49. Kapitel
Déi andréngend Lamanite kréien déi befestegt Stied Ammonihah an Noah net ageholl—Den Amalickiah verflucht Gott a schwiert, dem Moroni säi Blutt ze drénken—Den Helaman an seng Bridder fueren domat fort, d’Kierch ze stäerken. Ongeféier 72 v. Chr.
1 An elo huet et sech erginn: Am eelefte Mount vum nonzéngte Joer, um zéngten Dag vum Mount, huet een d’Arméie vun de Lamanite géint Land Ammonihah virréckele gesinn.
2 A kuckt, d’Stad war erëm opgebaut ginn, an de Moroni hat an d’Gebitt vun der Stad eng Arméi verluecht; a si hate ronderëm de Buedem opgeworf, fir sech vun de Feiler a Steng vun de Lamaniten ze schützen; well kuckt, si hu mat Feiler a Steng gekämpft.
3 Kuckt, ech hu gesot, d’Stad Ammonihah war erëm opgebaut ginn. Ech soen iech: Jo, si war zum Deel erëm opgebaut; a well d’Lamaniten se wéinst den Ongerechtegkeet vum Vollek schonn eng Kéier zerstéiert haten, hunn si gemengt, se géif erëm eng liicht Beut fir si sinn.
4 Mee kuckt, wéi grouss war hir Enttäuschung; well kuckt, d’Nephiten hate ronderëm sech een Äerdwall opgeschott, deen esou héich war, datt d’Lamaniten hir Steng an hir Feiler net an effikasser Weis op si ofschéisse konnten; och konnten si net un si eru kommen, ausser do, wou den Agang war.
5 Zu dëser Zäit waren déi iewescht Haaptleit vun de Lamanite ganz vill erstaunt, well d’Nephitë bei der Virbereedung vun hire befestegte Plazen esou weis gewiescht waren.
6 D’Führer vun de Lamaniten hate wéinst hirer groussen Unzuel gemengt, jo, si hu gemengt, et wäert hinne ganz einfach sinn, un si erun ze kommen, wéi si et bis elo gemaach haten; jo, a si haten sech och mat Schëlder a Broschtplacken ausgerëscht; a si haten sech och mat Kleeder aus Déierenhaut gerëscht, jo, mat ganz décke Kleeder, fir hir Haut ze bedecken.
7 A wou si esou gerëscht waren, hu si gemengt, et wäert hinne ganz einfach sinn, hir Bridder ze iwwerwältegen an ënner d’Joch vun der Sklaverei ze zwéngen oder si ëmzebréngen an si ze schluechten, wéi et hinne gefale géif.
8 Mee kuckt, zu hirer ganz grousse Verwonnerung waren si op si virbereet, an zwar an enger Weis, déi ënnert de Kanner vum Lehi nimools bekannt gewiescht war. Elo waren si op d’Lamanite virbereet, fir entspriechend der Ënnerweisung vum Moroni ze kämpfen.
9 An et huet sech erginn: D’Lamaniten, oder d’Amalikkiaiten, ware ganz erstaunt iwwer d’Aart vun hirer Virbereedung fir de Krich.
10 Elo, wann de Kinnek Amalikkia aus dem Land Nephi un der Spëtzt vu senger Arméi eropkomm wär, sou hätt hien d’Lamanite vläicht maache gedoen, d’Nephitë bei der Stad Ammonihah unzegräifen; well kuckt, him war um Blutt vu sengem Vollek näischt geleeën.
11 Mee kuckt, den Amalikkia koum net selwer zum Kampf erop. A kuckt, seng iewescht Haaptleit hunn sech net getraut, d’Nephitë bei der Stad Ammonihah unzegräifen, well de Moroni hat d’Féierung vun den Ugeleeënheete bei den Nephiten ofgeännert, esou waren d’Lamaniten an hire Verstoppen enttäuscht a konnten net un si erukommen.
12 Dofir hunn si sech an d’Wüüst zeréck gezunn an sech mat hirem Lager op de Wee gemaach a sinn nom Land Noah marschéiert—an der Meenung, datt dëst den nächst beschten Uert fir si wier, fir d’Nephiten unzegräifen.
13 Well si woussten net, dat de Moroni jiddwer Stad am ganze Land ronderëm befestegt oder mat Befestegungsanlage versinn hat; dofir sinn si no vir zum Land Noah marschéiert mat der festen Decisioun, jo, hir iewescht Haaptleit si virgetrueden an hunn een Eed geleescht, datt si d’Vollek vun dëser Stad vernichte géifen.
14 Mee kuckt, zu hirer Verwonnerung war d’Stad Noah, déi bis dohinner ee schwaachen Uert gewiescht war, elo duerch de Moroni staark ginn, jo, souguer méi staark ewéi d’Stad Ammonihah.
15 An elo kuckt, dëst war nom Moroni senger Weisheet; well hien hat ugeholl, si géife bei der Stad Ammonihah erschreckt ginn; a well d’Stad Noah bis elo de schwächsten Deel vum Land gewiescht war, géifen si also dohinner zum Kampf marschéieren; an esou ass dëst no senge Wënsch geschitt.
16 A kuckt, de Moroni hat de Lehi zum ieweschten Haaptmann iwwert d’Männer vun där Stad bestëmmt; an et war dëst deselwechte Lehi, dee mat de Lamaniten am Dall ëstlech vum Floss Sidon gekämpft hat.
17 An elo kuckt, et huet sech erginn: Wéi d’Lamaniten erausfonnt haten, datt de Lehi d’Stad kommandéiert huet, waren si erëm enttäuscht, well si hunn de Lehi iwwer d’Moosse gefaart; mee hir iewescht Haaptleit hate mat engem Eed geschwuer, d’Stad unzegräifen; dowéinst hunn si hir Arméien eru gefouert.
18 Elo kuckt, d’Lamanite konnten op keng aner Weis an d’Befestegung andréngen ewéi nëmme beim Agang, an zwar wéinst der Héicht vum Koup, deen opgeschott war, a wéinst der Déift vum Gruef, deen een, ausser beim Agang ronderëm ausgehuewen hat.
19 An esou waren d’Nephite bereet, all déi ze zerstéieren, déi probéiere sollten, iwwer eng aner Strooss an d’Festung eranzeklammen, andeems si Steng a Feiler op si geheit hunn.
20 Esou waren si virbereet, jo, eng Grupp vun hire stäerkste Männer mat Schwäerter a Schleideren, fir alleguerten erof ze schloen, déi versiche géifen, an hir Befestegung beim Agang anzedréngen; an esou waren si bereet, sech géint d’Lamaniten ze verdeedegen.
21 An et huet sech erginn: D’Haaptleit vun de Lamaniten hunn hir Arméien un den Agang gefouert an ugefaangen, mat den Nephiten ze streiden, fir an hir Befestegung ze kommen. Mee kuckt, si goufen een op d’anert zeréck gejot, sou schlëmm, datt si an engem risege Gemetzelt ëmbruecht goufen.
22 Wéi si elo gemierkt hunn, datt si beim Agang keng Gewalt iwwer d’Nephite kréie konnten, hunn si ugefaangen, d’Äerdwäll ofzebauen, fir een Zougang fir hir Arméien ze schafen, sou datt si déi selwecht Méiglechkeet hätten ze kämpfen; mee kuckt, bei dëse Versich goufen si vun de Steng an de Feiler, déi op si ofgeschoss goufen, nidder geméit; an amplaz datt de Gruef ausgefëllt gouf, andeems een d’Äerdwäll nidder gerass huet, gouf en gewëssermoosse mat hiren Doudegen a Verwonnte gefëllt.
23 Esou haten d’Nephiten all Gewalt iwwer hir Feinden; an esou hunn d’Lamanite versicht, d’Nephiten ze vernichten, bis hir iewescht Haaptleit alleguerten ëmbruecht waren; jo, a méi ewéi dausend Lamanite goufen ëmbruecht; wärend op der anerer Säit net eng Séil vun de Nephiten ëmbruecht gi war.
24 Et sinn der ongeféier fofzeg ginn, déi verwonnt waren, well si de Feiler vun de Lamaniten duerch den Agang eran ausgesat waren, mee si waren duerch hir Schëlder a Broschtplacken a Kappplacke geschützt, sou datt sech hir Wonnen un de Been befonnt hunn, a vill dovunner ware ganz schwéier.
25 An et huet sech erginn: Wéi d’Lamanite gesinn hunn, datt hir iewescht Haaptleit alleguerten ëmbruecht waren, sinn si an d’Wüüst fortgelaf. An et huet sech erginn: Si sinn an d’Land Nephi zeréck gaangen, fir hirem Kinnek Amalikkia, dee vu Gebuert een Nephit war, vun hire grousse Verloschter ze ënnerriichten.
26 An et huet sech erginn: Hie war ganz rosen op säi Vollek, well hien hat säi Wonsch géint d’Nephiten net duerchgesat; hien hat si net ënnert d’Joch vun der Sklaverei gezwongen.
27 Jo, hie war immens rosen an huet Gott an och de Moroni verflucht; hien huet mat engem Eed geschwuer, datt hie säi Blutt drénke wäert, an dëst, well de Moroni bei der Virbereedung fir d’Sécherheet vu sengem Vollek d’Geboter Gottes gehalen hat.
28 An et huet sech erginn: Op der anerer Säit huet d’Vollek Nephi dem Här, sengem Gott, Merci gesot, datt hien si mat senger onvergläichlecher Muecht aus den Hänn vun hire Feinde befreit hat.
29 An esou ass dat nonzéngt Joer vun der Regierung vun de Riichter iwwer d’Vollek Nephi op en Enn gaangen.
30 Jo, an et war ënnert hinne bestänneg Fridden a ganz grousst Wuessen an der Kierch wéinst der Beuechtung an dem Fläiss, déi si dem Wuert Gottes gewidmet hunn, dat hinne vum Helaman a vum Schiblon a vum Korianton a vum Ammon a senge Bridder verkënnegt gouf, jo, an och vun all deenen, déi duerch déi helleg Uerdnung Gottes veruerdent waren, andeems si zur Ëmkéiert gedeeft an erausgeschéckt gi waren, dem Vollek ze priedegen.