Scriptures
Alma 20


20. Kapitel

Den Här schéckt den Ammon op Middoni fir seng gefaange Bridder ze befreien—Den Ammon an de Lamoni treffen dem Lamoni säi Papp, dee Kinnek iwwer dat ganzt Land ass—Den Ammon zwéngt den ale Kinnek, d’Fräiloossung vu senge Bridder ze approuvéieren. Ongeféier 90 v. Chr.

1 An et huet sech erginn: Wéi si eng Kierch am Land opgeriicht haten, huet de Kinnek Lamoni gewënscht, den Ammon géif mat him an d’Land Nephi goen, fir datt hien en sengem Papp presentéiert.

2 An d’Stëmm vum Här ass un den Ammon gaangen, nämlech: Du solls net an d’Land Nephi eropgoen, well kuck, de Kinnek wäert dir nom Liewen truechten; mee du solls an d’Land Middoni goen; well kuck, däi Brudder Aaron an och de Muloki an den Ammah sinn am Prisong.

3 An et huet sech erginn: Wéi den Ammon dëst héieren hat, huet hien zum Lamoni gesprach: Kuck, mäi Brudder a meng Bridder sinn am Prisong zu Middoni, an ech ginn, si ze befreien.

4 Elo sot de Lamoni zum Ammon: Ech weess, an der Kraaft vum Här kanns du alles maachen. Mee kuck, ech gi mat dir an d’Land Middoni; well de Kinnek vum Land Middoni, deem säin Numm Antiomno ass, ass e Frënd vu mir; dofir ginn ech an d’Land Middoni, fir dem Kinnek vum Land ze schmeechelen, an hie wäert deng Bridder aus dem Prisong entloossen. Elo sot de Lamoni zu him: Wien huet dir gesot, datt deng Bridder am Prisong wieren?

5 An den Ammon huet zu him gesprach: Keen aneren ewéi Gott huet et mir gesot; an hien huet zu mir gesprach: géi a befrei deng Bridder, well si sinn am Land Middoni am Prisong.

6 Wéi awer de Lamoni dëst héieren hat, huet hien seng Kniechten d’Päerder an d’Sträitween prett maache gelooss.

7 An hien huet zum Ammon gesprach: Komm, ech wëll mat dir erof no Middoni reesen, an do wäert ech dem Kinnek mat Bieden zousetzen, datt hien deng Bridder aus dem Prisong entléisst.

8 An et huet sech erginn: Wéi den Ammon an de Lamoni dohinner gereest sinn, hunn si dem Lamoni säi Papp getraff, deen de Kinnek iwwer d’ganzt Land war.

9 A kuckt, dem Lamoni säi Papp huet zu him gesprach: Firwat sidd dir net zum Fest komm un deem groussen Dag, wéi ech menge Jongen an och mengem Vollek ee Fest ginn hunn?

10 An hien huet och gesprach: Wouhinner gees du mat dësem Nephit, deen ee vun de Kanner vun engem Ligener ass?

11 An et huet sech erginn: De Lamoni huet him bericht, wouhinner hie geet, well hien huet gefaart, hie soss ze beleidegen.

12 An hien huet him och de ganze Grond gesot, firwat hien a sengem eegene Räich bliwwen an net zu sengem Papp komm war, zu deem Fest, dat hie virbereet hat.

13 Wéi elo de Lamoni him dëst alles bericht hat, kuckt, do war säi Papp zu sengem Erstaune rosen op hien an huet gesprach: Lamoni, du gees hin, déi Nephiten ze befreien, déi d’Jonge vun engem Ligener sinn. Kuck, hien huet eis Pappe beklaut; an elo sinn och seng Kanner zu eis komm, fir datt si eis duerch hir Schlauheet an hir Ligen täuschen, fir datt si eis erëm eis Eegentemer ewech huelen.

14 Dem Lamoni säi Papp huet him awer gebueden, hie sollt den Ammon mam Schwäert ëmbréngen. An hien huet him och gebueden, net no Middoni ze reesen, mee mat him an d’Land Ismael zeréck ze kommen.

15 Mee de Lamoni huet zu him gesprach: Ech wäert den Ammon net ëmbréngen, an ech wäert och net an d’Land Ismael zeréck kéieren, mee ech reesen no Middoni, fir d’Bridder vum Ammon fräizeginn, well ech weess, si si gerecht Männer an helleg Prophete vum richtege Gott.

16 Wéi awer säi Papp dës Wierder héieren hat, gouf hie rosen op hien an huet d’Schwäert gezunn, fir hien zur Äerd ze schloen.

17 Mee den Ammon ass virgetrueden an huet zu him gesprach: Kuck, du solls däi Jong net ëmbréngen; mee wier et besser, hie géif falen amplaz vun dir, well kuck, hien ass vu senge Sënden ëmgekéiert; mee wann s du zu dëser Zäit fäls, an denger Roserei, sou kann deng Séil net gerett ginn.

18 A weider, et ass besser, dat s du dat net méchs; well géifs du däi Jong ëmbréngen, wou hien dach een onschëllege Mann ass, sou géif säi Blutt vun der Äerd hir zum Här, zu sengem Gott, jäizen, datt Vergeltung iwwer dech kéim; a vläicht géifs du deng Séil verléieren.

19 Wéi awer den Ammon dës Wierder zu him gesprach hat, huet hien him geäntwert, nämlech: Ech weess, wann ech mäi Jong ëmbrénge géif, da géif ech onschëllegt Blutt vergéissen; well du bass et jo, deen duerno sicht, hien ze vernichten.

20 An hien huet seng Hand ausgestreckt fir den Ammon ëmzebréngen. Mee den Ammon huet senge Schléi widderstanen an huet him och op den Aarm geschloen, sou datt hien en net méi benotze konnt.

21 Wéi elo de Kinnek gesinn huet, datt den Ammon hien ëmbrénge konnt, huet hien ugefaangen, den Ammon mat Bieden zouzesetzen, hie géif säi Liewe verschounen.

22 Mee den Ammon huet säi Schwäert gehuewen an zu him gesprach: Kuck, ech wäert dech schloen, ausser du erlaabs mir, datt meng Bridder aus dem Prisong entlooss ginn.

23 De Kinnek huet gefaart, säi Liewen ze verléieren, a sot: Wann s du mech verschouns, ginn ech dir alles, wat s du frees, souguer bis zur Hallschent vum Kinnekräich.

24 Wéi elo den Ammon gesinn huet, datt hien no sengem Wonsch op den ale Kinnek agewierkt hat, huet hien zu him gesot: Wann s du mir erlaabs, datt meng Bridder aus dem Prisong entlooss ginn, an och, datt de Lamoni säi Räich behält an dat s du net géint hie rose wäerts sinn, mee him erlaabs, no sengen eegene Wënsch ze handelen an allem, wat hien denkt, da wäert ech dech verschounen; anerefalls wäert ech dech zu Buedem schloen.

25 Wéi awer den Ammon dës Wierder gesprach hat, huet de Kinnek ugefaangen, sech ze freeën, datt hien am Liewe bleiwe konnt.

26 An wéi hie gesinn huet, datt den Ammon net de Wonsch hat, hien ze zerstéieren, an och déi grouss Léift gesinn huet, déi hie fir säi Jong Lamoni hat, war hie ganz erstaunt a sot: Well dat alles ass, wat s du gewënscht hues, datt ech deng Bridder fräiloossen an erlaben, datt mäi Jong Lamoni säi Kinnekräich behält, kuck, ech ginn dir, datt mäi Jong säi Kinnekräich vun dëser Zäit a fir ëmmer behält; an ech wäert hien net méi regéieren—

27 an ech wäert dir och erlaben, datt deng Bridder aus dem Prisong entlooss ginn, an du an deng Bridder géift zu mir a mäi Räich kommen; well ech wënsche wierklech, dech ze gesinn. Well de Kinnek war ganz vill verwonnert iwwer d’Wierder, déi hie gesprach hat, an och iwwer d’Wierder, déi vu sengem Jong Lamoni gesprach gi waren; dofir hat hien de Wonsch, méi doriwwer gewuer ze ginn.

28 An et huet sech erginn: Den Ammon an de Lamoni hunn hir Rees an d’Land Middoni fort gesat. An de Lamoni huet Gonscht an den Ae vum Kinnek vum Land fonnt; dofir goufen dem Ammon seng Bridder aus dem Prisong gefouert.

29 Wéi den Ammon si getraff huet, war hie ganz vill traureg, well kuckt, si ware plakeg, an hir Haut war iwwer d’Moosse maltraitéiert, well si mat staarke Strécker gebonne waren. A si haten och Honger, Duuscht an Nout vu jiddwer Aart gelidden; mee waren si an allen hire Leide gedëlleg.

30 A wéi et esou geschitt ass, war et hiert Lous gewiescht, engem ganz verduerwenen an tockskäppegem Vollek an d’Hänn ze falen; dofir wollt et net op hir Wierder lauschteren an hat si ausgestouss a si geschloen a si vun Haus zu Haus gejot, vun Uert zu Uert, bis si an d’Land Middoni komm waren; an do waren si ergraff an an de Prisong geworf a mat staarke Strécker gebonnen a vill Deeg laang am Prisong gehalen an eréischt duerch de Lamoni an den Ammon befreit ginn.