4. Kapitel
Den Alma deeft Dausende vu Konvertéierten—Ongerechtegkeet kënnt an d’Kierch, an de Fortschrëtt vun der Kierch gëtt behënnert—Den Nephihah gëtt zum ieweschte Riichter ernannt—Den Alma widmet sech als Hohepriister dem Ministère. Ongeféier 86–83 v. Chr.
1 Elo huet et sech erginn: Am sechste Joer vun der Regierung vun de Riichter iwwer d’Vollek Nephi goufen et weder Streidereien nach Kricher am Land Zarahemla,
2 mee d’Vollek war net gutt drun, jo, guer net gutt drun, well si hir Bridder verlueren haten a well si hir Schof a Kéi verlueren haten a well si hir Getreiderfelder, déi vun de Lamaniten zertrëppelt a vernicht gi waren, verlueren haten.
3 An hiert Leed war sou grouss, datt all Séil Grond hat ze traueren; an si hu gegleeft, datt et d’Urteeler vu Gott waren, déi iwwert si geschéckt goufe wéinst hirer Béist an hiren Abscheilechkeeten; dofir goufen si zu enger Erënnerung un hir Flicht erwächt.
4 A si hunn ugefaangen, d’Kierch nach méi ze festegen; jo, a vill goufen an de Waasser vum Sidon gedeeft an der Kierch Gottes ugegliddert; jo, si goufe vum Alma senger Hand gedeeft, deen duerch d’Hand vu sengem Papp Alma zum Hohepriister iwwer d’Vollek geweit gi war.
5 An et huet sech erginn: Am siwente Joer vun der Herrschaft vun de Riichter waren et an di dräidausendfënnefhonnert Séilen, déi sech mat der Kierch Gottes vereenegt a sech deefe gelooss hunn. An esou ass dat siwent Joer vun der Regierung vun de Riichter iwwer d’Vollek Nephi op en Enn gaangen; an et gouf bestänneg Fridden an all där Zäit.
6 An et ass am aachte Joer vun der Regierung vun de Riichter geschitt, datt d’Leit vun der Kierch ugefaangen hunn, houfreg ze ginn, wéinst hirem aussergewéinleche Räichtum, an hirer feiner Seid, an hire fei gewiefte Läindicher, a wéinst hire ville Schof a Kéi, an hirem Gold an hirem Sëlwer, an all Zorte vu wäertvolle Saachen, déi si duerch hir Aarbecht gewonn haten; an an all dëse Saachen hunn si sech am Stolz vun hiren Aen erhuewen, well si ugefaangen hunn, ganz deier Kleeder ze droen.
7 Dëst awer war d’Ursaach vu vill Leed fir den Alma, jo, a fir vill vun de Männer, déi den Alma zu Priister an Eelster iwwert d’Kierch geweit hat; jo, vill vun hinne waren déif bekëmmert wéinst der Béist, déi si ënnert hirem Vollek entstoe gesinn hunn.
8 Well si hu gesinn a mat grousser Trauregkeet wouer geholl, dat d’Vollek vun der Kierch ugefaangen huet, am Stolz vun hiren Aen iwwerhieflech ze ginn an d’Häerz op d’Räichtemer an Topegkeete vun der Welt ze setzen, dat si ugefaangen hunn, een den aneren ze veruechten an déijéineg ze verfollegen, déi net esou gegleeft hunn, wéi si wollten an wéi et hinne gefall huet.
9 An esou hunn an dësem aachte Joer vun der Regierung vun de Riichter grouss Streidereien ënnert dem Vollek vun der Kierch ugefaangen; jo, et gouf vill Näid a Defaveur a Béisheet a Verfolgungen a Stolz, jo, souguer iwwert de Stolz vun deenen ewech, déi net zur Kierch Gottes gehéiert hunn.
10 An esou ass dat aacht Joer vun der Regierung vun de Riichter op en Enn gaangen; an d’Béist vun der Kierch war ee grousse Stolperstee fir déijéineg, déi net der Kierch ugehéiert hunn; an esou huet d’Kierch ugefaangen, an hirem Fortschrëtt ze stocken.
11 An et huet sech erginn: Am Ufank vum néngte Joer huet den Alma d’Béist vun der Kierch gesinn an huet och gesinn, wéi d’Beispill vun der Kierch déi Ongleeweg vun enger Ongerechtegkeet zur anere gefouert huet, sou dat op dës Weis d’Vernichtung vum Vollek erbäi gefouert gouf.
12 Jo, hien huet grouss Ongläichheet ënnert dem Vollek gesinn, well e puer goufen an hirem Stolz iwwerhieflech an hunn anerer veruecht, si hunn den Aarmen an de Plakegen de Réck gedréint, an och deenen, déi hongereg waren, an deenen, déi duuschtereg waren, an deenen, déi krank a bedierfteg waren.
13 Elo war dëst e grousse Grond fir Lamentatiounen ënnert dem Vollek, wärend anerer sech humiliéiert hunn an deene gehollef hunn, déi hir Hëllef néideg haten, andeems si den Aarmen a Bedierftege vun hirem Besëtz ofginn hunn, den Hongeregen ze iesse ginn hunn an andeems si allerhand Leed ëm de Christus wëlle gelidden hunn, deen nom Geescht vun der Prophezeiung komme sollt.
14 Si hunn no dësem Dag ausgekuckt an hunn sech esou d’Verzeie vun hire Sënde geséchert; si ware vu grousser Freed erfëllt wéinst der Opersteeung vun den Doudegen, nom Wëllen an der Muecht vum Jesus Christus a senger Befreiung aus de Fessele vum Doud.
15 An elo huet et sech erginn: Den Alma, deen d’Problemer vun den humiliéierten Nofolger Gottes an d’Verfolgungen, déi hinnen duerch den iwwregen Deel vu sengem Vollek operluecht gi waren, gesinn hat an deen och all hir Ongläichheet wouer geholl huet, gouf ganz traureg; mee de Geescht vum Här huet hien net verlooss.
16 An hien huet ee weise Mann ausgesicht, deen zu den Eelste vun der Kierch gehéiert huet, an huet him Muecht no der Stëmm vum Vollek ginn, fir dat hien no de Gesetzer, déi gi gi waren, Muecht huet, Gesetzer ze erloossen an dës no der Béist an de Verbrieche vum Vollek a Kraaft ze setzen.
17 De Numm vun dësem Mann awer war Nephihah, an hie gouf als Ieweschte Riichter bestëmmt; an hie souz op dem Riichterstull, d’Vollek ze riichten an ze regéieren.
18 Den Alma huet him awer net d’Amt iwwerdroen, Hohepriister iwwer d’Kierch ze sinn, well hien huet d’Amt vum Hohepriister fir sech selwer behalen; mee hien huet dem Nephihah de Riichterstull iwwerlooss.
19 An dat huet hie gemaach, fir datt hie selwer ënnert säi Vollek oder ënnert dem Vollek vum Nephi erausgoe kéint, fir hinnen d’Wuert Gottes ze priedegen, fir si un hir Flicht ze erënneren, a fir datt hie mam Wuert Gottes all de Stolz, an all Hannerlëschteges, an all Sträit, déi ënnert sengem Vollek waren, ofbaue kéint, well hie kee Wee gesinn huet, wéi hien si zeréckkréie kéint, ausser andeems hien sech äifreg beméit, ee kloren Temoignage géint si ofzeleeën.
20 An esou, um Ufank vum néngte Joer vun der Regierung vun de Riichter iwwer d’Vollek vum Nephi, huet den Alma dem Nephihah de Riichtersëtz iwwerginn an sech ganz op d’Héicht Priistertum vum hellege Gottesuerde beschränkt, op den Temoignage vum Wuert, nom Geescht vun der Offenbarung an der Prophezeiung.