18. Kapitel
De Kinnek Lamoni geet dovun aus, datt den Ammon de Grousse Geescht ass—den Ammon enseignéiert de Kinnek iwwer d’Schëpfung, Gottes Ëmgang mat de Mënschen an d’Erléisung, déi duerch Christus kënnt—de Lamoni gleeft a fält op d’Äerd wéi wann hien dout wier. Ongeféier 90 v. Chr.
1 An et huet sech erginn: De Kinnek Lamoni huet seng Kniechte virtrieden an all dat temoignéiere gelooss, wat si an dëser Saach gesinn haten.
2 A wéi si all temoignéiert haten, wat si gesinn haten, an hie gewuer ginn ass, wéi trei den Ammon beim Oppasse vun den Häerden war, an och vu senger grousse Kraaft am Sträit géint déijéineg, déi hien ëmbrénge wollten, war hien iwwer d’Mosse verwonnert an huet gesprach: Gewëss ass dëse méi wéi ee Mënsch. Kuckt, ass dëst net de Grousse Geescht, deen iwwert dëst Vollek wéinst sengen déidlechen Doten sou grouss Strofe schéckt?
3 A si hunn dem Kinnek geäntwert a gesprach: Ob hien de Grousse Geescht ass oder ee Mënsch, dat wësse mir net; mee souvill wësse mir, datt hie vun de Feinde vum Kinnek net ëmbruecht ka ginn; och kënnen si d’Häerde vum Kinnek net zerstreeën, wann hie bei eis ass, an zwar wéinst senger Kompetenz a grousser Stäerkt; dofir wësse mir, datt hien dem Kinnek ee Frënd ass. An elo, o Kinnek, gleewe mir net, datt ee Mënsch eng sou grouss Muecht huet, well mir wëssen, datt hien net ëmbruecht ka ginn.
4 Wéi awer de Kinnek dës Wierder héieren hat, huet hien zu hinne gesprach: Elo weess ech, datt hien de Grousse Geescht ass; an hien ass elo erofkomm, fir äert Liewen ze preservéieren, fir dat ech iech net ëmbréngen, wéi ech et mat äre Bridder gemaach hunn. Dëst ass also de Grousse Geescht, vun deem eis Pappe geschwat hunn.
5 Dëst war awer d’Iwwerliwwerung vum Lamoni, déi hie vu sengem Papp empfaangen hat, nämlech datt et ee Grousse Geescht gëtt. A wann si och gegleeft hunn, datt et ee Grousse Geescht gëtt, sou hunn si awer gemengt, datt alles, wat si gemaach hunn, richteg wier; mee de Lamoni huet ugefaangen, iwwer d’Moossen ze fäerten, nämlech ze fäerten, hien hätt onrecht gemaach, wéi hien seng Kniechten ëmbruecht huet;
6 Well hie vill vun hinnen ëmbruecht hat, well hir Bridder hir Schofshäerden um Waasser verstreet haten; an dofir, well hir Schofshäerde verstreet gi waren, goufen si ëmbruecht.
7 Et war awer de Brauch vun de Lamaniten, um Waasser Sebus ze stoen an d’Häerde vum Vollek ze zerstreeën, fir doduerch vill vun deenen, déi sech zerstreet haten, zu hirem Land hin ewechdreiwen ze kënnen; well dëst war hir Aart ze klauen.
8 An et huet sech erginn: De Kinnek Lamoni huet seng Kniecht befrot, nämlech: Wou ass dëse Mann, deen esou grouss Muecht huet?
9 A si hunn zu him gesprach: Kuck, hie fiddert deng Päerd. De Kinnek awer hat senge Kniechten nach virum Dränke vun hiren Häerden gebueden, si sollten seng Päerd a seng Sträitween prett maachen an hien an d’Land Nephi geleeden; well et war am Land Nephi ee grousst Fest bestëmmt ginn, an zwar duerch de Papp vum Lamoni, deen de Kinnek iwwer dat ganzt Land war.
10 Wéi awer de Kinnek Lamoni héieren huet, datt den Ammon seng Päerd a seng Sträitween prett gemaach huet, war hie wéinst der Trei vum Ammon nach méi verwonnert an huet gesot: Gewëss gëtt et ënnert all menge Kniechte keen, deen esou trei gewiescht ass wéi dëse Mann; well hien denkt un all meng Geboter, datt hien se ausféiert.
11 Elo weess ech gewëss, datt dësen de Grousse Geescht ass, an ech wënschen, hie géif bei mech erakommen, mee ech traue mech net.
12 Elo huet et sech erginn: Wéi den Ammon d’Päerd an d’Sträitween fir de Kinnek a seng Kniechte fäerdeg gemaach hat, ass hie bei de Kinnek eragaangen, an hien huet gesinn, datt sech de Gesiichtsausdrock vum Kinnek geännert hat; dofir wollt hien sech aus senger Géigewaart zeréckzéien.
13 An ee vun de Dénger vum Kinnek sot zu him: Rabbanah, dat heescht, iwwersat, mächtegen oder grousse Kinnek, well si hir Kinneke fir mächteg halen; an esou sot hien zu him: Rabbanah, de Kinnek wëll, datt s du bleifs.
14 Dofir huet den Ammon sech zum Kinnek gedréint an zu him gesprach: Wat wëlls du, dat ech fir dech maachen, o Kinnek? An eng Stonn laang, no hirer Zäitrechnung, huet de Kinnek him net geäntwert, well hie wousst net, wat hien zu him soe sollt.
15 An et huet sech erginn: Den Ammon huet erëm zu him gesprach: Wat wënschs du vu mir? Mee de Kinnek huet him net geäntwert.
16 An et huet sech erginn: Den Ammon war vum Geescht Gottes erfëllt an huet dowéinst d’Gedanke vum Kinnek wouer geholl. An hien huet zu him gesot: Ass et well s du héieren hues, datt ech deng Kniechten an deng Schofshäerde verdeedegt hunn, a siwe vun hire Bridder mat der Schleider a mam Schwäert ëmbruecht hunn, an d’Äerm vun aneren ofgeschloen hunn, fir deng Schofshäerden an deng Kniechten ze verdeedegen; kuck, ass et dat, wat deng Verwonnerung verursaacht?
17 Ech soen dir, firwat ass deng Verwonnerung esou grouss? Kuck, ech sinn ee Mënsch a sinn däi Kniecht; dofir wäert ech alles maachen, wat s du wënschs a wat richteg ass.
18 Wéi awer de Kinnek dës Wierder héieren hat, huet hien sech erëm verwonnert, well hien huet bemierkt, datt den Ammon seng Gedanken ënnerscheede konnt; mee awer huet de Kinnek Lamoni de Mond opgemaach an zu him gesprach: Wie bass du? Bass du dee Grousse Geescht, deen alles weess?
19 Den Ammon huet geäntwert an zu him gesprach: Ech sinn et net.
20 An de Kinnek huet gesprach: Wisou kenns du d’Gedanke vu mengem Häerzen? Du kanns fräi schwätzen a mir iwwer dës Saachen erzielen; a so mir och, mat wéi enger Muecht du meng Bridder, déi meng Schofshäerden zerstreet hunn, ëmbruecht an d’Äerm ofgeschloen hues—
21 an elo, wann s du mir dovunner erziels, wäert ech dir ginn, wat och ëmmer du dir wënschs; a wann et Nout wär, géif ech dech mat mengen Arméie bewaachen; mee ech weess, du bass méi mächteg ewéi si alleguerten. Mee wëll ech dir ginn, wat och ëmmer du dir vu mir wënschs.
22 Den Ammon awer war weis, mee mat Hannergedanken, an esou huet hien zum Lamoni gesprach: Wäerts du op meng Wierder lauschteren, wann ech dir soen, mat wat fir Muecht ech dëst maachen? Dat ass et nämlech, wat ech vun dir wënschen.
23 An de Kinnek huet him geäntwert a gesprach: Jo, ech wäert all denge Wierder gleewen. An esou gouf hie mat Falschheet agefaangen.
24 An den Ammon huet ugefaangen, ouni Angscht mat him ze schwätzen, an huet zu him gesprach: Gleefs du, datt et ee Gott gëtt?
25 An hien huet geäntwert an zu him gesprach: Ech weess net, wat dat bedeit.
26 An dunn huet den Ammon gesprach: Gleefs du, datt et ee Grousse Geescht gëtt?
27 An hien huet gesprach: Jo.
28 An den Ammon huet gesprach: Dat ass Gott. An den Ammon sot nach eng Kéier zu him: Gleefs du, datt dëse Grousse Geescht, dee Gott ass, all Saachen erschaf huet, déi am Himmel an op der Äerd sinn?
29 An hien huet gesprach: Jo, ech gleewen, datt hien alles erschafen huet, wat op der Äerd ass; mee den Himmel kennen ech net.
30 An den Ammon huet zu him gesprach: Den Himmel ass deen Uert, wou Gott wunnt a wou all seng helleg Engele wunnen.
31 An de Kinnek Lamoni huet gesprach: Ass hien iwwert der Äerd?
32 An den Ammon huet gesprach: Jo, an hie kuckt erof op all Mënschekanner; an hie kennt all Gedanken an Absichte vum Häerzen; well duerch seng Hand sinn si alleguerte vun Ufank un erschafe ginn.
33 An de Kinnek Lamoni huet gesprach: Ech gleewen dat alles, wat s du gesot hues. Bass du vu Gott geschéckt?
34 Den Ammon huet zu him gesprach: Ech sinn ee Mënsch; an de Mënsch gouf am Ufank als d’Duerstellung Gottes erschaf, an ech sinn duerch den hellege Geescht beruff, dëst Vollek doriwwer ze enseignéieren, fir datt si zum Wësse vun deem gefouert ginn, wat gerecht a wouer ass;
35 An en Deel vun deem Geescht wunnt a mir, dee mir Wëssen an och Muecht gëtt, no mengem Glawen a menge Wënsch, déi a Gott sinn.
36 Nodeems awer den Ammon dës Wierder gesprach hat, huet hie bei der Erschafung vun der Äerd ugefaangen, an och bei der Erschafung vum Adam, an hien huet him alles a Bezuch vum Fall vum Mënsch erzielt an huet vun den Opzeechnungen an hellege Schrëfte vum Vollek, déi vun de Prophete gesprach gi waren, bericht, jo, erof bis zu där Zäit, wou hire Papp Lehi Jerusalem verlooss huet an huet him se duergeluecht.
37 An hien huet hinne bericht (well dës war fir de Kinnek a seng Kniechten) vun alle Weeër vun hire Pappen an der Wüüst a vun all hire Leiden an Honger an Duuscht an hire Problemer an esou weider.
38 Hien huet hinnen och bericht vun de Rebellioune vum Laman a Lemuel an de Jonge vum Ismael, jo, all hir Rebelliounen huet hien hinnen erzielt; an hien huet hinnen all Opzeechnungen a Schrëfte vun där Zäit un, wou de Lehi Jerusalem verlooss huet, bis an déi géigewäerteg Zäit, erkläert.
39 Mee dëst war net alles; well hien huet hinnen de Plang vun der Erléisung erkläert, dee vun der Grënnung vun der Welt u prett gemaach war; an hien huet si vum Komme Christi opgekläert, an all Wierker vum Här huet hien hinnen erkläert.
40 An et huet sech erginn: Nodeems hien dëst alles gesot an dem Kinnek erkläert hat, huet de Kinnek all senge Wierder gegleeft.
41 An hien huet ugefaangen, den Här unzeruffen a sot: O Här, erbaarm dech; no denger räicher Barmhäerzegkeet, déi s du fir d’Vollek vum Nephi has, erbaarm dech mir a mengem Vollek.
42 Wéi hien awer dëst gesot hat, ass hien zur Äerd gefall, wéi wann hien dout wär.
43 An et huet sech erginn: Seng Kniechten hunn hie geholl an eran zu senger Fra hi gedroen an hien op ee Bett geluecht; an zwee Deeg an zwou Nuechte laang louch hien do, wéi wann hien dout wär; a seng Fra a seng Jongen an Duechteren hu fir hie getrauert no der Weis vun de Lamaniten an hunn säin Ofstierwe vill beklot.