Scriptures
Alma 8


8. Kapitel

Den Alma priedegt an deeft zu Melek—Hie gëtt zu Ammonihah verworf a geet fort—En Engel befielt him, zeréckzegoen an Ëmkéiert zum Vollek ze ruffen—Hie gëtt vum Amulek empfaangen, an déi zwee priedegen zu Ammonihah. Ongeféier 82 v. Chr.

1 An elo huet et sech erginn: Den Alma ass aus dem Land Gideon zeréck gekéiert, nodeems hien d’Vollek Gideon a villem beléiert hat, an nodeems hien d’Uerdnung vun der Kierch esou opgeriicht hat, ewéi hien et virdrun am Land Zarahemla gemaach hat; jo, hien ass a säin Haus an Zarahemla zeréck gekéiert, fir sech vun der Aarbecht, déi hie gemaach hat, auszerouen.

2 An esou ass dat néngte Joer vun der Regierung vun de Riichter iwwer d’Vollek Nephi eriwwer gaangen.

3 An et huet sech erginn: Um Ufank vum zéngte Joer vun der Regierung vun de Riichter iwwer d’Vollek Nephi huet den Alma sech vun do aus op gemaach an huet de Wee eriwwer an d’Land Melek geholl, am Weste vum Floss Sidon, am Westen, um Rand vun der Wüüst.

4 An hien huet ugefaangen, d’Leit am Land Melek no der helleger Uerdnung vu Gott ze enseignéieren, duerch déi hie beruff gi war; an hien huet ugefaangen, d’Leit am ganze Land Melek ze enseignéieren.

5 An et huet sech erginn: D’Vollek koum zu him aus alle Gebitter vum Land, dat um Rand vun der Wüüst war. An iwwerall am ganze Land hunn si sech deefe gelooss,

6 sou datt hien, wéi hien seng Aarbecht a Melek fäerdeg hat, vun do ewech gaangen ass an am Norde vum Land Melek dräi Dagesreese wäit gereest ass; an hie koum zu enger Stad, déi een Ammonihah genannt huet.

7 Et war awer beim Vollek Nephi üblech, datt si hiert Land an hir Stied an hir Dierfer, jo souguer all hir kleng Dierfer no deemjéinege benannt hunn, deen se als éischt am Besëtz hat; an esou war et och mam Land Ammonihah.

8 An et huet sech erginn: Wéi den Alma zur Stad Ammonihah komm war, huet hien ugefaangen, d’Wuert Gottes ze priedegen.

9 De Satan awer hat op d’Häerz vum Vollek Ammonihah groussen Afloss gewonnen; dofir wollten si net op d’Wierder vum Alma lauschteren.

10 An awer huet den Alma vill am Geescht geschafft, an hien huet a muechtvollem Gebiet mat Gott gestridden, hie géif säi Geescht iwwer d’Vollek an der Stad ausgéissen, hie géif him och erlaben, si zur Ëmkéiert ze deefen.

11 An awer hunn si hiert Häerz verhäert an hunn zu him gesprach: Kuck, mir wëssen, dat s du den Alma bass; a mir wëssen dat s du Hohepriister iwwer d’Kierch bass, déi s du a villen Deeler vum Land opgeriicht hues no denger Traditioun; mee mir sinn net vun denger Kierch, a mir gleewen net un esou topeg Traditiounen.

12 A mir wëssen: Well mir net vun denger Kierch sinn, wësse mir, datt s du keng Gewalt iwwert eis hues; an du hues de Riichterstull dem Nephihah iwwerlooss; dofir bass du net den Ieweschte Riichter iwwert eis.

13 Wéi elo d’Vollek dëst gesot hat an all senge Wierder widderstanen huet an de Geck iwwert hie gemaach hunn an hien u gespaut hunn an et fäerdeg bruecht hunn, datt hien aus der Stad ausgestouss sollt ginn, ass hie vun do fortgaangen an huet säi Wee no der Stad, déi een Aaron genannt huet, geholl.

14 An et huet sech erginn, datt, wéi hien dohi gereest war, mat Trauer belaascht war, a vill Leed a grouss Angscht duerchgemaach huet, wéinst der Béist vun de Leit, déi an der Stad Ammonihah waren, huet et sech erginn, wéi den Alma sou mat Trauer belaascht war, datt en Engel vum Här him erschéngt ass a sot:

15 Geséint bass du, Alma; dofir hief däi Kapp héich a free dech; well du hues vill Grond, dech ze freeën; well du bass trei gewiescht am Hale vun de Geboter Gottes vun där Zäit un, wou s du déi éischt Botschaft vun him erhalen hues. Kuck, ech sinn et, deen se dir iwwerbruecht huet.

16 A kuck, ech si geschéckt ginn, dir ze kommandéieren, dat s du an d’Stad Ammonihah zeréck goen an dem Vollek an der Stad nach eng Kéier priedege solls; jo, priedeg hinnen. Jo, so hinnen, wann si net ëmkéieren, wäert den Här Gott si vernichten.

17 Well kuck, si sinn de Moment doropper aus, d’Fräiheet vun dengem Vollek ze vernichten, (well esou seet den Här) an dës entgéint de Statuten a Riichterspréch a Geboter, déi hien dësem Vollek ginn huet.

18 Et huet sech awer erginn: Nodeems den Alma vum Engel vum Här seng Botschaft empfaangen hat, ass hie schnell an d’Land Ammonihah zeréck gaangen. An hien ass op engem anere Wee an d’Stad era gaangen, jo, op deem Wee, deen am Süde vun der Stad Ammonihah ass.

19 A wéi hien an d’Stad era komm ass, war hien hongereg, an hien huet zu engem Mann gesprach: Wëllst du engem bescheidene Kniecht Gottes eppes ze iesse ginn?

20 A de Mann huet zu him gesprach: Ech sinn een Nephit, an ech weess, dat s du een hellege Prophet Gottes bass, well du bass dee Mann, vun deem een Engel an enger Visioun gesot huet: dee solls du ophuelen. Dofir komm mat mir a mäin Haus, an ech wëll mäin Iesse mat dir deelen; an ech weess, dat s du fir mech a mäin Haus ee Seege wäerts sinn.

21 An et huet sech erginn: De Mann huet hien a sengem Haus opgeholl; an de Mann huet Amulek geheescht; an hien huet Brout a Fleesch erbäi bruecht an et dem Alma virgesat.

22 An et huet sech erginn: Den Alma huet d’Brout giess an huet sech sat giess; an hien huet den Amulek a säin Haus geséint a Gott Merci gesot.

23 An nodeems hie giess hat a sat gi war, huet hien zum Amulek gesprach: Ech sinn den Alma a sinn den Hohepriister iwwer d’Kierch Gottes am ganze Land.

24 A kuck, ech si beruff ginn, ënnert all dësem Vollek d’Wuert Gottes ze priedegen, nom Geescht vun der Offenbarung an der Prophezeiung; an ech war an dësem Land, a si wollte mech net empfänken, mee si hu mech ausgestouss, an ech war dorunner, dësem Land fir ëmmer de Réck ze kéieren.

25 Mee kuck, et gouf mir gebueden, zeréck ze kommen an dësem Vollek ze prophezeien, jo, an a Bezuch op seng béis Dote géint et ze temoignéieren.

26 Elo awer, Amulek, well s du mir ze Iesse ginn hues a mech opgeholl hues, bass du geséint; well ech war hongereg, well ech hat vill Deeg laang gefaascht.

27 An den Alma ass vill Deeg beim Amulek bliwwen, bevir hien ugefaangen huet, dem Vollek ze priedegen.

28 An et huet sech erginn: D’Vollek gouf nach méi schlecht an hiren Ongerechtegkeeten.

29 An d’Wuert vum Här ass un den Alma gaangen, nämlech: Géi hin a schwätz och zu mengem Kniecht Amulek: Géi hin a prophezei dësem Vollek, nämlech—Kéiert ëm, well esou seet den Här: Wann dir net ëmkéiert, wäert ech dëst Vollek a menger Roserei heemsichen; jo, an ech wäert meng hefteg Roserei net ewech huelen.

30 An den Alma an och den Amulek sinn higaangen ënner d’Vollek, fir hinnen d’Wierder Gottes ze verkënnegen; a si ware vum Hellege Geescht erfëllt.

31 An et gouf hinne Muecht ginn, esou vill, datt si net am Prisong festgehale konnte ginn, och war et net méiglech, datt een si ëmbrénge kéint; awer hunn si hir Muecht eréischt dann ausgeüübt, wéi si a Fessele geluecht an an de Prisong geworf goufen. Dëst awer ass geschitt, op datt den Här seng Muecht an hinne weise konnt.

32 An et huet sech erginn: Si sinn higaangen an hunn ugefaangen, dem Vollek ze priedegen an ze prophezeie nom Geescht an der Muecht, déi den Här hinne ginn hat.