3. Kapitel
D’Amlissiten haten sech no dem prophetesche Wuert markéiert—D’Lamanite ware wéinst hirer Rebellioun verflucht—D’Mënsche bréngen hir eege Flich iwwert sech—D’Nephite gewanne géint eng aner lamanitesch Arméi. Ongeféier 87–86 v. Chr.
1 An et huet sech erginn, datt d’Nephiten, déi net duerch Krichswaffen ëmbruecht goufen, nodeems si déi, déi ëmbruecht gi waren, begruewen haten—elo gouf d’Zuel vun den Doudegen net gezielt, wéinst der Gréisst vun hirer Zuel—nodeems si hir Doudeg begruewen haten, sinn si all op hir Lännereien, an hir Haiser, an hir Fraen an hir Kanner zeréckgaange.
2 Elo ware vill Fraen a Kanner mam Schwäert ëmbruecht ginn, an och vill vun hire Schof a Kéi; an och vill vun hire Getreiderfelder ware vernicht ginn; well déi vill Männer haten se nidder getrampelt.
3 An elo goufen all Lamaniten an Amlissiten, déi um Ufer vum Floss Sidon ëmbruecht gi waren, an d’Waasser vum Sidon geworf; a kuckt, hir Läiche sinn an der Déift vum Mier, an et sinn där vill.
4 An d’Amlissiten hunn sech vun den Nephiten ënnerscheet, well si haten sech op der Stir no der Manéier vun de Lamanite gekennzeechent; an awer haten si sech—ongläich de Lamaniten—d’Käpp net geschuer.
5 D’Käpp vun de Lamaniten awer ware geschuer; an si ware plakeg, mat Ausnam vun der Déierenhaut, déi si sech ëm d’Hëfte gemaach haten, a vun hirer Rëschtung, déi si ugedoen haten, a vun hire Béi an hir Feiler an hir Steng an hir Schleideren an sou weider.
6 An d’Haut vun de Lamanite war donkel, nom Zeechen, dat hire Pappe gesat gi war, wat e Fluch op si war wéinst hirer Transgressioun an hirer Rebellioun géint hir Bridder, déi aus dem Nephi, dem Jakob, dem Joseph an dem Sam bestoungen, déi gerecht an helleg Männer waren.
7 An hir Bridder hu versicht, si ze zerstéieren, dofir goufen si verflucht; an den Här Gott huet hinnen en Zeeche gesat, jo, op de Laman an op de Lemuel, an och op d’Jonge vum Ismael, an op d’ismaelitesche Fraen.
8 An dëst gouf gemaach, fir datt hir Nokomme vun de Nokomme vun hire Bridder ënnerscheet kéinte ginn, fir datt den Här Gott doduerch säi Vollek erhale kéint, fir datt si sech net vermëschen a falsch Traditioune gleewen, déi hir Zerstéierung beweise géifen.
9 An et huet sech erginn: Wien seng Nokomme mat deene vun de Lamanite vermëscht huet, deen huet deeselwechte Fluch iwwert seng Nokomme bruecht.
10 Dofir gouf jiddwereen, deen sech vun de Lamanite verleede gelooss huet, direkt als Lamanit ugesinn, an et gouf een Zeechen op hie gesat.
11 An et huet sech erginn: Déijéineg, déi net un d’Traditioune vun de Lamanite gleewe wollten, mee den Opzeechnungen, déi aus dem Land vu Jerusalem matbruecht gi waren, an och un d’Traditioune vun hire Pappe gegleeft hunn, also un dat Richtegt, an déi un d’Geboter Gottes gegleeft hunn a se gehalen hunn, goufe vun där Zäit un Nephiten oder d’Vollek Nephi genannt—
12 a si sinn et, déi d’Opzeechnungen, déi wouer sinn, iwwert hiert Vollek an och iwwert d’Vollek vun de Lamanite gefouert hunn.
13 Elo wëlle mir erëm zeréck zu den Amlissite kommen, well och op si gouf een Zeeche gesat, jo, si selwer hunn sech d’Zeechen opgesat, jo, ee rout Zeechen op hirer Stir.
14 Sou gëtt d’Wuert vu Gott erfëllt, well dëst sinn d’Wierder, déi hien zum Nephi gesot huet: Kuckt, d’Lamaniten hunn ech verflucht, an ech wäert hinnen en Zeeche setzen, fir datt si an hir Nokomme vun dir an dengem Nokomme getrennt sinn, vun dëser Zäit un a fir ëmmer, ausser si kéiere vun hirer Béist ëm a wenden sech mir zou, fir datt ech baarmhäerzeg mat hinne kéint sinn.
15 An nach eng Kéier: Ech wäert deem een Zeeche setzen, deen seng Nokomme mat denge Bridder vermëscht, fir datt och si verflucht kënne ginn.
16 An nach eng Kéier: Ech wäert en Zeeche setzen op deem, dee géint dech an däin Nokomme kämpft.
17 A weider soen ech: Wien vun dir ewech geet, dee soll net méi däin Nokomme genannt ginn; an ech wäert dech a jiddwereen, deen däin Nokomme genannt gëtt, séinen, vun elo un a fir ëmmer. An dës waren d’Verspriechunge vum Här un den Nephi a seng Nokommen.
18 Elo woussten d’Amlissiten net, datt si d’Wierder vu Gott erfëllt hunn, wéi si ugefaangen hunn, sech op hir Stier ze kennzeechnen; trotzdeem waren si an oppener Rebellioun géint Gott erauskomm; dofir war et néideg, datt de Fluch op si fält.
19 Elo hätt ech gären, dat dir gesitt, dat si de Fluch selwer iwwert sech bruecht hunn; a genausou bréngt jiddwer Mënsch, dee verflucht ass, de Scholdsproch selwer iwwert sech.
20 Elo huet et sech erginn: E puer Deeg nom Kampf, deen am Land Zarahemla vun de Lamaniten an Amlissite gekämpft gi war, huet eng weider Arméi vun de Lamaniten d’Vollek Nephi un derselwechter Plaz iwwerfall, wou déi éischt Arméi op d’Amlissite gestouss war.
21 An et huet sech erginn: Et gouf eng Arméi erausgeschéckt, fir si aus dem Land ze joen.
22 Well awer den Alma selwer duerch eng Wonn blesséiert war, ass hien dës Kéier net mat an de Kampf géint d’Lamanite gezunn;
23 mee hien huet eng grouss Arméi géint si erausgeschéckt; an si sinn erop gezunn an hu vill Lamaniten ëmbruecht an hunn déi iwwreg aus de Grenze vum Land gejot.
24 An dunn sinn si erëm zeréck komm an hunn ugefaangen, Fridden am Land opzeriichten, a si goufen eng Zäit laang net méi vun hire Feinde beonrouegt,
25 An dëst alles ass geschitt, jo, all dës Kricher a Streidereien hunn ugefaangen an opgehalen am fënnefte Joer vun der Regierung vun de Riichter.
26 An an engem Joer goufen Dausenden an Zéngdausende vu Séilen an d’éiwegt Welt geschéckt, wou si hire Loun kritt hunn no hire Wierker, waren se gutt oder béis, fir éiwegt Glécklech Sinn ze kréien oder fir éiwegt Misär, nom Geescht, deem ze follegen et si geglëscht huet, sief et ee gudde Geescht oder ee béisen.
27 Well jidderee kritt säi Loun vun deem, deem hie follegt, an dat no de Wierder vum Geescht vun der Prophezeiung; dofir soll et no der Wourecht sinn. Sou huet dat fënneft Joer vun der Regierung vun de Riichter opgehalen.