Scriptures
Alma 7


D’Wierder vum Alma, déi hien dem Vollek Gideon virgedroen huet, no sengen eegenen Opzeechnungen.

Ëmfaasst Kapitel 7.

7. Kapitel

De Christus gëtt vun der Maria gebuer—Hie wäert d’Bänner vum Doud léisen an d’Sënde vu sengem Vollek droen—Déi, déi ëmkéieren, gedeeft ginn an d’Geboter halen, hunn dat éiwegt Liewen—Dreckegt kann d’Kinnekräich vu Gott net ierwen—Humilitéit, Glawen, Hoffnung an Nächsteléift sinn erfuerderlech. Ongeféier 83 v. Chr.

1 Kuckt, meng léif Bridder, well et mir erlaabt ginn ass, bei iech ze kommen, probéieren ech, iech a menger Sprooch unzerieden; jo, mat mengem eegene Mond, well et déi éischte Kéier ass, datt ech iech mat de Wierder vu mengem Mond uschwätzen, well ech war ganz u de Riichterstull gebonnen, hat vill Geschäfter ze erleedegen, sou datt ech net konnt bei iech kommen.

2 A souguer elo hätt ech net komme kënnen, wann net de Riichterstull engem anere gi wär, datt hien a menger Plaz regéiert; an den Här huet mir mat vill Baarmhäerzegkeet erlaabt, zu iech ze kommen.

3 A kuckt, ech si komm mat der groussen Hoffnung an dem staarke Wonsch, ech géif fannen, datt dir iech viru Gott humiliéiert an hien ouni Paus ëm seng Gnod ugefleet hutt, ech géif fannen, datt dir virun him ouni Reproche sidd, ech géif fannen, datt dir net an deem fuerchtbare Konflikt sidd, wéi et eis Bridder an Zarahemla waren.

4 Mee geséint sief de Numm Gottes, datt hien et mir ginn huet ze wëssen, jo, mir déi immens grouss Freed ginn huet ze wëssen, datt si sech erëm op dem Wee vu senger Gerechtegkeet befannen.

5 An nom Geescht Gottes, deen a mir ass, vertrauen ech doropper, datt ech och un iech Freed wäert hunn; mee wënschen ech net, datt meng Freed un iech duerch genausou vill Leed a Suerg zustane kënnt, wéi ech se fir d’Bridder an Zarahemla empfonnt hunn; well kuckt, meng Freed ass eréischt nom Duerchliewe vu vill Nout a Suerg ëm si zustane komm.

6 Mee kuckt, ech vertrauen doropper, datt dir net an engem Zoustand vu genausou vill Onglawe sidd ewéi är Bridder; ech vertrauen doropper, datt dir d’Häerz net op Räichtemer an d’Näischnotzegkeete vun der Welt gesat hutt; jo ech vertrauen doropper, datt dir net Idoler veréiert, mee datt dir de wierklechen a liewege Gott veréiert an datt dir mat éiwegem Glawen nom Verzeie vun äre Sënden auskuckt, well et wäert kommen.

7 Well kuckt, ech soen iech, et gëtt villes, wat komme wäert; a kuckt, eent ass méi wichteg ewéi all dat anert—well kuckt, d’Zäit ass no, wou den Erléiser liewen an zu sengem Vollek komme wäert.

8 Kuckt, ech soen net, datt hien zu där Zäit zu eis komme wäert, wou hien a sengem stierflechen Tabernakel wunnt; well kuckt, de Geescht huet mir net gesot, datt dës de Fall wäert sinn. Elo, wat dës Saach ugeet, weess ech net; awer sou vill weess ech, datt den Här Gott d’Muecht huet, alles ze maachen, wat no sengem Wuert ass.

9 Mee kuckt, dee Geescht huet mir dëst gesot, nämlech: Jäiz zu dësem Vollek, nämlech—Kéiert ëm, a maacht de Wee vum Här prett, a wandelt op senge Paden, déi riichtaus sinn; well kuckt, d’Himmelräich ass no, an de Jong vu Gott kënnt op d’Uewerfläch vun der Äerd.

10 A kuckt, hie wäert vum Maria zu Jerusalem gebuere ginn, dat d’Land vun eise Virfueren ass; an hatt ass eng Jongfra, ee kostbaart an erwieltent Gefääss, an ee Schied wäert iwwert hatt kommen an duerch d’Muecht vum Hellege Geescht empfänken an ee Jong zur Welt bréngen, jo, de Jong vu Gott.

11 An hie wäert higoen a Péng a Problemer a Versuchunge vu jiddwer Aart leiden; an dëst, fir datt sech d’Wuert erfëllt, dat do seet, hie wäert d’Péng a Krankheete vu sengem Vollek op sech huelen.

12 An hie wäert den Doud op sech huelen, fir datt hien seng Bänner vum Doud léise kann, déi säi Vollek bannen; an hie wäert hir Schwächten op sech huelen, fir datt säin Häerz mat Barmhäerzegkeet gefëllt ka sinn, nom Fleesch, fir datt hien nom Fleesch weess, wéi hie sengem Vollek hëllefe kann, no hire Schwächten.

13 Elo weess de Geescht alles; trotzdeem leit de Jong vu Gott nom Fleesch, fir datt hien d’Sënde vu sengem Vollek op sech hëlt, fir datt hien hir Transgressiounen no der Kraaft vu senger Befreiung ausläsche kann; an elo kuckt, dëst ass den Temoignage, deen a mir ass.

14 Elo soen ech iech, datt dir ëmkéiere musst a vun neiem gebuer ginn; well de Geescht seet, wann dir net vun neiem gebuer sidd, kënnt dir d’Kinnekräich vum Himmel net ierwen; dofir kommt a loosst iech zur Ëmkéiert deefen, fir datt dir vun äre Sënde gewäsch gitt, fir datt dir Glawen un d’Lämmche vu Gott hutt, dat d’Sënde vun der Welt ewechhëlt, dat mächteg ass ze retten a vun all Ongerechtegkeet ze botzen.

15 Jo, ech soen iech, kommt a fäert net, a leet jiddwer Sënd op d’Säit, déi iech liicht befält an iech nidder fesselt zur Vernichtung, jo, kommt a gitt hin a weist ärem Gott, datt dir wëllens sidd, vun äre Sënden ëmzekéieren a mat him d’Allianz anzegoen, datt dir seng Geboter hale wëllt; an temoignéiert him dëst haut, andeems dir an d’Waasser vun der Daf klammt.

16 A wien dëst mécht an d’Geboter Gottes vun elo un hält, dee wäert dorunner denken, datt ech him soen, jo, hie wäert dorunner denken, datt ech him gesot hunn, hie wäert éiwegt Liewen hunn nom Temoignage vum Hellege Geescht, deen a mir Temoignage gëtt.

17 An elo, meng léif Bridder, gleeft dir dëst? Kuckt, ech soen iech, jo, ech weess, datt dir hinne gleeft; an de Wee, wéi ech weess, datt dir hinne gleeft, ass duerch d’Manifestatioun vum Geescht, deen a mir ass. A well äre Glawen dorunner esou staark ass, jo, un dat, wat ech gesprach hunn, dofir ass meng Freed grouss.

18 Well ewéi ech iech zu Ufank gesot hunn, datt ech ganz vill wënschen, dir wäert net an enger mësslecher Lag ewéi är Bridder, sou hunn ech fonnt, datt mäi Wonsch erfëllt ginn ass.

19 Well ech hu bemierkt, datt dir op dem Wee vun der Gerechtegkeet sidd; ech bemierken, datt dir op deem Pad sidd, deen zum Räich Gottes féiert; jo, ech bemierken, datt dir seng Weeër riicht maacht.

20 Ech bemierken, datt et iech gewise ginn ass, nämlech duerch den Temoignage vu sengem Wuert, datt hien net op kromme Weeër wandele kann; och weecht hien net vun deem of, wat hie gesprach huet; och wennt hien sech net am geréngste vu riets no lénks oder vun deem, wat richteg ass, zu deem, wat onrecht ass; dofir ass seng Bunn déiselwecht éiweg Ronn.

21 An hie wunnt net an onhellegen Tempelen; weder Dreckegt nach soss eppes, wat onreng ass, kann an d’Kinnekräich vu Gott opgeholl ginn; dofir soen ech iech, d’Zäit wäert kommen, jo, an et wäert um leschten Dag sinn, datt deen, deen dreckeg ass, a senger Dreckegt bleift.

22 An elo, meng léif Bridder, hunn ech iech dëst gesot, fir dat ech an iech d’Bewosstsinn vun ärer Flicht viru Gott erwächen, fir datt dir ouni Reproche virun him wandelt, fir datt dir no der hellegen Uerdnung Gottes wandelt, no där dir opgeholl gi sidd.

23 An elo hätt ech gären, datt dir humiliéiert sidd, a léif an douce, duerch léift Froe liicht ze erweechen, voller Gedold an Toleranz, méisseg an allem, fläisseg am Hale vun de Geboter Gottes zu allen Zäiten; souwuel geeschteg ewéi och zäitlech, an ëmmer Gott Merci sot fir alles, wat dir kritt.

24 An elo kuckt, datt dir Glawen, Hoffnung an Nächsteléift hutt, da wäert dir ëmmer Iwwerfloss hunn u gudde Wierker.

25 An datt den Här iech séinen an är Kleeder ouni Flecken hale géif, fir datt dir schliisslech esou wäit sidd, datt dir iech mam Abraham, Isaak a Jakob an den hellege Propheten, déi zënter Ufank der Welt u gewiescht sinn, am Himmelräich hi sëtzt, fir ni méi doraus ewech ze goen, nodeems är Kleeder ouni Flecke sinn, ewéi och hir Kleeder ouni Flecke sinn.

26 An elo, meng léif Bridder, hunn ech dës Wierder gesprach nom Geescht, deen a mir Temoignage gëtt; a meng Séil freet sech iwwer d’Moossen, well dir mengem Wuert een esou immens grousse Fläiss an esou eng Beuechtung geschenkt hutt.

27 An elo, géif de Fridde Gottes op iech rouen an op ären Haiser an op är Lännereien an op äre Schof a Kéi an allem, wat dir besëtzt, op äre Fraen a Kanner no ärem feste Glawen a äre gudde Wierker, vun elo un a fir ëmmer. An esou hunn ech gesprach. Amen.