Scriptures
Alma 28


28. Kapitel

D’Lamanite ginn an enger enormer Schluecht geschloen—Zéngdausende ginn ëmbruecht—Déi Béis ginn an en Zoustand vun éiweger Trauregkeet verbannt; déi Gerecht erreechen eng Freed, déi ni ophält. Ongeféier 77–76 v. Chr.

1 An et huet sech awer erginn: Nodeems d’Vollek Ammon sech am Land Jershon niddergelooss hat an och eng Kierch am Land Jershon opgeriicht war an d’Arméie vun den Nephitë ronderëm d’Land Jershon, jo, am ganze Grenzgebitt ronderëm ëm d’Land Zarahemla opgestallt waren, kuckt, do waren d’Arméie vun de Lamaniten hire Bridder an d’Wüüst nogaangen.

2 An esou gouf et ee fierchterleche Kampf, jo, ee Kampf, wéi et ënnert allem Vollek am Land vun där Zäit un, wou de Lehi Jerusalem verlooss hat, ni erlieft gi war; jo, Zéngdausende Lamanite goufen ëmbruecht a wäit hi verstreet.

3 Jo, an et gouf och ënnert dem Vollek Nephi ee fierchterlecht Gemetzelt; mee goufen d’Lamanite gejot an zerstreet, an d’Vollek Nephi ass erëm a säi Land zeréck gaangen.

4 Dëst awer war eng Zäit, wou et iwwerall am ganze Land vill Trauer gouf a grousst Wéikloen ze héiere war, ënnert allem Vollek Nephi—

5 jo, d’Kloe vun de Witfraen, déi ëm hir Männer getrauert hunn, an och vun de Pappen, déi ëm hir Jonge getrauert hunn, an d’Duechteren ëm de Brudder, jo, de Brudder ëm de Papp; an esou war bei hinnen alleguerten d’Trauerklo ze héieren, well si hunn ëm hir Famillje getrauert, déi ëmbruecht gi waren.

6 An dëst war gewëss ee leedvollen Dag, jo, eng Zäit vu seriéiser Feierlechkeet, eng Zäit vu vill Faaschten a Bieden.

7 An esou ass dat fofzéngt Joer vun der Regierung vun de Riichter iwwer d’Vollek Nephi op en Enn gaangen;

8 An dëst ass de Bericht vum Ammon a senge Bridder, vun hire Reesen an d’Land Nephi, hiert Leiden an deem Land, hire Suergen a Bedrängnisser an hirer onverständlecher Freed souwéi vun der Opnam a Sécherheet vun de Bridder am Land Jershon. Elo géif den Här, den Erléiser vun alle Mënschen, hir Séil séine fir ëmmer.

9 An dëst ass de Bericht vun de Kricher a Streidereien ënnert den Nephiten an och vun de Kricher tëschent den Nephiten an de Lamaniten; an dat fofzéngt Joer vun der Regierung vun de Riichter ass op en Enn gaangen.

10 A vum éischte bis zum fofzéngte Joer war et zur Vernichtung vu villen dausend Liewe komm; jo, et war zu engem fuerchtbare Schauspill vu Bluttvergéisse komm.

11 An d’Läiche vu villen Dausende sinn an der Äerd begruewen, wärend d’Läiche vu villen Dausenden a Kéip op der Uewerfläch vun der Äerd verfaulen; jo, a vill Dausender traueren ëm de Verloscht vun hire Familljememberen, well si no de Verspriechunge vum Här Grond zu der Angscht hunn, datt si engem Zoustand vu Wéi, dat ni ophält, iwwerlooss sinn.

12 Wärend wierklech vill dausend anerer ëm de Verloscht vun hire Familljememberen traueren, freeën si sech awer an der Hoffnung a si frou, jo, si wëssen, no de Verspriechunge vum Här, datt si erhuewe ginn, fir zur rietsen Hand Gottes ze wunnen, an engem Zoustand vu Gléck, dat ni ophält.

13 An esou gesi mir, wéi grouss wéinst de Follge vu Sënd an Iwwertriedung d’Ongläichheet vun de Mënschen ass, an och d’Muecht vum Däiwel, déi sech aus de schlaue Pläng ergëtt, déi hie gefaasst huet, fir de Mënschen d’Häerz ze schmeechelen.

14 An esou gesi mir de grousse Ruff, deen un de Fläiss vun de Mënsche geet, fir an de Wéngert vum Här ze schaffen; an esou gesi mir de grousse Grond fir Leed an och fir Freed—Leed wéinst dem Doud an der Vernichtung ënnert de Mënschen, a Freed wéinst dem Liicht Christi, dat zum Liewe liicht.