Scriptures
Alma 41


41. Kapitel

An der Opersteeung kommen d’Mënschen an en Zoustand vun onendlechem Gléck oder onendlecher Misär—Béist war nach ni Gléck—Fleeschlech Mënsche sinn ouni Gott op der Welt—All Mënsch kritt an der Restauratioun erëm déi Charakteristiken an Attributer, déi hien an der Stierflechkeet gewonn huet. Ongeféier 74 v. Chr.

1 An elo, mäi Jong, hunn ech nach eppes iwwer d’Restauratioun ze soen, vun där gesprach ginn ass; well kuck, et sinn der déi hunn d’Schrëft verdréint a sinn dowéinst wäit an d’Ier gaangen. An ech bemierken, datt däi Gemitt och doriwwer beonrouegt ass. Mee kuck, ech wëll et dir erklären.

2 Ech soen dir, mäi Jong, datt an der Gerechtegkeet Gottes de Plang vun der Restauratioun erfuerderlech ass; well et ass erfuerderlech, datt alles a senger richtegen Uerdnung restauréiert gëtt. Kuck, et ass noutwendeg a gerecht, no der Muecht an der Opersteeung vum Christus, datt d’Séil vum Mënsch mat sengem Kierper restauréiert soll ginn, an datt all Deel vum Kierper mat sech selwer restauréiert soll ginn.

3 An et ass an der Gerechtegkeet Gottes erfuerderlech, datt d’Mënsche no hire Wierker geriicht ginn; a wann hir Wierker an dësem Liewe gutt waren an d’Wënsch vun hiren Häerzer gutt waren, da wäerten se um leschten Dag och restauréiert ginn, nämlech zu deem, wat gutt ass.

4 A wann hir Wierker béis waren, sou wäerten se hinne restauréiert ginn, nämlech zum Béisen. Dofir sollen all Saachen an hir richteg Uerdnung restauréiert ginn, all Saach an hiren natierleche Kader—d’Stierflechkeet erhieft sech an d’Onstierflechkeet, d’Vergänglecht erhieft sech an d’Onvergänglecht—erhuewen zu onendlechem Gléck, fir d’Kinnekräich vum Gott ze ierwen, oder erhuewen zu onendlecher Misär, fir d’Kinnekräich vum Däiwel ze ierwen, déi eng op der enger Säit, déi aner op der anerer—

5 deen een zum glécklech sinn erwächt no sengem Wonsch nom glécklech sinn, oder zu Guddem no sengem Wonsch no Guddem; deen aneren zu Béisem no sengem Wonsch no Béisem; well esou, wéi et säi Wonsch war, de ganzen Dag laang Béises ze maachen, sou wäert hie säi Loun u Béisem hunn, wann d’Nuecht kënnt.

6 An esou ass et op der anerer Säit. Wann hie vu senge Sënden ëmgekéiert ass a bis un d’Enn vu sengen Deeg Gerechtegkeet gewënscht huet, sou wäert hien och zu Gerechtegkeet belount ginn.

7 Dës sinn et, déi vum Här erléist ginn; jo, dës sinn et, déi erausgefouert ginn, befreit aus dëser däischteren Nuecht ouni Enn; an esou stinn oder falen si; well kuck, si sinn hir eege Riichter, sief et, Guddes ze maachen, sief et, Béises ze maachen.

8 D’Rotschléi Gottes awer kann een net änneren; dofir ass de Wee prett gemaach, sou datt jiddwereen, dee wëll, doropper goen a gerett ka ginn.

9 An elo, mäi Jong, riskéier keng weider Vergoe géint däi Gott op deene Punkte vun der Doktrinn, déi s du bis elo riskéiert hues, géint se ze sënnegen.

10 Well iwwer d’Restauratioun gesprach ginn ass, solls du net mengen, du géifs vu Sënd zum glécklech si restauréiert ginn. Kuck, ech soen dir, Béist war nach ni Gléck.

11 An elo, mäi Jong: All Mënschen, déi an engem natierlechen Zoustand oder, wéi ech soe wëll, an engem fleeschegen Zoustand sinn, déi sinn an der battere Gal an an de Fessele vun der Ongerechtegkeet; si sinn ouni Gott an der Welt an hunn sech géint d’Natur vu Gott gewannt; dofir sinn si an engem Zoustand, deen der Natur vum glécklech sinn entgéint ass.

12 An elo kuck, bedeit dann dat Wuert Restauratioun, datt een eppes aus sengem natierlechen Zoustand hëlt an et an een onnatierlechen Zoustand versetzt, nämlech datt een et an een Zoustand versetzt, dee senger Natur entgéint gesat ass?

13 O, mäi Jong, dat ass net de Fall; mee d’Bedeitung vum Wuert Restauratioun ass, dat Béist bei dat Béist zeréckzebréngen, oder dat Fleeschegt bei dat Fleeschegt, oder dat Däiwelzegt bei dat Däiwelzegt—dat Gutt bei dat, wat gutt ass; dat Gerecht bei dat, wat gerecht ass; dat Richtegt bei dat, wat richteg ass; dat Baarmhäerzegt bei dat, wat baarmhäerzeg ass.

14 Dofir maach, dat s du zu denge Bridder baarmhäerzeg bass; handel gerecht, riicht rechtschafen a maach bestänneg Guddes; a wann s du dëst alles méchs, da wäerts du däi Loun empfänken; jo, dir wäert Baarmhäerzegkeet restauréiert ginn; dir wäert Gerechtegkeet restauréiert ginn; dir wäert ee gerecht Geriicht restauréiert ginn; an dir wäert erëm Guddes als Loun zoukommen.

15 Well dat, wat s du erausschécks, dat wäert erëm zu dir zeréck kéieren a restauréiert ginn; dofir sprécht dat Wuert Restauratioun de Sënder ëmsou méi schëlleg a rechtfäerdegt hien iwwerhaapt net.