen ënnert dem Schwäert—
24 wéi elo d’Lamaniten dëst gesinn hunn, hunn si dovunner ofgelooss, si ëmzebréngen; an et goufen der vill, deenen d’Häerz fir déijéineg vun hire Bridder, déi ënnert dem Schwäert gefall waren, geschwollen huet, well si ware vun deem ëmgekéiert, wat si gemaach haten.
25 An et huet sech erginn: Si hunn hir eege Krichswaffen ewechgeheit a wollten se net méi ophuelen, well déi Morden, déi si begaangen hunn, hunn si geplot; si hunn sech erniddregt genausou ewéi hir Bridder an hunn sech der Baarmhäerzegkeet vun deenen higinn, deenen hir Äerm gehuewe waren, fir si ëmzebréngen.
26 An et huet sech erginn: Dem Vollek Gottes goufen un deem Dag méi dozou gezielt ewéi nëmmen d’Zuel vun de Doudegen; an déi ëmbruecht gi waren, dat ware gerecht Mënschen, dofir hu mir kee Grond, dorunner ze zweiwelen, datt si gerett sinn.
27 An et gouf ënnert den Doudege kee béise Mënsch; mee et goufen der méi ewéi dausend zum Wësse vun der Wourecht bruecht; an esou gesi mir, datt den Här op vill Aarten a Weise fir d’Errettung vu sengem Vollek wierkt.
28 Déi gréissten Unzuel vun deene Lamaniten, déi esou vill vun hire Bridder ëmbruecht hunn, waren Amalekiten an Amuloniten, a vun deenen erëm huet déi gréissten Zuel der Uerdnung vun den Nehorer ugehéiert.
29 Ënnert deenen awer, déi sech dem Vollek vum Här ugeschloss hunn, goufen et keng Amalekiten a keng Amuloniten, och keng, déi der Uerdnung vum Nehor ugehéiert hunn, mee et ware wierklech Nokomme vum Laman a vum Lemuel.
30 An esou kënne mir kloer ënnerscheeden: Wann ee Vollek eemol vum Geescht Gottes erliicht ass an ee grousst Wësse vun deem kritt huet, wat d’Gerechtegkeet betrëfft, dann awer a Sënd an an Iwwertriedung verfält, sou gëtt et nach méi verhäert, an esou gëtt säin Zoustand nach schlëmmer, wéi wann hien dëst alles guer net kannt hätt.