35. Kapitel
D’Priedegt vum Wuert zerstéiert d’Handwierk vun de Zoramiten—Si verstoussen déi Bekéiert, déi sech duerno de Leit vum Ammon zu Jershon ugeschloss hunn—Den Alma ass traureg wéinst der Béist vum Vollek. Ongeféier 74 v. Chr.
1 Elo huet et sech erginn: Nodeems den Amulek mat dëse Wierder op en Enn komm war, hunn si sech vun der Versammlung zeréckgezunn a sinn eriwwer an d’Land Jerschon gaangen.
2 Jo, an nodeems déi iwwreg Bridder den Zoramiten d’Wuert gepriedegt haten, sinn och si eriwwer an d’Land Jerschon gaangen.
3 An et huet sech erginn: Nodeems sech déi besser Leit ënnert den Zoramite mateneen iwwer déi Wierder beroden haten, déi hinne gepriedegt gi waren, do waren si wéinst dem Wuert rosen, well et huet hinnen hir Muecht zerstéiert; dofir wollten si net op déi Wierder lauschteren.
4 A si hunn hi geschéckt an iwwerall am ganze Land all Vollek versammelt a sech mat hinne beroden iwwer déi Wierder, déi gesprach gi waren.
5 Elo hunn hir Herrscher an hir Priister an hir Enseignanten d’Leit net iwwert hir Wënsch wësse gelooss; dowéinst hunn si am Verbuergen d’Gedanke vum ganze Vollek erausfonnt.
6 An et huet sech erginn, nodeems si d’Gedanke vum ganze Vollek erausfonnt haten, goufen déi, déi fir d’Wierder waren, déi den Alma an seng Bridder geschwat haten, aus dem Land ausgestouss; an et waren der vill; a si sinn och an d’Land Jershon komm.
7 An et huet sech erginn: Den Alma a seng Bridder hunn hinne geeschtlech gedéngt.
8 D’Vollek vun den Zoramiten awer war rosen op d’Vollek Ammon, dat a Jerschon war, an den ieweschten Herrscher vun den Zoramiten, deen ee ganz béise Mënsch war, huet eriwwer zum Vollek Ammon geschéckt a gewënscht, si sollten aus hirem Land all déijéineg ausstoussen, déi vun hinnen an hiert Land eriwwer komm waren.
9 An hien huet vill Menacë géint si ausgestouss. D’Vollek Ammon awer huet seng Wierder net gefaart; dofir hunn si se net ausgestouss, mee hunn all déi Aarm vun den Zoramiten opgeholl, déi bei si koumen; a si hunn hinnen ze iesse ginn, hunn si gekleet an hinne Land als Ierfschaft ginn; a si hunn sech hinnen no hire Bedierfnisser ugeholl.
10 Dëst awer huet d’Zoramiten zur Roserei géint d’Vollek Ammon opgestëppelt, a si hunn ugefaangen, sech ënner d’Lamaniten ze mëschen an och dës zur Roserei géint si opzestëppelen.
11 An esou hunn d’Zoramiten an d’Lamaniten ugefaangen, Krichsvirbereedunge géint d’Vollek Ammon ze treffen, an och géint d’Nephiten.
12 An esou ass dat siwwenzéngt Joer vun der Regierung vun de Riichter iwwer d’Vollek Nephi op en Enn gaangen.
13 An d’Vollek Ammon ass aus dem Land Jerschon ewech gezunn an eriwwer an d’Land Melek gaangen an huet am Land Jerschon Plaz fir d’Arméie vun den Nephitë gemaach, fir datt dës mat den Arméie vun de Lamaniten an den Arméie vun den Zoramite streide konnten; an esou huet tëschent de Lamaniten an Nephiten am uechtzéngte Joer vun der Regierung vun de Riichter ee Krich ugefaangen; an ee Bericht iwwert hir Kricher wäert spéider nach gi ginn.
14 An den Alma an de Ammon an hir Bridder an och déi zwee Jonge vum Alma sinn an d’Land Zarahemla zeréck gekéiert, nodeems si Instrumenter an den Hänn Gottes gewiescht waren, fir vill Zoramiten zur Ëmkéiert ze bréngen; a wien zur Ëmkéiert bruecht gouf, dee gouf zwar aus sengem Land gejot, huet awer elo Land zur Ierfschaft am Land Jerschon; a si hunn d’Waffen opgeholl, fir sech an hir Fraen a Kanner an hiert Land ze verdeedegen.
15 Elo war den Alma traureg wéinst der Ongerechtegkeet vu sengem Vollek, jo wéinst de Kricher, dem Bluttvergéissen an de Streidereien, déi ënnert hinne waren; an nodeems hie gaangen ass, fir d’Wuert ze verkënnegen, oder geschéckt gouf, fir d’Wuert ze verkënnegen, ënnert all de Leit an all Stad; an hie gesinn huet, datt d’Häerzer vum Vollek ugefaang hunn haart ze ginn, an datt si ugefaang hunn, sech duerch d’Strengt vum Wuert beleidegt ze fillen, ass säin Häerz ganz traureg ginn.
16 Dowéinst huet hien seng Jongen zesummeruffe gelooss, fir datt hien all eenzel vun hinne separat seng Instruktiounen iwwert Saache géint d’Gerechtegkeet kéint ginn. A mir hunn e Bericht iwwer seng Geboter, déi hien hinnen no senger eegenen Opzeechnung ginn huet.