46. Kapitel
Den Amalickiah verschwiert sech, fir Kinnek ze ginn—De Moroni hält de Fräiheets-Fändel héich—Hie sammelt d’Leit fir hir Relioun ze verdeedegen—Richteg Gleeweger gi Chrëschte genannt—En Iwwerrescht vum Joseph gëtt erhale gelooss—Den Amalickiah an d’Dissidente flüchten an d’Land Nephi—Déi, déi d’Saach vun der Fräiheet net ënnerstëtzen, ginn ëmbruecht. Ongeféier 73–72 v. Chr.
1 An et huet sech erginn: Alleguerten, déi net op d’Wierder vum Helaman a senge Bridder lauschtere wollten, hunn sech géint hir Bridder versammelt.
2 An elo kuckt, si ware ganz vill rosen, sou vill, datt si entschloss waren, si ëmzebréngen.
3 Mee de Führer vun deenejéinegen, déi op hir Bridder rose waren, war ee groussen a staarke Mann, a säin Numm war Amalikkia.
4 An den Amalikkia hat de Wonsch, Kinnek ze ginn; an all Vollek, dat rose war, hat och de Wonsch, hie sollt hire Kinnek ginn; an zum gréissten Deel waren dëst déi ënnescht Riichter vum Land, a si hunn no Muecht gestrieft.
5 A si ware vun der Schmeechlerescht vum Amalikkia verleet ginn, nämlech, ënnert der Konditioun, datt si him bäistoe géifen an hien zu hirem Kinnek erhéije géifen, da géif hien si zu Herrscher iwwer d’Vollek maachen.
6 Esou sinn si vum Amalikkia zu enger Oneenegkeet verleet ginn, ouni dat ze beuechten, datt den Helaman a seng Bridder gepriedegt hunn, jo, ouni hir ganz grouss Suerg ëm d’Kierch ze beuechten, well si waren Héich Priister iwwer d’Kierch.
7 An an der Kierch goufen et där vill, déi de schmeechleresche Wierder vum Amalikkia gegleeft hunn, dofir hunn si sech vun der Kierch getrennt; an esou stoung et ëm d’Affäre vum Vollek Nephi zimlech bedenklech a geféierlech, ouni elo déi grouss Victoire, déi si iwwer d’Lamaniten erkämpft haten, an der grousser Freed, déi si haten, well si duerch d’Hand vum Här befreit gi waren, ze kucken.
8 Esou gesi mir, wéi schnell d’Mënschekanner den Här, hire Gott, vergiessen, jo, wéi schnell si sinn, Ongerechtegkeeten ze maachen a sech vum Béise verféieren ze loossen.
9 Jo, a mir gesinn och déi grouss Béist, déi een eenzege béise Mann ënnert de Mënschekanner entstoe loosse kann.
10 Jo, mir gesinn, datt den Amalikkia, deen ee Mann mat schlaue Pläng an ee Mann vu ville schmeechleresche Wierder war, villem Vollek d’Häerz verleet huet, fir Béises ze maachen, jo, an no der Vernichtung vun der Kierch vu Gott ze truechten an d’Grondlag vun der Fräiheet ze zerstéieren, déi Gott de Mënsche ginn huet, oder wéinst dem Seegen, dee Gott op d’Land geschéckt hat fir d’Wuel vun de Gerechten.
11 An et huet sech erginn: Wéi de Moroni, deen den ieweschte Kommandant vun den Arméie vun den Nephite war, vun dëse Spléckungen héieren huet, war hien op den Amalikkia rosen.
12 An et huet sech erginn: Hien huet säi Rack zerrass; an hien huet ee Stéck dovunner geholl an doropper geschriwwen—Zur Erënnerung un onse Gott, ons Relioun a Fräiheet an onse Fridden, onse Fraen an onse Kanner—an hien huet et un d’Enn vun enger Staang befestegt.
13 An hien huet seng Kapp-Plack ugeluecht, a säi Broscht-Panzer, an seng Schëlder, an hien huet seng Rëschtung ugedoen; an hien huet d’Staang geholl, op deem säin Enn säin zerrassene Rack houng, (an hien huet et de Fräiheets-Fändel genannt) an hie béit sech op d’Äerd, an hien huet mat ganzer Muecht zu sengem Gott gebiet, fir datt d’Seenunge vun der Fräiheet op senge Bridder roue géifen, esou laang wéi nach eng Grupp vu Chrëschten do wier, fir d’Land ze besëtzen—
14 well esou goufen alleguerten, déi un de Christus gegleeft an zur Kierch Gottes gehéiert hunn, vun deene genannt, déi net zur Kierch gehéiert hunn.
15 An déi zur Kierch gehéiert hunn, waren trei; jo, alleguerten, déi wierklech un de Christus gegleeft hunn, hu freedeg den Numm Christi op sech geholl, jo, a si goufe Chrëschte genannt wéinst hirem Glawen un de Christus, dee komme wäert.
16 An dofir huet de Moroni deemools gebiet, d’Saach vun de Chrëschten an d’Fräiheet vum Land géife begënschtegt ginn.
17 An et huet sech erginn, datt, nodeems hien seng Séil viru Gott ausgeschott hat, hien dat ganzt Land, dat südlech vum Land Verwüüstung louch, jo, a kuerz gesot, dat ganzt Land, souwuel am Norde wéi och am Süden, sou genannt huet—Een auserwieltent Land an d’Land vun der Fräiheet.
18 An hien huet gesot: Gott wäert gewëss net zouloossen, datt mir, déi mir gehaasst ginn, well mir den Numm vum Christus op eis huelen, mat Féiss geschloen a vernicht ginn, bevir mir dat duerch eis Iwwertriedunge selwer iwwert eis bréngen.
19 A wéi de Moroni dës Wierder gesprach hat, ass hien ënnert säi Vollek eraus gaangen, huet dat ofgerapptent Stéck vu sengem Kleed an der Loft geschwenkt, sou datt alleguerten d’Schrëft liese konnten, déi hien op dat ofgerapptent Stéck geschriwwen hat, an huet mat haarder Stëmm geruff, nämlech:
20 Kuckt, alleguerten, déi dëst Recht am Land héich hale wëllen, solle mat der Stäerkt vum Här no vir trieden an eng Allianz agoen, datt si hir Rechter an hir Relioun héich hale wëllen, fir datt den Här si séint.
21 An et huet sech erginn: Wéi de Moroni dës Wierder verkënnegt hat, kuckt, do ass d’Vollek zesumme gelaf, huet d’Rëschtung ugedoen, a si hunn hir Kleeder zerrass zum Zeechen oder als Allianz, datt si den Här, hire Gott, net verloosse géifen; nämlech, mat anere Wierder, wann si d’Geboter vu Gott iwwertrieden oder an Transgressioun verfale géifen an sech schumme géifen, fir den Numm vum Christus op sech ze huelen, da sollt den Här si zerräissen, wéi si hir Kleeder zerrass haten.
22 Dëst awer war d’Allianz, deen si gemaach hunn, a si hunn hir Kleeder dem Moroni virun d’Féiss geheit a gesprach: Mir schléisse mat eisem Gott dës Allianz: Vernicht solle mir ginn, jo, ewéi eis Bridder am Norde vum Land, wa mir an Transgressioun verfalen; jo, hie géif eis eise Feinde virun d’Féiss geheien, wéi mir dir eis Kleeder virun d’Féiss geheit hunn, sou datt mir zertrëppelt ginn, wa mir an Iwwertriedung verfalen.
23 De Moroni huet zu hinne gesprach: Kuckt, mir sinn een Iwwerrescht vun den Nokomme vum Jakob; jo, mir sinn een Iwwerrescht vun den Nokomme vum Jakob, deem säi Rack vu senge Bridder a vill Stécker zerrass gouf; jo, an elo kuckt, loosst eis dorunner denken, datt mir d’Geboter Gottes halen, soss sollen eis Kleeder virun eise Bridder zerrass ginn oder mir an de Prisong geworf oder verkaaft oder ëmbruecht ginn.
24 Jo, loosst eis eis Fräiheet als Iwwerreschter vum Joseph preservéieren; jo, loosst eis un d’Wierder vum Jakob denken, viru sengem Doud, well kuckt, hien huet gesinn, datt en Deel vum Iwwerrescht vum Mantel vum Joseph erhale bliwwen ass an net verfall war. An hien huet gesot: Sou wéi dësen Iwwerrescht vum Kleed vu mengem Jong erhale bliwwen ass, sou soll e Rescht vum Nokomme vu mengem Jong vun der Hand vu Gott erhale bleiwen a fir hie wäert si zou sech huelen, wärend den Iwwerrescht vum Nokomme vum Joseph ëmkomme wäert, sou wéi den Iwwerrescht vu sengem Kleed.
25 Elo kuckt, dëst bereet menger Séil Suergen; mee huet meng Séil Freed u mengem Jong wéinst deem Deel vu sengen Nokommen, dee Gott zou sech huele wäert.
26 Elo kuckt, dëst war d’Sprooch vum Jakob.
27 A wie weess elo, ob net den Iwwerrescht vun den Nokomme vum Joseph, dee wéi säi Kleed ëmkënnt, déi si, déi vun eis ofgefall sinn? Jo, a mir selwer kéinten et sinn, wa mir net fest am Glawen un de Christus stinn.
28 An elo huet et sech erginn: Nodeems de Moroni dës Wierder gesprach hat, ass hien higaangen an huet och an all Deeler vum Land, wou et Spléckunge gouf, geschéckt, an huet all Vollek gesammelt, dat de Wonsch hat, seng Fräiheet héich ze halen an sech dem Amalikkia an deenen, déi sech ofgespléckt haten an Amalikkiaite genannt goufen, entgéintzestellen.
29 An et huet sech erginn, wéi den Amalikkia gesinn huet, datt d’Leit vum Moroni méi vill ware wéi d’Amalikkiahiten—an hie souguer gesinn huet, datt seng Leit bezweiwelt hunn, ob d’Ursaach gerecht wier, fir déi si sech agesat haten—dowéinst, aus Angscht, de Zweck net ze erreechen, huet hien déi vu senge Leit matgeholl, déi dat wollten, an ass an d’Land Nephi gaangen.
30 De Moroni awer huet et net fir gutt fonnt, datt d’Lamaniten nach méi Kräfte kréie géifen; dowéinst hat hie vir, d’Vollek Amalikkia ofzeschneiden oder et ze faassen an zeréck ze huelen an den Amalikkia hinzeriichten; jo, well hie wousst, dëse géif d’Lamaniten zur Roserei géint si opstëppelen a si dozou bréngen, géint si an de Kampf ze zéien; an hie wousst, dat den Amalikkia dëst maache géif, fir seng Zwecker ze erreechen.
31 Dofir huet de Moroni et fir gutt fonnt, seng Arméien ze huelen, déi sech versammelt a bewaffent haten an d’Allianz agaange waren, de Fridden ze beschützen—an et huet sech erginn, datt hien seng Arméi geholl hat a mat sengen Zelter eraus an d’Wüüst marschéiert ass, fir dem Amalikkia an der Wüüst de Wee ofzeschneiden.
32 An et huet sech erginn: Hien huet no senge Wënsch gehandelt an ass eraus an d’Wüüst marschéiert an huet sech dem Amalikkia sengen Arméien entgéint gestallt.
33 An et huet sech erginn: Den Amalikkia ass mat enger klengen Zuel vu senge Männer fortgelaf an déi iwwreg sinn dem Moroni an d’Hänn gefall a goufen an d’Land Zarahemla zeréckbruecht.
34 De Moroni awer war ee Mann, dee vun den ieweschte Riichter a vun der Stëmm vum Vollek bestëmmt war, dowéinst hat hie bei den Arméie vun den Nephitë Muecht no sengem Wëllen; hie konnt Autoritéit iwwert si hunn an ausüben.
35 An et huet sech erginn: Wie vun den Amalikkiaiten net d’Allianz agoe wollt, d’Saach vun der Fräiheet ze ënnerstëtzen, fir datt si eng fräi Regierung behale géifen, deen huet hien hiriichte gelooss, an et waren nëmmen e puer, déi d’Allianz vun der Fräiheet refuséiert hunn.
36 An et huet sech och erginn: Hien huet d’Recht ob Fräiheet op allen Tierm ophänke gelooss, déi et am ganze Land gouf, dat vun den Nephitë bewunnt war; an esou huet de Moroni de Banner vun der Fräiheet ënnert den Nephiten op geplanzt.
37 A si hunn ugefaangen, am Land Fridden ze hunn; an esou hunn si de Fridden am Land oprecht gehale bis bal un d’Enn vum nonzéngte Joer vun der Regierung vun de Riichter.
38 An den Helaman an d’Héich Priister hunn och d’Uerdnung an der Kierch oprecht erhalen; jo, véier Jore laang haten si vill Fridden a Freed an der Kierch.
39 An et huet sech erginn: Et goufen der vill, déi gestuerwe sinn, déi fest dorunner gegleeft hunn, datt hir Séil duerch den Här Jesus Christus erléist wier; esou sinn si mat Freed aus der Welt gescheet.
40 An et goufen der e puer, déi um Féiwer gestuerwe sinn, dat zu e puer Joreszäiten am Land ganz heefeg war—awer dach net esou vill um Féiwer, an zwar wéinst den excellenten Eegenschafte vun de ville Planzen a Wuerzelen, déi Gott preparéiert hat, fir d’Ursaach vu Krankheeten ze besäitegen, deenen d’Mënsche wéinst dem Klima ënnerworf waren—
41 awer et goufen der vill, déi um héijen Alter gestuerwe sinn; an déi am Glawen un de Christus gestuerwe sinn, déi si glécklech an him, wéi mir noutwennegerweis menge mussen.