Scriptures
Alma 48


48. Kapitel

Den Amalickiah stëppelt d’Lamaniten géint d’Nephiten op—De Moroni bereet säi Vollek vir, fir d’Saach vun de Chrëschten ze verdeedegen—Hie freet sech iwwert d’Fräiheet an d’Onofhängegkeet an hien ass ee staarke Mann vu Gott. Ongeféier 72 v. Chr.

1 An elo huet et sech erginn: Soubal den Amalikkia d’Räich kritt hat, huet hien ugefaangen, de Lamaniten d’Häerz géint d’Vollek Nephi ze entfachen; jo, hien huet Männer bestëmmt, déi vun hiren Tierm aus zu de Lamanite géint d’Nephiten ze schwätzen haten.

2 An esou huet hien hir Häerzer géint d’Nephiten opgehetzt, souguer esou, datt um Enn vum nonzéngte Joer vun der Regierung vun de Riichter, nodeems hien seng Pläng esou wäit realiséiert hat, jo, nodeems hie Kinnek vun de Lamanite ginn ass, huet hie probéiert iwwer dat ganzt Land ze regéieren, jo, iwwer all d’Leit am Land, d’Nephiten wéi och d’Lamaniten.

3 Dofir hat hien seng Pläng verwierklecht, well hien hat de Lamaniten d’Häerz verhäert a si verblennt an zur Roserei opgestëppelt, sou vill, datt hien eng grouss Unzuel zesummebruecht hat, fir géint d’Nephiten an de Kampf ze zéien.

4 Well wéinst der groussen Unzuel vu sengem Vollek war hien entschloss, d’Nephiten ze iwwerwältegen an a Sklaverei ze bréngen.

5 An esou huet hien Zoramiten als iewescht Haaptleit bestëmmt, well déi hunn d’Stäerkt vun den Nephite an hir Refugen an déi schwächsten Deeler vun hire Stied am beschte kannt; dofir huet hien si zu iewescht Haaptleit iwwer seng Arméie bestëmmt.

6 An et huet sech erginn: Si hunn hiert Lager matgeholl an sech nom Land Zarahemla an d’Wüüst opgemaach.

7 Elo huet et sech erginn: Wärend den Amalikkia op dës Weis duerch Bedruch an Täuschung Muecht kritt huet, hat de Moroni op der anerer Säit säi Vollek virbereet, dem Här, hirem Gott, trei ze sinn.

8 Jo, hien hat d’Arméie vun den Nephite verstäerkt a kleng Festungen opgeriicht, nämlech Refugen; hien huet ronderëm Maueren aus Buedem opgeworf, fir domadder seng Arméien ze ëmginn, an hien huet och ronderëm hir Stied an un de Grenze vun hirem Land Maueren aus Steng opgeriicht, fir si domadder ze ëmschléissen, jo, ronderëm d’Land.

9 An un hir schwächste Befestegungen huet hien déi gréissten Unzuel Männer verluecht; an esou huet hien dat Land, dat d’Nephiten a Besëtz haten, befestegt a gestäerkt.

10 An esou huet hie Virbereedunge getraff, hir Fräiheet ze erhalen, och hir Länner, hir Fraen a Kanner an hire Fridden, op datt si dem Här, hirem Gott, liewen an dat oprecht erhale kéinten, wat vun hire Feinden d’Saach vun de Chrëschte genannt gouf.

11 An de Moroni war ee staarken a mächtege Mann; hie war ee Mann vu perfektem Verständnis, jo, ee Mann, deen sech net u Bluttvergéisse gefreet huet, ee Mann, deem seng Séil sech iwwer d’Fräiheet gefreet huet an doriwwer, datt säi Land a seng Bridder vu Kniechtschaft a Sklaverei fräi waren,

12 jo, ee Mann, deem vun Dankbarkeet géigeniwwer Gott d’Häerz geschwollen huet, nämlech fir déi vill Fräiheeten a Seenungen, déi hie sengem Vollek erlaabt hat, ee Mann, deen sech iwwer d’Moossen ëm d’Wuelergoen an d’Sécherheet vu sengem Vollek beméit huet.

13 Jo, an hie war ee Mann, deen am Glawen un de Christus fest war, an hien hat mat engem Eed geschwuer, datt hie säi Vollek, seng Rechter a säi Land a seng Relioun verdeedege wäert, souguer wann hien dofir säi Blutt misst ginn.

14 Elo goufen d’Nephiten enseignéiert, sech géint hir Feinden ze verdeedegen, souguer bis zum Bluttvergéissen, wann et néideg wier; jo, an et gouf hinnen och enseignéiert, ni een Ugrëff ze maachen, jo, an ni d’Schwäert ze hiewen, ausser et wier géint e Feind, ausser et wier fir hiert Liewen ze preservéieren.

15 An et war hire feste Glawen, datt Gott, wann si dëst maache géifen, et hinne wuel ergoe loosse wäert am Land, oder mat anere Wierder, wann si am Hale vun de Geboter Gottes trei wieren, géif hien et hinne wuel ergoe loossen am Land; jo, hie géif si wësse loossen, wéini si fortlafe missten oder wéini si sech zum Krich virbereede missten, jee nodeems, wéi vill si a Gefor waren;

16 An och, datt Gott hinne géif soen, wouhinner si goe sollten, fir sech géint hir Feinden ze verdeedegen, a wann si dat maache géifen, géif den Här si retten; an dat war de Glawe vum Moroni, a säin Häerz huet sech doriwwer gefreet; net um Bluttvergéissen, mee um Guddes maachen, um Erhale vu sengem Vollek, jo, um Hale vun de Geboter vu Gott, jo, an um Widderstoe géint d’Ongerechtegkeet.

17 Jo, wierklech, wierklech, ech soen iech, wann all Mënschen esou gewiescht wieren, elo wieren a géife ginn ewéi de Moroni, kuckt, souguer d’Muecht vun der Hell wär fir ëmmer schockéiert; jo, den Däiwel hätt nimools Muecht iwwert d’Häerz vun de Mënschekanner.

18 Kuckt, de Moroni war ee Mann ewéi den Ammon, de Jong vum Mosiah, jo, an och déi aner Jonge vum Mosiah, jo, an och den Alma a seng Jongen, well si alleguerte ware Männer Gottes.

19 Mee kuckt, den Helaman a seng Bridder ware fir d’Vollek net manner Wäert wéi de Moroni; well si hunn d’Wuert Gottes gepriedegt, a si hunn zur Ëmkéiert vun all Mënschen, déi op hir Wierder lauschtere wollten, gedeeft.

20 An esou sinn si higaangen, an d’Vollek huet sech wéinst hire Wierder humiliéiert, jo, esou datt si vum Här héich begënschtegt goufen, an esou waren si vu Kricher a Streidereien ënnerenee fräi, jo, véier Jore laang.

21 Mee, wéi ech gesot hunn, géint der Enn vum nonzéngte Joer waren si, obwuel si ënnerenee Fridden haten, géint hire Wëlle gezwongen, mat hire Bridder, de Lamaniten, ze streiden.

22 Jo, fir et kuerz ze maachen, d’Kricher mat de Lamaniten hunn, obwuel si dat guer net wollten, vill Joer laang u gedauert.

23 Elo waren si traureg, géint d’Lamaniten zu de Waffen ze gräifen, well si hate keng Freed um Bluttvergéissen; jo, an dat war net alles—si waren traureg doriwwer, esou vill vun hire Bridder vun dëser Welt an eng éiweg Welt ze schécken, net virbereet, hirem Gott ze begéinen.

24 Mee si konnten et net zouloossen, datt si hiert eegent Liewen nidderleeë sollten, datt hir Fraen a Kanner duerch déi barbaresch Grausamkeet vun deenen hi geschluecht géifen, déi eemol hir Bridder waren, jo, an sech vun hirer Kierch gespléckt an si verlooss haten an higaange waren, si ze vernichten, andeems si sech de Lamaniten ugeschloss hunn.

25 Jo, an si konnten et net erdroen, datt sech hir Bridder um Blutt vun den Nephitë gefreet hunn, soulaang et nach e puer gouf, déi d’Geboter Gottes gehalen hunn, well d’Versprieche vum Här huet geheescht, wann si seng Geboter hale géifen, wäert et hinne wuel ergoen am Land.