58. Kapitel
Den Helaman, de Gid an den Teomner huelen d’Stad Manti duerch eng Strategie an—D’Lamaniten zéien sech zeréck—D’Jonge vum Vollek Ammon ginn erhale well si fest an der Verdeedegung vun hirer Fräiheet a hirem Glawe stoen. Ongeféier 63–62 v. Chr.
1 A kuck, et huet sech erginn: Eis nächst Zil war, d’Stad Manti ze huelen; mee kuck, et gouf keng Méiglechkeet, si mat eiser klenger Trupp aus der Stad erauszehuelen. Well kuck, si hunn un dat geduecht, wat mir bis elo gemaach haten; dofir konnte mir si net vun hire Stëtzpunkten ewech lackelen.
2 A si waren esou vill méi ewéi eis Arméi, datt mir eis net getraut hunn, dohinner ze goen an si an hire Stëtzpunkten unzegräifen.
3 Jo, an et gouf fir eis besser, eis Männer dofir anzesetzen, datt si déijéineg Landesdeeler vun eise Proprietéite behaapte géifen, déi mir zeréckgewonnen haten; dofir gouf et fir eis besser ofzewaarden, fir Verstäerkung aus dem Land Zarahemla an och eng nei Reserv u Proviant ze kréien.
4 An et huet sech erginn, datt ech sou eng Botschaft un de Gouverneur vun eisem Land geschéckt hunn, fir hien iwwer d’Affäre vun eisem Vollek informéieren. An et huet sech erginn: Mir waarden dorobber, Proviant a Verstäerkung aus dem Land Zarahemla ze kréien.
5 Mee kuck, dëst huet eis nëmme wéineg genëtzt; well och d’Lamaniten hu vun Dag zu Dag vill Verstäerkung a vill Proviant kritt; an esou war deemools eis Situatioun.
6 An d’Lamaniten hu vun Zäit zu Zäit een Ausfall géint eis gemaach, well si waren entschloss, eis mat Strategien ze zerstéieren, mee konnte mir wéinst hire Verstoppen a Stëtzpunkten zu kengem Kampf mat hinne kommen.
7 An et huet sech erginn: An dëser schwiereger Situatioun hu mir vill Méint laang gewaart, jo, bis mir no dorunner waren, aus Mangel un Iessen ëmzekommen.
8 Mee et huet sech erginn: Mir hunn Iesse kritt, déi eis duerch eng Arméi vun zwee dausend Männer zu eiser Hëllef erugefouert gouf; an dës ass all Hëllef, déi mir kritt hunn, fir eis an eist Land dovunner ze schützen, datt et eise Feinden an d’Hänn fale géif, jo, fir mat engem Feind ze streiden, deen een net ziele kann.
9 De Grond awer fir dësen Ëmstand, deen eis a Verleeënheet bruecht huet, nämlech de Grond, firwat si eis net méi Verstäerkung geschéckt hunn, hu mir net kannt; dofir ware mir bekëmmert a vun Angscht erfëllt, et kéint iergendwéi d’Strofgeriicht Gottes iwwert eis Land kommen, sou datt mir zerschloen a vëlleg vernicht géifen.
10 Dofir hu mir eis Séilen am Gebiet viru Gott ausgeschott, hie géif eis stäerken an eis aus den Hänn vun eise Feinde befreien, jo, an eis och Kraaft ginn, eis Stied an eis Länner an eis Proprietéite fir den Ënnerhalt vun eisem Vollek ze behalen.
11 Jo, an et huet sech erginn, datt den Här, eise Gott, eis besicht huet mat Versécherungen, datt hien eis géif befreien; jo, sou datt hien eise Séile Fridden zougesprach huet, an eis e grousse Glawe ginn huet, an eis dozou bruecht huet, datt mir d’Hoffnung op eis Befreiung an hie gesat hunn.
12 A mat der klenge Sträitmuecht, déi mir kritt haten, hu mir Mutt gefaasst a ware fest entschloss, iwwert eis Feinden ze gewannen an eis Länner a Proprietéiten an eis Fraen a Kanner an d’Saach vun eiser Fräiheet ze behaapten.
13 An esou si mir mat aller Muecht géint d’Lamanite gezunn, déi an der Stad Manti waren; a mir hunn eis Zelter am Rand vun der Wüüst no der Stad opgebaut.
14 An et huet sech erginn: Den nächsten Dag, wéi d’Lamanite gesinn hunn, datt mir am Rand vun der Wüüst no der Stad waren, hunn si Spioune ronderëm eis erausgeschéckt, fir d’Unzuel an d’Stäerkt vun eiser Arméi erauszefannen.
15 An et huet sech erginn: Wéi si gesinn hunn, datt mir eiser Unzuel no net staark waren, a well si gefaart hunn, mir géifen si vun hirer Reserv ofschneiden, wann si net zum Kampf géint eis erauskéimen an eis ëmbrénge géifen, a well si och gemengt hunn, si kéinten eis mat hire ganz groussen Arméie liicht vernichten, hunn si mat Virbereedungen ugefaangen, zum Kampf géint eis erauszekommen.
16 A wéi mir gesinn hunn, datt si Virbereedunge getraff hunn, fir géint eis erauszekommen, kuck, do hunn ech maache gedoen, datt de Gid mat enger klenger Unzuel vu Männer sech heemlech an d’Wüüst opgemaach huet an datt och den Teomner mat enger klenger Unzuel vu Männer sech heemlech och an d’Wüüst opgemaach huet.
17 De Gid awer a seng Männer ware riets an déi aner lénks; a wéi si sech esou heemlech fort gemaach haten, kuck, do sinn ech mam iwwregen Deel vu menger Arméi op derselwechter Plaz bliwwen, wou mir fir d’éischt eis Zelter opgebaut hate fir déi Zäit, wou d’Lamaniten zum Kampf erauskomme géifen.
18 An et huet sech erginn: D’Lamanite koume mat hire ganz groussen Arméie géint eis eraus. A wéi si komm waren an dorunner waren, mam Schwäert iwwert eis hierzefalen, hunn ech meng Männer, déi mat mir waren, sech an d’Wüüst zeréckzéie gelooss.
19 An et huet sech erginn: D’Lamaniten hunn eis mat grousser Schnellegkeet verfollegt, well si haten dee ganz grousse Wonsch, eis anzehuelen, fir eis ëmbréngen ze kënnen; dofir sinn si eis an d’Wüüst no gefollegt, a mir sinn an der Mëtt tëschent de Gid an den Teomner erduerch gezunn, mee esou, datt si net vun de Lamaniten entdeckt goufen.
20 An et huet sech erginn: Wéi d’Lamanite laanscht waren, nämlech wéi d’Arméi laanscht war, koumen de Gid an den Teomner aus hire Verstoppen eraus an hunn d’Spioune vun de Lamaniten ofgeschnidden, fir datt si net an d’Stad zeréck kéiere kéinten.
21 An et huet sech erginn: Wéi si si ofgeschnidden haten, sinn si schnell zur Stad zeréckgaangen an hunn d’Waachen iwwerfall, déi als Gard vun der Stad zeréckgelooss gi waren; an esou hunn si si vernicht an d’Stad a Besëtz geholl.
22 Dëst awer ass geschitt, well d’Lamaniten hir ganz Arméi, ausser e puer wéineg Waachen, an d’Wüüst hate féiere gelooss hunn.
23 An et huet sech erginn: De Gid an den Teomner haten op dës Weis hir Stëtzpunkte besat. An et huet sech erginn: Nodeems mir an der Wüüst vill hin an hir gezu waren, hu mir eise Wee nom Land Zarahemla geholl.
24 A wéi d’Lamanite gesinn hunn, datt si a Richtung op d’Land Zarahemla marschéiert sinn, haten si immens grouss Angscht, et kéint ee Plang ginn, deen zu hirer Vernichtung féiere géif; dofir hunn si ugefaangen, sech erëm an d’Wüüst zeréckzezéien, jo, op deemselwechte Wee, deen si komm waren.
25 A kuck, et war Nuecht, an si hunn hir Zelter opgebaut, well déi iewescht Haaptleit vun de Lamaniten hunn ugeholl, d’Nephite wiere wéinst hirem Marsch midd; an an der Meenung, si hätten hir ganz Arméi verjot, hunn si sech keng Gedanken iwwert d’Stad Manti gemaach.
26 Elo huet et sech erginn: Wéi et Nuecht war, hunn ech meng Männer net schlofen, mee op engem anere Wee nom Land Manti marschéiere gelooss.
27 A wéinst dësem eise Marsch zur Nuetszäit, kuck, do ware mir de nächste Mueren iwwert d’Lamaniten eraus, sou datt mir virun hinne bei der Stad Manti ukoumen.
28 An esou huet et sech erginn: Duerch dës Strategie hu mir d’Stad Manti ouni Bluttvergéissen a Besëtz geholl.
29 An et huet sech erginn: Wéi d’Arméie vun de Lamanite bei d’Stad ukomm sinn a gesinn hunn, datt mir bereet waren, hinnen ze begéinen, waren si iwwer d’Moosse verwonnert, a grouss Angscht huet si iwwerfall, sou grouss, datt si an d’Wüüst geflücht sinn.
30 Jo, an et huet sech erginn: D’Arméie vun de Lamanite sinn aus dëser ganze Géigend vum Land geflücht. Mee kuck, si hu vill Fraen a Kanner mat aus dem Land verschleeft.
31 A vun de Stied, déi vun de Lamanite geholl gi waren, sinn alleguerten zu dëser Zäit an eisem Besëtz; an eis Pappen an eis Fraen a Kanner sinn heem zeréck komm, ausser alleguerten déi, déi vun de Lamanite gefaange geholl a verschleeft gi sinn.
32 Mee kuck, eis Arméie sinn ze kleng, fir esou eng grouss Unzuel vu Stied an esou grouss Proprietéiten ze behaapten.
33 Mee kuck, mir vertrauen op eise Gott, deen eis d’Victoire iwwer dës Länner geschenkt huet, andeems mir dës Stied a Länner, déi eis eege waren, gewonnen hunn.
34 Elo wësse mir awer de Grond net, firwat d’Regierung eis net méi Verstäerkung schéckt; och déi Männer, déi zu eis komm sinn, wëssen net, firwat mir net méi Verstäerkung kritt hunn.
35 Kuck, mir wëssen net, ob dir vläicht ouni Erfolleg sidd an d’Sträitkräften an är Géigend vum Land ofgezunn hutt; an dësem Fall wëlle mir net grommelen.
36 Ass et awer net esou, kuck, esou fäerte mir, datt et an der Regierung iergendeng Meenungsverschiddenheet gëtt, sou datt si eis net méi Männer zu Hëllef schécken; well mir wëssen, datt et méi dovunner gëtt ewéi déi, déi si geschéckt hunn.
37 Mee kuck, et kënnt net dorobber un—mir vertrauen dorobber, datt Gott eis souguer mat der Schwächt vun eiser Arméi befreie wäert, jo, eis aus den Hänn vun eise Feinde befreie wäert.
38 Kuck, dëst ass dat nénganzwanzegt Joer, géint der Enn zou, a mir sinn am Besëtz vun eise Länner; an d’Lamanite sinn an d’Land Nephi geflücht.
39 An d’Jonge vum Vollek Ammon, vun deenen ech esou unerkennend geschwat hunn, si bei mir an der Stad Manti; an den Här huet hinne bäigestanen, jo, a si dovunner beschützt, duerch d’Schwäert ze falen, esou vill, datt net eng eenzeg Séil ëmbruecht ginn ass.
40 Mee kuck, si hu vill Wonne kritt; mee stinn si fest an der Fräiheet, woumat Gott si fräi gemaach huet; a si huelen et ganz genau domadder, Dag fir Dag un den Här, hire Gott, ze denken; jo, si sinn dorobber beduecht, seng Statuten a seng Riichterspréch a seng Geboter bestänneg ze halen; an hire Glawen un d’Prophezeiungen a Bezuch op dat, wat komme wäert, ass staark.
41 An elo, mäi léiwe Brudder Moroni, géif den Här, eise Gott, deen eis erléist a fräi gemaach huet, dech bestänneg a senger Géigewaart beschützen; jo, géif hien dëst Vollek begënschtegen, fir datt dir doranner erfollegräich wiert, alles dat, wat d’Lamaniten eis ewech geholl hunn a wat eisem Ënnerhalt déngt, erëm a Besëtz ze huelen. An elo, kuck, ech schléisse meng Epistel. Ech sinn den Helaman, de Jong vum Alma.