Scriptures
Alma 25


25. Kapitel

D’Aggressioune vun de Lamanite breeden sech aus—D’Nokomme vun de Priister vum Noah kommen ëm, wéi den Abinadi et prophezeit huet—Vill Lamanite bekéieren sech a schléissen sech den Anti-Nephi-Lehier un—Si gleewen u Christus an halen d’Gesetz vum Moses. Ongeféier 90–77 v. Chr.

1 A kuckt, et huet sech awer erginn: D’Lamanite waren ëm sou méi rosen, well si hir Bridder ëmbruecht haten; dofir hunn si den Nephite Vergeltung geschwuer; a si hunn et deemools net méi ënnerholl, d’Vollek Anti-Nephi-Lehi ëmzebréngen.

2 mee si hunn hir Arméie geholl a sinn eriwwer an d’Grenzgebitt vum Land Zarahemla gezunn an hunn dat Vollek iwwerfall, dat am Land Ammonihah war, an hunn et zerschlo.

3 An duerno hunn si de Nephite vill Kämpf geliwwert, an deenen si awer zeréck gejot an ëmbruecht goufen.

4 An ënnert den doudege Lamanite ware bal all Nokomme vum Amulon a senge Bridder, déi d’Priister vum Noah waren, a si goufen duerch d’Hand vun den Nephiten ëmbruecht;

5 an déi iwwreg, déi an d’Wüüst am Oste fort gelaf waren an sech Muecht an Autoritéit iwwer d’Lamaniten ugëeegent haten, waren elo d’Ursaach, datt vill Lamanite wéinst hirem Glawen ëmkomm sinn—

6 Well vill vun hinnen, déi vill Verloscht an esou vill Problemer gelidden haten, hunn ugefaangen, a sech d’Erënnerung un déi Wierder erop ze ruffen, déi den Aaron a seng Bridder hinnen an hirem Land gepriedegt haten; dofir hunn si ugefaangen, den Iwwerliwwerunge vun hire Pappen ze mësstrauen an un den Här ze gleewen, a si hu gegleeft, hien hätt den Nephitë grouss Muecht ginn; an esou hunn sech der vill vun hinnen an der Wüüst bekéiert.

7 An et huet sech erginn: Déijéineg Herrscher, déi vun de Kanner vum Amulon iwwreg bliwwe waren, déi waren d’Ursaach, datt si ëmbruecht goufen, jo all déi, déi dëst alles gegleeft hunn.

8 Dëst Martyrium awer war d’Ursaach, datt vill vun hire Bridder zur Roserei opgestëppelt goufen; an an der Wüüst huet ee Sträit ugefaangen; an d’Lamaniten hunn ugefaangen, d’Nokomme vum Amulon an hir Bridder ze hetzen an si ëmzebréngen; a si sinn an d’Wüüst am Oste geflücht.

9 A kuckt, bis haut ginn si vun de Lamanite gehetzt. Sou sinn d’Wierder vum Abinadi an Erfëllung gaangen, déi hien iwwer d’Nokomme vun de Priister gesprach hat, wéi si hien de Feierdout leide gelooss hunn.

10 Well hie sot zu hinnen: Wat dir mir maache wäert, ass eng Duerstellung vun de kommende Saachen.

11 Den Abinadi awer war den éischte gewiescht, dee wéinst sengem Glawen u Gott de Feierdout gelidden hat; an hien huet domadder gemengt, datt der vill de Feierdout leide géifen, sou wéi hien e gelidden hat.

12 An hien huet zu de Priister vum Noah gesot, hir Nokomme géifen d’Ursaach sinn, datt der vill ëmbruecht wäerte ginn sou wéi hien an datt si wäit hi gehetzt an ëmbruecht wäerte ginn, jo, wéi ee Schof, dat keen Hiert huet, dat vu wëllen Déiere gejot an ëmbruecht gëtt; an elo kuckt, dës Wierder si wouer ginn, well si goufe vun de Lamanite gejot a gehetzt a geschloen.

13 An et huet sech erginn: Wéi d’Lamanite gesinn hunn, datt si d’Nephiten net iwwerwältege konnten, sinn si erëm zeréck an hiert eegent Land zeréck gekéiert; a vill vun hinne koumen an d’Land Ismael an an d’Land Nephi eriwwer, fir do ze wunnen, a si hunn sech dem Vollek Gottes ugeschloss, nämlech dem Vollek Anti-Nephi-Lehi.

14 A si hunn och hir Krichswaffe begruewen, wéi et hir Bridder gemaach haten, an hunn ugefaangen, ee gerecht Vollek ze sinn; a si sinn op de Weeër vum Här gewandelt a waren doropper beduecht, seng Geboter a Statuten ze halen.

15 Jo, a si hunn d’Gesetz vum Moses befollegt; well et war conseilléiert fir si, d’Gesetz vum Moses nach ze befollegen, well et war nach net ganz erfëllt. Mee trotz dem Gesetz vum Moses hunn si nom Komme vum Christus ausgekuckt, well si hunn d’Gesetz vum Moses als eng Duerstellung vu sengem Komme betruecht an hu gegleeft, dës baussent Verriichtunge befollegen ze musse bis zu där Zäit, wou hien sech hinnen offenbare wäert.

16 Si hunn awer net gemengt, datt d’Errettung duerch d’Gesetz vum Moses kéim; mee d’Gesetz vum Moses déngt hinnen dozou, de Glawen u Christus ze stäerken; an esou hunn si sech eng Hoffnung duerch de Glawen erhalen, nämlech op éiweg Errettung, an hunn sech op de Geescht vun der Prophezeiung gestäipt, dee vun deem gesprach huet, wat komme wäert.

17 An elo kuckt, den Ammon an den Aaron an den Omner an den Himni an hir Bridder hunn sech iwwer d’Moossen iwwert den Erfolleg gefreet, deen si ënnert de Lamanite kritt haten; well si hu gesinn, datt den Här hinnen no hire Gebieder erlaabt hat an datt hie säi Wuert un si a jiddwer Eenzelheet wouer gi gelooss huet.