Scriptures
Alma 33


33. Kapitel

Den Zenos huet enseignéiert, datt d’Mënschen iwwerall solle bieden a Gott ubiede sollen, an datt d’Urteeler ofgewannt ginn duerch de Jong—Den Zenoch huet enseignéiert, datt Baarmhäerzegkeet geschenkt gëtt wéinst dem Jong—De Moses hat an der Wüüst eng Duerstellung vum Jong Gottes erhuewen. Ongeféier 74 v. Chr.

1 Nodeems awer den Alma dës Wierder gesprach hat, hunn si zu him geschéckt a wollte wëssen, ob si un ee Gott gleewe sollten, fir dës Fruucht, vun där hie gesprach hat, ze kréien, oder wéi si de Somkär planze sollten, nämlech dat Wuert, vun deem hie gesprach hat, dat, wéi hie gesot huet, hinnen an d’Häerz geplanzt muss ginn, oder op wéi eng Weis si ufänke sollten, hire Glawen auszeüben.

2 An den Alma huet zu hinne gesprach: Kuckt, dir hutt gesot, dir kéint äre Gott net ubieden, well dir aus äre Synagogen ausgestouss sidd. Mee kuckt, ech soen iech, wann dir mengt, dir kéint Gott net ubieden, sou iert dir gewalteg, an dir sollt an der Schrëft fuerschen; well wann dir mengt, se hätt iech dëst geléiert, sou verstitt dir se net.

3 Erënnert dir iech drun, gelies ze hunn, wat den Zenos, de Prophet vu fréier, iwwer Gebiet oder Veréierung gesot huet?

4 Well hien huet gesot: Du bass baarmhäerzeg, o Gott, well du hues mäi Gebiet héieren, jo, wéi ech an der Wüüst war; jo, du waars baarmhäerzeg, wéi ech fir déijéineg gebiet hunn, déi meng Feinde waren, an du hues si mir zougewennt.

5 Jo, o Gott, an du waars baarmhäerzeg zu mir, wéi ech dech op mengem Feld ugeruff hunn, wéi ech a mengem Gebiet zu dir geruff hunn, an du hues mech héieren.

6 An erëm, o Gott, wéi ech zu mengem Haus gaange sinn, hues du mech a mengem Bieden héieren.

7 A wéi ech a meng Kummer gaange sinn, o Här, an zu dir gebiet hunn, hues du mech héieren.

8 Jo, du bass baarmhäerzeg zu denge Kanner, wann si zu dir ruffen, fir vun dir an net vun de Mënsche gehéiert ze ginn, an du wëlls si héieren.

9 Jo, o Gott, du bass baarmhäerzeg zu mir gewiescht an hues mäi Ruffe matzen an denge Kongregatiounen héieren.

10 Jo, an du hues mech och héieren, wéi ech ausgestouss a vu menge Feinde veruecht war; jo, du hues mäi Ruffen héieren a waars rosen op meng Feinden, an du hues si an denger Roserei mat schneller Zerstéierung heem gesicht.

11 A wéinst menge Bedrängnisser a menger Opriichtegkeet hues du mech héieren; a wéinst dengem Jong bass du baarmhäerzeg zu mir gewiescht; dofir wëll ech an all menge Bedrängnisser zu dir ruffen; well an dir ass meng Freed, well du hues däi Strofgeriicht vu mir ofgewannt wéinst dengem Jong.

12 Den Alma awer huet zu hinne gesprach: Gleeft dir un dës Schrëften, déi vun deenen an aler Zäit geschriwwe gi sinn?

13 Kuckt, wa jo, sou musst dir gleewen, wat den Zenos gesot huet; well kuckt, hien huet gesot: Du hues däi Strofgeriicht ofgewannt wéinst dengem Jong.

14 Elo kuckt, meng Bridder, ech wëll froen, ob dir d’Schrëfte gelies hutt? Wa jo, wéi kënnt dir dann net un de Jong Gottes gleewen?

15 Well et steet net geschriwwen, datt eleng den Zenos dovunner geschwat huet, mee och den Zenoch huet dovunner geschwat—

16 well kuckt, hien huet gesot: Du bass rosen, o Här, op dëst Vollek, well et deng Baarmhäerzegkeet net verstoe wëll, déi s du him wéinst dengem Jong erwisen hues.

17 An elo, meng Bridder, dir gesitt, datt een zweete Prophet aus aler Zäit de Jong Gottes temoignéiert huet; a well d’Vollek seng Wierder net verstoe wollt, hunn si hien zu Dout gestengegt.

18 Mee kuckt, dëst ass net alles; dës sinn net déi eenzeg, déi a Bezuch op de Jong Gottes gesprach hunn.

19 Kuckt, de Moses huet iwwert hie geschwat, jo, a kuckt, an der Wüüst gouf eng Duerstellung opgeriicht, fir datt jiddwereen, deen zu him erop kuckt, lieft. A vill hunn op gekuckt a gelieft.

20 Mee déi wéinegst hunn d’Bedeitung dovunner verstanen, an zwar wéinst hirer Häerzenshäert. Mee et goufen der vill, déi esou verstockt waren, datt si net opkucke wollten, dofir sinn si ënner gaangen. De Grond awer, datt si net opkucke wollten, war deen, datt si net gegleeft hunn, datt et si heele géif.

21 O meng Bridder, wann dir eleng doduerch geheelt kéint ginn, datt dir är Aen hieft, fir geheelt ze ginn—géift dir net séier op blécken, oder géift dir léiwer äert Häerz an Onglawe verhäerten a liddereg sinn, sou datt dir är Aen net hieft an dowéinst ëmkommen?

22 Dann awer wäert Wéi iwwert iech kommen; anerefalls awer hieft är Aen a fänkt un, un de Jong Gottes ze gleewen, nämlech datt e komme wäert, fir säi Vollek ze erléisen, an datt hie leiden a stierwe wäert, fir do fir hir Sënden ze versönen, an datt hie vun den Doudegen operstoe wäert, wouduerch d’Opersteeung realiséiert ka ginn, sou datt all Mënsche virun him stoe wäerten, fir um leschten Dag, dem Dag vum Geriicht, no hire Wierker geriicht ze ginn.

23 An elo, meng Bridder, wënschen ech, dir géift dëst Wuert an äert Häerz planzen an—wann et ufänkt ze schwëllen—et duerch äre Glawen nieren. O kuckt, et wäert ee Bam ginn, deen an iech zu éiwegem Liewen erop spréisst. An da géif Gott iech erlaben, datt är Laascht liicht wier duerch d’Freed vu sengem Jong. An all dëst kënnt dir maachen, wann dir wëllt. Amen.