Scriptures
Alma 32


32. Kapitel

Den Alma enseignéiert déi Aarm, deenen hiert Leed si humiliéiert hat—Glawen ass eng Hoffnung op dat, wat een net gesäit, awer wat wouer ass—Den Alma temoignéiert, datt Engele Männer, Fraen a Kanner déngen—Den Alma vergläicht d’Wuert mat Som—Et muss geséit a gefleegt ginn—Duerno wiisst et zu engem Bam, vun deem d’Fruucht vum éiwege Liewe geholl gëtt. Ongeféier 74 v. Chr.

1 An et huet sech erginn: Si sinn ausgaangen an hunn ugefaangen, dem Vollek d’Wuert Gottes ze priedegen; si sinn an hir Synagogen an an hir Haiser gaangen; jo, a si hunn d’Wuert souguer an de Stroosse gepriedegt.

2 An et huet sech erginn: No vill Aarbecht mat hinnen hunn si ugefaangen, ënnert der méi aarmer Schicht vum Vollek Erfolleg ze hunn; well kuckt, dës goufe wéinst hiren einfache Kleeder aus de Synagogen ausgestouss—

3 dofir war et hinnen net erlaabt, an hir Synagogen ze goen a Gott unzebieden, well si goufen als dreckeg ugesinn; dofir waren si aarm; jo, si goufe vun hire Bridder als Dreck geuecht; dofir waren si aarm, wat d’Saache vun der Welt betrëfft; a si waren och aarm am Häerzen.

4 Wéi awer den Alma d’Vollek op dem Hiwwel Onidah enseignéiert an zu hinne gesprach huet, do koum eng grouss Mënschenusammlung zu him, an et waren déijéineg, vun deene mir gesprach hunn, déi aarm am Häerze waren, nämlech wéinst hirer Aarmut, wat d’Saache vun der Welt betrëfft.

5 A si koumen zum Alma; an deejéinegen, deen ënnert hinne ganz vir war, huet zu him gesprach: Kuck, wat sollen dës meng Bridder maachen, well si gi vun alle Mënsche wéinst hirer Aarmut veruecht, jo, besonnesch awer vun eise Priister; well si hunn eis aus hire Synagogen ausgestouss, déi mir mat eegenen Hänn a mat vill Méi gebaut hunn; a si hunn eis wéinst eiser ganz groussen Aarmut ausgestouss; a mir hu keng Plaz, eise Gott unzebieden; a kuck, wat solle mir maachen?

6 Wéi elo den Alma dëst héieren huet, huet hien sech ëmgedréint, säi Gesiicht onmëttelbar zu him, an hien huet mat grousser Freed gekuckt; well hien huet gesinn, datt hir Bedrängnisser si wierklech deemüteg gemaach haten an datt si bereet waren, d’Wuert ze héieren.

7 Dofir huet hien näischt méi zu der anere Mënschenusammlung gesot; mee hien huet seng Hand ausgestreckt an huet deenen zougeruff, déi hie gesinn huet an déi wierklech zur Ëmkéiert bereet waren, an huet zu hinne gesprach:

8 Ech gesinn, datt dir am Häerze bescheide sidd; a well dat esou ass, sidd dir geséint.

9 Kuckt, äre Brudder huet gesot: Wat solle mir maachen?—well mir sinn aus eise Synagogen ausgestouss, sou datt mir eise Gott net ubiede kënnen.

10 Kuckt, ech soen iech: Mengt dir dann, dir kéint Gott net ubieden ausser nëmmen an äre Synagogen?

11 A weider wëll ech froen: Mengt dir dann, dir dierft Gott net ubieden ausser nëmmen eemol an der Woch?

12 Ech soen iech, et ass gutt, datt dir aus äre Synagogen ausgestouss sidd, sou datt dir humiliéiert kënnt sinn a Weisheet léiere kënnt; well et ass noutwenneg, datt dir Weisheet léiert; ebe well dir ausgestouss sidd, gitt dir vun äre Bridder wéinst ärer ganz groussen Aarmut veruecht, sou datt dir zu Bescheidenheet vum Häerz bruecht gi sidd, well dir sidd noutwennegerweis dozou bruecht ginn, humiliéiert ze sinn.

13 Elo awer, well dir gezwonge sidd, humiliéiert ze sinn, sidd dir geséint; well munchmol sicht de Mënsch, wann hien zu Humilitéit gezwongen ass, no Ëmkéiert; wien awer ëmkéiert, dee wäert gewëss Baarmhäerzegkeet fannen, a wien Baarmhäerzegkeet fënnt a bis zum Enn aushält, dee wäert gerett ginn.

14 Wann ech iech awer gesot hunn, dir wiert geséint, well dir gezwonge sidd, humiliéiert ze sinn—mengt dir dann net, datt déijéineg nach méi geséint sinn, déi sech wéinst dem Wuert richteg humiliéieren?

15 Jo, wien sech richteg humiliéiert a vu senge Sënden ëmkéiert a bis zum Enn aushält, dee wäert geséint sinn—jo, vill méi geséint ewéi déijéineg, déi wéinst hirer ganz groussen Aarmut gezwonge sinn, deemüteg ze sinn.

16 Geséint sinn dofir déijéineg, déi sech humiliéieren, ouni datt si gezwonge sinn, humiliéiert ze sinn; oder awer, mat anere Wierder, geséint ass, wien un d’Wuert Gottes gleeft a sech ouni Verstocktheet vum Häerz deefe léisst, jo, ouni datt hien dozou bruecht ginn ass, datt hien d’Wuert kennt, oder gezwonge ginn ass, et ze kennen, bevir hie gleeft.

17 Jo, et ginn der vill, déi soen: Wann s du ons een Zeeche vum Himmel weise wëlls, da wäerte mir mat Gewëssheet wëssen; da wäerte mir gleewen.

18 Elo awer froen ech: Ass dat da Glawen? Kuckt, ech soen iech: Nee, well wann esou een eppes weess, sou hat hie keng Ursaach ze gleewen; well hie weess et.

19 An elo, ëm wéi vill méi ass ee verflucht, deen de Wëlle Gottes kennt an en net mécht, ewéi een, deen nëmme gleeft oder nëmmen Ursaach huet ze gleewen an an Iwwertriedung fält?

20 Elo musst dir iwwer dës Saach riichten. Kuckt, ech soen iech, et ass op der enge Säit, wéi et op der anerer Säit ass: an engem jiddwer Mënsch wäert no senge Wierker geschéien.

21 A wéi ech vum Glawe gesot hunn—Glawen heescht net, datt een perfekt Wësse vun eppes huet; wann dir dofir Glawen hutt, sou hofft dir op eppes, wat een net gesäit, wat awer wouer ass.

22 An elo, kuckt, ech soen iech, an ech wëll, datt dir iech erënnert, datt Gott baarmhäerzeg ass géintiwwer allen, déi u säin Numm gleewen; dowéinst wënscht hien, als éischt, datt dir gleeft, jo, nämlech u säi Wuert.

23 Säi Wuert awer deelt hien de Mënschen duerch Engel mat, jo, net nëmmen de Männer, mee och de Fraen. Dat ass awer net alles; kleng Kanner kréien dacks Wierder, déi déi Weis an déi Geléiert duerchernee bréngen.

24 An elo, meng léif Bridder, wou dir vu mir wësse wëllt, wat dir maache sollt, well dir bedrängt an ausgestouss sidd—ech wënschen elo net, datt dir mengt, ech géif iwwert iech uerteelen, ausser no deem, wat wouer ass—

25 Well ech mengen net, datt dir alleguerte gezwonge gi sidd, iech ze humiliéieren; ech gleewe villméi, datt et der e puer ënnert iech ginn, déi sech humiliéieren, egal a wéi engen Ëmstänn si sech och befannen.

26 Wéi ech awer vum Glawe gesot hunn—nämlech datt et net ee perkt Wësse wier—sou ass et och mat menge Wierder. Dir kënnt am Ufank net bis zur Perfektioun wëssen, datt se richteg sinn, genausou wéineg wéi de Glawe perfekt Wëssen ass.

27 Ma kuckt, wann dir är spirituell Kraaft erwächt an oprëselt, och nëmme fir eng Prouf vu menge Wierder, an e klengen Deel Glawen ausüübt, jo, och wann dir net méi kënnt wéi de Wonsch hunn, ze gleewen, da loosst dëse Wonsch an iech wierken, bis dir sou gleeft, datt dir Plaz maache kënnt fir en Deel vu menge Wierder.

28 Mir wëllen awer d’Wuert mat engem Somkär vergläichen. Wann dir elo Plaz maacht, datt e Somkär an äert Häerz gesat ka ginn, kuckt, wann et e richtege Somkär ass oder e gudde Somkär, an dir verjot en net duerch ären Ongleewegt, wouduerch dir dem Geescht vum Här widderstitt, kuckt, da fänkt en un, an ärer Broscht unzeschwëllen; a wann dir dëst Schwëlle spiert, da fänkt dir un, bannent iech selwer ze soen: Et muss wuel sinn, datt dëst e gudde Somkär ass, oder datt d’Wuert gutt ass, well et fänkt un, meng Séil ze vergréisseren; jo, et fänkt un, mäi Verstand ze erliichten, jo, et fänkt un, mir wonnerbar ze schmaachen.

29 Elo kuckt, géif dëst net äre Glawe méi grouss maachen? Ech soen iech: Jo; an awer ass en nach net zu engem perfekte Wëssen eru gewuess.

30 Mee kuckt, ewéi de Somkär uschwëllt a spréisst an ze wuessen ufänkt, misst dir noutwennegerweis soen, datt dee Somkär gutt ass; well kuckt, et schwëllt a spréisst a fänkt u mat wuessen. An elo kuckt, wäert dat net äre Glawe stäerken? Jo, et wäert äre Glawe stäerken, well dir wäert soen: Ech weess, datt dëst ee gudde Somkär ass; well kuckt, et spréisst a fänkt u mat wuessen.

31 An elo kuckt, sidd dir iech gewëss, datt et ee gudde Somkär ass? Ech soen iech: Jo; well jiddwer Somkär bréngt no senger eegenen Aart ervir.

32 Wann dofir ee Somkär wiisst, sou ass et gutt; wann et awer net wiisst, kuckt, sou ass et net gutt, dofir gëtt et ewech geheit.

33 An elo kuckt, well dir de Versuch gemaach an de Somkär geplanzt hutt an et schwëllt a spréisst a fänkt u mat wuessen, musst dir noutwennegerweis wëssen, datt de Somkär gutt ass.

34 An elo kuckt, ass äert Wësse perfekt? Jo, doranner ass äert Wësse perfekt, an äre Glawe rout, an zwar well dir Wëssen hutt; well dir wësst, datt d’Wuert är Séil schwëlle gelooss huet, an dir wësst och, datt et gespréist huet, datt äert Verständnis ufänkt, erliicht ze ginn, an äre Sënn ufänkt, sech ze erweideren.

35 Ass dëst dann net eppes Wierkleches? Ech soen iech: Jo, well et ass Liicht; a wann eppes Liicht ass, sou ass et gutt, well et kann een et erkennen; dofir musst dir wëssen, datt et gutt ass; an elo, kuckt, nodeems dir vun dësem Liicht geschmaacht hutt, ass äert Wësse perfekt?

36 Kuckt, ech soen iech: Nee; och däerft dir äre Glawen net op d’Säit leeën, well dir hutt jo äre Glawen ausgeüübt, fir de Somkär ze planzen, fir datt dir de Versuch maache kënnt, fir ze wëssen op de Somkär gutt wier.

37 A kuckt, wann de Bam mat wuessen ufänkt, wäert dir soen: Loosst ons en mat grousser Suergfalt nieren, datt e Wuerzele kritt, datt e wiisst an ons Fruucht bréngt. An elo kuckt, wann dir e mat grousser Suergfalt niert, wäert e Wuerzele kréien a Fruucht bréngen.

38 Mee wann dir de Bam vernoléissegt an iech keng Gedanke maacht, wéi en ze niere wier, kuckt, da wäert e keng Wuerzele kréien; a wann d’Sonnenhëtzt kënnt an e versengt, wäert e wiel ginn, well e keng Wuerzelen huet, an dir räisst en aus a geheit en eraus.

39 Dëst kënnt net dohier, datt de Somkär net gutt war, och net dohier, datt d’Fruucht dovunner net wënschenswäert wär, mee well äre Buedem onfruchtbar ass an dir de Bam net niere wëllt; dofir kënnt dir keng Fruucht dovunner hunn.

40 An esou kënnt dir, wann dir d’Wuert net niert, fir mat gleewegem A no senger Fruucht auszekucken, nimools Fruucht vum Bam vum Liewe plécken.

41 Wann dir awer d’Wuert niert, jo, de Bam niert, wann e mat wuessen ufänkt, andeems dir mat groussem Fläiss a mat Gedold äre Glawen ausüübt, an no senger Fruucht auskuckt, wäert e Wuerzele faassen; a kuckt, et wäert ee Bam sinn, deen zu éiwegem Liewen erop spréisst.

42 An wéinst ärem Fläiss, ärem Glawen an ärer Gedold mam Wuert, wéi dir et gefleegt hutt, fir datt et an iech Wuerzel schléit, kuckt, da wäert dir no an no d’Fruucht dovunner plécken, déi héich wäertvoll ass, déi méi séiss ass wéi all dat, wat séiss ass, an déi méi wäiss ass wéi all dat, wat wäiss ass, jo, a méi reng wéi all dat, wat reng ass; an dir wäert vun dëser Fruucht iessen, bis dir gefëllt sidd, sou datt dir weder héngert nach duuschtereg wäert sinn.

43 Da, meng Bridder, wäert dir de Loun fir äre Glawen an äre Fläiss an är Gedold an är Toleranz recoltéieren, well dir gewaart hutt, datt de Bam iech Fruucht bréngt.